Cartes postales

Découvrez une carte postale historique tous les jours, du 17 décembre 2019 au 17 décembre 2020 ! Un projet réalisé par Eng Postkaart den Dag, collection privée de l'historien Claude Schmit.

17 décembre 2019

Wanterlech Vue op de Gronn.

Iwwert de Gronn, de Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg kéint ee Bicher schreiwen - wat natierlech och gemaach gouf a gëtt.

Virun e puer Joerzéngten nach en äermleche Quartier, wou een net esou gären higaangen ass, ass et haut eng vun deene schéinsten a gemittlechste Plazen an der Stad. Virun allem d’Renovatiounen vu ville Gebaier Enn 80er an an den 90er Joren, d’Erëffnung vum Naturmusée an der Abtei Neimënster, Caféen a Restauranten an de Bau vun engem Lift vum Hl. Geeschtplateau erof an den Dall hunn dozou gefouert, dass haut am Gronn d’Liewe pulséiert wéi nach ni. An trotzdeem eng gewësse Rou ausstraalt.

Schonn am fréie Mëttelalter hu Mënschen an dësem Deel vun der Stad gelieft, nach iert de Sigfried um Bockfiels seng kleng Buerg gebaut huet.

Bis an d’14. Joerhonnert louch de Gronn nach « ante portas », d.h. virun den Dieren vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn eréischt an d’Schutzmauer vun der Stad ënnert dem Wenzel II. mat erageholl.

E reliéisen Zentrum war de Gronn virun allem duerch den am Mëttelalter gegrënnten Hospice St. Jean, d’Benediktinerabtei Neimënster an d’Kierch St. Ulric.

Industriellen Zentrum war de Gronn doduerch, dass hei vill Fëscher, Fierwer Gierwer an aner Handwierker déi d’Waasser resp. d’Waasserkraaft vun der Uelzecht gebraucht hunn, sech hei néiergelooss hunn.

Ënnert anerem Händschefabriken aus dem Gronn wéi z.B. d’Handschuhfabrik Albert Reinhard & Cie an der Plaetisgaass waren eng bedeitend Wirtschaftsbranche vun der Stad Lëtzebuerg. En Deel dovun steet och nach haut an huet als Appartementshaus mat Bureauen iwwerlieft. E weideren Deel gouf ofgerappt an als Park amenagéiert.

Net ze vergiessen sinn natierlech déi zwee Prisongen, déi am alen Hospice St. Jean (Fraeprisong) an an der Abtei Neimënster (fir d’Männer) installéiert goufen a bis an d’1980er Joren bestanen hunn, bis de Prisong zu Schraasseg opgaangen ass. Méi en däischtert Kapitel also vun der interessanter Geschicht vum Gronn.

Et ass kloer, dass mir op dëser Plaz nëmmen e ganz klengen Ëmrëss vun der Geschicht vum Gronn maache kënnen, an hoffen dass mir heimat den Interessi fir d’Geschicht vun dësem dach schéine Quartier bei deem engen oder aneren ausléise konnten.

Fotograf: ; Editeur:

Datum: 1903, Opnam 1897.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

18 décembre 2019

Panoramavue op de Pfaffenthal, mat der Sichepaart, der Sichegaass, der Église Saint-Mathieu, dem Béinchen, der Eecherpaart an der Uewerstad am Hannergrond.

No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Sichepaart an déi aner Säit d’Eecherpaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, de Béinchen, verbonne waren. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Sichepaart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen.

Déi Rëtsch Haiser hannert der Puert goufen iwwregens alleguer ofgerappt fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles BernhoeftDatum: 1898

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

19 décembre 2019

Dräifach Postkaart mat engem risegen Panorama iwwer den Osten vun der Stad Lëtzebuerg, opgeholl vum Plateau bei der Fondation Pescatore.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: ca. 1898.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

20 décembre 2019

Interessant Duebel-Postkaart vum Pont Adolphe, kuerz nodeem se fäerdeg ginn ass.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefung vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Architekt Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnahmen vum Lëtzebuerger Fotograf Charles Bernhoeft a wéi hei vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plaque aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.Fotograf & Editeur: Onbekannt.

Datum: ca. 1905

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

21 décembre 2019

Duebel Postkaart mat engem Panorama vun den ëstleche Quartieren vun der Stad, Pafendall, Clausen an Neiduerf, Cents a Rumm, mat ville Iwwerreschter a Bauwierker vun der Festung, déi haut zum UNESCO-Weltkulturierwen gehéierenFotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles BernhoeftDatum: 1898.

22 décembre 2019

Vue op d’Place de la Constitution, d’Kathedral an d’Gebaier vum Kolléisch.

D’Kathedral gouf vun de Jesuittepateren tëscht 1613 an 1621 als Kierch gebaut. D’Joer vun der Wei vun der Kierch, also 1621, ass och an enger Inscriptioun um Portal ze gesinn: « Sit Nomen Domini Benedictum 1621 ». Säit 1870 ass d’Kierch eng Kathedral, dat nodeem Lëtzebuerg en Bistum gouf. Ab 1934 ass d’Kathedral erweidert ginn andeems de Chouer an d’Querschëff mat dem sougenannte Marieportal un déi al Jesuitekierch ugebaut goufen. Den bis 1934 eenzegen Tuerm dréit d’Mauerankeren vun 1618, déi eis also den Alter vun dësem Tuerm verroden, deen also dëst Joer 400 Joer steet.

E puer Wurt zum Kolléisch:

Op Initiative vum Antoine Houst, Member vum Conseil provincial sinn 1594 no villem hin an hier déi éischt Jesuitepateren op Lëtzebuerg komm. Si ware virun allem dofir bekannt, dass si am Bildungsberäich ganz aktiv waren. Schonn 1603 huet déi éischt Schoul vun de Jesuitten funktionéiert. Nodeems si an der Ënneschtgaass (Rue Notre-Dame) eng Rei Terrainen an Haiser kaaft hunn, hu se 1606-1611 déi éischt 2 Fligelen an L-Form (zur Säit vun der haiteger rue de l’Ancien Athénée an zum Bd. F.D. Roosevelt.) am Renaissancestil gebaut.

E weidere Fligel, dee parallel zur haiteger Kathedral steet, koum 1687 dobäi a gouf zum Deel duerch eng grousszügeg Spend vum Louis XIV finanzéiert, deen de Pateren eng uerdentlech Zomm als Kompensatioun fir d’Schied vun der Attack vun de Fransousen an de Joren 1683/84 geschenkt huet. Dëse Fligel gouf « Philosophiefligel » genannt, well d’Pateren hei virun allem Philosophie enseignéiert hunn, woufir si vum Franséische Kinnek de Privileeg krut haten.

Duerch eng weider Spend vun der Famill Nidercorn konnt e 1713 e weideren Ubau mat zwee Fligele geplangt a gebaut ginn. Den éischte Fligel gouf nees parallell zum haitege Bd. Roosefevelt gebaut, deen zweeten gouf am rechte Wénkel drugebaut, gouf awer 1934 ofgerappt, wéi d’Kathedral vergréissert gouf. Un dëse Fligel erënneren nach d’Arkaden Sprangbur a beim klenge Park um Bd. Roosevelt. Wann ee sech op de Parvis vun der Kathedral stellt an sech d’Architektur a besonnesch d’Fënsteren ukuckt, dann erkennt een déi verschidden Architekturelementer gutt.

Un de Philosophiefligel gouf géint 1720 nach eng Kéier e Bloc Richtung rue Notre Dame ugebaut, géint 1735 gouf d’Verbindung tëscht der Kathedral an dem Kolléisch geschaf. Remarkabel ass déi opulent Entréesdier am Barockstil, déi d’Haaptentrée zum Kolléisch duergestallt huet.

1773 ass de Jesuitenuerden an domat och de Kolléisch wéi e bis dohi funktionéiert huet opgeléist ginn a Professeren aus dem weltleche Klerus hunn den Enseignement iwwerholl.

Bis 1964 gouf et also hei e Lycée ënner verschiddenen Nimm, mol Athenée royal » bis 1839, mol Athénée Grand-Ducal bis 1964. An deem Joer ass de Kolléisch an d’Märelerwisen geplënnert a bis 1969 gouf de ganze Komplex vum « Ale Kolléisch » restauréiert fir d’Nationalbibliothéik do ënnerzebréngen.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft

Datum: ca. 1905

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

23 décembre 2019

Flott Panoramavue iwwer Clausen, de Clausener Bierg, de fréiere Mansfeld-Parc an d’Uewerstad. Och interessant: de quasi net bebauten Plateau Altmünster.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: Onbekannt.

24 décembre 2019

Schéin Opnam vum Palais Grand-Ducal an der Stad.

Den haitege Palais Grand-Ducal steet op der Plaz vum 3. Stater Gemengenhaus, dat den 11. Juni 1554 duerch d’Explosioun vun engem Polvermagaseng zerstéiert gi war, a war als Sëtz vum Gouverneur vu Lëtzebuerg geduecht. Eréischt 1572 hat d’Stad déi finanziell Moyenen nees zesummen, sech en neit Gemengenhaus ze bauen.

D’Gebai gouf am Renaissance-Stil ënnert der Responsabilitéit vum Stater Schäffen Adam Roberti, mat der Ënnerstëtzung vum Pierre-Ernest I de Mansfeld gebaut. Den Architekt ass net bekannt, et ass awer wahrscheinlech, dass et deen oder déi selwecht waren, déi och dem Mansfeld säi Schlass a Clausen gebaut hunn. Den eelsten Deel vum Palais ass also deen tëscht deenen 2 Tiermercher, lénks op eiser Postkaart.

1683 gouf de Palais ënner dem Louis XIV. senger Besetzung ëmgebaut, nodeems en wärend den Attacken uerg zerstéiert gi war. 1741-1743 ass riets vum eelsten Deel en Ubau am Barockstil, « Wo » genannt, bäigesat ginn, dee mir an der Mëtt vun der Postkaart gesinn. Dëse gouf 1891 ëmgebaut. 1858-1859 gouf nach méi riets deen Deel ugebaut, an deem haut d’Chamber ass.

Tëscht 1795 an 1814 wärend der franséischer Zäit war hei d’Préfecture vum Département des Forêts. Vun 1815 un war d’Gebai eng Zort administrativen Allzweckbau: Et war de Sëtz vun der Regierungskommissioun, an duerno, bis 1867, vun der Regierung. Vun 1848-1858 un hat och d’Parlament (dat 1857 an eng Assemblée des Etats ëmgeännert gouf) do säi Sëtz, bis et dann a säin eegent Gebai niewendru geplënnert ass. 1857 ass och nach de Staatsrot, deen duerch d’Lëtzebuerger Konstitutioun vun 1856 agefouert gi war, op den 2. Stack erageplënnert. Um selwechten 2. Stack war och nach eng archeologesch Sammlung ënnerbruecht. An de Kinnek-Groussherzog Wëllem II., huet 1841, 1844 an 1845 do gewunnt; säin Nofolger, de Wëllem III., just heiansdo, mä säi Statthalter, de Prënz Henri, nees méi reegelméisseg.

1867 sinn, als Resultat vum Londoner Traité, d’preisesch Truppen ofgezu ginn, an d’Regierung konnt sech am Refuge Sankt Maximin ariichten, do, wou bis viru kuerzem den Ausseministère war. De Staatsrot, d’archeologesch Sammlung, de Service agricole an d’Erzéiungskommissioun, déi sech och den 2. Stack hu missen deelen, sinn awer eréischt definitiv 1890 erausgeplënnert, wéi den Adolphe vun Nassau-Weilburg Groussherzog vu Lëtzebuerg gouf. Dofir gouf d’Gebai vun 1891 bis 1894 grëndlech ëm- an ausgebaut. An deem Kader koum och den Tuerm am Neorenaissance-Stil op der rietser Säit vum Palais derbäi, dësen ass op der Foto nach net ze gesinn an erméiglecht eis also d’Foto doduerch graff ze datéieren.

No 1964 an am Ufank vun den 1990er Jore gouf de Palais renovéiert an ass am Summer reegelméisseg op fir Visitten.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

25 décembre 2019

Mat dëser aussergewéinlecher Postkaart, déi kuerz no der Befreiung duerch d’Amerikaner enstan ass, an déi vläicht och e bëssen zum Nodenken ureege soll, wënsche mir iech ganz schéi Feierdeeg.

Kënschtler: Onbekannt; Editeur: Onbekannt.

Datum: 1944.

26 décembre 2019

Vue op Rumm-Befestegungen an eng vun de Kasären um Plateau.

Uewe lénks d’Dënselpuert, d.h. déi al Tréiererpuert, déi eréischt no 1867 nees opgemaach ginn ass. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, also aus Richtung Tréier, dofir och „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..

Déi vill méi al sougenannten Krudelspuert, déi méi déif am Dall un der Uelzecht louch, an de Gronn mat Clause verbonnen huet ass zu deem Zäitpunkt zougemaach ginn. Säit d’Abtei Neimënster gebaut gouf, war des Puert souwisou wahrscheinlech net méi a Betrib. Hier Iwwerreschter gesäit een haut nach duerch eng Fënster am Tuutesall wann ee Richtung Stierche geet. Op der Foto louch si ongeféier hannert dem Pilier riets vun der Strooss Richtung Neimënster, ass awer natierlech net ze gesinn.

Haut steet e puer Meter ënnert der mëttelalterlecher Tour Jacob déi mat Stol rekonstruéiert « nei Tréiererpaart », déi also chronologesch déi lescht Paart ass, fir vun Osten hier an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen. Op der Foto ass si ganz gutt ze erkennen a gouf no 1867 leider ofgerappt.

Gebaut gouf si ëm 1590 an déi « mëttelal » Tréiererpaart gouf ganz zougemauert, genau sou wéi d’Tréiererstrooss e puer Meter no ënnen a laanscht d’Festungsmauer geluecht gouf. Et erkennt een op der Foto och, dass tëscht der Rumm duerch de Jacobstur an der Strooss fir op den Cents keng Verbindung besteet, wéi mir se haut kennen. 1590 hunn se beim Bau vun där « neier » Puert och e réimesche Mënzschatz fonnt, deen awer leider verluer gaangen ass. E beweist awer, dass och schonn zu Réimerzäiten eng Siidlung dës Säit vun der Uelzecht, evt. op der Rumm bestanen huet.

D’Leit déi an d’Stad era wollten hunn all op dëse Plazen ëmmer missen eng Taxe bezuelen.

Fir den Iwwerbléck also:

- Eng éischt Paart louch ënnen am Dall, d.h. déi aktuell rue Münster huet dohi gefouert.

- Duerno gouf am Mëttelalter d’Tour Jacob als 2. Tréierer Paart gebaut

- schlussendlech ëm 1590 déi jéngsten Tréierer Paart déi mir ënnert dem Jakobstur gesinn an déi 1867 ofgerappt an an den 1990er Joren aus Stol nees opgebaut gouf.

Am Hannergrond gesäit een och déi bal 12 Meter héij Tierm, déi en Deel vun der Rumm-Befestegung sinn an déi am Mëttelalter um Enn vum 14, Joerhonnert, ongeféier tëscht 1380 an 1395 op Uerder vum béimesche Kinnek Wenzel II gebaut goufen.

Uewe riets erkennt een déi lescht Kasär, déi op der Rumm gebaut gouf. Ënner preisescher Besatzung gouf de Bau vun neie Kasäre virugedriwwen. An de Joren 1863-1866 gouf um Plateau eng 5. Kasär, direkt hanner der mëttelalterlecher Mauer gebaut, déi sou genannte „Preisesch Kasär“, e massive bommeséchere Bau, no den deemools neisten Technike vum Festungsbau gebaut: den Daach konnt am Krichsfall bannent kierzter Zäit ofgedroe ginn an duerch eng déck Couche Buedem ersat ginn, déi d’Gebai viru Bombardement schütze sollt. D’Rumm war zu deem Zäitpunkt d’Heemecht fir Artillerietruppen, déi natierlech och mat der Stadbevëlkerung Kontakt haten, deen net ëmmer onproblematesch war - vun dohier kënnt och d’lëtzebuergescht Lidd « Et wor emol e Kanonéier ».

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Th. Wirol, Luxembourg-Gare.

Datum: Onbekannt.

27 décembre 2019

Vue op en Deel vun der Passerell an den Helleg-Geescht-Plateau.

D’Passerelle, och nach « Viaduc » oder « Al Bréck » genannt, nodeems déi « nei Bréck » oder de Pont Adolphe 1903 gebaut gouf.

D’Passerelle, déi de Garer Quartier mat der Uewerstad verbënnt, gouf vum Achille Grenier an dem Auguste Letellier geplangt a vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers gebaut.

Et ass keen Zoufall, dass de Bau vun der Passerelle an déi selwecht Zäit fält, wéi de Bau vun der éischter Gare vun der Stad Lëtzebuerg. Et war vun Ufank u kloer, dass d’Gare, déi aus strategesche Grënn ausserhalb vun de Festungsmaueren stoung, misst mam Zentrum verbonne ginn.

Fir de Bau vun der Bréck ass fir d’éischt eng hëlze Behëllefsbréck, eng Passerelle opgeriicht ginn, déi der Bréck also ee vun hiren haitege Nimm ginn huet.

D’Passerelle ass 308,40 Meter laang a besteet aus 26 Béi, déi tëscht 8 a 15m breet sinn. D’Maximalhéicht ass 45m.

Geplangt gouf d’Bréck vum Achille Grenier an dem Auguste Letellier, gebaut gouf se vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers.

Dass d’Bréck e liichte Bou huet, ass iwwregens op taktesch Grënn aus der Zäit wéi Lëtzebuerg nach eng Festungsstad war, zeréckzeféieren. Wahrscheinlech war si och mat Sprengkummeren versinn.

1960 gouf si fir de ville Verkéier méi breed gemaach an dräispureg ausgebaut. Virun e puer Joer ass dunn eng Spuer duerch eng geséchert Vëlospiste mat engem Vëloscompteur installéiert gëtt, deen iwwregens all Joer en neie Rekord opstelltFotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1898.

28 décembre 2019

Schéin duebel Postkaart mat engem Panorama iwwer de Gronn an d’Uewerstad.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

29 décembre 2019

Selte Vue aus dem Agang vum Neiduerf op den Taviounswee, am Hannergrond eng vun den alen zerstéierte Puerten vum Mansfeld sengem Schlass, déi nom sengem Jong, dem Octavian benannt war. Aus deem Numm huet sech den nach haut gebräichleche Begrëff « Tavioun » fir de Wee op de Fetschenhaff (Cents) forméiert. D’Puert ass 1875 ofgerappt ginn. Och interessant: riets nach mat Stréi gedeckten Diecher. D’Neiduerf selwer läit net méi an der « Zone Tampon » vum UNESCO-Weltkulturierwen, en Deel vum Motiv vun der Postkaart allerdéngs schonn.

Am Verglach mat den Uertschafte ronderëm d’Staat ass d’Neiduerf, wéi den Numm et undeit, e relativ jonkt Duerf.

D’Siidlungsgeschicht vum Neiduerf fänkt u sech un mam Bau vum Grof Mansfeld sengem Schlass ab dem Joer 1563. Am Beräich vum Neiduerf, an dem laanggezunnenen Dällchen, war säi prachtvolle Déierepark, mat wëllen Déieren, Planzen an allerlee Skulpturen. De ganzen Déieregaart war mat enger riseger Mauer ëmginn, déi ongeféier vum Clausener Viaduc, op d’Dräi Eechelen, op de Weimeschhaff, eriwwer an den Huesegrënnchen, laanscht déi fréier Brauerei Henri Funck, erop op den Centser Plateau, laanscht den Tavioun, de Kéibierg, de Fetschenhaff, an nees erof a Clausen gefouert huet. De Mansfeld hat awer no sengem Retour op Lëtzebuerg, 1599 am Alter vun 82 Joer, nach knapp 5 Joer Zäit fir säi Liewen ze genéissen. Hien ass 1604 gestuerwen.

Fir d’Entwécklung vum Neiduerf war also virun allem dem Mansfeld säin Déieregaart vu Bedeitung. Och haut fanne mir dovu Spueren an de Flouernimm vum Neiduerf: Déieregaart, Hierzekrëpp (wou d’Hirsche gefiddert goufen), Huesegrënnchen etc.

D’Arel vum Mansfeld sengem Schlass hat 5 Puerten, am Neiduerf, bei der fréierer Brauerei Henri Funck war d’Péiteschpuert, benannt nom Mansfeld. Bei der Puert gouf et eng Déngschtwunneng fir de Gardien a fir d’Fierschtere vum Déieregaart. Dës Gebaier sinn och nom Zerfall vum Schlass erhale bliwwen a lues a lues koumen nei Gebaier an dem spéidere Quartier Neiduerf derbäi.

Den Numm « Nieduerf » taucht awer eréischt um Enn vum 18. Joerhonnert an de Parbicher an an den Dokumenter vun der Gemeng Eech, zu där de « Laangegronn » gehéiert huet. Dëst ass op en historescht Evenement zeréckzeféieren. Wéi 1794 déi franséisch Revolutiounstruppen der Festung ëmmer méi no koumen, huet de Festungskommandant Bender d’Haiser ausserhalb vun de Festungsmaueren ofrappe gelooss, well si am Feierberäich vun der Festung louchen. Doduerch sinn och d’Haiser bei der Péiteschpuert an och d’Puert selwer verschwonnen an d’Leit déi enteegent goufen, sinn e.a. Huesegrënnchen, am Dällchen uewerhalb vu Clausen a bannent de Festungsmaueren ugesidelt. D’Leit hunn den Dall deemols dofir einfach Neidierfchen genannt, aus deem haut d’Neiduerf ginn ass.

D’Neidierfchen war laang Zäit aarm a bekannt duerch seng kleng Haiser mat stréigedeckten Dächer, déi 1845 duerch e grousst Feier bal all zerstéiert goufen. Duerno gouf dëst Material wéinst der Feiergefor verbueden, obwuel se nach laang net iwwerall verschwonne waren. E wichtege Wirtschaftsfaktor, deen zum Opschwong am Neiduerf gefouert huet, war natierlech d’Brauerei Henri Funck, déi vun 1864-1983 do produzéiert huet, nodeems si vun de Brasseries Réunies de Luxembourg, Mousel et Clausen opkaaft gi waren. Dëst ass awer en anert grousst Kapitel an der Geschicht vum Neiduerf.

Fotograf: Amateur.

Datum: 1860er Joeren.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

30 décembre 2019

Vue op d’Kathedral, de fréiere Seminär an d’Gebaier vum Kolléisch.

D’Kathedral gouf vun de Jesuittepateren tëscht 1613 an 1621 als Kierch gebaut. D’Joer vun der Wei vun der Kierch, also 1621, ass och an enger Inscriptioun um Portal ze gesinn: « Sit Nomen Domini Benedictum 1621 ». Säit 1870 ass d’Kierch eng Kathedral, dat nodeem Lëtzebuerg en Bistum gouf. Ab 1934 ass d’Kathedral erweidert ginn andeems de Chouer an d’Querschëff mat dem sougenannte Marieportal un déi al Jesuitekierch ugebaut goufen. Den bis 1934 eenzegen Tuerm dréit d’Mauerankeren vun 1618, déi eis also den Alter vun dësem Tuerm verroden, deen also dëst Joer 400 Joer steet.

E puer Wurt zum Kolléisch:Op Initiative vum Antoine Houst, Member vum Conseil provincial sinn 1594 no villem hin an hier déi éischt Jesuitepateren op Lëtzebuerg komm. Si ware virun allem dofir bekannt, dass si am Bildungsberäich ganz aktiv waren. Schonn 1603 huet déi éischt Schoul vun de Jesuitten funktionéiert. Nodeems si an der Ënneschtgaass (Rue Notre-Dame) eng Rei Terrainen an Haiser kaaft hunn, hu se 1606-1611 déi éischt 2 Fligelen an L-Form (zur Säit vun der haiteger rue de l’Ancien Athénée an zum Bd. F.D. Roosevelt.) am Renaissancestil gebaut.

E weidere Fligel, dee parallel zur haiteger Kathedral steet, koum 1687 dobäi a gouf zum Deel duerch eng grousszügeg Spend vum Louis XIV finanzéiert, deen de Pateren eng uerdentlech Zomm als Kompensatioun fir d’Schied vun der Attack vun de Fransousen an de Joren 1683/84 geschenkt huet. Dëse Fligel gouf « Philosophiefligel » genannt, well d’Pateren hei virun allem Philosophie enseignéiert hunn, woufir si vum Franséische Kinnek de Privileeg krut haten.

Duerch eng weider Spend vun der Famill Nidercorn konnt e 1713 e weideren Ubau mat zwee Fligele geplangt a gebaut ginn. Den éischte Fligel gouf nees parallell zum haitege Bd. Rooseevelt gebaut, deen zweeten gouf am rechte Wénkel drugebaut, gouf awer 1934 ofgerappt, wéi d’Kathedral vergréissert gouf. Un dëse Fligel erënneren nach d’Arkaden Sprangbur a beim klenge Park um Bd. Roosevelt. Wann ee sech op de Parvis vun der Kathedral stellt an sech d’Architektur a besonnesch d’Fënsteren ukuckt, dann erkennt een déi verschidden Architekturelementer gutt.

Un de Philosophiefligel gouf géint 1720 nach eng Kéier e Bloc Richtung rue Notre Dame ugebaut, géint 1735 gouf d’Verbindung tëscht der Kathedral an dem Kolléisch geschaf. Remarkabel ass déi opulent Entréesdier am Barockstil, déi d’Haaptentrée zum Kolléisch duergestallt huet.

1773 ass de Jesuitenuerden an domat och de Kolléisch wéi e bis dohi funktionéiert huet opgeléist ginn a Professeren aus dem weltleche Klerus hunn den Enseignement iwwerholl.

Bis 1964 gouf et also hei e Lycée ënner verschiddenen Nimm, mol Athenée royal » bis 1839, mol Athénée Grand-Ducal bis 1964. An deem Joer ass de Kolléisch an d’Märelerwisen geplënnert a bis 1969 gouf de ganze Komplex vum « Ale Kolléisch » restauréiert fir d’Nationalbibliothéik do ënnerzebréngen.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.

31 décembre 2019

Flott Vue op d’Uelzecht an déi al Gierwerhaiser am Gronn.

Iwwert de Gronn, de Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg kéint ee Bicher schreiwen - wat natierlech och gemaach gouf a gëtt.

Virun e puer Joerzéngten nach en äermleche Quartier, wou een net esou gären higaangen ass, ass et haut eng vun deene schéinsten a gemittlechste Plazen an der Stad. Virun allem d’Renovatiounen vu ville Gebaier Enn 80er an an den 90er Joren, d’Erëffnung vum Naturmusée an der Abtei Neimënster, Caféen a Restauranten an de Bau vun engem Lift vum Hl. Geeschtplateau erof an den Dall hunn dozou gefouert, dass haut am Gronn d’Liewe pulséiert wéi nach ni. An trotzdeem eng gewësse Rou ausstraalt.

Schonn am fréie Mëttelalter hu Mënschen an dësem Deel vun der Stad gelieft, nach iert de Sigfried um Bockfiels seng kleng Buerg gebaut huet.

Bis an d’14. Joerhonnert louch de Gronn nach « ante portas », d.h. virun den Dieren vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn eréischt an d’Schutzmauer vun der Stad ënnert dem Wenzel II. mat erageholl.

E reliéisen Zentrum war de Gronn virun allem duerch den am Mëttelalter gegrënnten Hospice St. Jean, d’Benediktinerabtei Neimënster an d’Kierch St. Ulric.

Industriellen Zentrum war de Gronn doduerch, dass hei vill Fëscher, Fierwer Gierwer an aner Handwierker déi d’Waasser resp. d’Waasserkraaft vun der Uelzecht gebraucht hunn, sech hei néiergelooss hunn.

Ënnert anerem Händschefabriken aus dem Gronn wéi z.B. d’Handschuhfabrik Albert Reinhard & Cie an der Plaetisgaass waren eng bedeitend Wirtschaftsbranche vun der Stad Lëtzebuerg. En Deel dovun steet och nach haut an huet als Appartementshaus mat Bureauen iwwerlieft. E weideren Deel gouf ofgerappt an als Park amenagéiert.

Net ze vergiessen sinn natierlech déi zwee Prisongen, déi am alen Hospice St. Jean (Fraeprisong) an an der Abtei Neimënster (fir d’Männer) installéiert goufen a bis an d’1980er Joren bestanen hunn, bis de Prisong zu Schraasseg opgaangen ass. Méi en däischtert Kapitel also vun der interessanter Geschicht vum Gronn.

Et ass kloer, dass mir op dëser Plaz nëmmen e ganz klengen Ëmrëss vun der Geschicht vum Gronn maache kënnen, an hoffen dass mir heimat den Interessi fir d’Geschicht vun dësem dach schéine Quartier bei deem engen oder aneren ausléise konnten.

Fotograf: Amateur.

Datum: ca. 1900.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

01 janvier 2020

Prosit Neujahr! Schéin artistesch Postkaart aus dem Pafendall, mat engem Vue op d’Uelzecht an d’Bréck, déi et schonn zu Réimerzäite bal op der selweschter Plaz gouf.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

02 janvier 2020

Flott Foto vun der Dënselpuert op der Rumm.

Dënselpuert, d.h. déi al Tréiererpuert, ass eréischt no 1867 nees opgemaach ginn. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, also aus Richtung Tréier, dofir och „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..

Datum: ca. 1900.

03 janvier 2020

Flott Vue bei der Uelzecht a Clausen op de Clausener Viaduc, 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf an am Optrag vum Adolphe Favier, deen d’Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut. D’Bréck huet eng Längt vun 208 Meter, ass 44 Meter héich, 15 Meter breet an dee gréisste Bou iwwerspaant 15 Meter. Tëscht engem vun de Béi kann een déi al Abteikierch vun der Abtei Neimënster entdecken.

Fotograf: Amateur.

Datum: ca. 1900.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

04 janvier 2020

Vue op dat alt Direktiounsgebai vun der Post, deemols an der rue du Génie, haut Avenue Monterey.

Dëst Gebai, wat scho laang net méi besteet, hat eng laang Geschicht. De viischten Deel vum Komplex staamt aus der Mëtt vum 16. Joerhonnert, den hënneschten Fligel op der Postkaart ass am 17. Joerhonnert derbäi komm.

Am Volleksmond gouf et och « Kinnekshaus » genannt. E puer Informatiounen dozou kréie mir vum Thomas Mameranus, Brudder vum Nicolaus Mameranus, Haffdichter a Krichsschreiwer vum Karel V. Wéi an ville Stied, hunn d’Stadhären, an eisem Fall d’Grofen vu Lëtzebuerg a spéider déi jeeweileg auslännesch Kinneken, Späicheren oder Kummeren ugeluecht, fir Reserven vu Kar unzeleeën, am Fall vun enger Attack vun der Stad. An der Stad Lëtzebuerg gouf et esou Karspäicheren natierlech an der Buerg resp. am Schlass an och bei der mëttelalterlecher Maarthal um Fëschmaart.

Nodeem d’Stad 1554 duerch d’Explosioun vun engem Polvermagaseng an e grousst Feier groussflächeg zerstéiert gouf, ass decidéiert ginn, den neie Karspäicher méi wäit ausserhalb vum Stadkär ze bauen, dëst an d’Géigend vun der fréierer Judepuert, d.h. do wou haut d’Postgebai um Aldringer steet. Vu dass d’Haus dem Kinnek gehéiert huet, krut et wuel den Numm Kinnekshaus. D’Kelleren vun deem Gebai sollen laut dem Thomas Mameranus besonnesch grouss a staark gewiescht sinn.

Vun 1769-1795, d.h. bis zur franséischer Revolutioun, war am Kinnekshaus de Conseil Provincial ënnerbruecht.

1795 koum dunn d’Genie-Direktioun (responsabel fir de Festungsbau) an dëst Gebai an ass do bis 1867 bliwwen. Gläichzäiteg ass och d’Gendarmerie bis ca. 1798 am Rez-de-Chaussée hei ënnerbruecht ginn.

De ganze Komplex ass 1907 ofgerappt ginn, fir dem Neibau vun der Post, wéi mir en och haut nach kennen, Plaz ze maachen.

Riets op der Postkaart gesäit een d’Entrée vum deemolegen Neibau vun der Famill Reuter-Reuter. Dëst Gebai mat dem markanten Ecktuerm, wat 1905/06 gebaut ginn ass, koum duerno an d’Hänn vun der Société Luxembourgeoise de Crédit et de Dépot (fréier Werling, Lambert et Cie), 1933 war et d’BIL déi d’Gebai iwwerholl huet. Dat schéint Gebai ass awer leider 1964 ofgerappt ginn an duerch e moderne Komplex ersat ginn.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1909

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

05 janvier 2020

Animéiert Vue vun der fréierer Maria Theresien-Avenue, haut Boulevard Franklin Delano Roosevelt, benannt nom 32. amerikanesche President (1882-1945). Nom Bau vun der Pont Adolphe huet d’Strooss Boulevard du Viaduc resp. Brückenring während der Besatzung am 2. Weltkrich geheescht. De Boulevard féiert vun der aler Bréck bis op d’Bréisseler Plaz a krut säin Numm duerch de Gemengerotsbeschloss vum 23. Abrëll 1945, e puer Deeg nom Doud vum F.D.R. Fotograf & Editeur: Onbekannt.

Datum: 1910

06 janvier 2020

Vue op de Knuedler an der Stad mam Monument vum Wëllem II. während engem Maartdag.

Offiziell heescht d’Plaz jo « Place Guillaume », benannt nom Wëllem II. vun Holland, Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1840-1849.

Den Numm Knuedler krut d’Plaz duerch d’Franziskanermönchen, déi am Mëttelalter bis zur Zäit vum Napoleon e Klouschter op der Plaz haten. Den Numm Knuedler soll also vun de Kniet un der Kordel vun de Pateren hier kommen.

Um Knuedler stoungen méi Gebaier wéi haut, wéi een och un de Fundamenter an de rezenten Ausgruewunge op der Plaz konnt gesinn. Ënnert anerem huet een och e Kierfecht fräigeluecht.

1554 koum et duerch e Blëtzschlag an d’Knuedlerkierch, wou ënnert dem Dag d’Schéisspolver vun de Kanounen vun der Festung gelagert gouf, zu enger riseger Explosioun an engem grousse Feier, wat d’Stadbild zolidd verännert huet. Vill Haiser sinn dem Brand zum Opfer gefall, well se mat Stréi oder hëlzen Schëndelen gedeckt waren. Nom Feier goufen verschidde Stroossen méi breet gemaach (z.B. Groussgaass), d’Haiser mat Schifer gedeckt an ganz nei Stroossenzich ugeluecht (z.B. Louvignysgaass, Philippsgaass etc.)

Plaz ass och bekannt duerch d’Ofhale vu Wochemäert, den Oktavmäertchen, verschidde Festivallen, Public Viewings, Chrëschtmäert, seng Äispist am Wanter, Baler etc. Eng Plaz also, wou seelen näischt lass ass.

D’Monument vum Wëllem II. gouf 1884 opgeriicht. Haut steet och eng exakt Kopie vun der Statue zu Den Haag am Buitenhof, well eng aner Statue vum Wëllem II. net gefall huet an déi dunn 1924 op Tilburg gestallt ginn ass…

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

07 janvier 2020

Eng flott Panoramafoto vum Pafendall.

Ënnen am Pafendall erkenne mer hannen vu lénks no riets d’Eecherpuert, de « Féngerlek » (de Kamäin vun der Pompelstatioun, déi d’Drénkwaasser vun der Quell am Pafendall an Uewerstad gepompelt huet), de « Béinchen » an de Quartier mam selwechte Numm an d’Sichepaart.

De Béinchen ass en Deel vun der Vaubansfestung a gouf 1684 bis 1685 vum Vauban queesch duerch den Uelzechtdall gebaut fir de Pafendall an d’Festung opzehuelen. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen.

Méi riets erkenne mir d’Pafendaller Kierch, déi dem Hl. Théiwes (St. Mathieu) geweit ass an 1872 gebaut gouf. Den Théiwesbur, den ale Wäschbur aus dem Pafendall deen direkt lénks nieft der Kierch steet, dierft jo och jidderengem aus dem Jean-Pierre Kemmer sengem Lidd bekannt sinn.

D’Kierch huet am 2. Weltkrich Geschicht geschriwwen, wéi während 14 Méint 6 desertéiert lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert sech do verstoppt hunn.

Vis-à-vis vun der Kierch steet dat alt Vaubans-Lazarett, wat no sengem eigentlechen Zweck mol als Fabrik, mol als Wunnraum, mol als Musée funktionéiert huet, bis et 1955 ofgerappt gouf.

Fotograf: Amateur.

Datum: ca. 1900.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

08 janvier 2020

Vue op de fréieren Refuge St. Maximin bei der Place Clairefontaine mat der Entrée vun der Kathedral an dem fréiere Kolléisch am Hannergrond.

Säit wéini et e Refuge vun der Abtei St. Maximin bei Tréier an der Stad Lëtzebuerg gouf, ass net geséchert, et ass awer gutt méiglech, dass dëst scho kuerz nom Entstoe vun der Stad de Fall war.

Eng éischt Ernimmung vum Refuge St. Maximin gëtt et am Joer 1484 an duerno am Joer 1541. Am Dokument vun 1484 geet och Riets vun der Lag vum Refuge, « bei den Knodleren », beim Knuedler also, wat duerchaus mat der haiteger Plaz iwwertenee stëmme kann. 1663 schéngt op der Plaz en neit Gebai fir d’Abtei St. Maximin gebaut ginn ze sinn, wéi eis al Ecksteng verroden. Den haitege Bau geet allerdéngs op de Bau vun 1751 zeréck, deen ënnert dem Abt Henri (Willibrord) Scheffer, no de Pläng am Barock-Stil vum Jean-Nicolas Steinmetz vum Entrepreneur Louis Hendel gebaut gouf.

De Gaart vum Refuge war vun der Strooss ofgetrennt duerch en wonnerschéint Eisegitter, vum P. Fox entworf a vum Konschtschmadd P. Petit ausgefouert. Dëst Gitter steet haut beim Schlass zu Beetebuerg an dréit nach ëmmer d’Wopen vum Abt Henri (Willibrord) Scheffer.

An de Revolutiounszäiten, 1797, gëtt de Refuge geraumt an den 31. Mäerz am Numm vum Ex-Pater Romain Jacquenau vu Bartreng vum Jean Henri Dondelinger fir 50000 Gulde (oder 20000 Pond) gesteet. De Jean Henri Dondelinger, deen och schonn en Deel vun der Abtei vun Iechternach gesteet hat, keeft et uschléissend fir 18000 Frang dem Jacquenau of a verkeeft et du weider un de Wiert Jean Diedenhoven-Kuffer, deen d’Gebai verlount. An de folgende Joren wunnen ca. 50 Leit am aus, ausserdeem fanne mir hei d’Dréckerei vum Claude a Jacques Lamort. 1829 hunn nëmmen 3 Famillen am Haus gewunnt, e.a. de Procureur d’Etat Longrée, de Jean Diedenhoven an den hollännesche Generolmajouer von Goedecke.

1839 huet Madamm Agathe Diedenhoven, Wittfra vum Mathieu Deitz d’Gebai fir 100000 Frang un den Däitsche Bond (d.h. d’Festungsbesatzung) verkaaft, déi et als Sëtz fir de Militärgouverneur ausgebaut hunn. Wéi nom Londoner Kongress d’Festung zerstéiert ginn ass, ass de Refuge als Entschiedegung fir d’Schleefe vun der Festung mat villen anere Gebaier un de Lëtzebuerger Staat gaangen. Den 9. September 1867 huet de leschte Militärgouverneur, de Generol von Brauchitsch de Refuge verlooss. Vun 1868-1869 ass d’Gebai no de Pläng vum Architekt Charles Arendt ëmgebaut ginn, fir et als Regierungssëtz ze notzen. 1880 huet de Staatsminister Paul Eyschen d’Gebai op en neits renovéiere gelooss.

Vun 1945 bis 2017 hat den Ausseministère vun der Lëtzebuerger Regierung do säi Sëtz, deen dun an de fréiere Justizpalais geplënnert ass. zanter Juli 2019 ass et de Sëtz vum Staatsministere.

Niewent dem „grousse“ Refuge, gouf et och nach e „klenge“ Refuge, dee wuel och 1751 mam grousse Gebai opgeriicht gouf. Dëst ass lénks op der Postkaart nach ze gesinn. Hei war an den 1920er Joren, bis 1932 de Passbüro ënnerbruecht. D’Gebai ass 1933 ofgerappt ginn.

Fotograf & Editeur: P.C. Schoren, phot., Luxembourg, rue Sigefroi, Gare.

Datum: 1911.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

09 janvier 2020

Panorama vun den 3 Eechele gekuckt iwwer Clausen Richtung Uewerstad.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles BernhoeftDatum: 1905.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

10 janvier 2020

Flott Foto vum Plateau Altmënster (benannt no der fréierer Abtei Almënster) aus op d’Uewerstad gekuckt.

Fotograf & Editeur: Jos. Fischer-Ferron, Luxembourg

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

11 janvier 2020

Schéi Vue an d’Tilleschgaass am Gronn, mat der Uewerstad am HannergrondHei huet sech nach net esou vill geännert oder? D’Rue St. Ulric verleeft nach ëmmer d’selwescht. Fréier war d’Tilleschgaass e wichtege Wee dee vun Diddenuewen aus an d’Festung Lëtzebuerg gefouert huet; d’Gaass huet deemno säit 1798 bis 1925 rue de Thionville geheescht.

Wéi am Joer 1671 aus strategesche Grënn am Gronn ëmgebaut gouf, goufen an der Tilleschgaass eng Parti Haiser ewechgerappt, an op där Plaz gouf eng Garnisounsbäckerei gebaut déi bis 1807 a Betrib war. Duerno gouf an d’Plaz dovun e Prisong gebaut - dat grousst laangt Gebai, dat haut nach do steet. Wéi deen ze kleng gi war, gouf de Prisong an déi fréier Abtei Neimënster verluecht. An d’Gebai an der Tilleschgaass koumen noeneen eng Schongfabrik, eng Erzéiungsanstalt fir Jongen (déi sougenannt « Winnschoul ») an Déngschtwunnenge fir d’Prisongspersonal. Um Enn vum 20. Joerhonnert gouf d’Gebai am Fong renovéiert, an zanterhier si Sozialwunnengen dran.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

12 janvier 2020

Wanterlech Vue op de Knuedler. Wéi een erkennt gouf dofir eng Foto vum Fotograf Charles Bernhoeft kënschtleresch nogezeechent a mat Schnéi « bedeckt ».

De Knuedler: Offiziell heescht d’Plaz jo « Place Guillaume », benannt nom Wëllem II. vun Holland, Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1840-1849.

Den Numm Knuedler krut d’Plaz duerch d’Franziskanermönchen, déi am Mëttelalter bis zur Zäit vum Napoleon e Klouschter op der Plaz haten. Den Numm Knuedler soll also vun de Kniet un der Kordel vun de Pateren hier kommen.

Um Knuedler stoungen méi Gebaier wéi haut, wéi een och un de Fundamenter an de rezenten Ausgruewunge op der Plaz konnt gesinn. Ënnert anerem huet een och e Kierfecht fräigeluecht.

1554 koum et duerch e Blëtzschlag an d’Knuedlerkierch, wou ënnert dem Dag d’Schéisspolver vun de Kanounen vun der Festung gelagert gouf, zu enger riseger Explosioun an engem grousse Feier, wat d’Stadbild zolitt verännert huet. Vill Haiser sinn dem Brand zum Opfer gefall, well se mat Stréi oder hëlzen Schëndelen gedeckt waren. Nom Feier goufen verschidde Stroossen méi breed gemaach (z.B. Groussgaass), d’Haiser mat Schifer gedeckt an ganz nei Stroossenzich ugeluecht (z.B. Louvignysgaass, Philippsgaass etc.)

DPlaz ass och bekannt duerch d’Ofhale vu Wochemäert, den Oktavmäertchen, verschidde Festivalen, Public Viewings, Chrëschtmäert, seng Äispist am Wanter, Baler etc. Eng Plaz also, wou seelen näischt lass ass.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

13 janvier 2020

Eng weider, leider manner gutt Opnam vun den 3 Eechelen, dem Fort Thüngen, aus gekuckt, iwwer de Pafendall Richtung Uewestad, mam Hospice Civil ënner lénks.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Onbekannt.

14 janvier 2020

Vue vum Bock iwwer de Gronn mat der Abtei Neimënster, Richtung Rumm-Befestegungen.

Lénks vun der Mëtt ass d’Dënselpuert, d.h. déi al Tréiererpuert, déi eréischt no 1867 nees opgemaach ginn ass. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, also aus Richtung Tréier, dofir och „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..

Déi vill méi al sougenannten Krudelspuert, déi méi déif am Dall un der Uelzecht louch, an de Gronn mat Clause verbonnen huet ass zu deem Zäitpunkt zougemaach ginn. Säit d’Abtei Neimënster gebaut gouf, war des Puert souwisou wahrscheinlech net méi a Betrib. Hier Iwwerreschter gesäit een haut nach duerch eng Fënster am Tuutesall wann ee Richtung Stierche geet. Op der Foto louch si ongeféier hannert dem Pilier riets vun der Strooss Richtung Neimënster, ass awer natierlech net ze gesinn.

Haut steet e puer Meter ënnert der mëttelalterlecher Tour Jacob déi mat Stol rekonstruéiert « nei Tréiererpaart », déi also chronologesch déi lescht Paart ass, fir vun Osten hier an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen. Op der Foto ass si ganz gutt ze erkennen a gouf no 1867 leider ofgerappt.

Gebaut gouf si ëm 1590 an déi « mëttelal » Tréiererpaart gouf ganz zougemauert, genau sou wéi d’Tréiererstrooss e puer Meter no ënnen a laanscht d’Festungsmauer geluecht gouf. Et erkennt een op der Foto och, dass tëscht der Rumm duerch de Jacobstur an der Strooss fir op den Cents keng Verbindung besteet, wéi mir se haut kennen. 1590 hunn se beim Bau vun där « neier » Puert och e réimesche Mënzschatz fonnt, deen awer leider verluer gaangen ass. E beweist awer, dass och schonn zu Réimerzäiten eng Siidlung dës Säit vun der Uelzecht, evt. op der Rumm bestanen huet.

D’Leit déi an d’Stad era wollten hunn all op dëse Plazen ëmmer missen eng Taxe bezuelen.

Fir den Iwwerbléck also:- Eng éischt Paart louch ënnen am Dall, d.h. déi aktuell rue Münster huet dohi gefouert.

- Duerno gouf am Mëttelalter d’Tour Jacob als 2. Tréierer Paart gebaut- schlussendlech ëm 1590 déi jéngsten Tréierer Paart déi mir ënnert dem Jakobstur gesinn an déi 1867 ofgerappt an an den 1990er Joren aus Stol nees opgebaut gouf.

Am Hannergrond gesäit een och déi bal 12 Meter héij Tierm, déi en Deel vun der Rumm-Befestegung sinn an déi am Mëttelalter um Enn vum 14, Joerhonnert, ongeféier tëscht 1380 an 1395 op Uerder vum béimesche Kinnek Wenzel II gebaut goufen.

Lénks nieft der Tuermspëtzt erkennt een déi lescht Kasär, déi op der Rumm gebaut gouf. Ënner preisescher Besatzung gouf de Bau vun neie Kasäre virugedriwwen. An de Joren 1863-1866 gouf um Plateau eng 5. Kasär, direkt hanner der mëttelalterlecher Mauer gebaut, déi sou genannte „Preisesch Kasär“, e massive bommeséchere Bau, no den deemools neisten Technike vum Festungsbau gebaut: den Daach konnt am Krichsfall bannent kierzter Zäit ofgedroe ginn an duerch eng déck Couche Buedem ersat ginn, déi d’Gebai viru Bombardement schütze sollt. D’Rumm war zu deem Zäitpunkt d’Heemecht fir Artillerietruppen, déi natierlech och mat der Stadbevëlkerung Kontakt haten, deen net ëmmer onproblematesch war - vun dohier kënnt och d’lëtzebuergescht Lidd « Et wor emol e Kanonéier ».

15 janvier 2020

Multivue vun de schéinsten Attraktiounen an der UNESCO-Zone an der Stad Lëtzebuerg.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: MPK.

Datum: 1964

16 janvier 2020

Interessant Postkaart, mat enger impressionnanter Vue vum Chantier vun der neier Bréck.

Liked, deelt a kommentéiert, wann iech dës Postkaart gefält.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefung vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Architekt Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vum Lëtzebuerger Fotograf Charles Bernhoeft a wéi hei vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plaque aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

17 janvier 2020

Amateurfoto, gemaach op der Corniche mat Bléck iwwer de Gronn, mat der Kierch St. Jean, der aler Abteikierch vun der Abtei Neimënster, Richtung Clausen mat sengem Viaduc gekuckt.

Fotograf: Amateur.

Datum: OnbekanntCollection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

18 janvier 2020

Vue op d’3 Tierm (Pafendaller Puert) an den ale Palais de Justice.

Dem ale Palais de Justice seng Geschicht geet zeréck an d’16. Joerhonnert, wéi kinnekleche Conseiller a Geschäftsmann Nicolas Greisch sech hei am Joer 1543 e Stadhaus, op franséisch en « Hôtel » op enger klenger Terrasse iwwer dem Dall baue gelooss huet.

1554 ass dat Gebai duerch dat grousst Feier zerstéiert ginn, wat duerch e Blëtzschlaag an d’Knuedlerkierch, wou d’Schwaarzpolver um Späicher stockéiert war, ausgeléist gouf. Duerch d’Feier gouf och d’Schlass um Bockfiels zerstéiert, wou bis dohinn d’Gouverneuren vun der Festung gewunnt hunn.

1564/65 léisst den Prënz Pierre-Ernst de Mansfeld, Gouverneur vun der Stad Lëtzebuerg, d’Gebai fir de spuenesche Kinnek Philipp II. kafen an installéiert do den « Hôtel du Gouverneur ». An der selwechter Zäit fänkt hien och mam Bau vu sengem Schlass a Clausen un.

1599 hunn d’ierfgroussherzoglecher Koppel vun Éisträich, den Albert (Neveu vum Philipp II) a seng Fra Isabelle am Palais logéiert.

Vun 1606-1609 gëtt de Palais op Uerder vum neie Gouverneur Berlaymont vergréissert.

Während dem Ugrëff vun de Fransousen am Joer 1684 gëtt d’Gebai zolidd beschiedegt. Aus dësem Joer staamt allerdéngs och e Bild vum Van der Meulen, esou dass mir haut nach wëssen, wéi d’Gebai deemools ausgesinn huet.

No der franséischer Belagerung gëtt d’Festung Lëtzebuerg mat engem groussen finanziellen Opwand nees gefléckt, esou dass de Louis XIV, de Sonnekinneck 1685 perséinlech de Chantier vun de Renovatiounsaarbechten besicht an mat sengem Haff, e.a. der Madame de Maintenon an dem Historiograph an Auteur Jean Racine am Palais logéiert.

Bis 1795 hunn d’Gouverneuren vun der Stad am Hôtel gewunnt, an duerch d’Flucht vum leschte Gouverneur Bender an d’Enn vum Ancien Régime krut d’Gebai eng nei Roll, nämlech den Hebergement vun de Justizinstitutiounen, e.a. d’Geriicht.

Dofir ass et och keen Zoufall dass an den 3 Tierm, esou no beim Geriichtspalais, de Stater Prisong entstanen huet an d’Guillotine hei stockéiert gouf. E weidere Prisong gouf et um Fëschmaart an engem Tuerm, deen haut awer leider verschwonnen ass.

D’Säitefliggelen vum Gebai goufen awer och nach fir aner Staatsinstitutiounen genotzt, z.b. Chambre des Comptes, de Staatsrot, d’Administration des Bâtiments publics um Ufank vum 19. Jorhonnert, d’Gendarmerie (1843-1881) oder den Erzéihungsministère (1881-1930).

D’Façade vum Gebai wéi mir et haut kennen, ass 1887/88 vum Staatsarchitekt Charles Arendt renovéiert ginn, nodeems dass et am Juni 1886 vun engem Feier staark beschiedegt gouf.

An den 1980er Joren ass d’Gebai och zweemol beschiedegt ginn, eemol duerch e Feier an eemol duerch d’Explosioun enger Bomm, Deel vun der Affär Bommeleeër.

Säit 1930 gouf d’Gebai exklusiv vun der Justiz benotzt an dat bis 2008 wéi d’Cité judiciaire um Helleg-Geescht Plateau opgaangen ass. Säit 2017 ass hei de Sëtz vum Ausseministère, dee vum ale Refuge St. Maximin heihi geplënnert ass,

Wéi ee gesäit, huet d’Gebai eng etlech Transformatiounen matgemaach. Während deene leschte Renovatiounsaarbechten konnt awer rausfonnt ginn, dass am Kär vum Gebai ëmmer nach d’Iwwerreschter vum 1. Gebai verbaut sinn, d.h. déi aus der Zäit vum Greisch, mä och aus der Zäit vum Mansfeld an den Attacken vun de Fransousen sinn Iwwerreschter erhale bliwwen.

D’Dräi Tierm, d’Pafendaller Puert, sti virdrun. Hir Fundamenter sti wahrscheinlech op deem ale Réimerwee, dee vum Fëschmaart erof an de Pafendall gaangen ass.

Dräi Tierm setzen sech aus 2 ronnen Tierm an engem véiereckegen Tuerm zesummen. De véiereckegen ass deen eelste vun deenen 3 an gouf géint 1050 als Deel vun der zweeter Stadmauer gebaut. Déi ronn Tierm sinn aus dem 13. Joerhonnert.

D’Dräi Tierm hunn déi wichteg Puert vun der Uewerstad an d’Ënnerstad markéiert a leien op deem ganz ale réimesche Kiem, deen iwwerhaapt dozou gefouert huet, dass de Kär vun der Stad zu engem Verkéiersknuet ginn ass. Vum Fëschmaart erof sinn d’Händler fréier erof an de Pafendall gefuer, fir do, wahrscheinlech duerch eng Fuert op déi aner Säit vun der Uelzecht ze kommen, an da weider Richtung Tréier ze fueren.

Wësst dir eigentlech firwat Giischtercher aus dem Schraasseger Prisong op hirer Uniform d’Wopen mat den 3 Tierm droen?

Majo well d’Dräi Tierm bis ca. 1810 als Prisong funktionéiert hunn. Anscheinend gouf och d’Guillotine vun der Stad Lëtzebuerg, déi haut am Musée Dräi Eechelen ausgestallt ass, do stockéiert.

No der Schleefen vun der Festung huet de Kapitän Weydert vun der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie an den Tierm gewunnt.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1901.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

19 janvier 2020

Animéiert Vue wanterlech Vue vun der fréierer Maria Theresien-Avenue, haut Boulevard Franklin Delano Roosevelt, benannt nom 32. amerikanesche President (1882-1945). Nom Bau vun der Pont Adolphe huet d’Strooss Boulevard du Viaduc, resp. Brückenring während der Besatzung am 2. Weltkrich geheescht. De Boulevard féiert vun der aler Bréck bis op d’Bréisseler Plaz a krut säin Numm duerch de Gemengerotsbeschloss vum 23. Abrëll 1945, e puer Deeg nom Doud vum F.D.R. Am Hannergrond erkennt een och den Grand Hôtel Cravat Luxembourg laang viru sengem Ëm- respektiv Ausbau.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1909.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

20 janvier 2020

E Bléck, deen engem ëmmer nees den Otem hëllt: d’Vue op déi spektakulär Fielsformatiounen vum Bockfiels.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

21 janvier 2020

Flott Vue op de Clausener Bierg an den Huelen Zant um Bock.

Den Huelen Zant ass (net wéi oft behaapt gëtt) keen Iwwerrescht vum Siegfried senger Buerg Lucilinburhuc, mä vum lénksen Tuerm vun der zweeter Paart vun der neizäitlecher Festung. E gudden Deel vun deene Maueren stamen aus der Zäit den Ëmbauten vun der Festung duerch de Vauban. Dat haitegt Ausgesinn krut déi Ruin 1874, wéi d’Zitadell um Bock ofgerappt gouf. Oft gëtt behaapt, de Staatsarchitekt Charles Arendt, wär fir den Ëmbau am romantesche Stil responsabel gewiescht, wat awer net ganz richteg ass, vu dass hien déi Ëmbauten esou guer kritiséiert huet.

22 janvier 2020

Vue vum Neiduerf a Clausen mat der Uewerstad am Hannergrond. D’Neiduerf selwer läit net méi an der « Zone Tampon » vum UNESCO-Weltkulturierwen, en Deel vum Motiv vun der Postkaart allerdéngs schonn.

Am Verglach mat den Uertschafte ronderëm d’Staat ass d’Neiduerf, wéi den Numm et undeit, e relativ jonkt Duerf.

D’Siidlungsgeschicht vum Neiduerf fänkt u sech un mam Bau vum Grof Mansfeld sengem Schlass ab dem Joer 1563. Am Beräich vum Neiduerf, an dem laanggezunnenen Dällchen, war säi prachtvolle Déierepark, mat wëllen Déieren, Planzen an allerlee Skulpturen. De ganzen Déieregaart war mat enger riseger Mauer ëmginn, déi ongeféier vum Clausener Viaduc, op d’Dräi Eechelen, op de Weimeschhaff, eriwwer an den Huesegrënnchen, laanscht déi fréier Brauerei Henri Funck, erop op den Centser Plateau, laanscht den Tavioun, de Kéibierg, de Fetschenhaff, an nees erof a Clausen gefouert huet. De Mansfeld hat awer no sengem Retour op Lëtzebuerg, 1599 am Alter vun 82 Joer, nach knapp 5 Joer Zäit fir säi Liewen ze genéissen. Hien ass 1604 gestuerwen.

Fir d’Entwécklung vum Neiduerf war also virun allem dem Mansfeld säin Déieregaart vu Bedeitung. Och haut fanne mir dovu Spueren an de Flouernimm vum Neiduerf: Déieregaart, Hierzekrëpp (wou d’Hirsche gefiddert goufen), Huesegrënnchen etc.

D’Arel vum Mansfeld sengem Schlass hat 5 Puerten, am Neiduerf, bei der fréierer Brauerei Henri Funck war d’Péiteschpuert, benannt nom Mansfeld. Bei der Puert gouf et eng Déngschtwunneng fir de Gardien a fir d’Fierschtere vum Déieregaart. Dës Gebaier sinn och nom Zerfall vum Schlass erhale bliwwen a lues a lues koumen nei Gebaier an dem spéidere Quartier Neiduerf derbäi.

Den Numm « Nieduerf » taucht awer eréischt um Enn vum 18. Joerhonnert an de Parbicher an an den Dokumenter vun der Gemeng Eech, zu där de « Laangegronn » gehéiert huet. Dëst ass op en historescht Evenement zeréckzeféieren. Wéi 1794 déi franséisch Revolutiounstruppen der Festung ëmmer méi no koumen, huet de Festungskommandant Bender d’Haiser ausserhalb vun de Festungsmaueren ofrappe gelooss, well si am Feierberäich vun der Festung louchen. Doduerch sinn och d’Haiser bei der Péiteschpuert an och d’Puert selwer verschwonnen an d’Leit déi enteegent goufen, sinn e.a. Huesegrënnchen, am Dällchen uewerhalb vu Clausen a bannent de Festungsmaueren ugesidelt. D’Leit hunn den Dall deemols dofir einfach Neidierfchen genannt, aus deem haut d’Neiduerf ginn ass.

D’Neidierfchen war laang Zäit aarm a bekannt duerch seng kleng Haiser mat stréigedeckten Dächer, déi 1845 duerch e grousst Feier bal all zerstéiert goufen. Duerno gouf dëst Material wéinst der Feiergefor verbueden, obwuel se nach laang net iwwerall verschwonne waren. E wichtege Wirtschaftsfaktor, deen zum Opschwong am Neiduerf gefouert huet, war natierlech d’Brauerei Henri Funck, déi vun 1864-1983 do produzéiert huet, nodeems si vun de Brasseries Réunies de Luxembourg, Mousel et Clausen opkaaft gi waren. Dëst ass awer en anert grousst Kapitel an der Geschicht vum Neiduerf.

Fotograf & Editeur: Jos. Fischer-Ferron.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

23 janvier 2020

Eng Postkaart mat Motiver aus Clausen: ganz lénks, dem Robert Schuman säi Gebuertshaus (1872-1873 vum Affekot Jean-Nicolas Feyder gebaut), riets niewendrun d’Tour Malakoff, béid an der Rue Jules-Wilhelm, an an der Mëtt d’Kierch vun der Hl. Kunigunde.

Zum Malakoff-Tuerm:

D’Tour Malakoff, déi an der haiteger Rue Jules-Wilhelm steet, ass een vun den am beschten erhale Festungsreschter, dat wahrscheinlech och, well en als ee vun de leschte Bauwierker iwwerhaapt vun der Festung Lëtzebuerg gebaut gouf. 1860-1861 gouf den Tuerm gebaut an e krut den Numm vun engem Tuerm vum Fort Malakow vun der Festung vun der Stad Sewastopol, dat am Krimkrich am Joer 1855 bekannt gi war. Duerch déi europawäit Krichsreportagen deemools ass de Begrëff « Malakoff » och an eise Géigende bekannt ginn. Och am Mëllerdall gëtt et eng Fielsformatioun mam selwechte Numm.

Wéi een op Postkaarte liese kann, gouf en och als « Jüddeschen Tuerm » bezeechent, dat well de jüddesche Kierfecht net wäit ewech läit. Deen eelste vun de Juddekierfechten an der Stad ass de Kierfecht Malakoff. E gouf 1817 vun der jiddescher Communautéit aus der Stad kaaft. Eng ronn honnert Griewer sinn op dësem Kierfecht. Si goufen an der Zäit tëscht 1820 bis ongeféier 1883/1884 ugeluecht.

D’Tour Malakoff sollt de schmuelen Dällchen vum Weimeschhaff erof a Clausen sécheren a beschützen a war Deel vun der Ofschlossmauer déi de Fort Thüngen (3 Eechelen) mam Fort « Parkhöhe ».

D’Maueren goufen 1875 am Kader vum Schleefe vun der Festung ofgerappt, den Tuerm hunn se awer glécklecherweis stoe gelooss. Och déi kleng Paart duerch déi de Wee op de Weimeschhaff gefouert huet, ass stoe gelooss ginn.

Nom Ofbroch vun der Festung gouf den Tuerm laang Zäit als Wunneng genotzt, haut sinn de Rez-de-chaussée an de Keller un d’FNEL, den ieweschte Stack un d’LGS verlount.

Zur Kierch: Lëtzebuerg-Clausen gouf eréischt 1865 zu enger selbstänneger Par wéi Clausen vun der Par Lëtzebuerg-St. Michel ofgetrennt gouf. Am selwechte Joer gouf och d’Kierch gebaut a vum Bëschof Nicolas Adames konsekréiert. 1958 gouf d’Kierch komplett restauréiert, awer schonn 1964 war se duerch e Feier nees staark beschiedegt ginn. Fir d’Honnertjoerfeier den 10. Oktober 1965 war se awer nees an d’Rei gesat.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1906

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

24 janvier 2020

Vue aus der Péitruss op déi nach ganz jonk Nei Bréck mat den héije Maueren vun der fréierer Bastioun Beck.D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Architekt Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1907

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

25 janvier 2020

D’Fräiwëllegekompanie marschéiert duerch d’Avenue de la Porte Neuve Richtung Glacis.

Et handelt sech bei der Foto ëm d’Fräiwëllegekompanie (Corps des Gendarmes et Volontaires) déi vun 1881-1944 bestanen huet.

D’Zesummesetzung war folgend:Kompanie vun 125 GendaarmenKompanie vun 140 bis 170 Ënneroffizéier an Zaldoten1 Majouer-Kommandant2 Kapitänen, déi d’Kompanie kommandéiert hunn4 bis 6 LeitnantenD’Militärmusek mat 39 Museker an engem Chef-Dirigent

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Maison de gros P. Houstraas, Luxembourg

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

26 janvier 2020

Eng Postkaart mat enger Opnam, déi ënnerhalb vun den 3 Eechelen, dem Fort Thüngen, enstanen ass, mam Bléck iwwer Clausen, Clausenerbierg, Richtung Bock an Uewerstad.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898, d’Opnam ass awer méi al.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

27 janvier 2020

Flott Stereoscopie vun der Plaetisgaass an dem Haus Van-der-Vekene am Gronn. Interessant ass och d’Bréck vun enger Säit op déi aner.

Schonn am Joer 1281 gëtt en Pletisborne (e Bur?) zitéiert, an e puer Joer spéider, 1297 ass vun der Plettinsgassa Rieds. Et gëtt ugeholl, datt den Numm vum laténgeschen in plateis hierkënnt, woubäi platea eng Paweesstrooss bezeechent. Bis am 17. Joerhonnert war d’Plaetisgaass eng wichteg Verbindung tëscht der Schmëdd ënner dem Bockfiels an dem Almënsterplateau. Duerch de Bau vun der 3. Rankmauer gouf et eng Sakgaass.

Am Mëttelalter a bis an 17. Joerhonnert era war d’Plaetisgaass bekannt fir seng Buedstuffen. D’Waasser vum Plättisbur war deemools wéinst senger gudder Qualitéit an der ganzer Stad geschat. 1374 gëtt an engem Akt e Bued- a Schweesshaus ernimmt, d' »Johann Plettismeister Hus ».

Wéinst Angscht virun Epidemië sinn am 17. Joerhonnert déi Buedhaiser lues a lues verschwonnen an hunn de Gierwereie Plaz gemaach, déi bis an d’19. Joerhonnert d’Bild vun der Gaass bestëmmt hunn, wat zu hirem schlechte Ruff bäigedroen huet. Deemools housch d’Gaass rue des Tanneurs.

De Plettisbur huet als ëffentleche Wäschbur bis am Joer 1910 existéiert an ass dunn an den Neibau vun der Händschefabrik verbaut ginn.

Eng aner al Bezeechnung vun der Plaetisgaass soll bis am 15. Joerhonnert Altmünstergass gewiescht sinn. Spéider housch se wéi gesot rue des Tanneurs. An der Besatzungszäit am Zweete Weltkrich gouf se Plaetisgasse genannt. Haut fënnt een an der Strooss nieft Privatwunnengen an Appartementer och en Deel vun der Administratioun vum Musée national d’histoire naturelle Luxembourg - natur musée, d’Bureauen vun engem groussen Internetversandhändler an divers aner Firmen.

D’van-der-Vekene-Haus am Gronn ass e Gebai am Wénkel vun der Sosthène-Weis-Strooss an der Plaetisgaass am Quartier Gronn an der Stad Lëtzebuerg. Dat haitegt Gebai op Nr. 2 vun der Sosthène-Weis-Strooss (Neie Wee) huet fréier aus zwee Haiser bestanen (Nr. 2 a 4), déi ëm 1862 zesummegeschloe goufen.

D’Haus steet, zesumme mat deem op Nummer 7, an den Nummere 15 a 17 an der Plaetisgaass, zanter dem 28. Juli 1989 als nationaalt Monument op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.

D’Gebai huet den Numm vun enger aler flämescher Famill vu Mechelen. Den Alexandre Constantin van der Vekene de Berent huet sech no sengem Bestietnes mat der Suzanne Reinard am Joer 1756 an deem Haus am Gronn néiergelooss. Den Alexandre war en Nokomme vum Jean van der Vekene, deen den 11. Oktober 1656 duerch Patentbréiwer vum Philippe IV. geadelegt gouf. Deem säi Fils Marc huet d’Enkelin vum flämesche Moler Peter Paul Rubens bestuet.

Der Suzanne Reinard hire Papp, den Händler Jean Adam Reinhard, hat d’Haus ëm 1700 opriichte gelooss. D’Famill van der Vekene huet bis ongeféier 1939 am Haus gewunnt a war bis 1965 Besëtzer bliwwen, wéi se de 14. Juli d’Haus dem Staat verkaaft huet.

D’Haus ass tëscht 1966 an 1968 ënner dem Bauteminister Albert Bousser renovéiert ginn a gouf am Juni 1969 der Union grand-duc-Adolphe als Sëtz zur Verfügung gestallt. Bei de Renovéierungsaarbechte gouf d’Skulptur vum hellegen Änder aus senger Niche iwwer der Haaptentrée ofmontéiert. D’Konschtwierk aus Nëssert aus dem 18. Joerhonnert gëtt zanterhier am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht um Fëschmaart versuergt.

2007 ass d’UGDA op Stroossen geplënnert an zanterhier ass d’Haus de Sëtz vum INECC Lëtzebuerg a vum Commissaire à l’enseignement musical vum Kulturministère.

Déi verschidde Besëtzer vum Haus waren 1787 de Jean Mathieu Bogaerts an d’Charlotte Henriette Walburge van der Vekene; 1831 den Hermann Joseph Kessler an d’Joséphine Jeanne Bogaerts; 1862 de François Mathieu Léon van der Vekene, 1935 de François Marie Léon van der Vekene an d’Marie Lucie Kolbach.

(Texter vu Wikipedia)

Fotograf: Amateur.

Datum: OnbekanntCollection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

28 janvier 2020

Schéine Panorama, mat enger Vue, gemaach um Daach vun der Villa Baldauff, Richtung Nei Bréck, déi nach net ganz fäerdeg ass, mat hirer aler Schwëster, der Passerelle, am Hannergrond.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefung vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Architekt Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnahmen vum Lëtzebuerger Fotograf Charles Bernhoeft a wéi hei vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plaque aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Zur Passerelle:D’Passerelle, och nach « Viaduc » oder « Al Bréck » genannt, nodeems déi « nei Bréck » oder de Pont Adolphe 1903 gebaut gouf.

D’Passerelle, déi de Garer Quartier mat der Uewerstad verbënnt, gouf vum Achille Grenier an dem Auguste Letellier geplangt a vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers gebaut.

Et ass keen Zoufall, dass de Bau vun der Passerelle an déi selwecht Zäit fält, wéi de Bau vun der éischter Gare vun der Stad Lëtzebuerg. Et war vun Ufank u kloer, dass d’Gare, déi aus strategesche Grënn ausserhalb vun de Festungsmaueren stoung, misst mam Zentrum verbonne ginn.

Fir de Bau vun der Bréck ass fir d’éischt eng hëlze Behëllefsbréck, eng Passerelle opgeriicht ginn, déi der Bréck also ee vun hiren haitege Nimm ginn huet.

D’Passerelle ass 308,40 Meter laang a besteet aus 26 Béi, déi tëscht 8 a 15m breet sinn. D’Maximalhéicht ass 45m.

Geplangt gouf d’Bréck vum Achille Grenier an dem Auguste Letellier, gebaut gouf se vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers.

Dass d’Bréck e liichte Bou huet, ass iwwregens op taktesch Grënn aus der Zäit wéi Lëtzebuerg nach eng Festungsstad war, zeréckzeféieren. Wahrscheinlech war si och mat Sprengkummeren versinn.

1960 gouf si fir de ville Verkéier méi breet gemaach an dräispureg ausgebaut. Virun e puer Joer ass dunn eng Spuer duerch eng geséchert Vëlospiste mat engem Vëloscompteur installéiert gëtt, deen iwwregens all Joer en neie Rekord opstellt. Am Moment gëtt d’Bréck op en neits verbreedert.Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

29 janvier 2020

Flott Vue op d’Pafendaller Puert.Den Dräi Tierm, d.h. der Pafendaller Puert, hir Fundamenter sti wahrscheinlech op deem ale Réimerwee, dee vum Fëschmaart erof an de Pafendall gaangen ass.

Dräi Tierm setzen sech aus 2 ronnen Tierm an engem véiereckegen Tuerm zesummen. De véiereckegen ass deen eelste vun deenen 3 an gouf géint 1050 als Deel vun der zweeter Stadmauer gebaut. Déi ronn Tierm sinn aus dem 13. Joerhonnert.

D’Dräi Tierm hunn déi wichteg Puert vun der Uewerstad an d’Ënnerstad markéiert a leien op deem ganz ale réimesche Kiem, deen iwwerhaapt dozou gefouert huet, dass de Kär vun der Stad zu engem Verkéiersknuet ginn ass. Vum Fëschmaart erof sinn d’Händler fréier erof an de Pafendall gefuer, fir do, wahrscheinlech duerch eng Fuert op déi aner Säit vun der Uelzecht ze kommen, an da weider Richtung Tréier ze fueren.

Wësst dir eigentlech firwat Giischtercher aus dem Schraasseger Prisong op hirer Uniform d’Wopen mat den 3 Tierm droen?

Majo well d’Dräi Tierm bis ca. 1810 als Prisong funktionéiert hunn. Anscheinend gouf och d’Guillotine vun der Stad Lëtzebuerg, déi haut am Musée Dräi Eechelen ausgestallt ass, do stockéiert.

No der Schleefen vun der Festung huet de Kapitän Weydert vun der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie an den Tierm gewunnt.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Nels.

Datum: 1911.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

30 janvier 2020

Schéi koloréiert Postkaart vun der Gréinskapell an der Péitruss, eent vun den eelste reliéise Gebaier um Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg.

Liked, deelt a kommentéiert, wann iech dës Postkaart gefält.

Schonn d’Kelten an duerno d’Réimer sollen hei eng Kultplaz gehat hunn.

Als « bal » geséchert gëllt, datt dës Hielekierch, déi déi Zäit zu der Par Hollerech gehéiert huet, fir Masse benotzt gouf. D’Gréinskapell gouf ënnerhale vun den Däitschritter, déi zanter 1249 an der Tilleschgaass gewunnt haten. Ëm 1355 hu si déi gotesch Fassad gebaut, déi haut nach erhalen ass. Vun hinne staamt och d’Däitschhärekräiz, dat iwwer der Paart agemeesselt ass. Riets dovun ass den oppene Priedegtstull ze gesinn. Den Daach an de Klackentuerm goufen 1885 restauréiert. Bannent der Kapell ass eng Duebelhiel, eng kleng Sakristei an eng Nisch mam Altor.

Den hellege Quirinus war zanter dem 11. Joerhonnert de Patréiner vun der Festung, zanter 1455 och vun der Stad Lëtzebuerg. 1666 gouf en an där Funktioun vun de Jesuitten duerch d’Tréischterin am Leed ersat. 1884/85 ass d’Kapell vum Staatsarchitekt Charles Arendt reamenagéiert ginn a krut den Zoustand, wéi mir en och nach haut virfannen.

Bei der Kapell ass eng Quell, där hirem Waasser joerhonnertelaang Heelwierkungen, besonnesch géint Hautkrankheeten an Eeterwonnen, nogesot goufen. Eng éischt Kéier gouf se beim Alexander Wiltheim 1655 ernimmt. Bei enger chemescher Analys am Joer 1900 gouf festgestallt, datt näischt Extraes am Waasser ze fanne wier.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Nels.

Datum: 1906.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

31 janvier 2020

Ganz schéin animéiert Postkaart mat Bléck an d’Neipuertsgaass mam Päerdstram a villen anere Saachen ze kucken. Et erkennt een awer och, dass de Charles Bernhoeft e bësse gefuddelt huet an eenzel Elementer als Collage op seng Originalfoto « gepecht » huet, e.a. dee rietsen a vläicht esou guer dee lénken Tram. Ganz lénks erkenne mir d’Mariestatue, déi nom Ofrappen vun der Neier Puert an eng Nisch un der Säit vun der Strooss gestallt gouf. Vu lénks no riets verleeft d’Biedergaass (Rue des Bains).

Postkaart vun 1905.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

D’Nei Puert, déi et säit 1871 nom Schleefe vun der Festung net méi gëtt, ass 1626-36 gebaut ginn an huet am Ufank den Numm « Sankt Marienpforte » gedroen. An der Puert war eng Nisch mat enger klenger Statue vun der Hl. Maria, d’Patréinerin vun der Stad Lëtzebuerg. Dës Statue steet haut am Musée Dräi Eechelen. D’Nei Puert ass gebaut ginn, nodeems eng Rei aner Puerte vun der Stad zougemaach goufen, e.a. z.B am Joer 1644 d’Juddepuert an der haiteger Avenue Emile Reuter/Groussgaass fir d’Festung méi sécher ze maachen. Deemno huet de ganze Verkéier dee soss, z.B. vun der Escher-, der Lonkecher- oder der Arelerstrooss koum, laanscht d’Festungsmaueren bis bei d’Neipuert goen, fir dann doduerch an d’Stad eranzekommen.

Virun der Nei Puert gouf et och e Gruef an eng Bréck, d’Neipuertsbréck, déi 1737 vun den Éisträicher ofgerappt ginn ass.

Bannen iwwer der Puert war d’Krichsgeriicht ënnerbruecht.

Wéi den Louis XIV 1684, no der Eruewerung vun der Festung duerch d’Fransousen, an d’Stad amarschéiert ass, huet hien eng Trophee ameessele gelooss, déi 1795 vun de Revolutiounstruppen zerstéiert gouf an duerch eng schwaarz Marberplack ersat gouf, op där stoung: Rendue à la République française le 24 Prairial An III (12. Juni 1795).

D’Fassade vun der anerer Säit vun der Puert (d-h. zur Stadsäit zou), staamt aus dem 19. Joerhonnert. Si gouf 1809 ënnert dem Napoleon am Empire-Stil gebaut an huet e groussen « N » um ieweschten Deel gedroen, als Erënnerung un den Napoleon. Ausserdeem huet hie baussen uewen op d’Paart eng Adlerstatue placéiert.

Nom Wiener Kongress, wéi d’Festung Lëtzebuerg eng preisesch Bundesfestung ginn ass, ass den « N » duerch de Reichsadler ersat ginn, deen do houng bis d’Nei Puert 1871 ofgerappt ginn ass.

Un d’Puert erënneren haut just nach de Stroossennumm (rue resp. avenue de la Porte-Neuve) an eng Kopie vun der Mariestatue beim Forum royal. Ënnert der Statue kann ee folgenden Text liesen (Quell: Wikipedia)

PATRIAE DECVS ATQVE TVTELA LOCO NOVO LVCEAT SEMPER A.D. XIV KAL. DECEMBRES MDCCCLXXVI

Den Houfert an d’Patréinesch vun der Heemecht soll op dëser neier Plaz fir ëmmer liichten, 14. Dezember 1876.

Op der Nordsäit vun der stiliséierter Paart steet:

REGIONE VRBIS HAC NOVATA CIVES ET B. MARIAE VIRGINIS EFFIGIEM VIGILEM IN PORTA NOVA PER SAECVLA ADHVC JAM TRIA NOVA IN SEDE VENERANDAM STATVERVNT

SIT INTRANTI ET EXEVNTI MARIA CERTAE SPEI SIGNVM ET SOLATII A.D. XIV KAL. DECEMBRES MDCCCCLXXVI

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

01 février 2020

Vue op Rumm-Befestegungen an eng vun de Kasären um Plateau.

Uewe lénks d’Dënselpuert, d.h. déi al Tréiererpuert, déi eréischt no 1867 nees opgemaach ginn ass. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, also aus Richtung Tréier, dofir och „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..Déi vill méi al sougenannten Krudelspuert, déi méi déif am Dall un der Uelzecht louch, an de Gronn mat Clause verbonnen huet ass zu deem Zäitpunkt zougemaach ginn. Säit d’Abtei Neimënster gebaut gouf, war des Puert souwisou wahrscheinlech net méi a Betrib. Hier Iwwerreschter gesäit een haut nach duerch eng Fënster am Tuutesall wann ee Richtung Stierche geet. Op der Foto louch si ongeféier hannert dem Pilier riets vun der Strooss Richtung Neimënster, ass awer natierlech net ze gesinn.

Haut steet e puer Meter ënnert der mëttelalterlecher Tour Jacob déi mat Stol rekonstruéiert « nei Tréiererpaart », déi also chronologesch déi lescht Paart ass, fir vun Osten hier an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen. Op der Foto ass si ganz gutt ze erkennen a gouf no 1867 leider ofgerappt.

Gebaut gouf si ëm 1590 an déi « mëttelal » Tréiererpaart gouf ganz zougemauert, genau sou wéi d’Tréiererstrooss e puer Meter no ënnen a laanscht d’Festungsmauer geluecht gouf. Et erkennt een op der Foto och, dass tëscht der Rumm duerch de Jacobstur an der Strooss fir op den Cents keng Verbindung besteet, wéi mir se haut kennen. 1590 hunn se beim Bau vun där « neier » Puert och e réimesche Mënzschatz fonnt, deen awer leider verluer gaangen ass. E beweist awer, dass och schonn zu Réimerzäiten eng Siidlung dës Säit vun der Uelzecht, evt. op der Rumm bestanen huet.

D’Leit déi an d’Stad era wollten hunn all op dëse Plazen ëmmer missen eng Taxe bezuelen.

Fir den Iwwerbléck also:

- Eng éischt Paart louch ënnen am Dall, d.h. déi aktuell rue Münster huet dohi gefouert.

- Duerno gouf am Mëttelalter d’Tour Jacob als 2. Tréierer Paart gebaut- schlussendlech ëm 1590 déi jéngsten Tréierer Paart déi mir ënnert dem Jakobstur gesinn an déi 1867 ofgerappt an an den 1990er Joren aus Stol nees opgebaut gouf.

Am Hannergrond gesäit een och déi bal 12 Meter héij Tierm, déi en Deel vun der Rumm-Befestegung sinn an déi am Mëttelalter um Enn vum 14, Joerhonnert, ongeféier tëscht 1380 an 1395 op Uerder vum béimesche Kinnek Wenzel II gebaut goufen.

Uewe riets erkennt een déi lescht Kasär, déi op der Rumm gebaut gouf. Ënner preisescher Besatzung gouf de Bau vun neie Kasäre virugedriwwen. An de Joren 1863-1866 gouf um Plateau eng 5. Kasär, direkt hanner der mëttelalterlecher Mauer gebaut, déi sou genannte „Preisesch Kasär“, e massive bommeséchere Bau, no den deemools neisten Technike vum Festungsbau gebaut: den Daach konnt am Krichsfall bannent kierzter Zäit ofgedroe ginn an duerch eng déck Couche Buedem ersat ginn, déi d’Gebai viru Bombardement schütze sollt. D’Rumm war zu deem Zäitpunkt d’Heemecht fir Artillerietruppen, déi natierlech och mat der Stadbevëlkerung Kontakt haten, deen net ëmmer onproblematesch war - vun dohier kënnt och d’lëtzebuergescht Lidd « Et wor emol e Kanonéier ».

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1907

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

02 février 2020

Haut, den 2. Februar ass Liichtmessdag: Eng Traditioun, déi et zu Lëtzebuerg säit Jorhonnerte, jo wann net esou guer säit Jordausende gëtt, wann een dem Ursprong vum Fest nogeet, dee bis an déi virchrëschtlech Keltenzäit zeréck geet.

Des Foto, déi am Fotograf Charles Bernhoeft sengem Atelier geholl gouf, wéi een un de Fënster erkenne kann, ass géint 1897 entstanen. Wéi ee gesäit, huet den Text vum Lidd bis haut net geännert, just d’Liichtebengelcher sinn e bësse méi modern ginn.

Schued, dass mir d’Nimm vun de Kanner op der Foto net kennen, just uewe lénks, de Bouf deen zur Dier eraluusst, soll laut de Pierre Ernest Théodore Stein « Poutty » Stein sinn.

Passt op jiddwer Fall op, wann der den Owend op der Strooss d’Kanner op hirer Rees begéint

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

03 février 2020

D’Nei Bréck ass fäerdeg – an de Plateau Bourbon ass nach gänzlech onbebaut – iergendwéi komesch, ouni de markanten Tuerm vun der Spuerkeess.D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Architekt Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1903.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

04 février 2020

Interessant Vue op d’hëlze Stee, wärend dem Chantier un der Neier Bréck.

05 février 2020

Flott Vue vun engem Amateurfotograf mat Bléck vun der Bréck am Gronn Richtung Uewerstad.

Iwwert de Gronn, de Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg kéint ee Bicher schreiwen - wat natierlech och gemaach gouf a gëtt.

Virun e puer Joerzéngten nach en äermleche Quartier, wou een net esou gären higaangen ass, ass et haut eng vun deene schéinsten a gemittlechste Plazen an der Stad. Virun allem d’Renovatiounen vu ville Gebaier Enn 1980er an an den 90er Joren, d’Erëffnung vum Naturmusée an der Abtei Neimënster, Caféen a Restauranten an de Bau vun engem Lift vum Hl. Geeschtplateau erof an den Dall hunn dozou gefouert, dass haut am Gronn d’Liewe pulséiert wéi nach ni. An trotzdeem eng gewësse Rou ausstraalt.

Schonn am fréie Mëttelalter hu Mënschen an dësem Deel vun der Stad gelieft, nach iert de Sigfried um Bockfiels seng kleng Buerg gebaut huet.

Bis an d’14. Joerhonnert louch de Gronn nach « ante portas », d.h. virun den Dieren vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn eréischt an d’Schutzmauer vun der Stad ënnert dem Wenzel II. mat erageholl.

E reliéisen Zentrum war de Gronn virun allem duerch den am Mëttelalter gegrënnten Hospice St. Jean, d’Benediktinerabtei Neimënster an d’Kierch St. Ulric.

Industriellen Zentrum war de Gronn doduerch, dass hei vill Fëscher, Fierwer Gierwer an aner Handwierker déi d’Waasser resp. d’Waasserkraaft vun der Uelzecht gebraucht hunn, sech hei néiergelooss hunn.

Ënnert anerem Händschefabricken aus dem Gronn wéi z.B. d’Handschuhfabrik Albert Reinhard & Cie waren eng bedeitend Wirtschaftsbranche vun der Stad Lëtzebuerg. D’Gebaier vun der Fabrick gesäit een op der Kaart an der Mëtt. En Deel dovun steet och nach haut an huet als Appartementshaus mat Büroen iwwerlieft. E weideren Deel gouf ofgerappt an als Park amenagéiert.

Net ze vergiessen sinn natierlech déi zwee Prisongen, déi am alen Hospice St. Jean (Fraeprisong) an an der Abtei Neimënster (fir d’Männer) installéiert goufen a bis an d’1980er Joren bestanen hunn, bis de Prisong zu Schraasseg opgaangen ass. Méi en däischtert Kapitel also vun der interessanter Geschicht vum Gronn.

Et ass kloer, dass mir op dëser Plaz nëmmen e ganz klengen Ëmrëss vun der Geschicht vum Gronn maache kënnen, an hoffen dass mir heimat den Interessi fir d’Geschicht vun dësem dach schéine Quartier bei deem engen oder aneren ausléise konnten

Fotograf: Amateur.

Datum: ca. 1870

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

06 février 2020

Flott Vue op d’Dënselpuert, d.h. déi al Tréiererpuert, déi eréischt no 1867 nees opgemaach ginn ass. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, also aus Richtung Tréier, dofir och „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..

Déi vill méi al sougenannten Krudelspuert, déi méi déif am Dall un der Uelzecht louch, an de Gronn mat Clause verbonnen huet ass zu deem Zäitpunkt zougemaach ginn. Säit d’Abtei Neimënster gebaut gouf, war des Puert souwisou wahrscheinlech net méi a Betrib. Hier Iwwerreschter gesäit een haut nach duerch eng Fënster am Tuutesall wann ee Richtung Stierche geet. Op der Foto louch si ongeféier hannert dem Pilier riets vun der Strooss Richtung Neimënster, ass awer natierlech net ze gesinn.

Haut steet e puer Meter ënnert der mëttelalterlecher Tour Jacob déi mat Stol rekonstruéiert « nei Tréiererpaart », déi also chronologesch déi lescht Paart ass, fir vun Osten hier an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen. Op der Foto ass si ganz gutt ze erkennen a gouf no 1867 leider ofgerappt.

Gebaut gouf si ëm 1590 an déi « mëttelal » Tréiererpaart gouf ganz zougemauert, genau sou wéi d’Tréiererstrooss e puer Meter no ënnen a laanscht d’Festungsmauer geluecht gouf. Et erkennt een op der Foto och, dass tëscht der Rumm duerch de Jacobstur an der Strooss fir op den Cents keng Verbindung besteet, wéi mir se haut kennen. 1590 hunn se beim Bau vun där « neier » Puert och e réimesche Mënzschatz fonnt, deen awer leider verluer gaangen ass. E beweist awer, dass och schonn zu Réimerzäiten eng Siidlung dës Säit vun der Uelzecht, evt. op der Rumm bestanen huet.

D’Leit déi an d’Stad era wollten hunn all op dëse Plazen ëmmer missen eng Taxe bezuelen.

Fir den Iwwerbléck also:

- Eng éischt Paart louch ënnen am Dall, d.h. déi aktuell rue Münster huet dohi gefouert.

- Duerno gouf am Mëttelalter d’Tour Jacob als 2. Tréierer Paart gebaut

- schlussendlech ëm 1590 déi jéngsten Tréierer Paart déi mir ënnert dem Jakobstur gesinn an déi 1867 ofgerappt an an den 1990er Joren aus Stol nees opgebaut gouf.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

07 février 2020

Vue op den Neiewee am Gronn mat der Schlassbréck an den Iwwerreschter vun der Buerg Lucilinburhuc.Hannert der riichter Mauer déi mir uewen iwwert dem natierleche Fiels gesinn, verstoppen sech d’Fundamenter vun den Zwillingstierm vun der Haaptpuert vun der Buerg. Dës Tierm kënnen den Archeologen no an d’Mëtt vum d’13. Joerhonnert datéiert ginn.

Déi Tierm goufen wahrscheinlech an der Mëtt vum 17. Joerhonnert zesumme mam Recht vun der Buerg zerstéiert. Déi « nei » Bréck aus Steen huet an där Zäit déi al hëlze Schlassbréck ersat. Als Baudatum fir déi nei Bréck fënnt een d’Joren 1735. D’Bréck déi mir haut gesinn ass usech eng Replik vun der Originalbréck, nodeems déi 1993 ofgerappt an am Originalzoustand nei opgebaut gouf. 1933 war d’Bréck schonn eng Kéier restauréiert ginn, wéi se fir de Verkéier méi breed gemaach ginn ass.

D’Schlassbréck um Bock staamt aus dem Joer 1735, d.h. aus der Zäit wéi Lëtzebuerg vun den Éisträicher besat war. Et fënnt een op verschiddene Plazen och de falsche Baudatum vun 1753. Geséchert ass allerdéngs, dass 1733 e Projet fir den Neibau vun där Bréck virlouch, well d’Stänn (Stände, Etats) aus der Stad dogéint protestéiert hunn, vu dass si de Finanzement vun 9000 Gulden hu misse garantéieren. Dës nei Bréck aus Steen sollt déi al hëlze Schlassbréck ersetzen.

Am Wanter 1733/34 goufen 680 Ween mat Steng vu Berg (evt. Colmar-Bierg?) op d’Bauplaz bruecht. D’Leit déi mam Won gefuer sinn, kruten am Wanter 6 Gulden, am Summer 5 Gulden dofir.

1735 war de grousse Bou fäerdeg, déi kleng koumen 1736 uewendrop.

Eng technesch Kuriositéit ass d’Bréck an deem Sënn, dass een se op 5 verschidden Niveauen passéiere kann, eemol ganz normal iwwer d’Strooss, dräi Mol duerch d’Gäng duerch d’Béi an eemol ënnert der Strooss.

Den Neiewee heescht offiziell « rue Sosthène Weis », benannt nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941).

D’Strooss déi de Gronn laanscht d’Fielsen an d’Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch mam Pafendall verbënnt, huet awer net ëmmer sou geheescht: eelsten Numm ass eben « Neie Wee » oder « rue Neuve ». Vun 1925-1946 huet se « Felsenstraße » resp. « rue des Rochers » geheescht an eréischt 1946, 5 Joer nom Doud vum Sosthène Weis krut se hiren haitegen Numm.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1906.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

08 février 2020

Vue op d’Kierch vun der fréierer Abtei Neimënster.

D’Grënnesch Kierch huet nawell eng laang Geschicht. 1308 gouf d’Kierch « Sankt Johann auf den Steynen » vum Heinrich VII. vu Lëtzebuerg gegrënnt an 1321 gouf se Parkierch.

Am Krich tëscht dem franséische Kinnek François I. an dem Keeser Karel V. gouf 1542 d’Benediktinerabtei Almënster, déi virun de Festungsmaueren am Clausenerbierg louch, zerstéiert an ofgerappt.

Nom Krich hunn d’Benediktiner beschloss hir Abtei am Stadgronn nei opzeriichten. Se krut den Numm Neimënster. Am Joer 1606 gouf d’Abteikierch nei gebaut a 1618 als Parkierch St. Jean benotzt. Bis zu der franséischer Revolutioun hunn d’Benediktiner sech ëm d’Kierch bekëmmert.

Bei der Belagerung duerch d’Fransousen 1684 ass d’Kierch mat der Abtei ofgebrannt. Tëscht 1688 an 1705 gouf se nees no de Pläng vum Hubert Laloir vu Léck, engem Mataarbechter vum Vauban opgebaut. 1731 huet de Weibëschof Nalbach vun Tréier se ageweit.

Den 23. Abrëll 1953 gouf d’Gebai als nationaalt Monument klasséiertFotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

10 février 2020

Schéi Vue iwwer de Gronn, Richtung Corniche an Uewerstad mam Bockfiels an de Rumm.

Markant läit an der Mëtt op de Fielsen iwwer dem Gronn e Gebai, wat an der Zäit mol de Spëtznumm « Arche Noah » krut. Et handelt sech heibäi em d’Wunneng vum Responsabele fir d’Pëtzer vun der Stad.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1906.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

11 février 2020

Interessant Vue vu Schéissübungen vun e puer Zaldote vun der Fräiwëllegekompanie, wahrscheinlech um ënneschten Deel vum Helleg Geescht Plateau. Wéi ee gesäit, waren och e puer kleng interesséiert Zuschauer dobäi, vu Sécherheetsofstand keng Spuer…

D’Fräiwëllegekompanie (Corps des Gendarmes et Volontaires) huet vun 1881-1944 bestanen.

D’Zesummesetzung war folgend:Kompanie vun 125 GendaarmenKompanie vun 140 bis 170 Ënneroffizéier an Zaldoten1 Majouer-Kommandant2 Kapitänen, déi d’Kompanie kommandéiert hunn4 bis 6 LeitnantenD’Militärmusek mat 39 Museker an engem Chef-Dirigent

Fotograf & Editeur: Edition artistique P. C. Schoren, Luxembourg-Gare.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

12 février 2020

Vue op d’Nei Bréck, de Fotograf Charles Bernhoeft huet nawell e puer Retouche gemaach. Wie fënnt se?

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1906.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

13 février 2020

Schéi Panoramavue vum Fort Thüngen aus op Clausen gekuckt, mam Pafendaller Viaduc an der Uewerstad am Hannergrond.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1907.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

14 février 2020

Flott, animéiert Stroossenzeen beim Roude Pëtz an der Groussgaass, mat enger ganzer Rei ale Geschäfter. Mir erkennen v.l.n.r.: Mouerenaptikt, “Au drapeau luxembourgeois” (Kahn-Bermann), Ch. Knaff, Joseph Klees, Hernandez, Bijouterie Wunsch-Nouveau, Pâtisserie François Bertogne, Chemiserie Léon Mersch. An der Strooss leien och nach d’Schinnen vum Päerdstramm.

En Deel vun den Haiser un der Côte d’Eich (Casinostraße) an der rue du Fossé goufen ofgerappt wéi déi zwou Stroossen am Joer 1908 méi breet gemaach goufen.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

15 février 2020

Flott Vue op de Clausener Bierg an den Huelen Zant um Bock.

Den Huelen Zant ass iwwregens (net wéi oft behaapt gëtt) keen Iwwerrescht vum Siegfried senger Buerg Lucilinburhuc, mä vum lénksen Tuerm vun der zweeter Paart vun der neizäitlecher Festung. E gudden Deel vun deene Maueren stamen aus der Zäit den Ëmbauten vun der Festung duerch de Vauban. Dat haitegt Ausgesinn krut déi Ruin 1874, wéi d’Zitadell um Bock ofgerappt gouf. Oft gëtt behaapt, de Staatsarchitekt Charles Arendt, wär fir den Ëmbau am romantesche Stil responsabel gewiescht, wat awer net ganz richteg ass, vu dass hien déi Ëmbauten esou guer kritiséiert huet.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1907.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

16 février 2020

Eng patriotesch Postkaart mat enger Vue de Gronn, d’Rumm an dem Text vum Feierwon. Mir wëlle bleiwe wat mir sinn… mä wat si mir iwwerhaapt? 🙂

De Feierwon ass e Lidd vum Michel Lentz. Et gouf de 4. Oktober 1859 fir d’éischt gesongen, an zwar fir den éischten Zuch ze feieren, deen deen Dag vun der Stater Gare fortgefuer ass.

Um Knuedler, op der Trap virum Stadhaus, gouf et vun engem Chouer virgedroen, an den Text ass op Ziedelen un d’Leit verdeelt ginn. Den ursprénglechen Titel war D’Letzeburger. D’Lidd gouf séier am ganze Land bekannt a populär. Dee leschte Saz aus dem Refrain gouf zum Nationalmotto vu Lëtzebuerg erhuewen. Dëse gouf vun de Leit och alt a « Mir wëlle jo keng Preise ginn » ëmgewandelt. (Quell: Wikipedia)

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

17 février 2020

Interessant Postkaart mat engem Motiv vun der Festung vu virun 1866, d.h. virum Schleefe vun der Festung.

Et gesäit een eng ganz Rei Deeler vun der Befestegung, déi mir haut net méi kënne gesinn. Vir lénks erkennt een déi baussenzegst Diddenuewener Paart, fréier och nach Ulrichs-Tor oder St. Udalric-Pforte genannt. Si war d’Haaptpuert vun der 3. Réngmauer vun der Stad Lëtzebuerg, déi um Enn vum 14. Jh. gebaut gouf. 1479 ass si ëmgebaut a verstäerkt ginn. 1807, ass se duerch d’Katastroph vun der Explosioun vu Schéisspolver am Polvertuerm um Verluerekascht quasi komplett zerstéiert ginn, gouf awer relativ schnell bis 1811 nees an hirer aler Form opgebaut. Si am Kader vum Schleefe vun der Festung ofgerappt ginn an déi lescht Iwwerreschter sinn 1914 verschwonnen. Just e klengen Deel vun der Mauer, riets bei der Bréck iwwer d’Péitruss ass erhale bliwwen.

An der Mëtt gesäit een déi bannescht Diddenuewener Puert. Si ass 1731 ënner dem Numm « Grundschleusentor » gebaut ginn, a Verlängerung vun der Mauer, déi bei d’Grondschleis gefouert huet. Wann d’Schleis zougemaach gi wär, da konnt d’Puert och mat Balken zougemaach an ofgedicht ginn. Dëst ass awer glécklecherweis ni geschitt. 1876 ass si ofgerappt ginn.

D’Grondschleis selwer gouf vun 1729-31 gebaut, no de Pläng vum General-Ingenieur vun der Festung, dem Simon de Beauffe, fir am Kader vun enger Belagerung de Gronn kënne mam Waasser vun der Uelzecht an der Péitruss ze fluten. Hie war och responsabel fir de Bau vun der Bourbonsschleis am Péitrussdall, déi dem selwechten Zweck sollt déngen. Zur Grondschleis hunn och 2 massiv Mauere lénks a riets vun der eigentlecher Schleis gehéiert. Si gouf am Kader vum Schleefe vun der Festung um Enn vun de 1870er Joren ofgerappt.

Fotograf: Charles Bernhoeft & Editeur: Mathieu Kraus, Libraire.

Datum: Postkaart vun 1898, publizéiert 1897, Bild vu virun 1866.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

18 février 2020

Postkaart vum Clausener Viaduc aus op de Gronn gekuckt, mam Stierchen am Dall an de Vaubanskasären um Helleg Geescht Plateau.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

19 février 2020

Vue op d’Avenue Pescatore an d’Altersheem vun der Fondation Pescatore. D’Altersheem lait net méi am Beréng vun der UNESCO-Zone, soll awer wéinst hirer remarkabeler Geschicht an Architektur an hirer Lag op enger Redoute vun der Festung op dëser Plaz ernimmt ginn.

D’Fondation Pescatore gouf 1853 vum Jean-Pierre Pescatore gestëft, deen der Stad Lëtzebuerg eng hallef Millioun Frang vermaach hat, fir domat en Altersheem ze bauen.

D’Gebai gouf op der Plaz vun der fréier Redoute Marie vun der Festung Lëtzebuerg, um Bord vum nei ugeluechte Stater Park gebaut. Haut besteet och nach en Zougang zu de Kasematte vun der fréierer Redoute Marie. Am Zweete Weltkrich goufen déi als Luftschutzbunker benotzt.

Den Architekt vum Altersheem war den Tony Dutreux (e Groussneveu vum Pescatore). D’Bauaarbechte goufen tëscht 1886 an 1892 vum Pierre Kemp a Pierre Funck ausgeféiert. D’Gebai, wat 1892 ageweit gouf, war dat éischt zu Lëtzebuerg bei deem arméierte Bëtong gebraucht gouf.

Zanterdeem goufen e puermol Fligele bäigebaut, an d’Gebai gouf periodesch moderniséiert.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1906.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

20 février 2020

Postkaart vum lëtzebuergesche Moler Louis Kuschmann (1852-1921) vun der Neier Puert (oder Nei Paart, Nei Pourt) am Joer 1868, kuerz ier se zerstéiert ginn ass.

D’Nei Puert, déi et säit 1871 nom Schleefe vun der Festung net méi gëtt, ass 1626-36 gebaut ginn an huet am Ufank den Numm « Sankt Marienpforte » gedroen. An der Puert war eng Niche mat enger klenger Statue vun der Hl. Maria, d’Patréinerin vun der Stad Lëtzebuerg. Dës Statue steet haut am Musée Dräi Eechelen. D’Nei Puert ass gebaut ginn, nodeems eng Rei aner Puerte vun der Stad zougemaach goufen, e.a. z.B am Joer 1644 d’Juddepuert an der haiteger Avenue Emile Reuter/Groussgaass fir d’Festung méi sécher ze maachen. Deemno huet de ganze Verkéier dee soss, z.B. vun der Escher-, der Lonkecher- oder der Arelerstrooss koum, laanscht d’Festungsmaueren bis bei d’Neipuert goen, fir dann doduerch an d’Stad eranzekommen.

Virun der Nei Puert gouf et och e Gruef an eng Bréck, d’Neipuertsbréck, déi 1737 vun den Éisträicher ofgerappt ginn ass.

Bannen iwwer der Puert war d’Krichsgeriicht ënnerbruecht.

Wéi den Louis XIV 1684, no der Eruewerung vun der Festung duerch d’Fransousen, an d’Stad amarschéiert ass, huet hien eng Trophee ameessele gelooss, déi 1795 vun de Revolutiounstruppen zerstéiert gouf an duerch eng schwaarz Marberplack ersat gouf, op där stoung: Rendue à la République française le 24 Prairial An III (12. Juni 1795).

D’Fassade vun der anerer Säit vun der Puert (d-h. zur Stadsäit zou), staamt aus dem 19. Joerhonnert. Si gouf 1809 ënnert dem Napoleon am Empire-Stil gebaut an huet e groussen « N » um ieweschten Deel gedroen, als Erënnerung un den Napoleon. Ausserdeem huet hie baussen uewen op d’Paart eng Adlerstatue placéiert.

Nom Wiener Kongress, wéi d’Festung Lëtzebuerg eng preisesch Bundesfestung ginn ass, ass den « N » duerch de Reichsadler ersat ginn, deen do houng bis d’Nei Puert 1871 ofgerappt ginn ass.

Un d’Puert erënneren haut just nach de Stroossennumm (rue resp. avenue de la Porte-Neuve) an eng Kopie vun der Mariestatue beim Forum royal. Ënnert der Statue kann ee folgenden Text liesen (Quell: Wikipedia)

PATRIAE DECVS ATQVE TVTELA LOCO NOVO LVCEAT SEMPER A.D. XIV KAL. DECEMBRES MDCCCLXXVI

Den Houfert an d’Patréinesch vun der Heemecht soll op dëser neier Plaz fir ëmmer liichten, 14. Dezember 1876.

Op der Nordsäit vun der stiliséierter Paart steet:

REGIONE VRBIS HAC NOVATA CIVES ET B. MARIAE VIRGINIS EFFIGIEM VIGILEM IN PORTA NOVA PER SAECVLA ADHVC JAM TRIA NOVA IN SEDE VENERANDAM STATVERVNT

SIT INTRANTI ET EXEVNTI MARIA CERTAE SPEI SIGNVM ET SOLATII A.D. XIV KAL. DECEMBRES MDCCCCLXXVI

Am Volleksmond ass d’Nei Puert och nach « am däischtere Bou » genannt ginn, wat och Sënn mécht, wéi een op der Foto gesäit.

Fotograf: ; Editeur:

Datum: Postkaart vun 1897, Opnam vu ca. 1866.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

21 février 2020

Vue op déi impressionant Festungsmauere vum Helleg Geescht Plateau.

Lénks bei der laanger riichter an héijer Mauer ass déi sougenannte Grundbatterie. Riets niewendrun erkennt een d’Grondschleisbastioun, déi 1644 gebaut gouf an an de Joren 1674 an 1685 erweidert gouf, ier se 1751 verstäerkt gouf. Hiren Numm krut d’Bastioun vun der Schleis am Gronn, déi 1731 gebaut gouf. An der Mëtt sinn d’ « Rondellen » , déi zwar gutt ausgesinn, vun der Defense awer e bësse manner effektiv waren, wéi déi vum Vauban. Op dësem klenge Plateau, ënnerhalb vun der Grondschleisbastioun erkennt een e klenge Stall, dee fir krank Päerd geduecht war an d’« Kriegslaboratorium » oder Munitiounslaboratoire, wou d’Munitioun fir den Asaz preparéiert gouf. Dës Gebaier goufen 1860/61 gebaut, 1982-1985 ofgerappt. Op dësen Terrasse goufe nom Schleefe vun der Festung anscheinend och wëll Déiere gehal. De ganze Fiels ass natierlech duerchlächert mat Kasematten, déi vum Gronn op de Plateau gefouert hunn.

Fotograf & Editeur: Jacques Marie Bellwald.

Datum: 1897.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

22 février 2020

Eng aner Vue iwwer de Gronn, mam Agang vum Péitrussdall an den Iwwerreschter vun de Befestegungen um Hl. Geescht Plateau. Riets, ënnerhalb vun der Kasär erkennt een d’Reithal, déi ënner preisescher Féierung am Joer 1835 baue gelooss ginn ass an duerch de Bau vun der Cité Judiciaire leider ofgerappt ginn ass.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1901.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

23 février 2020

Ganz flott Postkaart vun dem deemolgege Pompjeescorps vun der Uewerstad. Och d’Plaz, wou d’Foto gemaach gouf, ass interessant: D’Pompjeeë stinn op der Plëss an der Stad virum ale Corps de garde vun der fréierer Festung, wou haut de Cercle municipal steet. Vill interessant Informatiounen iwwer déi fräiwëlleg Pompjeescorpsen aus der Stad kritt een am Artikel aus Ons Stad: https://onsstad.vdl.lu/fileadmin/uploads/flippingbook/ons_stad_90-2009_1-72.pdf

Do wou haut de Cercle steet, stoung virdrun d’Haaptwuecht vun der Festung (Corps de Garde), déi 1827 op der Plëss, op der Plaz vun der aler Garde aus der éisträichescher Zäit, nei opgeriicht ginn ass. Nodeems dass d’preisesch Besatzung ofgezu war, hunn hei d’Chasseurs Luxembourgeois Poste bezunn. 1901/1902 wéi d’Decisioun geholl gouf, den haitegen Cercle Municipal ze bauen, gouf d’Garde ofgerappt. Si ass awer net ganz verschwonnen, mä gouf vum Joseph Heintz Michaelis opkaaft, a steet haut nach, aus den Trümmer nees zesummegebaut, am Park vun der Firma Heintz van Landewyck zu Hollerech.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1903.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

24 février 2020

Interessant Vue op de Chantier vun der Neier Bréck mam éischten Deel vun der hëlzener Stee.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf: J.B.F.; Editeur: Etablissements des arts graphiques de Luxembourg

Datum: 1900

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

25 février 2020

Interessant Vue vum Tuerm vun der Spuerkeess op de Pont Adolphe mam fréiere Pôle Nord an der Mëtt an der Villa Baldauff op der lénker Säit.

Zur Villa Baldauff:

D’Villa Baldauff ass aus dem Joer 1880, a gouf gebaut no de Pläng vum Architekt Pierre Kemp. Leider geschitt nach ëmmer net vill mat deem wonnerschéine Gebai, an deem den Andy Bausch e puer Szene vu sengem Film « Luxembourg - Belle Epoque » gedréint huet.

De Pôle Nord war e fréieren Hotel mat Theater- a Festsall aus dem Joer 1911, deen 2006 ofgerappt ginn ass, nodeems jorelaang näischt um Gebai geschitt ass, a virun allem vill drëm gestridde gouf.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Architekt Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf: Onbekannt/ Editeur: Th. Wirol, Luxembourg-Gare.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

26 février 2020

Flott Vue op de Bockfiels, vun der Säit vum Pafendall gekuckt.

Den Huelen Zant ass iwwregens (net wéi oft behaapt gëtt) keen Iwwerrescht vum Siegfried senger Buerg Lucilinburhuc, mä vum lénksen Tuerm vun der zweeter Paart vun der neizäitlecher Festung. E gudden Deel vun deene Maueren stamen aus der Zäit den Ëmbauten vun der Festung duerch de Vauban. Dat haitegt Ausgesinn krut déi Ruin 1874, wéi d’Zitadell um Bock ofgerappt gouf. Oft gëtt behaapt, de Staatsarchitekt Charles Arendt, wär fir den Ëmbau am romantesche Stil responsabel gewiescht, wat awer net ganz richteg ass, vu dass hien déi Ëmbauten esou guer kritiséiert huet.Fotograf: Onbekannt; Editeur: Grand Bazar Champagne, Luxembourg-gare.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

27 février 2020

Flott Maartszene vum « Mäertchen » wärend der Oktav-Zäit, mat villen interessanten Detailer, wéi z.B. d’« Kichen » lénks oder de gedeckten Dësch oder den adrett gekleeten Här ganz riets.

De Knuedler: Offiziell heescht d’Plaz jo « Place Guillaume », benannt nom Wëllem II. vun Holland, Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1840-1849.

Den Numm Knuedler krut d’Plaz duerch d’Franziskanermönchen, déi am Mëttelalter bis zur Zäit vum Napoleon e Klouschter op der Plaz haten. Den Numm Knuedler soll also vun de Kniet un der Kordel vun de Pateren hier kommen.

Um Knuedler stoungen méi Gebaier wéi haut, wéi een och un de Fundamenter an de rezenten Ausgruewunge op der Plaz konnt gesinn. Ënnert anerem huet een och e Kierfecht fräigeluecht.

1554 koum et duerch e Blëtzschlag an d’Knuedlerkierch, wou ënnert dem Dag d’Schéisspolver vun de Kanounen vun der Festung gelagert gouf, zu enger riseger Explosioun an engem grousse Feier, wat d’Stadbild zolitt verännert huet. Vill Haiser sinn dem Brand zum Opfer gefall, well se mat Stréi oder hëlzen Schëndelen gedeckt waren. Nom Feier goufen verschidde Stroossen méi breed gemaach (z.B. Groussgaass), d’Haiser mat Schifer gedeckt an ganz nei Stroossenzich ugeluecht (z.B. Louvignysgaass, Philippsgaass etc.)

D’Plaz ass och bekannt duerch d’Ofhale vu Wochemäert, den Oktavmäertchen, verschidde Festivalen, Public Viewings, Chrëschtmäert, seng Äispist am Wanter, Baler etc. Eng Plaz also, wou seelen näischt lass ass.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

28 février 2020

Interessant Postkaart vun den Dräi Eechelen (Fort Thüngen), vun der Säit aus gekuckt, wou haut de Mudam Luxembourg - Musée d’art moderne Grand-Duc Jean ze fannen ass.

D’Postkaart weist eis dee bekannten Fort Thüngen, dee wéinst sengen 3 Eechelen op den Tierm deementspriechend genannt gëtt.

De Fort ass 1732/33 vum éisträicheschen Ingenieur Simon de Beauffe op der Plaz vum Vauban senger Redoute « Hauteur du Parc » aus dem Joer 1688 erbaut ginn. Benannt ass de Fort nom éisträichesche Festungskommandant Adam Sigmund von Thüngen.

De Fort Thüngen ass als Verstäerkung vum 3. Festungsréng vun der Stad Lëtzebuerg gebaut ginn.

1836 gouf de Fort vun de Preisen erweidert a krut och seng dräi ronn Tierm mat den Dräi Eechelen.

Ënnert dem ganze Fort sinn eng ganz Rei vu Minnen, déi am Eeschtfall hätte kéinte genotzt ginn, fir de Fort ze sprengen.

Wéi nom Londoner Vertrag vun 1867, d’Festung geschleeft ginn ass, gouf och de Fort Thüngen vun 1870-1874 ofgerappt. Just d’Agangstierm sinn erhale bliwwen, d’Grondmaueren goufe mat Buedem verdeckt. D’Kasematten vum Fort Thüngen sinn haut zum Deel nach mat engem Guide zougänglech a fréier hunn sech d’Lausbouwen aus dem Pafendall gären doran amuséiert. Anscheinend koum een duerch verschidde Gäng aus dem Dällchen bis erop op de Plateau.

Haut fanne mir hei de Festungsmusée Musée Dräi Eechelen. Och de Mudam ass op de Fundamenter vum Fort ënnerbruecht an e gudden Deel gouf nees opgebaut. E ganz laangen Otem hunn dobäi d’Frënn vun der Festung gebraucht, bis et endgülteg, no villen administrativen Hürden, politeschen Fauxpasen a Fehlplanungen, all d’Bauaarbechten ofgeschloss waren.

Fotograf & Editeur: Jacques Marie Bellwald.

Datum: ca. 1897.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

29 février 2020

Interessant Postkaart mat enger Molerei vun der Neier Bréck, wéi se soll ausgesinn, wann se fäerdeg ass.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

01 mars 2020

Flott Vue aus dem Gronn mat der Uelzecht, der Bréck an der Uewerstad.Iwwert de Gronn, de Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg kéint ee Bicher schreiwen - wat natierlech och gemaach gouf a gëtt.

Virun e puer Joerzéngten nach en äermleche Quartier, wou een net esou gären higaangen ass, ass et haut eng vun deene schéinsten a gemittlechste Plazen an der Stad. Virun allem d’Renovatiounen vu ville Gebaier Enn 80er an an den 90er Joren, d’Erëffnung vum Naturmusée an der Abtei Neimënster, Caféen a Restauranten an de Bau vun engem Lift vum Hl. Geeschtplateau erof an den Dall hunn dozou gefouert, dass haut am Gronn d’Liewe pulséiert wéi nach ni. An trotzdeem eng gewësse Rou ausstraalt.

Schonn am fréie Mëttelalter hu Mënschen an dësem Deel vun der Stad gelieft, nach iert de Sigfried um Bockfiels seng kleng Buerg gebaut huet.

Bis an d’14. Joerhonnert louch de Gronn nach « ante portas », d.h. virun den Dieren vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn eréischt an d’Schutzmauer vun der Stad ënnert dem Wenzel II. mat erageholl.

E reliéisen Zentrum war de Gronn virun allem duerch den am Mëttelalter gegrënnten Hospice St. Jean, d’Benediktinerabtei Neimënster an d’Kierch St. Ulric.

Industriellen Zentrum war de Gronn doduerch, dass hei vill Fëscher, Fierwer Gierwer an aner Handwierker déi d’Waasser resp. d’Waasserkraaft vun der Uelzecht gebraucht hunn, sech hei néiergelooss hunn.

Ënnert anerem Händschefabriken aus dem Gronn wéi z.B. d’Handschuhfabrik Albert Reinhard & Cie an der Plaetisgaass waren eng bedeitend Wirtschaftsbranche vun der Stad Lëtzebuerg. En Deel dovun steet och nach haut an huet als Appartementshaus mat Bureauen iwwerlieft. E weideren Deel gouf ofgerappt an als Park amenagéiert.

Net ze vergiessen sinn natierlech déi zwee Prisongen, déi am alen Hospice St. Jean (Fraeprisong) an an der Abtei Neimënster (fir d’Männer) installéiert goufen a bis an d’1980er Joren bestanen hunn, bis de Prisong zu Schraasseg opgaangen ass. Méi en däischtert Kapitel also vun der interessanter Geschicht vum Gronn.

Et ass kloer, dass mir op dëser Plaz nëmmen e ganz klengen Ëmrëss vun der Geschicht vum Gronn maache kënnen, an hoffen dass mir heimat den Interessi fir d’Geschicht vun dësem dach schéine Quartier bei deem engen oder aneren ausléise konnten.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1906.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

02 mars 2020

Interessant Postkaart, mat der Vue vum Tuerm vun der Kathedral iwwer de Knuedler, Uewerstad an dem Eecherdall am Hannergrond.

Offiziell heescht d’Plaz jo « Place Guillaume », benannt nom Wëllem II. vun Holland, Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1840-1849.

D’Monument vum Wëllem II. gouf 1884 opgeriicht. Haut steet och eng exakt Kopie vun der Statue zu Den Haag am Buitenhof, well eng aner Statue vum Wëllem II. net gefall huet an déi dunn 1924 op Tilburg gestallt ginn ass…

Den Numm Knuedler krut d’Plaz duerch d’Franziskanermönchen, déi am Mëttelalter bis zur Zäit vum Napoleon e Klouschter op der Plaz haten. Den Numm Knuedler soll also vun de Kniet un der Kordel vun de Pateren hier kommen.

Um Knuedler stoungen méi Gebaier wéi haut, wéi een och un de Fundamenter an de rezenten Ausgruewunge op der Plaz konnt gesinn. Ënnert anerem huet een och e Kierfecht fräigeluecht.

1554 koum et duerch e Blëtzschlag an d’Knuedlerkierch, wou ënnert dem Dag d’Schwaarzpolver vun de Kanounen vun der Festung gelagert gouf, zu enger riseger Explosioun an engem grousse Feier, wat d’Stadbild zolitt verännert huet. Vill Haiser sinn dem Brand zum Opfer gefall, well se mat Stréi oder hëlzen Schëndelen gedeckt waren. Nom Feier goufen verschidde Stroossen méi breet gemaach (z.B. Groussgaass), d’Haiser mat Schifer gedeckt an ganz nei Stroossenzich ugeluecht (z.B. Louvignysgaass, Philippsgaass etc.)

D’Plaz ass och bekannt duerch d’Ofhale vu Wochemäert, den Oktavmäertchen, verschidde Festivalen, Public Viewings, Chrëschtmäert, seng Äispist am Wanter, Baler etc. Eng Plaz also, wou seelen näischt lass ass.

Fotograf & Editeur: Onbekannt.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

03 mars 2020

Et geet virun um Chantier vun der Neier Bréck – an de Fotograf Charles Bernhoeft hält all Schrëtt minutiéis bildlech fest, esou wéi och op dëser Postkaart vun 1901.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1901.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

04 mars 2020

Vue op den « Neuer Weg », déi haiteg rue Sosthène Weis mam Bock, dem Stierchen an dem Clausener Viaduc am Hannergrond.

Den Neiewee heescht offiziell « rue Sosthène Weis », benannt nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941).

D’Strooss déi de Gronn laanscht d’Fielsen an d’Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch mam Pafendall verbënnt, huet awer net ëmmer sou geheescht: eelsten Numm ass eben « Neie Wee » oder « rue Neuve ». Vun 1925-1946 huet se « Felsenstraße » resp. « rue des Rochers » geheescht an eréischt 1946, 5 Joer nom Doud vum Sosthène Weis krut se hiren haitegen Numm.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1906.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

05 mars 2020

De Bou aus Holz ass scho bal fäerdeg, hie wäert méi spéit déi aus Steen droen.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: ca. 1900.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

06 mars 2020

Schéi Panorama-Vue vum Eecherbierg Richtung Pafendall an Uewerstad gekuckt.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

07 mars 2020

Vue op en Deel vun der Passerell an den Helleg-Geescht-Plateau.

D’Passerelle, och nach « Viaduc » oder « Al Bréck » genannt, nodeems déi « nei Bréck » oder de Pont Adolphe 1903 gebaut gouf.

D’Passerelle, déi de Garer Quartier mat der Uewerstad verbënnt, gouf vum Achille Grenier an dem Auguste Letellier geplangt a vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers gebaut.

Et ass keen Zoufall, dass de Bau vun der Passerelle an déi selwecht Zäit fält, wéi de Bau vun der éischter Gare vun der Stad Lëtzebuerg. Et war vun Ufank u kloer, dass d’Gare, déi aus strategesche Grënn ausserhalb vun de Festungsmaueren stoung, misst mam Zentrum verbonne ginn.

Fir de Bau vun der Bréck ass fir d’éischt eng hëlze Behëllefsbréck, eng Passerelle opgeriicht ginn, déi der Bréck also ee vun hiren haitege Nimm ginn huet.

D’Passerelle ass 308,40 Meter laang a besteet aus 26 Béi, déi tëscht 8 a 15m breet sinn. D’Maximalhéicht ass 45m.

Geplangt gouf d’Bréck vum Achille Grenier an dem Auguste Letellier, gebaut gouf se vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers.

Dass d’Bréck e liichte Bou huet, ass iwwregens op taktesch Grënn aus der Zäit wéi Lëtzebuerg nach eng Festungsstad war, zeréckzeféieren. Wahrscheinlech war si och mat Sprengkummeren versinn.

1960 gouf si fir de ville Verkéier méi breed gemaach an dräispureg ausgebaut. Virun e puer Joer ass dunn eng Spuer duerch eng geséchert Vëlospiste mat engem Vëloscompteur installéiert gëtt, deen iwwregens all Joer en neie Rekord opstellt.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

08 mars 2020

Mol nees e klengen Tour op de Chantier vun der Neier Bréck.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf J.B.F.; Editeur: Etablissements des arts graphiques de Luxembourg.

Datum: 1900.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

09 mars 2020

Schéin al Opnam vum Palais Grand-Ducal an der Stad.

Den haitege Palais Grand-Ducal steet op der Plaz vum 3. Stater Gemengenhaus, dat den 11. Juni 1554 duerch d’Explosioun vun engem Polvermagaseng zerstéiert gi war, a war als Sëtz vum Gouverneur vu Lëtzebuerg geduecht. Eréischt 1572 hat d’Stad déi finanziell Moyenen nees zesummen, sech en neit Gemengenhaus ze bauen.

D’Gebai gouf am Renaissance-Stil ënnert der Responsabilitéit vum Stater Schäffen Adam Roberti, mat der Ënnerstëtzung vum Pierre-Ernest I de Mansfeld gebaut. Den Architekt ass net bekannt, et ass awer wahrscheinlech, dass et deen oder déi selwecht waren, déi och dem Mansfeld säi Schlass a Clausen gebaut hunn. Den eelsten Deel vum Palais ass also deen tëscht deenen 2 Tiermercher, lénks op eiser Postkaart.

1683 gouf de Palais ënner dem Louis XIV. senger Besetzung ëmgebaut, nodeems en wärend den Attacken uerg zerstéiert gi war. 1741-1743 ass riets vum eelsten Deel en Ubau am Barockstil, « Wo » genannt, bäigesat ginn, dee mir an der Mëtt vun der Postkaart gesinn. Dëse gouf 1891 ëmgebaut. 1858-1859 gouf nach méi riets deen Deel ugebaut, an deem haut d’Chamber ass.

Tëscht 1795 an 1814 wärend der franséischer Zäit war hei d’Préfecture vum Département des Forêts. Vun 1815 un war d’Gebai eng Zort administrativen Allzweckbau: Et war de Sëtz vun der Regierungskommissioun, an duerno, bis 1867, vun der Regierung. Vun 1848-1858 un hat och d’Parlament (dat 1857 an eng Assemblée des Etats ëmgeännert gouf) do säi Sëtz, bis et dann a säin eegent Gebai niewendru geplënnert ass. 1857 ass och nach de Staatsrot, deen duerch d’Lëtzebuerger Konstitutioun vun 1856 agefouert gi war, op den 2. Stack erageplënnert. Um selwechten 2. Stack war och nach eng archeologesch Sammlung ënnerbruecht. An de Kinnek-Groussherzog Wëllem II., huet 1841, 1844 an 1845 do gewunnt; säin Nofolger, de Wëllem III., just heiansdo, mä säi Statthalter, de Prënz Henri, nees méi reegelméisseg.

1867 sinn, als Resultat vum Londoner Traité, d’preisesch Truppen ofgezu ginn, an d’Regierung konnt sech am Refuge Sankt Maximin ariichten, do, wou bis viru kuerzem den Ausseministère war. De Staatsrot, d’archeologesch Sammlung, de Service agricole an d’Erzéiungskommissioun, déi sech och den 2. Stack hu missen deelen, sinn awer eréischt definitiv 1890 erausgeplënnert, wéi den Adolphe vun Nassau-Weilburg Groussherzog vu Lëtzebuerg gouf. Dofir gouf d’Gebai vun 1891 bis 1894 grëndlech ëm- an ausgebaut. An deem Kader koum och den Tuerm am Neorenaissance-Stil op der rietser Säit vum Palais derbäi, dësen ass op der Foto nach net ze gesinn an erméiglecht eis also d’Foto doduerch graff ze datéieren.

No 1964 an am Ufank vun den 1990er Jore gouf de Palais renovéiert an ass am Summer reegelméisseg op fir Visitten.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

10 mars 2020

Ënnen am Pafendall erkenne mer hannen vu lénks no riets d’Eecherpuert, de « Féngerlek » (de Kamäin vun der Pompelstatioun, déi d’Drénkwaasser vun der Quell am Pafendall an Uewerstad gepompelt huet), de « Béinchen » (hannert de Beem verdeckt) an de Quartier mam selwechte Numm an d’Sichepaart.

De Béinchen ass en Deel vun der Vaubansfestung a gouf 1684 bis 1685 vum Vauban queesch duerch den Uelzechtdall gebaut fir de Pafendall an d’Festung opzehuelen. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen.

Méi riets erkenne mir d’Pafendaller Kierch, déi dem Hl. Théiwes (St. Mathieu) geweit ass an 1872 gebaut gouf. Den Théiwesbur, den ale Wäschbur aus dem Pafendall deen lénks nieft der Kierch steet an hannert dem Bam verstoppt ass, dierft jo och jidderengem aus dem Jean-Pierre Kemmer sengem Lidd bekannt sinn.

D’Kierch huet am 2. Weltkrich Geschicht geschriwwen, wéi während 14 Méint 6 desertéiert lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert sech do verstoppt hunn.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1906.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

11 mars 2020

Interessant Vue op de Bock virun 1867, vun der fréierer Schlassbastioun aus gekuckt.

D’Bock-Befestegungen op der Postkaart sinn an hirem Zoustand kuerz virum Londoner Kongress am Joer 1867, wou d’Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg decidéiert gouf. D’Ausgesinn an där Zäit geet haaptsächlech zeréck op déi grouss Ëmbaumoossnamen vum franséische Festungsingenieur Vauban. No der Belagerung vun der Festung duerch déi franséisch Truppen am Joer 1684, huet hie mam Bau vun de neie Befestegungen ugefaangen, vu dass déi al Forten um Bock, déi vun de Spuenier gebaut gi waren, staark zerstéiert goufen. Dem Vauban seng Befestegungsanlag huet eigentlech aus 3 Deeler bestanen: de grousse Bock, de mëttlere Bock an de klenge Bock. De klengen a mëttlere Bock waren eigentlech näischt anescht wéi ganz staark befestegt Paarten. Fir vu Clausen erop op de Fëschmaart ze kommen huet ee missen duerch 4 Paarte goen, tëscht den 2 éischten an ënneschten war also de klenge Bock, tëscht der zweeter an der drëtter war de mëttlere Bock. Vun der drëtter Paart ass eis och nach e Stéck erhale bliwwen, de rietsen Tuerm vun der Paart, haut beschtens bekannt als « Huelen Zant ». Tëscht der drëtter Paart an der Bréck war also de grousse Bock, dee mir gutt op der Postkaart erkennen. De grousse Bock kéint och als tatsächleche Fort bezeechent ginn, heiansdo liest een esouguer de Begrëff « Zitadell ».

D’Verbindung zu der Schlassbastioun fir op de Fëschmaart gouf duerch eng Bréck gemaach, déi deemools nach eng Zéibréck a méi spéit eng Holzbréck war, déi am Fall vun enger Belagerung konnt eropgezunn, respektiv séier ofgebaut konnt ginn. Ënner éisträichescher Herrschaft gouf doraus déi stenge Schlassbréck aus dem Joer 1735, wéi se och op der Postkaart gezeechent ass an déi och haut, no enger Rei Renovatiouns- an Ëmbauaarbechten, nach steet.

Et ass awer net ze vergiessen, dass natierlech schonn zu Réimerzäiten an am Mëttelalter Befestegungen um Bock existéiert hunn. Déi mëttelalterlech Buerg ass géint 1555 ofgebaut ginn an duerch en neie Fort ënner spuenescher Herrschaft ersat ginn. Fiederféierend war bei de leschten Ëmbauaarbechten virun der franséischer Attack vun 1684 de schwäizer Ingenieur Isaac von Treybach.

Zu de Bockbefestegungen hunn natierlech och d’Kasematte gehéiert, en Tunnelsystem, dee virun allem an éisterräichecher Zäit, géint tèescht 1737 an 1746 zu engem zesummenhänkende System mat groussen Ëffnunge fir Kanounen, ausgebaut gouf. Virdrun haten och schonn d’Spuenier ënnerierdesch Tunnellen ugeluecht. Eng leschte Kéier gouf d’Befestegung an de Joren 1837-39 ënnert der preisescher Garnisoun erneiert an ausgebessert.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft

Datum: Bild vun ca. 1866, publizéiert 1897, geschéckt 1899.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

12 mars 2020

Vue op d’Corniche an der Stad, mat de schéine Patrizierhaiser a riets dem fréieren Klouschter a spéideren Hôpital St. François an der Méchelskierch.

E puer Wuert zum Klouschter:

Dat fréiert Klouschter, wat am Volleksmond och nach « Am Kräizgank » genannt gëtt, war bis zur franséischer Revolutioun en Dominikanerklouschter. D’Gebai selwer staamt ongeféier aus dem Joer 1630 a läit op nach méi ale Fundamenter.

D’Dominikanerpateren, hui bis dohin an engem Klouschter um lieu-dit « Knuedlerloch » gelieft, ongeféier do wou haut d’Staatsbeamtekantin resp. déi al Ste. Sophie ass. Si hunn et awer mat der Konkurrenz vun de Jesuitten ze di kritt, déi an direkter Noperschaft och e Klouschter am Beräich vun der haiteger Kathedral an dem ale Kolléisch opgeriicht haten.

Bis kuerz virun 1630 hunn d’Dominikaner dunn tëscht der haiteger Corniche, dem Breedewee an dem Fëschmaart Haiser (vun de Schwësteren aus dem Mariendall, vun de Markgrafen vu Baden an der Wittfra Wiltheim-Busbach) an Terrainen krut, wou si dunn hiert Klouschter opgeriicht hunn. Hei louch am Mëttelalter och déi éischt Maarthal mat Stänn fir d’Händler aus der Uertschaft. Deeler vun dëser Hal resp. enger Strooss, « Niederstegaass » genannt, déi vun der Corniche eriwwer an de Breedewee gefouert huet, waren nach an de Kelleren vun der Klinik ze gesinn.

Ab 1630 gouf d’Klouschter also direkt un d’Méchelskierch gebaut, dee Moment awer just de Fligel zum Fëschmaart an en Ostfligel, jeeweils ëmmer mat zwee Stäck. 1636 koum de Sdfligel dobäi an 1679 den Westfligel. De Baudatum an d’Erweiderungsdaten sinn duerch Mauerankeren an der Fassaden bannen am Haff nach haut ze erkennen.

Duerch den Ugrëff vum Louis XIV senger Arméi an d’Belagerung an de Joren 1683/84 war d’Klouschter an och d’Méchelskierch, staark zerstéiert ginn an d’Dominikaner hunn iwwerluecht de Fëschmaart ze verloossen, well si keng Mëttele méi haten, fir alles nees opzebauen. Während sengem Besuch zu Lëtzebuerg huet de franséische Kinnek de Pateren dunn 4000 Pond vu sengem Privatverméige ginn, fir d’Kierch an d’Klouschter nees opzebauen, wat erkläert, firwat iwwer der Entrée vun der Kierch de Wopen vum Kinnek mat den « Fleurs de lys » hänkt.

Während der Revolutioun hunn d’Pateren d’Klouschter misse verloossen an et ass den 31.3.1798 als Bien national fir 10000 Pond versteet ginn.

Ëm 1860 war d’Wittfra vum Affekot Bernard Pondrom Besëtzerin vun de Gebailechkeeten. D’Madame Pondrom, déi schwéier krank war ass um Enn vun hirem Liewen vun Franziskanerinne gefleegt ginn an sou koum et, dass d’Haus 1860 nom Doud vun der Madame Pondrom un d’Franziskanerinne ënnert der Oberin, der Schwëster Franziska (gebueren Elisabeth Dufaing) verkaaft ginn ass.

1861 sinn déi éischt Schwësteren mat enger Grupp Weesekanner erageplënnert. 1866 hunn d’Schwësteren dunn eng Aeklinik an de Gebailechkeeten ageriicht, wouraus 1871 eng allgemeng Klinik entstanen ass.

Géint 1895 ass d’Gebai renovéiert ginn an et goufen 2 Stäck op déi al Maueren vun 1630 gesat an 1896 ass hei déi éischt modern Klinik um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg opgaangen. Duerch dësen Ëmbau huet den Tuerm vun der Méchelskierch awer leider e bëssen vu sengem impressionnanten Androck verluer.

Spéiderhinn ass aus der Klnik en Altersheim ginn, dat bis 2011 als Maison François a Betrib war, wéi déi lescht Schwësteren erausgeplënnert sinn. Et gouf un e Konsortium vun Investisseure verkaaft an d’Gebailechkeeten ginn zu Luxusappartementer ëmgebaut. Vu dass d’Gebai awer ënner Denkmalschutz steet, sinn vill Maueren net ugeréiert ginn an och d’Façade vun deem historesche Gebai ass erhale bliwwen. Bei Analysen hunn Archeologen esou guer festgestallt, dass am Daachstull nach hëlzen Dunnen vun deem éischte Bau erhale bliwwen sinn.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1906.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

13 mars 2020

Vue vun den Dräi Eechelen (Fort Thüngen), wou haut de Musée Dräi Eechelen an hannendrun de Mudam Luxembourg - Musée d’art moderne Grand-Duc Jean ze fanne sinn.

Wéinst den 3 doréierten Eechelen op den Tierm gëtt de Fort um Plateau Kierchbierg deementspriechend genannt. D‘Dräi Eechelen ware just en Deel vum impressionnante Festungskomplex „Obergrünewald“ mat deem een d’Staat géint en Ugrëff vun der ëstlecher Säit aus beschütze wollt.

De Fort ass 1732/33 vum éisträicheschen Ingenieur Simon de Beauffe op der Plaz vum Vauban senger Redoute « Hauteur du Parc » aus dem Joer 1688 erbaut ginn. Benannt ass de Fort nom éisträichesche Festungskommandant Adam Sigmund von Thüngen.

De Fort Thüngen ass als Verstäerkung vum 3. Festungsréng vun der Stad Lëtzebuerg gebaut ginn.

1836 gouf de Fort vun de Preisen erweidert a krut och seng dräi ronn Tierm mat den Dräi Eechelen.

Ënnert dem ganze Fort ginn et eng ganz Rei vu Minnen, déi am Eeschtfall hätte kéinte genotzt ginn, fir de Fort ze sprengen.

Nach 1860 gouf de Fort verstäerkt, vu dass en nach net wousst, wat e puer Joer drop sollt geschéien. Wéi nom Londoner Vertrag vun 1867 d’Festung huet misse geschleeft ginn, gouf och de Fort Thüngen an e puer Phasen vun 1870-1875 ofgerappt. Just d’Agangstierm, déi mir haut nach gesinn, sinn erhale bliwwen, d’Grondmaueren goufe mat Buedem bedeckt. D‘Eechele vun den 3 Tierm goufen um Enn vun den Ofrappaarbechten doréiert. D’Kasematten vum Fort Thüngen sinn haut zum Deel nees mat engem Guide zougänglech oder am Musée integréiert. Fréier hu sech d’Kanner aus dem Pafendall gären doran amuséiert: anscheinend koum een duerch verschidde Gäng aus dem Dällchen bis erop op de Plateau.

Haut fanne mir hei de Festungsmusée Musée Dräi Eechelen. Och de Mudam ass op de Fundamenter vum Fort ënnerbruecht an e gudden Deel gouf nees opgebaut. E ganz laangen Otem hunn dobäi d’Frënn vun der Festung gebraucht, bis et endgülteg, no villen administrativen Hürden, politeschen Fauxpasen a Fehlplanungen, all d’Bauaarbechten ofgeschloss waren.

Fotograf & Editeur: P. C. Schoren.

Datum: 1908Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

14 mars 2020

Vue vun 1866 vu Clausen op d’Bréck beim Hondhaus. Deemools hat een nach eng fräi Vue, haut verleeft just virdrun den Viaduc du Pfaffenthal. Hannert de Pëppelen erbléckt een den Hospice Civil Paffenthal, e fréiert Klouschter.

Et ass wierklech impressionnant, wéi déi verschidden Besëtzer vun der Festung aus deem klenge Grofeschlass e risegt Bollwierk gemaach hunn, wat virun allem op dësem Beispill kloer gëtt. Net fir näischt krut d’Festung iergendwann de Spëtznumm « Gibraltar vum Norden ». Et brauch ee sech just d’Schlassbréck am Verglach mat der Héicht vun de Festungsmaueren unzekucken.

D’Hondhausbréck krut hiren Numm opgrond vun der Plaz, wou d’Grofe vu Lëtzebuerg, e.a. de Pierre Ernest I. de Mansfeld, hir Juegdhënn gehale goufen. D’Bréck mat 3 Béi ass ënner dem Vauban no der Attack an der Besetzung vun de Franséischen Truppen am Joer 1684 befestegt ginn. 1842-43 ass d’Bréck vum Ingenieur Major von Mühlbach verbreedert ginn. Wéi 1858-1859 de Pafendaller Viaduc gebaut gouf, ass den Ënnerbau restauréiert ginn an 1930 ass d’Bréck verbreedert ginn. Haut féiert hei eng modern Bréck vum Pafendall Richtung Fouss vum Bockfiels. Hannert der Bréck stoung fréier e Schluechthaus an haut d’Jugendherberge vun der Stad Lëtzebuerg.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

15 mars 2020

Eng patriotesch Postkaart mat enger Vue op d’Al Bréck an dem Text vum Feierwon « Mir wëlle bleiwe wat mir sinn… ». « Mä wat si mir iwwerhaapt? » äntwert d’Lëtzebuerger Band De Läb.

De Feierwon ass e Lidd vum Michel Lentz, wat de 4. Oktober 1859 fir d’éischt gesonge gouf. Domat gouf den éischten Zuch gefeiert, deen deen Dag vun der Stater Gare fortgefuer ass.

Um Knuedler, op der Trap virum Stadhaus, gouf et vun engem Chouer virgedroen, an den Text ass op Ziedelen un d’Leit verdeelt ginn. Den ursprénglechen Titel war « D’Letzeburger». D’Lidd gouf séier am ganze Land bekannt a populär. Dee leschte Saz aus dem Refrain gouf zum Nationalmotto vu Lëtzebuerg erhuewen. Dëse gouf vun de Leit och alt a « Mir wëlle jo keng Preise ginn » ëmgewandelt. (Quell: Wikipedia)

Zur Passerelle: D’Passerelle, och nach « Viaduc » oder « Al Bréck » genannt, nodeems déi « nei Bréck » oder de Pont Adolphe 1903 gebaut gouf.

D’Passerelle, déi de Garer Quartier mat der Uewerstad verbënnt, gouf vum Achille Grenier

an dem Auguste Letellier geplangt a vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers gebaut.

Et ass keen Zoufall, dass de Bau vun der Passerelle an déi selwecht Zäit fält, wéi de Bau vun der éischter Gare vun der Stad Lëtzebuerg. Et war vun Ufank u kloer, dass d’Gare, déi aus strategesche Grënn ausserhalb vun de Festungsmaueren stoung, misst mam Zentrum verbonne ginn.

Fir de Bau vun der Bréck ass fir d’éischt eng hëlze Behëllefsbréck, eng Passerelle opgeriicht ginn, déi der Bréck also ee vun hiren haitege Nimm ginn huet.

D’Passerelle ass 308,40 Meter laang a besteet aus 26 Béi, déi tëscht 8 a 15m breet sinn. D’Maximalhéicht ass 45m. Geplangt goufd’Bréck vum Achille Grenier an dem Auguste Letellier, gebaut gouf se vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers.

Dass d’Bréck e liichte Bou huet, ass iwwregens op taktesch Grënn aus der Zäit wéi Lëtzebuerg nach eng Festungsstad war, zeréckzeféieren. Wahrscheinlech war si och mat Sprengkummeren versinn.

1960 gouf si fir de ville Verkéier méi breet gemaach an dräispureg ausgebaut. Virun e puer Joer ass dunn eng Spuer duerch eng geséchert Vëlospiste mat engem Vëloscompteur installéiert gëtt, deen iwwregens all Joer en neie Rekord opstellt.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

16 mars 2020

E schéint Zäitdokument aus der Belle-Epoque: Eng Postkaart vun der Fête des Fleurs, déi Sonndes, den 9. August 1908 stattfonnt huet. Iwwersitt net d’Detailer, wéi z.B. déi herrschaftlech Kutsche riets, vu wou aus warscheinlech besser Leit dem Cortège nogekuckt hunn.

Dëse Genre vu Festival zu Éiere vun de Blummen war deemools en vogue a koum wuel vu Paräis op Lëtzebuerg, wou et esou Festivallen scho méi laang gouf. Dës Evenementer ware verbonne mat engem festlechen Ëmzuch mat Ween an Gruppen, déi all am Zeeche vun der Blumm stoungen. Fir d’Joer 1908 gouf et ganzer 36 verschidde Gruppen, déi matgemaach hunn, dorënner eng ganz Rei Veräiner aus der Stad, déi flott dekoréiert Ween opgeriicht hunn. 1908 waren et z.B. de Cercle d’escrime et de gymnastique de la ville-haute, de Veloce Club, de Racing Club oder d’Union dramatique, awer och Firmen wéi Champagne Mercier oder Privatleit.

Wéi een aus Zeitungsartikelen vun deemools liese kann, war den Evenement awer bal ofgesot ginn, opgrond vun Donnerwiederrisiko.

Schwieregkeete gouf et am Virfeld vum Festival: opgrond vu schlechtem Wieder, vill Reen a schlëmmen Donnerwiederen gouf et trotz der deemools nach ganz grousser Zuel vu Lëtzebuerger Rousenziichter, en Enkpass u Rousen fir d’Dekoratioun.

De Cortège, deen een op der Postkaart och ka gesinn, war de Kär vun der Fête des Fleurs. Dësen ass vun der Villa Louvigny um 15:00 aus fortgaangen an duerch d’ganz Staat bis op d’Plëss gaangen, wou en um 17:00 ukoum. D’Fanfare de Clausen huet um Kiosk als Ofschloss e Concert gespillt an d’Stad war schwaarz vu Leit, déi vu Gendaarmen, Serganten vun der Stad Lëtzebuerg an Zaldote vun der Fräiwëllegekompanie kontrolléiert goufen.

Dee Weekend gouf et awer och nach en anert aussergewéinlecht Evenement: De Päerdstram ass duerch den neien elektreschen Tram feierlech ofgeléist ginn a war an d’Festlechkeete vun der Fête des fleurs mat agebonnen. Déi éischt elektresch Trammen sinn vun der Gare aus iwwer d’Al Bréck an d’Uewerstad gefuer, begleet vun Automobillen – deemools och nach eng Attraktioun. Eng weider Attraktioun war d’elektresch Beliichtung vun der Tram an den Autoen an der Place d’Armes an der Nuecht, fir déi vun der Bréisseler Firma Belgian Electric Lightning Boards gesuergt gouf.

Wéi een also och op der Postkaart erkenne kann: et war nawell eng lass an der Stad.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1908.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

17 mars 2020

Interessant Vue vun der Kasär vun der Fräiwëllegekompanie um Helleg Geescht Plateau (do wou haut d’Nationalarchive sinn) op d’Corniche, de Breedewee mat der d’Grënnesch Puert, den Neie Wee, déi al Gierwereien am an d’Abtei Neimënster am Gronn.

D’Grënnesch Puert, och nach Spuenesch Puert, Porte Espagnole genannt, ass benannt no den Erbauer, de Spuenier, déi d’Paart 1632 gebaut hunn, nodeems si déi mëttelalterlech Puert, déi Deel vun der zweeter Befestegungsmauer war, ofgerappt haten. Bis 1872 gouf et nach eng Puert ënnerhalb vun där op der Postkaart, déi ass awer am Kader vum Schleefe vun der Festung ofgerappt ginn. Och d’Zéibréck an d’Grief op där Plaz goufen tëscht 1868 an 1872 zerstéiert.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

18 mars 2020

Reliefkaart vum Charles Bernhoeft mat « Landmarks » vun der Stad Lëtzebuerg, déi fir Neijoerschdag 1908 erauskoum. Et erkennt een d’Nei Bréck, de Stierchen mat der Uewerstad, e Spueneschen Tiermchen iwwer dem Pafendall an de Palais.

Bei dëser Postkaart handelt et sech ëm eng sougenannten Reliefkaart. Et gesäit een et natierlech hei net, mä d’Postkaart ass mat engem Relief gedréckt, sou dass een z.B. d’Zifferen « fille » kann. Eng 3D Kaart also, before it was cool.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1908

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

19 mars 2020

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf & Editeur: P.C. Schoren.

20 mars 2020

D’Amaliendenkmal am Stater Park läit net méi an der Zone Unesco oder an der Pufferzon, soll awer trotzdeem op dëser Plaz ernimmt ginn.

Dëst Monument misst jidderengem bekannt sinn, dee gären duerch de Stater Park geet.

D’Amaliendenkmal gouf den 30.10.1876 zu Éieren vun der Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach ageweit.

Architekten vum Monument waren den Oscar Belanger an den Tony Dutreux. D’Bronzeskulptur gouf vum franséische Sculpteur Charles Pêtre gemaach, op d’mannst offiziell. D’Maquette vun der Skulptur gouf nämlech vu sengem Schüler Jean-Antoine Injalbert kreéiert. D’Grénganlagen goufen vum Paysagiste Édouard André gestalt, dee wahrscheinlech och déi zwou Sequoiaen (Risemammutbeem, déi méi wéi 1000 Joer al kënne ginn) planze gelooss huet. Déi zwee Beem sinn 28 resp. 33 m. héich.

Wie war d’Amalia?

D’Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach, gebuer den 20.3.1830 zu Gent a gestuerwen den 1.5.1872 am Schlass zu Walfer, war déi éischt Fra vum Prënz Henri vun Oranien-Nassau, dem Jong vum Kinnek-Groussherzog vu Lëtzebuerg, den Wëllem II. Den Henri vun Oranien-Nassau huet Lëtzebuerg am Numm vu sengem Brudder, dem Wëllem III. als prince-lieutenant regéiert.

Der Prinzessin Amalia hiere Papp, de Bernard, Groussherzog vu Sachsen-Weimar war Gouverneur général vu Lëtzebuerg ënnert dem Wëllem I. a sollt d’Land virun de Fonken vun der Belscher Revolutioun schützen.

D’Prinzessin Amalia war beim Lëtzebuerger Vollek relativ beléift a populair, well si sech vill fir karitativ Wierker agesat huet. Si huet och eng wichteg Roll gespillt, wéi et 1867 der Lëtzebuerger Onofhängegkeet bal un de Kolli gaangen ass, a vu Frankräich ënnert dem Napoleon III. sollt verkaaft ginn (Crise du Luxembourg). Dee Moment ass d’Prinzessin Amalia vun hirem Mann op St. Peterburg geschéckt ginn, wou si bei hirem Verwandten, dem Tsar Alexander II. fir d’Lëtzebuerger Cause plaidéiert huet.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: ca. 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

21 mars 2020

Panoramavue op de Pfaffenthal, vu lénks no riets mat der Sichepaart, der Sichegaass, der Église Saint-Mathieu, dem Béinchen, dem Féngerlék, der Eecherpaart an der Uewerstad am Hannergrond.

No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Eecherpaart an déi aner Säit d’Sichepaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, dem Béinchen, verbonne waren. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Paart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen. D’Nimm vun der selweschter Paart variiéieren, bezéien sech awer ëmmer op dat selwescht: Siecherludeporte (1444), Sicherporte (1472), Paffendaler Porten (1479), Sichenleuth Pfordt (1659), Porte des lépreux (1717), Porte des Bons Malades.

Riets nieft der Puert stoung fréier och eng Rëtsch Haiser, déi alleguer ofgerappt goufen, fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen, ma och op der lénker Säit goufen Haiser, déi an engem schlechten Zoustand waren, aus « hygienesche » Grënn ofgerappt.

Hannert der Sichepuert erkennt een d’Pafendaller Kierch, déi dem Hl. Théiwes (St. Mathieu) geweit ass an 1872 gebaut gouf. Den Théiwesbur, den ale Wäschbur aus dem Pafendall deen direkt nieft der Kierch steet, dierft jo och jidderengem aus dem Jean-Pierre Kemmer sengem Lidd bekannt sinn. D’Kierch huet am 2. Weltkrich Geschicht geschriwwen, wéi während 14 Méint 6 desertéiert lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert sech do verstoppt hunn.

Vis-à-vis vun der Kierch steet dat alt Militärlazarett, och nach Vaubanskasär genannt, 1687-89 gebaut, wat no sengem eigentlechen Zweck als Klinik fir d’Garnisoun vun der Festung (490 Better) mol als Bettefabrik, als Schoul, als Tubakfabrik, mol als Wunnraum a Musée genotzt gouf, bis et 1954 ofgerappt gouf.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898, geschéckt 1899.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

22 mars 2020

Interessant Vue op de Chantier vun der Neier Bréck.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

23 mars 2020

Flott Opnam vun der Hondhausbréck bei der haiteger Jugendherberge mat Vue a Richtung Pafendall mam Hospice Civil an der Uewerstad am Hannergrond. De Numm Hondhaus kënnt dohier, well d’Grofe vu Lëtzebuerg, e.a. de Péiter Ernest I. vu Mansfeld seng Juegdhënn an der Ëmgéigend gehalen huet.

Den Hospice Civil huet eng mouvementéiert Geschicht hannert sech.

Wéi een un de Gebaier erkenne kann, handelt et sech ëm e fréiert Klouschter, wat am Laf vu senger Geschicht e puer mol d’Besëtzer an d’Affektatioun gewiesselt huet.

D’Wuerzele vum Klouschter ginn zeréck op d’Gräfin Ermesinde, déi ëm 1234 den « Büßerinnen der Hl. Magdalena » op der sougenannter Schadeburg, déi um äussere südlechen Enn vum Helleg Geescht Plateau louch a spéider an d’Zitadell Plateau integréiert gouf, e Klouschter gestëft huet. Den Uerden gouf 1264 an den Uerde vun de Klarissinnen incorporéiert an als Klarissinnen-Urbanistinnen bezeechent. D’Schwëstere waren haaptsächlech adeleg Fraen, déi e.a. fir d’Erzéiung vu jonken adelege a spéider och biergerleche Meedercher gesuergt hunn.

No der Attack an der Besetzung vun der Festung duerch déi franséisch Truppen huet de Vauban d’Plaz vum Klouschter fir den Ausbau vu senge Befestegungsanlage gebraucht, woufir no enger neier Plaz fir d’Klarissinnen gesicht gouf. 1687 gouf hinnen en Terrain am Pafendall, ënnerhalb vum Bock zougewisen. De 18.3.1690 plënneren d’Klarissinnen vum Klouschter vum Helleg Geescht Plateau, deemools ënner der Leedung vun der Äbtissin Magdalena de Herbemont an de Pafendall an déi nei Gebaier op der Muerbels. D’Gebaier um Helleg Geescht Plateau sollen awer nach bis 1770 gestanen hunn, wéi se opgrond vu Baufällegkeet komplett ofgerappt goufen.

Ronderëm dat ganzt Klouschter gouf et eng Mauer, un där vun 1731 un, 21 Joer laang gebaut gouf an déi awer an den 1970er Joren zerstéiert gouf.

1783/4 gouf d’Klouschter vum éisträichesche Keeser Joseph II. opgeléist an et stoung fir eng länger Zäit eidel. Am Kader vun de Verkeef vu reliéisen Propriétéiten gëtt d’Klouschter an de Revolutiounsjoeren un e gewëssenen Hencké verkaaft.

1815 gehéieren d’Gebaier der Militärregierung vun der Festung an 1828 gi se vun der hollänescher Regierung kaaft, déi se awer weiderhin dem MIlitär iwwerloossen.

1829 gëtt et an den ale Klouschtergemaier eng Gierwerei, eng Spënnerei vun de Gebridder Godchaux (besser bekannt duerch hir spéider Aktivitéit op der Schläifmillen) an eng Distillerie mat Essegfabrik vun engem gewëssene Graechen. Dës Betriber waren awer relativ schnell nees fort.

1842 huet d’Verwaltungskommissioun vun den Zivilhospizen dat alt Klouschter opkaaft, an den Hospice Saint-Jean aus dem Gronn, dee vun de Schwëstere vum Elisabetherinnenuerden geleed gouf, gouf den 30. Juli 1843 an de Pafendall verluecht. D’Gebaier goufen och erweidert an ëmgebaut, esou liest een z.B., dass 1867 eng Annexe aus dem Joer 1844 duerch e Feier komplett zerstéiert an nees opgebaut gouf. Den Hospice civil war den aarmen, alen a kranke Bierger vun der Stad Lëtzebuerg virenthalen, fir dass si hei hire Liewensowend verbrénge konnten. Déi Missioun erfëllen d’Gebailechkeeten nach haut.

Am 20. Joerhonnert gouf reegelméisseg Renovatiounsaarbechten, mä de Charakter vum Klouschter blouf erhalen. Vun 1999 bis 2003 gouf d’Gebai no de Pläng vum Georges Reuter komplett renovéiert an ass haut e Centre intégré pour personnes agées (CIPA), mat 101 Zëmmeren.

Fotograf & Editeur: Giberius.

Datum: 1907.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

24 mars 2020

No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Sichepaart an déi aner Säit d’Eecherpaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, dem Béinchen, verbonne waren. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Paart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen. D’Nimm vun der selweschter Paart variiéieren, bezéien sech awer ëmmer op dat selwescht: Siecherludeporte (1444), Sicherporte (1472), Paffendaler Porten (1479), Sichenleuth Pfordt (1659), Porte des lépreux (1717), Porte des Bons Malades

Fotograf : Onbekannt; Editeur: Onbekannt.Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

25 mars 2020

Eng weider spektakulär Opnam vum Chantier vun der Neier Bréck.D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

26 mars 2020

Vue op d’Dräi Tierm (Pafendaller Puert).

Den Dräi Tierm hir Fundamenter sti wahrscheinlech op deem ale Réimerwee, dee vum Fëschmaart erof an de Pafendall gaangen ass.

Si sëtzen sech zesummen aus 2 ronnen Tierm an engem véiereckegen Tuerm. De véiereckegen ass deen eelste vun deenen 3 an gouf géint 1050 als Deel vun der zweeter Stadmauer gebaut. Déi ronn Tierm sinn aus dem 13. Joerhonnert.

D’Dräi Tierm hunn déi wichteg Puert vun der Uewerstad an d’Ënnerstad markéiert a leien op deem ganz ale réimesche Kiem, deen iwwerhaapt dozou gefouert huet, dass de Kär vun der Stad zu engem Verkéiersknuet ginn ass. Vum Fëschmaart erof sinn d’Händler fréier erof an de Pafendall gefuer, fir do, wahrscheinlech duerch eng Fuert op déi aner Säit vun der Uelzecht ze kommen, an da weider Richtung Tréier ze fueren.

Wësst dir eigentlech firwat Giischtercher aus dem Schraasseger Prisong op hirer Uniform d’Wopen mat den 3 Tierm droen?

Majo well d’Dräi Tierm bis ca. 1810 als Prisong funktionéiert hunn. Anscheinend gouf och d’Guillotine vun der Stad Lëtzebuerg, déi haut am Musée Dräi Eechelen ausgestallt ass, do stockéiert.

No der Schleefen vun der Festung huet de Kapitän Weydert vun der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie an den Tierm gewunnt.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Nels, Bruxelles.Datum: 1911

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

27 mars 2020

Postkaart mat enger Vue vun engem vun deene baussenzegste Béi vun der Neier Bréck. Wéi ee gesäit stinn nach eng Maschinn an aner Iwwerreschter vum grousse Chantier do. Am Hannergrond erkennt een d‘Bastioun Beck, déi spéider Place de la Constitution.

D’Bastioun Beck, och nach Bastioun St. Jean genannt, huet hiren Numm vum Baron a Gouverneur vun der Festungsstad, dem Jean Beck. D’Bastioun ass 1644, ënner spuenescher Herrschaft, no de Pläng vum Festungsingenieur Isaac von Traybach gebaut ginn. Och virdrun gouf et op dëser Säit vun der Stad eng Befestegung, wéi verschidden Texter a Pläng beleeën. Ongeféier do, wou haut d’Strooss, d.h. de Boulevard Roosevelt leeft, gouf et eng mëttelalterlech Wiermauer mat e puer Tierm, dräi Stéck laut dem « Deventer-Plang » virun der nach net existéierender Bastioun Beck.

Ënnert dem Philippe III. vun der Bourgogne sinn dës Maueren verstäerkt bzw. erweidert ginn an de Virgänger vun der Bastioun Beck, de Cavalier (op Lëtzebuergesch och nach « Kaz » genannt) « Conte Mansfelt » gouf gebaut.

Ab ongeféier dem Joer 1644 huet dunn wéi schonn uewe gesot déi haiteg Bastioun Beck bestanen.

D’Bastioun Beck krut ënnert de Fransousen, d.h. ënnert dem Festungsingenieur Vauban nach e Facelift an an éisträichescher Period, tëscht 1746 a 1751, sinn d’Kasematten an de Fiels gegruewe ginn, déi een och haut nach zum Deel besiche kann. Opgrond vun den Decisiounen aus dem Londoner Vertrag vun 1867 sinn 1873 d’Brustwehren ofgerappt an duerch Glänner ersat ginn. D’Trapen fir vun der Bastioun erof an d’Péitruss ze kommen, koumen 1904 derbäi.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

28 mars 2020

Foto vun engem Deel vun de Befestegungen um Hl. Geescht Plateau mam Gronn an der Uewerstad.

Lénks ass d’Grondschleisbastioun, déi 1644 gebaut gouf an an de Joren 1674 an 1685 erweidert gouf, ier se 1751 verstäerkt gouf. Hiren Numm krut d’Bastioun vun der Schleis am Gronn, déi 1731 gebaut gouf. An der Mëtt sinn d’ « Rondellen » , déi zwar gutt ausgesinn, vun der Defense awer e bësse manner effektiv waren, wéi déi vum Vauban. Op dësem klenge Plateau, ënnerhalb vun der Grondschleisbastioun erkennt een e klenge Stall, dee fir krank Päerd geduecht war an d’« Kriegslaboratorium » oder Munitiounslaboratoire riets niewendrun, wou d’Munitioun fir den Asaz preparéiert gouf. Dës Gebaier goufen 1860/61 gebaut, 1982-1985 ofgerappt. Op dësen Terrasse goufe nom Schleefe vun der Festung anscheinend och wëll Déiere gehal. De ganze Fiels ass natierlech duerchlächert mat Kasematten, déi vum Gronn op de Plateau gefouert hunn.

Fotograf: Amateur.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

29 mars 2020

Flott Vue op de Knuedler an der Stad mam Monument vum Wëllem II. wärend engem Maartdag.

De Knuedler: Offiziell heescht d’Plaz jo « Place Guillaume II », benannt nom Wëllem II. vun Holland, Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1840-1849.

Den Numm Knuedler krut d’Plaz duerch d’Franziskanermönchen, déi am Mëttelalter bis zur Zäit vum Napoleon e Klouschter op der Plaz haten. Den Numm Knuedler soll also vun de Kniet un der Kordel vun de Pateren hier kommen.

Um Knuedler stoungen méi Gebaier wéi haut, wéi een och un de Fundamenter an de rezenten Ausgruewunge op der Plaz konnt gesinn. Ënnert anerem huet een och e Kierfecht fräigeluecht.

1554 koum et duerch e Blëtzschlag an d’Knuedlerkierch, wou ënnert dem Dag d’Schéisspolver vun de Kanounen vun der Festung gelagert gouf, zu enger riseger Explosioun an engem grousse Feier, wat d’Stadbild zolitt verännert huet. Vill Haiser sinn dem Brand zum Opfer gefall, well se mat Stréi oder hëlzen Schëndelen gedeckt waren. Nom Feier goufen verschidde Stroossen méi breed gemaach (z.B. Groussgaass), d’Haiser mat Schifer gedeckt an ganz nei Stroossenzich ugeluecht (z.B. Louvignysgaass, Philippsgaass etc.)

D’Plaz ass och bekannt duerch d’Ofhale vu Wochemäert, den Oktavmäertchen, verschidde Festivallen, Public Viewings, Chrëschtmäert, seng Äispist am Wanter, Baler etc. Eng Plaz also, wou seelen näischt lass ass.

D’Monument vum Wëllem II. gouf 1884 opgeriicht. Haut steet och eng exakt Kopie vun der Statue zu Den Haag am Buitenhof, well eng aner Statue vum Wëllem II. net gefall huet an déi dunn 1924 op Tilburg gestallt ginn ass…

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

30 mars 2020

Vue vum Verluerekascht op d’Helleg Geescht-Befestegungen, d’Vaubans-Kasären an dat fréiert Krichslazarett an de Gronn.

Lénks ass d’Grondschleisbastioun, déi 1644 gebaut gouf an an de Joren 1674 an 1685 erweidert gouf, ier se 1751 verstäerkt gouf. Hiren Numm krut d’Bastioun vun der Schleis am Gronn, déi 1731 gebaut gouf. Ënnendrënner sinn d’ « Rondellen » , déi zwar gutt ausgesinn, vun der Defense awer e bësse manner effektiv waren, wéi déi vum Vauban. Op dësem klenge Plateau, ënnerhalb vun der Grondschleisbastioun erkennt een e klenge Stall, dee fir krank Päerd geduecht war a riets niewendrun d’« Kriegslaboratorium » oder Munitiounslaboratoire, wou d’Munitioun fir den Asaz preparéiert gouf. Dës Gebaier goufen 1860/61 gebaut, 1982-1985 ofgerappt. Op dësen Terrasse goufe nom Schleefe vun der Festung anscheinend och wëll Déiere gehal. De ganze Fiels ass natierlech duerchlächert mat Kasematten, déi vum Gronn op de Plateau gefouert hunn.

Dat Gebai wat ee riets nieft dem Kriegslaboratorium gesäit, a wou haut d’Nationalarchiven dra sinn, ass eréischt 1857 innerhalb vun 3 Joer vun de Praise op engem sougenannte Niederwall vun der Helleg Geescht-Zitadell gebaut ginn. Et handelt sech ëm e bommeséchert Krichslazarett wat deemools iwwer 600 Better hat.

Vun enger vun den zwou Helleg Geescht-Kasären, déi 1685 no der Belagerung duerch déi franséisch Truppen, ënner der Leedung vum Festungsingenieur Vauban gebaut goufen, gesäit ee just den Daach. Dës ass 1982 ofgerappt ginn, fir der haiteger grousser Plaz an engem ënnerierdesche Parkhaus Plaz ze maachen. 1966 war et schonn esou dem Kornmagazin gaangen.

Déi zweet Kasär gesäit een net, si steet lénks niewend där, wou een den Daach gesäit. Si ass an de Bau vun der Cité judiciaire integréiert ginn. Eleng an déi 2 Kasären hu 1540 Zaldote gepasst. Nom Schleefe vun der Festung goufen am Kriegslazarett d’Lëtzebuerger Jägerbataillon ënnerbruecht an no deem senger Opléisung d’Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie. No der Opléisung vun der Fräiwëllegekompanie war hei d’Lëtzebuerger Arméi hei ënnerbruecht.

An der 1982 ofgerappter Kasär war d’Gendarmerie dran. An viischter Vaubans-Kasär déi net ofgerappt ginn ass, ware verschidde Ministèren a Staatsservicer, e.a. de SREL an dat bis zum Bau vun der Cité judiciaire.

Ënnen am Gronn erkennt een e weidert Gebai vum Vauban: hien huet géint 1690 eng Rei Wunnhaiser an der Tilleschgaass ofrappe gelooss an d’Garnisounsbäckerei hei gebaut, déi bis 1807 funktionéiert huet.

Fotograf: Amateur.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

31 mars 2020

Vue op den Neiewee am Gronn an den Iwwerreschter vun der Buerg Lucilinburhuc.

Hannert der riichter Mauer déi mir uewen iwwert dem natierleche Fiels gesinn, verstoppen sech d’Fundamenter vun den Zwillingstierm vun der Haaptpuert vun der Buerg. Dës Tierm kënnen den Archeologen no an d’Mëtt vum d’13. Joerhonnert datéiert ginn.

Déi Tierm goufen warscheinlech an der Mëtt vum 17. Joerhonnert zesumme mam Recht vun der Buerg zerstéiert.

Déi haiteg Schlassbréck um Bock staamt aus dem Joer 1735, d.h. aus der Zäit wéi Lëtzebuerg vun den Éisträicher besat war. Et fënnt een op verschiddene Plazen och de falsche Baudatum vun 1753. Geséchert ass, dass 1733 e Projet fir den Neibau vun där Bréck virlouch, well d’Stänn (Stände, Etats) aus der Stad dogéint protestéiert hunn, vu dass si de Finanzement vun 9000 Gulden hu misse garantéieren. Dës nei Bréck aus Steen sollt déi al hëlze Schlassbréck ersetzen.

Am Wanter 1733/34 goufen 680 Ween mat Steng vu Berg (?) op d’Bauplaz bruecht. D’Leit déi mam Won gefuer sinn, kruten am Wanter 6 Gulden, am Summer 5 Gulden dofir.

1735 war de grousse Bou fäerdeg, déi kleng koumen 1736 uewendrop.

Eng technesch Kuriositéit ass d’Bréck an deem Sënn, dass een se op 5 verschidden Niveauen passéiere kann, eemol ganz normal iwwer d’Strooss, dräi Mol duerch d’Gäng duerch d’Béi an eemol ënnert der Strooss.

D’Bréck déi mir haut gesinn ass usech eng Replik vun der Originalbréck, nodeems déi 1993 ofgerappt an am Originalzoustand nei opgebaut gouf. 1933 war d’Bréck schonn eng Kéier restauréiert ginn, wéi se fir de Verkéier méi breed gemaach ginn ass.

De Neiewee heescht offiziell « rue Sosthène Weis », benannt nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941).

D’Strooss déi de Gronn laanscht d’Fielsen an d’Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch mam Pafendall verbënnt ass 1679 ënner spuenescher Herrschaft las Verbingung tëscht dem Gronn, dem Pafendall a Clausen ugeluecht ginn. D’Strooss awer net ëmmer sou geheescht: eelsten Numm ass eben « Neie Wee » oder « rue Neuve ». Vun 1925-1946 huet se « Felsenstraße » resp. « rue des Rochers » geheescht an eréischt 1946, 5 Joer nom Doud vum Sosthène Weis krut se hiren haitegen Numm.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

01 avril 2020

Schéin Amateuropnam aus dem Pafendall mam Béinchen an der Sichepaart.

No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Sichepaart an déi aner Säit d’Eecherpaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, dem Béinchen, verbonne waren. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Paart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen. D’Nimm vun der selweschter Paart variiéieren, bezéien sech awer ëmmer op dat selwescht: Siecherludeporte (1444), Sicherporte (1472), Paffendaler Porten (1479), Sichenleuth Pfordt (1659), Porte des lépreux (1717), Porte des Bons Malades.

Riets stoung fréier och eng Rëtsch Haiser, déi alleguer ofgerappt goufen, fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen, ma och op der lénker Säit goufen Haiser, déi an engem schlechten Zoustand waren, aus « hygienesche » Grënn ofgerappt.

Fotograf: Amateur.

Datum: Ufank 20. Jh.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

02 avril 2020

E Bléck, deen engem ëmmer nees den Otem hëllt: d’Vue op déi spektakulär Fielsformatiounen vum ënneschten Deel vum Bockfiels.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

03 avril 2020

Eng flott Panoramafoto vum Pafendall mam Eecherbierg op der lénker Säit.

Ënnen am Pafendall erkennt een hanne vu lénks no riets d’Eecherpuert, de « Féngerlek » (de Kamäin vun der Pompelstatioun, déi d’Drénkwaasser vun der Quell am Pafendall an d’Uewerstad gepompelt huet), de « Béinchen » an de Quartier mam selwechte Numm an d’Sichepaart.

No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Sichepaart an déi aner Säit d’Eecherpaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, dem Béinchen, verbonne waren. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Paart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen. D’Nimm vun der selweschter Paart variiéieren, bezéien sech awer ëmmer op dat selwescht: Siecherludeporte (1444), Sicherporte (1472), Paffendaler Porten (1479), Sichenleuth Pfordt (1659), Porte des lépreux (1717), Porte des Bons Malades.

Riets nieft der Puert stoung fréier och eng Rëtsch Haiser, déi alleguer ofgerappt goufen, fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen, ma och op der lénker Säit goufen Haiser, déi an engem schlechten Zoustand waren, aus « hygienesche » Grënn ofgerappt.

Ganz riets erkennt een d’Pafendaller Kierch, déi dem Hl. Théiwes (St. Mathieu) geweit ass an 1872 gebaut gouf. Den Théiwesbur, den ale Wäschbur aus dem Pafendall deen direkt lénks nieft der Kierch steet, dierft jo och jidderengem aus dem Jean-Pierre Kemmer sengem Lidd bekannt sinn.

D’Kierch huet am 2. Weltkrich Geschicht geschriwwen, wéi während 14 Méint 6 desertéiert lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert sech do verstoppt hunn.

Vis-à-vis vun der Kierch steet dat alt Vaubans-Lazarett, wat no sengem eigentlechen Zweck mol als Fabrik, mol als Wunnraum, mol als Musée funktionéiert huet, bis et 1955 ofgerappt gouf.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

04 avril 2020

Schéi Vue op den Neiewee mat engem Spueneschen Tiermchen.

D’Spuenesch Tiermercher kruten hire Numm - wéi soll et anescht sinn - well se an der Zäit gebaut goufen wéi Lëtzebuerg zu de Spueneschen Nidderlanden gehéiert huet. Anscheinend goufen et fréier bis zu 38 där Wuechttierm, haut stinn der awer just nach 8. Vläicht huet et de Spuenier och just ze vill gereent am Ländchen, dass si sech e klengen Ënnerstand gebaut hunn.

De Neiewee heescht offiziell « rue Sosthène Weis », benannt nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941).

D’Strooss déi de Gronn laanscht d’Fielsen an d’Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch mam Pafendall verbënnt ass 1679 ënner spuenescher Herrschaft las Verbingung tëscht dem Gronn, dem Pafendall a Clausen ugeluecht ginn. D’Strooss awer net ëmmer sou geheescht: eelsten Numm ass eben « Neie Wee » oder « rue Neuve ». Vun 1925-1946 huet se « Felsenstraße » resp. « rue des Rochers » geheescht an eréischt 1946, 5 Joer nom Doud vum Sosthène Weis krut se hiren haitegen Numm.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

05 avril 2020

Interessante Bléck op d’Holzstee vun der zukünfteger Neier Bréck.D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1900.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

06 avril 2020

Ganz däitlech Vue op d’Dräi Tierm (Pafendaller Puert) mat engem Panorama vum Pafendall, Clausen an dem Cents. An der Mëtt erkennt een dat alt Schluechthaus an hanner dem Viaduc d’Kierch St. Cunégonde, méi wäit riets de Plateau wou déi fréier Abtei Almënster stoung.

Den Dräi Tierm hir Fundamenter sti wahrscheinlech op deem ale Réimerwee, dee vum Fëschmaart erof an de Pafendall gaangen ass.

Si sëtzen sech zesummen aus 2 ronnen Tierm an engem véiereckegen Tuerm. De véiereckegen ass deen eelste vun deenen 3 an gouf géint 1050 als Deel vun der zweeter Stadmauer gebaut. Déi ronn Tierm sinn aus dem 13. Joerhonnert.

D’Dräi Tierm hunn déi wichteg Puert vun der Uewerstad an d’Ënnerstad markéiert a leien op deem ganz ale réimesche Kiem, deen iwwerhaapt dozou gefouert huet, dass de Kär vun der Stad zu engem Verkéiersknuet ginn ass. Vum Fëschmaart erof sinn d’Händler fréier erof an de Pafendall gefuer, fir do, wahrscheinlech duerch eng Fuert op déi aner Säit vun der Uelzecht ze kommen, an da weider Richtung Tréier ze fueren.

Wësst dir eigentlech firwat Giischtercher aus dem Schraasseger Prisong op hirer Uniform d’Wopen mat den 3 Tierm droen?Majo well d’Dräi Tierm bis ca. 1810 als Prisong funktionéiert hunn. Anscheinend gouf och d’Guillotine vun der Stad Lëtzebuerg, déi haut am Musée Dräi Eechelen ausgestallt ass, do stockéiert.

No der Schleefen vun der Festung huet de Kapitän Weydert vun der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie an den Tierm gewunnt.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

07 avril 2020

Interessant Vue op de Chantier vun der Neier Bréck, mam nach bal ganz onbebauten Plateau Bourbon.D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902, fortgeschéckt 1903.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

08 avril 2020

Schéin Opnam vum Palais Grand-Ducal a vum Krautmaart an der Stad.

Den haitege Palais Grand-Ducal steet op der Plaz vum 3. Stater Gemengenhaus, dat den 11. Juni 1554 duerch d’Explosioun vun engem Polvermagaseng zerstéiert gi war, a war als Sëtz vum Gouverneur vu Lëtzebuerg geduecht. Eréischt 1572 hat d’Stad déi finanziell Moyenen nees zesummen, sech en neit Gemengenhaus ze bauen.

D’Gebai gouf am Renaissance-Stil ënnert der Responsabilitéit vum Stater Schäffen Adam Roberti, mat der Ënnerstëtzung vum Pierre-Ernest I de Mansfeld gebaut. Den Architekt ass net bekannt, et ass awer warscheinlech, dass et deen oder déi selwecht waren, déi och dem Mansfeld säi Schlass a Clausen gebaut hunn. Den eelsten Deel vum Palais ass also deen tëscht deenen 2 Tiermercher.

1683 gouf de Palais ënner dem Louis XIV. senger Besetzung ëmgebaut, nodeems en wärend den Attacken uerg zerstéiert gi war. 1741-1743 ass riets vum eelsten Deel en Ubau am Barockstil, « Wo » genannt, bäigesat ginn, deen een net op der Postkaart gesäit. Dëse gouf 1891 ëmgebaut. 1858-1859 gouf nach méi riets deen Deel ugebaut, an deem haut d’Chamber ass.

Tëscht 1795 an 1814 wärend der franséischer Zäit war hei d’Préfecture vum Département des Forêts. Vun 1815 un war d’Gebai eng Zort administrativen Allzweckbau: Et war de Sëtz vun der Regierungskommissioun, an duerno, bis 1867, vun der Regierung. Vun 1848-1858 un hat och d’Parlament (dat 1857 an eng Assemblée des Etats ëmgeännert gouf) do säi Sëtz, bis et dann a säin eegent Gebai niewendru geplënnert ass. 1857 ass och nach de Staatsrot, deen duerch d’Lëtzebuerger Konstitutioun vun 1856 agefouert gi war, op den 2. Stack erageplënnert. Um selwechten 2. Stack war och nach eng archeologesch Sammlung ënnerbruecht. An de Kinnek-Groussherzog Wëllem II., huet 1841, 1844 an 1845 do gewunnt; säin Nofollger, de Wëllem III., just heiansdo, mä säi Statthalter, de Prënz Henri, nees méi reegelméisseg.

1867 sinn, als Resultat vum Londoner Traité, d’preisesch Truppen ofgezu ginn, an d’Regierung konnt sech am Refuge Sankt Maximin ariichten, do, wou bis viru kuerzem den Ausseministère war. De Staatsrot, d’archeologesch Sammlung, de Service agricole an d’Erzéiungskommissioun, déi sech och den 2. Stack hu missen deelen, sinn awer eréischt definitiv 1890 erausgeplënnert, wéi den Adolphe vun Nassau-Weilburg Groussherzog vu Lëtzebuerg gouf. Dofir gouf d’Gebai vun 1891 bis 1894 grëndlech ëm- an ausgebaut. An deem Kader koum och den Tuerm am Neorenaissance-Stil op der rietser Säit vum Palais derbäi.

No 1964 an am Ufank vun den 1990er Jore gouf de Palais renovéiert an ass am Summer reegelméisseg op fir Visitten.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Onbekannt.

Datum: 1910.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

09 avril 2020

Flot animéiert Postkaart vum Neiewee, mat e puer schéinen Haiser op der Corniche, e.a. d’Kapell fréiere Klouschter a spéideren Hôpital St. François.

E puer Wuert zum Klouschter:

Dat fréiert Klouschter, wat am Volleksmond och nach « Am Kräizgank » genannt gëtt, war bis zur franséischer Revolutioun en Dominikanerklouschter. D’Gebai selwer staamt ongeféier aus dem Joer 1630 a läit op nach méi ale Fundamenter.

D’Dominikanerpateren, hui bis dohin an engem Klouschter um lieu-dit « Knuedlerloch » gelieft, ongeféier do wou haut d’Staatsbeamtekantin resp. déi al Ste. Sophie ass. Si hunn et awer mat der Konkurrenz vun de Jesuitten ze di kritt, déi an direkter Noperschaft och e Klouschter am Beräich vun der haiteger Kathedral an dem ale Kolléisch opgeriicht haten.

Bis kuerz virun 1630 hunn d’Dominikaner dunn tëscht der haiteger Corniche, dem Breedewee an dem Fëschmaart Haiser (vun de Schwësteren aus dem Mariendall, vun de Markgrafen vu Baden an der Wittfra Wiltheim-Busbach) an Terrainen krut, wou si dunn hiert Klouschter opgeriicht hunn. Hei louch am Mëttelalter och déi éischt Maarthal mat Stänn fir d’Händler aus der Uertschaft. Deeler vun dëser Hal resp. enger Strooss, « Niederstegaass » genannt, déi vun der Corniche eriwwer an de Breedewee gefouert huet, waren nach an de Kelleren vun der Klinik ze gesinn.

Ab 1630 gouf d’Klouschter also direkt un d’Méchelskierch gebaut, dee Moment awer just de Fligel zum Fëschmaart an en Ostfligel, jeeweils ëmmer mat zwee Stäck. 1636 koum de Sdfligel dobäi an 1679 den Westfligel. De Baudatum an d’Erweiderungsdaten sinn duerch Mauerankeren an der Fassaden bannen am Haff nach haut ze erkennen.

Duerch den Ugrëff vum Louis XIV senger Arméi an d’Belagerung an de Joren 1683/84 war d’Klouschter an och d’Méchelskierch, staark zerstéiert ginn an d’Dominikaner hunn iwwerluecht de Fëschmaart ze verloossen, well si keng Mëttele méi haten, fir alles nees opzebauen. Während sengem Besuch zu Lëtzebuerg huet de franséische Kinnek de Pateren dunn 4000 Pond vu sengem Privatverméige ginn, fir d’Kierch an d’Klouschter nees opzebauen, wat erkläert, firwat iwwer der Entrée vun der Kierch de Wopen vum Kinnek mat den « Fleurs de lys » hänkt.

Während der Revolutioun hunn d’Pateren d’Klouschter misse verloossen an et ass den 31.3.1798 als Bien national fir 10000 Pond versteet ginn.

Ëm 1860 war d’Wittfra vum Affekot Bernard Pondrom Besëtzerin vun de Gebailechkeeten. D’Madame Pondrom, déi schwéier krank war ass um Enn vun hirem Liewen vun Franziskanerinne gefleegt ginn an sou koum et, dass d’Haus 1860 nom Doud vun der Madame Pondrom un d’Franziskanerinne ënnert der Oberin, der Schwëster Franziska (gebueren Elisabeth Dufaing) verkaaft ginn ass.

1861 sinn déi éischt Schwësteren mat enger Grupp Weesekanner erageplënnert. 1866 hunn d’Schwësteren dunn eng Aeklinik an de Gebailechkeeten ageriicht, wouraus 1871 eng allgemeng Klinik entstanen ass.

Géint 1895 ass d’Gebai renovéiert ginn an et goufen 2 Stäck op déi al Maueren vun 1630 gesat an 1896 ass hei déi éischt modern Klinik um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg opgaangen. Duerch dësen Ëmbau huet den Tuerm vun der Méchelskierch awer leider e bëssen vu sengem impressionnanten Androck verluer.

Spéiderhinn ass aus der Klnik en Altersheim ginn, dat bis 2011 als Maison François a Betrib war, wéi déi lescht Schwësteren erausgeplënnert sinn. Et gouf un e Konsortium vun Investisseure verkaaft an d’Gebailechkeeten ginn zu Luxusappartementer ëmgebaut. Vu dass d’Gebai awer ënner Denkmalschutz steet, sinn vill Maueren net ugeréiert ginn an och d’Façade vun deem historesche Gebai ass erhale bliwwen. Bei Analysen hunn Archeologen esou guer festgestallt, dass am Daachstull nach hëlzen Dunnen vun deem éischte Bau erhale bliwwen sinn.

De Neiewee heescht offiziell « rue Sosthène Weis », benannt nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941).

D’Strooss déi de Gronn laanscht d’Fielsen an d’Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch mam Pafendall verbënnt ass 1679 ënner spuenescher Herrschaft las Verbingung tëscht dem Gronn, dem Pafendall a Clausen ugeluecht ginn. D’Strooss awer net ëmmer sou geheescht: eelsten Numm ass eben « Neie Wee » oder « rue Neuve ». Vun 1925-1946 huet se « Felsenstraße » resp. « rue des Rochers » geheescht an eréischt 1946, 5 Joer nom Doud vum Sosthène Weis krut se hiren haitegen Numm.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

10 avril 2020

Flott Vue vun der Uewerstad, der Schlassbréck, dem Bock, dem Gronn mat der Uelzecht, den ale Gierwereien an der Abtei Neimënster.

Iwwert de Gronn, de Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg kéint ee Bicher schreiwen - wat natierlech och gemaach gouf a gëtt.

Virun e puer Joerzéngten nach en äermleche Quartier, wou een net esou gären higaangen ass, ass et haut eng vun deene schéinsten a gemittlechste Plazen an der Stad. Virun allem d’Renovatiounen vu ville Gebaier Enn den 1980er an an den 90er Joren, d’Erëffnung vum Naturmusée an der Abtei Neimënster, Caféen a Restauranten an de Bau vun engem Lift vum Hl. Geeschtplateau erof an den Dall hunn dozou gefouert, dass haut am Gronn d’Liewe pulséiert wéi nach ni. An trotzdeem eng gewësse Rou ausstraalt.

Schonn am fréie Mëttelalter hu Mënschen an dësem Deel vun der Stad gelieft, nach iert de Sigfried um Bockfiels seng kleng Buerg gebaut huet.

Bis an d’14. Joerhonnert louch de Gronn nach « ante portas », d.h. virun den Dieren vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn eréischt an d’Schutzmauer vun der Stad ënnert dem Wenzel II. mat erageholl.

E reliéisen Zentrum war de Gronn virun allem duerch den am Mëttelalter gegrënnten Hospice St. Jean, d’Benediktinerabtei Neimënster an d’Kierch St. Ulric.

Industriellen Zentrum war de Gronn doduerch, dass hei vill Fëscher, Fierwer Gierwer an aner Handwierker déi d’Waasser resp. d’Waasserkraaft vun der Uelzecht gebraucht hunn, sech hei néiergelooss hunn.

Ënnert anerem Händschefabriken aus dem Gronn wéi z.B. d’Handschuhfabrik Albert Reinhard & Cie an der Plaetisgaass waren eng bedeitend Wirtschaftsbranche vun der Stad Lëtzebuerg. En Deel dovun steet och nach haut an huet als Appartementshaus mat Bureauen iwwerlieft. E weideren Deel gouf ofgerappt an als Park amenagéiert.

Net ze vergiessen sinn natierlech déi zwee Prisongen, déi am alen Hospice St. Jean (Fraeprisong) an an der Abtei Neimënster (fir d’Männer) installéiert goufen a bis an d’1980er Joren bestanen hunn, bis de Prisong zu Schraasseg opgaangen ass. Méi en däischtert Kapitel also vun der interessanter Geschicht vum Gronn.

Et ass kloer, dass mir op dëser Plaz nëmmen e ganz klengen Ëmrëss vun der Geschicht vum Gronn maache kënnen, an hoffen dass heimat den Interessi fir d’Geschicht vun dësem dach schéine Quartier bei deem engen oder aneren ausgeléist gouf.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

11 avril 2020

Flott Vue erof op de Pafendall mat der Sichepuert, dem Béinchen, der Eecherpuert an uewen um Plateau lénks mat der fréierer franséischer Ambassade a riets der Fondation Pescatore.

Ënnen am Pafendall erkennt een hanne no vir d’Eecherpuert, de « Féngerlek » (de Kamäin vun der Pompelstatioun, déi d’Drénkwaasser vun der Quell am Pafendall an Uewerstad gepompelt huet), de « Béinchen » an de Quartier mam selwechte Numm an d’Sichepaart.

No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Sichepaart an déi aner Säit d’Eecherpaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, dem Béinchen, verbonne waren. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Paart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen. D’Nimm vun der selweschter Paart variiéieren, bezéien sech awer ëmmer op dat selwescht: Siecherludeporte (1444), Sicherporte (1472), Paffendaler Porten (1479), Sichenleuth Pfordt (1659), Porte des lépreux (1717), Porte des Bons Malades.

Lénks op der Postkaart, nieft der Puert stoung fréier och eng Rëtsch Haiser, déi alleguer ofgerappt goufen, fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen, ma och op der lénker Säit un der Uelzecht goufen Haiser, déi an engem schlechten Zoustand waren, aus « hygienesche » Grënn ofgerappt.

Fotograf & Editeur: P.C. Schoren, Luxembourg, rue Siegefroi, Gare.

Datum: 1909.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

12 avril 2020

Postkaart mat der Passerelle an der Bastoun Louis.

D’Bastioun Louis ass 1644 vun de Spuenier gebaut a 1685 vun de Fransousen ënnert dem Vauban ausgebaut ginn. 1868 ass nom Londoner Vertrag e gudden Deel vun den ieweschte Befestegungen ofgerappt ginn.

Hiren Numm krut d’Bastioun vum franséische Kinnék Louis XIV., si war awer och ënner dem Numm Cavalier del Prevosto a Bastion Piémont bekannt. Nom Schleefe vun der Festung goufen d’Brustwehren (Parapet) ofgerappt an op der Plattform goufen 1869 Bauplazen amenagéiert, déi éischt Haiser stinn ab 1872, e.a. dat haitegt Terres Rouges Gebai oder d’Residenz vum briteschen Ambassadeur.

D’Passerelle, och nach « Viaduc » oder « Al Bréck » genannt, nodeems déi « nei Bréck » oder de Pont Adolphe 1903 gebaut gouf.

D’Passerelle, déi de Garer Quartier mat der Uewerstad verbënnt, gouf vum Achille Grenier

an dem Auguste Letellier geplangt a vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers gebaut.

Et ass keen Zoufall, dass de Bau vun der Passerelle an déi selwecht Zäit fält, wéi de Bau vun der éischter Gare vun der Stad Lëtzebuerg. Et war vun Ufank u kloer, dass d’Gare, déi aus strategesche Grënn ausserhalb vun de Festungsmaueren stoung, misst mam Zentrum verbonne ginn.

Fir de Bau vun der Bréck ass fir d’éischt eng hëlze Behëllefsbréck, eng Passerelle opgeriicht ginn, déi der Bréck also ee vun hiren haitege Nimm ginn huet.

D’Passerelle ass 308,40 Meter laang a besteet aus 26 Béi, déi tëscht 8 a 15m breet sinn. D’Maximalhéicht ass 45m. Geplangt goufd’Bréck vum Achille Grenier an dem Auguste Letellier, gebaut gouf se vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers.

Dass d’Bréck e liichte Bou huet, ass iwwregens op taktesch Grënn aus der Zäit wéi Lëtzebuerg nach eng Festungsstad war, zeréckzeféieren. Wahrscheinlech war si och mat Sprengkummeren versinn.

1960 gouf si fir de ville Verkéier méi breet gemaach an dräispureg ausgebaut. Virun e puer Joer ass dunn eng Spuer duerch eng geséchert Vëlospiste mat engem Vëloscompteur installéiert gëtt, deen iwwregens all Joer en neie Rekord opstellt.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

13 avril 2020

Flott Postkaart am Grousseformat mat enger Vue vun der Fondation Pescatore eriwwer op de Bock an d’Uewerstad, mat der Rumm am Hannergrond.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

14 avril 2020

Schéin Opnam vum Palais Grand-Ducal an der Stad.

Den haitege Palais Grand-Ducal steet op der Plaz vum 3. Stater Gemengenhaus, dat den 11. Juni 1554 duerch d’Explosioun vun engem Polvermagaseng zerstéiert gi war, a war als Sëtz vum Gouverneur vu Lëtzebuerg geduecht. Eréischt 1572 hat d’Stad déi finanziell Moyenen nees zesummen, sech en neit Gemengenhaus ze bauen.

D’Gebai gouf am Renaissance-Stil ënnert der Responsabilitéit vum Stater Schäffen Adam Roberti, mat der Ënnerstëtzung vum Pierre-Ernest I de Mansfeld gebaut. Den Architekt ass net bekannt, et ass awer warscheinlech, dass et deen oder déi selwecht waren, déi och dem Mansfeld säi Schlass a Clausen gebaut hunn. Den eelsten Deel vum Palais ass also deen tëscht deenen 2 Tiermercher.

1683 gouf de Palais ënner dem Louis XIV. senger Besetzung ëmgebaut, nodeems en wärend den Attacken uerg zerstéiert gi war. 1741-1743 ass riets vum eelsten Deel en Ubau am Barockstil, « Wo » genannt, bäigesat ginn, deen een net op der Postkaart gesäit. Dëse gouf 1891 ëmgebaut. 1858-1859 gouf nach méi riets deen Deel ugebaut, an deem haut d’Chamber ass.

Tëscht 1795 an 1814 wärend der franséischer Zäit war hei d’Préfecture vum Département des Forêts. Vun 1815 un war d’Gebai eng Zort administrativen Allzweckbau: Et war de Sëtz vun der Regierungskommissioun, an duerno, bis 1867, vun der Regierung. Vun 1848-1858 un hat och d’Parlament (dat 1857 an eng Assemblée des Etats ëmgeännert gouf) do säi Sëtz, bis et dann a säin eegent Gebai niewendru geplënnert ass. 1857 ass och nach de Staatsrot, deen duerch d’Lëtzebuerger Konstitutioun vun 1856 agefouert gi war, op den 2. Stack erageplënnert. Um selwechten 2. Stack war och nach eng archeologesch Sammlung ënnerbruecht. An de Kinnek-Groussherzog Wëllem II., huet 1841, 1844 an 1845 do gewunnt; säin Nofollger, de Wëllem III., just heiansdo, mä säi Statthalter, de Prënz Henri, nees méi reegelméisseg.

1867 sinn, als Resultat vum Londoner Traité, d’preisesch Truppen ofgezu ginn, an d’Regierung konnt sech am Refuge Sankt Maximin ariichten, do, wou bis viru kuerzem den Ausseministère war. De Staatsrot, d’archeologesch Sammlung, de Service agricole an d’Erzéiungskommissioun, déi sech och den 2. Stack hu missen deelen, sinn awer eréischt definitiv 1890 erausgeplënnert, wéi den Adolphe vun Nassau-Weilburg Groussherzog vu Lëtzebuerg gouf. Dofir gouf d’Gebai vun 1891 bis 1894 grëndlech ëm- an ausgebaut. An deem Kader koum och den Tuerm am Neorenaissance-Stil op der rietser Säit vum Palais derbäi.

No 1964 an am Ufank vun den 1990er Jore gouf de Palais renovéiert an ass am Summer reegelméisseg op fir Visitten.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

15 avril 2020

Schéin animéiert Vue vum Neiewee op e puer schéin Haiser op der Corniche, e.a. dem fréiere Klouschter a spéideren Hôpital St. François.

E puer Wuert zum Klouschter:

Dat fréiert Klouschter, wat am Volleksmond och nach « Am Kräizgank » genannt gëtt, war bis zur franséischer Revolutioun en Dominikanerklouschter. D’Gebai selwer staamt ongeféier aus dem Joer 1630 a läit op nach méi ale Fundamenter.

D’Dominikanerpateren, hui bis dohin an engem Klouschter um lieu-dit « Knuedlerloch » gelieft, ongeféier do wou haut d’Staatsbeamtekantin resp. déi al Ste. Sophie ass. Si hunn et awer mat der Konkurrenz vun de Jesuitten ze di kritt, déi an direkter Noperschaft och e Klouschter am Beräich vun der haiteger Kathedral an dem ale Kolléisch opgeriicht haten.

Bis kuerz virun 1630 hunn d’Dominikaner dunn tëscht der haiteger Corniche, dem Breedewee an dem Fëschmaart Haiser (vun de Schwësteren aus dem Mariendall, vun de Markgrafen vu Baden an der Wittfra Wiltheim-Busbach) an Terrainen krut, wou si dunn hiert Klouschter opgeriicht hunn. Hei louch am Mëttelalter och déi éischt Maarthal mat Stänn fir d’Händler aus der Uertschaft. Deeler vun dëser Hal resp. enger Strooss, « Niederstegaass » genannt, déi vun der Corniche eriwwer an de Breedewee gefouert huet, waren nach an de Kelleren vun der Klinik ze gesinn.

Ab 1630 gouf d’Klouschter also direkt un d’Méchelskierch gebaut, dee Moment awer just de Fligel zum Fëschmaart an en Ostfligel, jeeweils ëmmer mat zwee Stäck. 1636 koum de Sdfligel dobäi an 1679 den Westfligel. De Baudatum an d’Erweiderungsdaten sinn duerch Mauerankeren an der Fassaden bannen am Haff nach haut ze erkennen.

Duerch den Ugrëff vum Louis XIV senger Arméi an d’Belagerung an de Joren 1683/84 war d’Klouschter an och d’Méchelskierch, staark zerstéiert ginn an d’Dominikaner hunn iwwerluecht de Fëschmaart ze verloossen, well si keng Mëttele méi haten, fir alles nees opzebauen. Während sengem Besuch zu Lëtzebuerg huet de franséische Kinnek de Pateren dunn 4000 Pond vu sengem Privatverméige ginn, fir d’Kierch an d’Klouschter nees opzebauen, wat erkläert, firwat iwwer der Entrée vun der Kierch de Wopen vum Kinnek mat den « Fleurs de lys » hänkt.

Während der Revolutioun hunn d’Pateren d’Klouschter misse verloossen an et ass den 31.3.1798 als Bien national fir 10000 Pond versteet ginn.

Ëm 1860 war d’Wittfra vum Affekot Bernard Pondrom Besëtzerin vun de Gebailechkeeten. D’Madame Pondrom, déi schwéier krank war ass um Enn vun hirem Liewen vun Franziskanerinne gefleegt ginn an sou koum et, dass d’Haus 1860 nom Doud vun der Madame Pondrom un d’Franziskanerinne ënnert der Oberin, der Schwëster Franziska (gebueren Elisabeth Dufaing) verkaaft ginn ass.

1861 sinn déi éischt Schwësteren mat enger Grupp Weesekanner erageplënnert. 1866 hunn d’Schwësteren dunn eng Aeklinik an de Gebailechkeeten ageriicht, wouraus 1871 eng allgemeng Klinik entstanen ass.

Géint 1895 ass d’Gebai renovéiert ginn an et goufen 2 Stäck op déi al Maueren vun 1630 gesat an 1896 ass hei déi éischt modern Klinik um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg opgaangen. Duerch dësen Ëmbau huet den Tuerm vun der Méchelskierch awer leider e bëssen vu sengem impressionnanten Androck verluer.

Spéiderhinn ass aus der Klnik en Altersheim ginn, dat bis 2011 als Maison François a Betrib war, wéi déi lescht Schwësteren erausgeplënnert sinn. Et gouf un e Konsortium vun Investisseure verkaaft an d’Gebailechkeeten ginn zu Luxusappartementer ëmgebaut. Vu dass d’Gebai awer ënner Denkmalschutz steet, sinn vill Maueren net ugeréiert ginn an och d’Façade vun deem historesche Gebai ass erhale bliwwen. Bei Analysen hunn Archeologen esou guer festgestallt, dass am Daachstull nach hëlzen Dunnen vun deem éischte Bau erhale bliwwen sinn

De Neiewee heescht offiziell « rue Sosthène Weis », benannt nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941).

D’Strooss déi de Gronn laanscht d’Fielsen an d’Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch mam Pafendall verbënnt ass 1679 ënner spuenescher Herrschaft las Verbingung tëscht dem Gronn, dem Pafendall a Clausen ugeluecht ginn. D’Strooss awer net ëmmer sou geheescht: eelsten Numm ass eben « Neie Wee » oder « rue Neuve ». Vun 1925-1946 huet se « Felsenstraße » resp. « rue des Rochers » geheescht an eréischt 1946, 5 Joer nom Doud vum Sosthène Weis krut se hiren haitegen Numm.

Fotograf: ; Editeur:

Datum:

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

16 avril 2020

Idyllesch Vue aus dem Gronn op d’Uelzecht an déi al Industrigebaier, anerersäits uewen d’Corniche mat den Wunnhaiser vun Adel a Patrizier esou wéi d’Méchelskierch an dat fréiert Klouschter.

Iwwert de Gronn, de Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg kéint ee Bicher schreiwen - wat natierlech och gemaach gouf a gëtt.

Virun e puer Joerzéngten nach en äermleche Quartier, wou een net esou gären higaangen ass, ass et haut eng vun deene schéinsten a gemittlechste Plazen an der Stad. Virun allem d’Renovatiounen vu ville Gebaier Enn den 1980er an an den 90er Joren, d’Erëffnung vum Naturmusée an der Abtei Neimënster, Caféen a Restauranten an de Bau vun engem Lift vum Hl. Geeschtplateau erof an den Dall hunn dozou gefouert, dass haut am Gronn d’Liewe pulséiert wéi nach ni. An trotzdeem eng gewësse Rou ausstraalt.

Schonn am fréie Mëttelalter hu Mënschen an dësem Deel vun der Stad gelieft, nach iert de Sigfried um Bockfiels seng kleng Buerg gebaut huet.

Bis an d’14. Joerhonnert louch de Gronn nach « ante portas », d.h. virun den Dieren vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn eréischt an d’Schutzmauer vun der Stad ënnert dem Wenzel II. mat erageholl.

E reliéisen Zentrum war de Gronn virun allem duerch den am Mëttelalter gegrënnten Hospice St. Jean, d’Benediktinerabtei Neimënster an d’Kierch St. Ulric.

Industriellen Zentrum war de Gronn doduerch, dass hei vill Fëscher, Fierwer Gierwer an aner Handwierker déi d’Waasser resp. d’Waasserkraaft vun der Uelzecht gebraucht hunn, sech hei néiergelooss hunn.

Ënnert anerem Händschefabriken aus dem Gronn wéi z.B. d’Handschuhfabrik Albert Reinhard & Cie an der Plaetisgaass waren eng bedeitend Wirtschaftsbranche vun der Stad Lëtzebuerg. En Deel dovun steet och nach haut an huet als Appartementshaus mat Bureauen iwwerlieft. E weideren Deel gouf ofgerappt an als Park amenagéiert.

Net ze vergiessen sinn natierlech déi zwee Prisongen, déi am alen Hospice St. Jean (Fraeprisong) an an der Abtei Neimënster (fir d’Männer) installéiert goufen a bis an d’1980er Joren bestanen hunn, bis de Prisong zu Schraasseg opgaangen ass. Méi en däischtert Kapitel also vun der interessanter Geschicht vum Gronn.

Et ass kloer, dass mir op dëser Plaz nëmmen e ganz klengen Ëmrëss vun der Geschicht vum Gronn maache kënnen, an hoffen dass heimat den Interessi fir d’Geschicht vun dësem dach schéine Quartier bei deem engen oder aneren ausgeléist gouf.

Fotograf & Editeur: Onbekannt.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

17 avril 2020

Aus der reliéiser Geschicht vu Lëtzebuerg: Foto vun der Muttergottesstatue aus der Kathedral, d’Tréischterin am Leed.

D’Geschicht vun der Veréierung vun der Hl. Maria zu Lëtzebuerg ass mat der Grënnung vum Jesuitekolléisch an der Stad verbonnen, deen 1603 gegrënnt gouf. Anerersäits muss een awer och den historesche Kontext kennen, an deem d’Marieveréierung zu Lëtzebuerg sech entwéckelt huet. Dat politescht, gesellschaftlecht a reliéist Ëmfeld beim Ufank vun der Muttergottesoktav waren engersäits den Drëssegjärege Krich (1618-1648) an d’Peschtjoren (1626-1636): zwéin Drëttel vun der Bevëlkerung stierwen un der Pescht. Krich an Hongersnout bestëmmen déi Krisenzäit.

Anerersäits hat déi jesuitesch Missioun e kloert Zil: duerch eng attraktiv Volleksfrëmmegkeet soll am Geescht vun der Géigereformatioun vum Konzil vun Trient (1545-1563) de kathoulesche Glawe gestäerkt ginn, fir ze verhënneren, datt de Protestantismus sech verbreet.

D’Jesuiten huelen déi Missioun also ganz eescht. Vun 1613-1621 ass och eng Kierch fir de Jesuitekolléisch gebaut ginn, déi haiteg Kathedral.

Den 8. Dezember 1624 droen Studenten aus dem Jesuitekolléisch eng aus Lannenholz geschnëtzten, 73 cm héich Muttergottesstatu virun d’Stadmaueren op d’Glacisfeld. De Pater Jacques Brocquart ass den Initiator vun dësem Pilgerwee a gëtt der Figur den Titel Consolatrix Afflictorum, Tréischterin am Leed.

Vun 1625-1628 gëtt op där Plaz um Glacis-Feld eng Pilgerkapell (Neipuertskapell genannt) gebaut, déi 1640 vergréissert an 1642 nei ageweit gouf. Dës Kapell stoung um Eck vum Nikloskierfecht, op der Kräizung vun der Avenue de la Faïencerie mat der Allée des Résistants et des Déportés. An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun gouf de Mobiliar versteet a 1796 gouf d’Kapell ofgerappt. Ufank Abrëll 2016 goufe vum Abbé Georges Hellinghausen bei Stroossenaarbechten um Trajet vum zukünftegen Tram d’Iwwerreschter vun der Kapell fonnt. D’Aarbechte goufe gestoppt fir déi Iwwerreschter z’erfuerschen an ze dokumentéieren. Am Laf vun den Aarbechte goufen op 1,5 m Déift laanscht der Kierfechtsmauer och stierflech Iwwerreschter vu Mënsche fonnt.

De Pater Brocquart hat gehofft d’Neipuertskapell schonn am Joer 1625 fäerdeg gebaut ze hunn, du krut hien awer d’Pescht. A senger Nout an op sengem Stierfbett huet de fromme Pater sech mat ganzem Vertrauen un d’Maria als Tréischterin am Leed geriicht. Op Urode vu sengem Beichtvater huet hien e reliéist Verspriechen (Gelübde) ofgeluecht: Wann hie sollt gesond ginn, da géif hie buerféiss a mat nach méi Äifer bei d’Neipuertskapell pilgeren an der Muttergottes eng Käerz vun zwee Pond schenken. Hie gouf 1626 gesond an huet säi Versprieche gehalen. De Pater Brocquart huet zu Antwerpen Biller vun der Tréischterin op Pabeier drécke gelooss, zu Nanzeg Medaile wéi och Statuen aus Holz, Steen, Sëlwer oder Gold an Optrag ginn. Hien hat domat sou vill Succès, datt d’Bild vun der Tréischterin a villen Dierfer a Stied veréiert ginn ass an d’Leit bei d’Satu gepilgert sinn.

1632 gouf et scho während 8 Deeg eng Pilgerwoch déi an der Kapell um Glacis ofgehale gouf, hei fanne mir also den Ursprong vun der Octave, déi 8 Deeg gedauert huet.

1639 gouf déi éischt Octave an der Jesuitekierch ofgehalen, well et mat der Plaz an der klenger Kapell um Glacis net méi duergaangen ass. Während 8 Deeg stoung d’Mariestatu also an der haiteger Kathedral an ass an der feierlecher Schlussprëssessioun nees zeréck op de Glacis bruecht ginn.

D’Veréierung vun der Muttergottes war esou grouss, dass d’Bild vun der Lëtzebuerger Tréischterin duerch spuenesch Zaldote scho 1642 op Kevelaer an Däitschland koum.

Si gëtt 1666 zur Patréinesch vun der Stad Lëtzebuerg gewielt. 1678 gëtt si Patréinesch vum ganzen Herzogtum Lëtzebuerg. Zanterhier gëtt et eng Prëssessioun, d’Octave zu hiren Eieren ofgehalen. 1679 gouf decidéiert d’Muttergottesoktav, déi bis dunn am Oktober war, vum véierte bis de fënnefte Sonndeg no Ouschteren ofzehalen. Déi Period gouf zweemol verlängert, an zwar 1898 wéi s’eng hallef Woch no vir verluecht gouf an dunn nach eng Kéier 1921, wéi se nach eng hallef Woch no vir geréckelt gouf. Zanterhier fänkt se den drëtte Sonnden no Ouschteren un an huet als Duebeloktav véierzéng Deeg, gëtt awer nach ëmmer am Volleksmond Oktav genannt.

Fotograf: Onbekannt.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

18 avril 2020

Schéi Vue op déi haiteg rue du Fort Olizy mam Bockfiels op der rietser Säit, e.a. mat der sougenannter Tour cornière enstan duerch déi nei Befestegung vum Bock duerch de Vauban.

D’Rue du Fort Olisy läit ënnerhalb vum Bock op der Säit vum Pafendall a verleeft vun der Hondhausbréck, do wou d’Rue Vauban an d’Allée Pierre de Mansfeld iwwergeet, laanscht d’Jugendherberg bis bei d’Eisebunnsbréck am Clausener Bierg; e Säitenaarm geet vum Huelen Zant bis bei den Neie Wee.

D’Strooss dréit den Numm vum Fort Olizy, engem Deel vun der fréierer Festung Lëtzebuerg. De lëtzebuergeschen Numm Schluechtwee geet op dat fréiert Schluechthaus zréck, dat 1876 um Uwänner vun der Uelzecht op goung, do wou haut d’Jugendherberg steet.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

19 avril 2020

Schéi Postkaart vun der nach jonker Neier Bréck an dem wéineg bebauten Plateau Bourbon. Et fält virun allem op, dass de Siège vun der Spuerkeess mam markanten Tuerm nach net steet, wat der Vue Richtung Gare direkt e ganz aneren an ongewinnte Charakter gëtt. D’Gebai vun der Spuerkeess gouf 1910-1913 no de Pläng vum Architekt Jean-Pierre König gebaut.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Grand Bazar Champagne, Luxembourg-Gare.

Datum: tëscht 1910 an 1913.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

20 avril 2020

Flott Opnam vun der Hondhausbréck bei der haiteger Jugendherberge mat Vue a Richtung Pafendall mam Hospice Civil an der Uewerstad am Hannergrond. Hänken do Fëschernetzer an der Uelzecht?

De Numm Hondhaus kënnt dohier, well d’Grofe vu Lëtzebuerg, e.a. de Péiter Ernest I. vu Mansfeld seng Juegdhënn an der Ëmgéigend gehalen huet.

Den Hospice Civil huet eng mouvementéiert Geschicht hannert sech.

Wéi een un de Gebaier erkenne kann, handelt et sech ëm e fréiert Klouschter, wat am Laf vu senger Geschicht e puer mol d’Besëtzer an d’Affektatioun gewiesselt huet.

D’Wuerzele vum Klouschter ginn zeréck op d’Gräfin Ermesinde, déi ëm 1234 den « Büßerinnen der Hl. Magdalena » op der sougenannter Schadeburg, déi um äussere südlechen Enn vum Helleg Geescht Plateau louch a spéider an d’Zitadell Plateau integréiert gouf, e Klouschter gestëft huet. Den Uerden gouf 1264 an den Uerde vun de Klarissinnen incorporéiert an als Klarissinnen-Urbanistinnen bezeechent. D’Schwëstere waren haaptsächlech adeleg Fraen, déi e.a. fir d’Erzéiung vu jonken adelege a spéider och biergerleche Meedercher gesuergt hunn.

No der Attack an der Besetzung vun der Festung duerch déi franséisch Truppen huet de Vauban d’Plaz vum Klouschter fir den Ausbau vu senge Befestegungsanlage gebraucht, woufir no enger neier Plaz fir d’Klarissinnen gesicht gouf. 1687 gouf hinnen en Terrain am Pafendall, ënnerhalb vum Bock zougewisen. De 18.3.1690 plënneren d’Klarissinnen vum Klouschter vum Helleg Geescht Plateau, deemools ënner der Leedung vun der Äbtissin Magdalena de Herbemont an de Pafendall an déi nei Gebaier op der Muerbels. D’Gebaier um Helleg Geescht Plateau sollen awer nach bis 1770 gestanen hunn, wéi se opgrond vu Baufällegkeet komplett ofgerappt goufen.

Ronderëm dat ganzt Klouschter gouf et eng Mauer, un där vun 1731 un, 21 Joer laang gebaut gouf an déi awer an den 1970er Joren zerstéiert gouf.

1783/4 gouf d’Klouschter vum éisträichesche Keeser Joseph II. opgeléist an et stoung fir eng länger Zäit eidel. Am Kader vun de Verkeef vu reliéisen Propriétéiten gëtt d’Klouschter an de Revolutiounsjoeren un e gewëssenen Hencké verkaaft.

1815 gehéieren d’Gebaier der Militärregierung vun der Festung an 1828 gi se vun der hollänescher Regierung kaaft, déi se awer weiderhin dem MIlitär iwwerloossen.

1829 gëtt et an den ale Klouschtergemaier eng Gierwerei, eng Spënnerei vun de Gebridder Godchaux (besser bekannt duerch hir spéider Aktivitéit op der Schläifmillen) an eng Distillerie mat Essegfabrik vun engem gewëssene Graechen. Dës Betriber waren awer relativ schnell nees fort.

1842 huet d’Verwaltungskommissioun vun den Zivilhospizen dat alt Klouschter opkaaft, an den Hospice Saint-Jean aus dem Gronn, dee vun de Schwëstere vum Elisabetherinnenuerden geleed gouf, gouf den 30. Juli 1843 an de Pafendall verluecht. D’Gebaier goufen och erweidert an ëmgebaut, esou liest een z.B., dass 1867 eng Annexe aus dem Joer 1844 duerch e Feier komplett zerstéiert an nees opgebaut gouf. Den Hospice civil war den aarmen, alen a kranke Bierger vun der Stad Lëtzebuerg virenthalen, fir dass si hei hire Liewensowend verbrénge konnten. Déi Missioun erfëllen d’Gebailechkeeten nach haut.

Am 20. Joerhonnert gouf reegelméisseg Renovatiounsaarbechten, mä de Charakter vum Klouschter blouf erhalen. Vun 1999 bis 2003 gouf d’Gebai no de Pläng vum Georges Reuter komplett renovéiert an ass haut e Centre intégré pour personnes agées (CIPA), mat 101 Zëmmeren.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

21 avril 2020

Vue op de Cercle municipal op der Plëss.

Nom grousse Feier an der Stad am Joer 1554, deem ganz vill Haiser an der Uewerstad zum Opfer gefall sinn, gouf d’Chance genotzt, fir der Stad en neit Gesiicht ze ginn.

Ënnert anerem war eng nei Maartplaz virgesinn, deen op de Pläng als « Novum forum » also Neie Maart ernimmt gëtt. Bis déi Pläng verwierklecht goufen, huet et awer nawell gedauert, an et war am Joer 1671 wéi d’Plëss an hirer haiteger Gréisst, e bësse méi kleng wéi 1554 virgesinn, vum Gouverneur Monterey an sengem Militäringenieur Louvigny entstanen ass. Als Maart war se net nëmme geduecht, mä och als Parade- an Exerzéierplaz fir d’Besatzung vun der Festung - eben eng Place d’Armes.

Relativ schnell goufen awer op der Plëss och Mäert ofgehal sou zum Beispill ab 1673 all Donneschdeg de Käremaart.

Op der Plaz gouf et och e Pëtz fir d’Awunner aus der Stad. De Pëtz gouf 1870 ofgerappt, mä de Schacht gëtt et haut nach an eng Plaque beim Kiosk erënnert och nach drun. De Schacht ass iwwregens haut och mam Ofwaassertunnel vun der Stad Lëtzebuerg verbonnen, dee vum Pafendall an d’Péitruss verleeft.

Op der Plëss goufen och d’Doudesurteeler duerch de Stréck vollstreckt, déi d’Vollék sech mat grousser Begeeschterung oder mat enger Héngerhaut ukucke konnten.

Do wou haut de Cercle steet, stoung virdrun d’Haaptwuecht vun der Festung (Corps de Garde), déi 1827 op der Plëss, op der Plaz vun der aler Garde aus der éisterräichescher Zäit, nei opgeriicht ginn ass. Nodeems dass d’preisesch Besatzung ofgezu war, hunn hei d’Chasseurs Luxembourgeois Poste bezunn. 1901/1902 wéi d’Décisioun geholl gouf, den haitegen Cercle Municipal ze bauen, gouf d’Garde ofgerappt. Si ass awer net ganz verschwonnen, mä gouf vum Joseph Heintz Michaelis opkaaft, a steet haut nach, aus den Trümmer nees zesummegebaut am Park vun der Firma Heintz van Landewyck zu Hollerech.

Haut ass d’Plëss, mat hire ville Restaurante, Caféen an Hôtels en Treffpunkt vun Geschäftsleit, Gourmeten, Jonker, Aler, Räicher an Aarmer. Attraktiounen wéi de Chrëschtmaart, Flou- oder Bichermäert, vill Bänken an Concerte um Kiosk maachen d’Plaz zu enger vun deene quirlegsten aus der ganzer Stad. Anscheinend kritt een hei och déi deierst Taass Café aus der ganzer Stad ze drénken.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

22 avril 2020

Schéi Vue aus dem Gronn, déi mat e puer kënschtlereschen Agrëffer a ganz ouni Photoshop zu enger Nuetsopnam verännert gouf.Iwwert de Gronn, de Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg kéint ee Bicher schreiwen - wat natierlech och gemaach gouf a gëtt.

Virun e puer Joerzéngten nach en äermleche Quartier, wou een net esou gären higaangen ass, ass et haut eng vun deene schéinsten a gemittlechste Plazen an der Stad. Virun allem d’Renovatiounen vu ville Gebaier Enn den 1980er an an den 90er Joren, d’Erëffnung vum Naturmusée an der Abtei Neimënster, Caféen a Restauranten an de Bau vun engem Lift vum Hl. Geeschtplateau erof an den Dall hunn dozou gefouert, dass haut am Gronn d’Liewe pulséiert wéi nach ni. An trotzdeem eng gewësse Rou ausstraalt.

Schonn am fréie Mëttelalter hu Mënschen an dësem Deel vun der Stad gelieft, nach iert de Sigfried um Bockfiels seng kleng Buerg gebaut huet.

Bis an d’14. Joerhonnert louch de Gronn nach « ante portas », d.h. virun den Dieren vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn eréischt an d’Schutzmauer vun der Stad ënnert dem Wenzel II. mat erageholl.

E reliéisen Zentrum war de Gronn virun allem duerch den am Mëttelalter gegrënnten Hospice St. Jean, d’Benediktinerabtei Neimënster an d’Kierch St. Ulric.

Industriellen Zentrum war de Gronn doduerch, dass hei vill Fëscher, Fierwer Gierwer an aner Handwierker déi d’Waasser resp. d’Waasserkraaft vun der Uelzecht gebraucht hunn, sech hei néiergelooss hunn.

Ënnert anerem Händschefabriken aus dem Gronn wéi z.B. d’Handschuhfabrik Albert Reinhard & Cie an der Plaetisgaass waren eng bedeitend Wirtschaftsbranche vun der Stad Lëtzebuerg. En Deel dovun steet och nach haut an huet als Appartementshaus mat Bureauen iwwerlieft. E weideren Deel gouf ofgerappt an als Park amenagéiert.

Net ze vergiessen sinn natierlech déi zwee Prisongen, déi am alen Hospice St. Jean (Fraeprisong) an an der Abtei Neimënster (fir d’Männer) installéiert goufen a bis an d’1980er Joren bestanen hunn, bis de Prisong zu Schraasseg opgaangen ass. Méi en däischtert Kapitel also vun der interessanter Geschicht vum Gronn.

Et ass kloer, dass mir op dëser Plaz nëmmen e ganz klengen Ëmrëss vun der Geschicht vum Gronn maache kënnen, an hoffen dass heimat den Interessi fir d’Geschicht vun dësem dach schéine Quartier bei deem engen oder aneren ausgeléist gouf.

Fotograf: Onbekant; Editeur: Lantz u. Isenbeck, Darmstadt.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

23 avril 2020

Schéi Vue iwwer de Gronn, Richtung Corniche an Uewerstad mam Bockfiels an de Rumm.

Markant läit an der Mëtt op de Fielsen iwwer dem Gronn e Gebai, wat an der Zäit mol de Spëtznumm « Arche Noah » krut. Et handelt sech heibäi em d’Wunneng vum Responsabele fir d’Pëtzer vun der Stad.

Ganz lénks erkennt een d’Grondschleisbastioun, déi 1644 gebaut gouf an an de Joren 1674 an 1685 erweidert gouf, ier se 1751 verstäerkt gouf. Hiren Numm krut d’Bastioun vun der Schleis am Gronn, déi 1731 gebaut gouf. Et erkennt een och ënnendrënner d’ « Rondellen », déi zwar gutt ausgesinn, vun der Defense hir awer e bësse manner effektiv waren, wéi déi riicht géi Maueren vum Vauban. Op dësem klenge Plateau, ënnerhalb vun der Grondschleisbastioun erkennt een e klenge Stall, dee fir krank Päerd geduecht war a riets niewendrun d’Säitewand vum « Kriegslaboratorium » oder Munitiounslaboratoire, wou d’Munitioun fir den Asaz preparéiert gouf. Dës Gebaier goufen 1860/61 gebaut, 1982-1985 ofgerappt. Op dësen Terrasse goufe nom Schleefe vun der Festung anscheinend och wëll Déiere gehae.n De ganze Fiels ënnendrënner ass natierlech duerchlächert mat Kasematten, déi vum Gronn op de Plateau gefouert hunn.

Ënnen am Dall, an der Mëtt, steet déi al Kierch. St. Ulric, déi säit der Franséischer Revolutioun net méi als Kierch funktionéiert huet. D’Kierch ass 1798 als Bien National fir 10 Louis d’Or vum M. Reding gesteet ginn. Géint 1811 huet hei d’Gierwerei vum Jean Baptiste Kontz funktionéiert, déi och an der Famill bliwwen ass, eng Famill déi am 20. Joerhonnert landeswäit e Begrëff war fir d’BMW-Garage. An den 1860er/70er Joren fanne mir an der fréierer Kierch d’Peschfabrik vum Philipp Kontz, deen 1873 als Matbegrënner vun der Fabrique de chaussures du Grand-Duché de Luxembourg S.A. ernimmt gëtt. Am Gebai mam nivelléierten Dag war 1907 d’Fierwerei Schmit, spéider Schmit-Cravatte. 1937 ass d’Gebai dun ofgerappt ginn.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

24 avril 2020

Postkaart vun engem Deel vun der Fräiwëllegekompanie, Virgänger vun eiser haiteger Arméi.

D’Postkaart ass um Helleg Geescht Plateau gemaach ginn, virun de Kasären wou haut d’Nationalarchiven ënnerbruecht sinn. D’Fräiwëllegekompanie (Corps des Gendarmes et Volontaires) huet vun 1881-1944 bestanen.

D’Zesummesetzung war folgend:Companie vun 125 GendaarmenCompanie vun 140 bis 170 Ënneroffizéier an Zaldoten1 Majouer-Kommandant2 Kapitänen, déi d’Kompanie kommandéiert hunn4 bis 6 LeitnantenD’Militärmusek mat 39 Museker an engem Chef-Dirigent

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1907.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

25 avril 2020

Schéi Postkaart aus der Grand’rue an der Stad. D’Vue weist den Deel tëscht der Neipuerts- an der Kapuzinergaass. Et erkennt een och d’Schinne vum Päerdstram, déi uschléissend an d’Neipuertsgaass ofbéien. Ganz hannen um Wupp erkennt een de markanten Tuerm vun der Maison Conrot.

Lénks erkennt een d’Geschäft vum Hutfabrikant Jérôme Troquet, deem seng Famill an der rue de la Boucherie och en Huttgeschäft hat.

Riets erkennt een e.a. d’Geschäft vum J. Moitzheim, déi haiteg Nr. 67 an der Grand’rue. An deem Haus waren e.a. folgend Geschäfter dran: Moitzheim, Carola Mersch (Hiemer), Hellinckx Ganterie de la Cour (Händschen an Hiemer), Jackmuth (Hiemer), Brosius Fernand (Bijouen an Aueren). Nieft deem Haus, an der Nr. 69 waren e.a. folgend Geschäfter: Kill-Muller (Blummen), Hemmer, P. (Aueren a Bijouen), Magasin Stein, Oppenheimer (Liederwueren).

Fotograf & Editeur: P. C. Schoren, Photographe, Luxembourg-Gare.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

26 avril 2020

Schéi wanterlech (retouchéiert) Vue op de Gronn, d’Tréierer Strooss an d’Tréierer Puert, mam Plateau vum Fetschenhaff am Hannergrond.

An der Mëtt kënnt een iwwer déi haiteg rue du Rham bei d’Dënselpuert, déi al Tréiererpuert, déi eréischt no 1867 nees opgemaach ginn ass. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..

Déi vill méi al sougenannten Krudelspuert, déi méi déif am Dall un der Uelzecht louch, an de Gronn mat Clause verbonnen huet ass zu deem Zäitpunkt zougemaach ginn. Säit d’Abtei Neimënster gebaut gouf, war des Puert souwisou wahrscheinlech net méi a Betrib.

Hier Iwwerreschter gesäit een haut nach duerch eng Fënster am Tuutesall wann ee Richtung Stierche geet.

Haut steet e puer Meter ënnert der Dënselpaart déi mat Stol rekonstruéiert « nei Tréiererpaart », déi also chronologesch déi lescht Paart ass, fir vun Osten hier an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen. Si ass mat der Schleefung vun der Festung zerstéiert ginn.

Si gouf ëm 1590 gebaut an déi « mëttelal » Tréiererpaart gouf ganz zougemauert, genau sou wéi d’Tréiererstrooss e puer Meter no ënnen a laanscht d’Festungsmauer geluecht gouf. 1590 hunn se beim Bau vun där Puert och e réimesche Mënzschatz fonnt, deen awer leider verluer gaangen ass. E beweist awer, dass och schonn zu Réimerzäiten eng Siidlung dës Säit vun der Uelzecht, evt. op der Rumm bestanen huet.

D’Leit déi an d’Stad era wollten hunn all op dëse Plazen ëmmer missen eng Taxe bezuelen.

Fir den Iwwerbléck also:- Eng éischt Paart louch ënnen am Dall, d.h. déi aktuell rue Münster huet dohi gefouert.

- Duerno gouf am Mëttelalter d’Tour Jacob als Tréierer Paart gebaut- Schlussendlech ëm 1590 déi jéngsten Tréierer PaartFotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

27 avril 2020

Vue op 2 « Landmarks » aus der Stad, tëscht deenen bal 300 Joer leien: d’Sichepaart an d’Rout Bréck den 7.4.1964, ausserdeem d’Pafendaller Kierch op der rietser Säit.D’Rout Bréck, offiziell Pont Grande Duchesse Charlotte genannt, gouf no de Pläng vum Architekt Egon Jux gebaut an de 24. Oktober 1966 vun der Grand-Duchesse Charlotte ageweit.

D’Bréck ass 355 m laang, 25,07 m breet a weit am Ganzen iwwer 4.900 Tonnen, dovu 4.185 Tonne Stol. Tëscht der Bréck an dem Pafendall leien 74 m.

1989 gouf d’Bréck eng éischt Kéier nei ugestrach, well déi rout Faarf verblatzt war. Vun Oktober 2015-2018 goufen Renovéierungs- a Moderniséierungsaarbechten duerchgefouert, fir e.a. d’Tramsschinnen op der Bréck ze verleeën.

Dann e puer Wuert zur Sichepaart: No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Sichepaart an déi aner Säit d’Eecherpaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, de Béinchen, verbonne waren. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Paart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen.

Déi Rëtsch Haiser hannert der Puert goufen iwwregens alleguer ofgerappt fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen.

Fotograf: Onbekannt.

Datum: 1964

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

28 avril 2020

Schéi Vue op de Biisser Viaduc. Wann ee gutt kuckt, erkennt een, dass de Fotograf Charles Bernhoeft d’Foto retuschéiert an den Zuch nogezeechent huet, an dat ganz ouni Photoshop.

D’Biisserbréck, och nach Viaduc de Pulvermühl genannt, ass en Eisebunnsviaduc iwwer den Uelzechtdall um nërdlechen Enn vun der Stater Gare. Den Numm Biisser Bréck krut se, well se iwwer de Biisserwee tëscht dem Stadgronn an der Polvermillen féiert.

Iwwer déi 242 Meter laang Konstruktioun lafe parallel d’Nordstreck an d’Waasserbëlleger Streck, déi ab 1861 a Betriib war.

D’Bréck ass 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf ginn, a se gouf am Optrag vum Adolphe Favier, deen d’Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut. D’Waring Brothers hunn kuerz duerno och d’Passerelle an aner Eisebunnsbrécke rondrëm d‘Stad gebaut.

Am Mäerz 2013 gouf matgedeelt, datt bei Vergréisserungsaarbechten d’Bréck véiergleiseg soll gemaach ginn, wouduerch eng nei Bréck nieft déi bestoend gebaut gëtt.

Den Numm vum Viaduc kënnt vun der fréierer Biissermillen, déi spéider och nach Hasteschmille genannt gouf. Den Numm « Biesser » kéint eventuell vum franséische Begrëff « biez » fir Millekanal hierstamen. Scho 1297 gëtt eng Biscergassa ernimmt. Den Numm huet also näischt mat der Uertschaft Biissen ze dinn.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

29 avril 2020

Eng Vue iwwer de Gronn, mam Agang vum Péitrussdall, der Passerelle an den Iwwerreschter vun de Befestegungen um Hl. Geescht Plateau. Riets nieft der Passerell ass d’Grondschleisbastioun, déi 1644 gebaut gouf an an de Joren 1674 an 1685 erweidert gouf, ier se 1751 verstäerkt gouf. Hiren Numm krut d’Bastioun vun der Schleis am Gronn, déi 1731 gebaut gouf. Ënnendrënner sinn d’ « Rondellen » , déi zwar gutt ausgesinn, vun der Defense awer e bësse manner effektiv waren, wéi déi vum Vauban. Op dësem klenge Plateau, ënnerhalb vun der Grondschleisbastioun erkennt een e lénks klenge Stall, dee fir krank Päerd geduecht war a riets niewendrun d’« Kriegslaboratorium » oder Munitiounslaboratoire, wou d’Munitioun fir den Asaz preparéiert gouf. Dës Gebaier goufen 1860/61 gebaut, 1982-1985 ofgerappt. Op dësen Terrasse goufe nom Schleefe vun der Festung anscheinend och wëll Déiere gehal. De ganze Fiels ass natierlech duerchlächert mat Kasematten, déi vum Gronn op de Plateau gefouert hunn.

Tëscht dem Kriegslaboratorium an der Vaubanskasär, déi 1982 ofgerappt ginn ass, erkennt een d’Reithal, déi ënner preisescher Féierung am Joer 1835 gebaut gouf an duerch de Bau vun der Cité Judiciaire och leider ofgerappt ginn ass.

Ënnen am Dall, an der Mëtt, steet déi fréier Kierch. St. Ulric mat dem markanten nivelléierten Daach. Si huet säit der Franséischer Revolutioun net méi als Kierch funktionéiert. D’Kierch ass 1798 als Bien National fir 10 Louis d’Or vum M. Reding gesteet ginn. Géint 1811 huet hei d’Gierwerei vum Jean Baptiste Kontz funktionéiert, déi och an der Famill bliwwen ass, eng Famill déi am 20. Joerhonnert landeswäit e Begrëff war fir d’BMW-Garage. An den 1860er/70er Joren fanne mir an der fréierer Kierch d’Peschfabrik vum Philipp Kontz, deen 1873 als Matbegrënner vun der Fabrique de chaussures du Grand-Duché de Luxembourg S.A. ernimmt gëtt. Am Gebai mam nivelléierten Dag war 1907 d’Fierwerei Schmit, spéider Schmit-Cravatte. 1937 ass d’Gebai dun ofgerappt ginn.

Ënne riets erkennt een d’Iwwerreschter vun der Grondschleis. Si gouf vun 1729-31 gebaut, no de Pläng vum General-Ingenieur vun der Festung, dem Simon de Beauffe, fir am Kader vun enger Belagerung de Gronn kënne mam Waasser vun der Uelzecht an der Péitruss ze fluten. Hie war och responsabel fir de Bau vun der Bourbonsschleis am Péitrussdall, déi dem selwechten Zweck sollt déngen. Zur Grondschleis hunn och 2 massiv Mauere lénks a riets vun der eigentlecher Schleis gehéiert. Si gouf am Kader vum Schleefe vun der Festung um Enn vun de 1870er Joren ofgerappt.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

30 avril 2020

Dat aalt Portal vun der Kathedral Notre Dame.

D’Kathedral gouf vun de Jesuittepateren tëscht 1613 an 1621 als Kierch gebaut. D’Joer vun der Wei vun der Kierch, also 1621, ass och an enger Inscriptioun um Portal ze gesinn: « Sit Nomen Domini Benedictum 1621 ». Säit 1870 ass d’Kierch eng Kathedral, dat nodeem Lëtzebuerg en Bistum gouf. Ab 1934 ass d’Kathedral erweidert ginn andeems de Chouer an d’Querschëff mat dem sougenannte Marieportal un déi al Jesuittekierch ugebaut goufen. Den bis 1934 eenzegen Tuerm dréit d’Mauerankeren vun 1618, déi eis also den Alter vun dësem Tuerm verroden, deen also scho méi wéi 400 Joer steet.

D’Portal, haaptsächlech am Renaissance- a Barockstil gehalen, geet u sech zeréck op d’Haaptentrée vun der Kierch déi Jesuitten.

Um Portal gesäit een d’Statuen vum Hl. Ignatius (Grënner vum Jesuittenuerden), de François-Xavier, e wichtege Missionar vun de Jesuitten fir den indeschen an asiatesche Raum.

Uewen um Portal sinn d’Statuen vum Hl. Péitrus & Paulus an d’Muttergottes ze gesinn.

Ganz uewen steet dann nach De Kleeschen. A firwat dat dann? Majo vun 1778-1801 war d’Kierch vum Kolléisch vun de Jesuitten och Parkierch fir d’Par vum Hl. Niklos. Dëst well déi al Parkierch um Krautmaart, op der Plaz bei der Chamber baufälleg an ze kleng ginn ass.

01 mai 2020

Flott Vue op de Bockfiels, vun der Säit vum Pafendall gekuckt.

Den Huelen Zant ass iwwregens (net wéi oft behaapt gëtt) keen Iwwerrescht vum Siegfried senger Buerg Lucilinburhuc, mä vum lénksen Tuerm vun der zweeter Paart vun der neizäitlecher Festung. E gudden Deel vun deene Maueren stamen aus der Zäit den Ëmbauten vun der Festung duerch de Vauban. Dat haitegt Ausgesinn krut déi Ruin 1874, wéi d’Zitadell um Bock ofgerappt gouf. Oft gëtt behaapt, de Staatsarchitekt Charles Arendt, wär fir den Ëmbau am romantesche Stil responsabel gewiescht, wat awer net ganz richteg ass, vu dass hien déi Ëmbauten esou guer kritiséiert huet.Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

02 mai 2020

Flott Vue aus dem Gronn, vun der Uelzechtbréck aus gekuckt, Richtung Uewerstad.

Iwwert de Gronn, de Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg kéint ee Bicher schreiwen - wat natierlech och gemaach gouf a gëtt.

Virun e puer Joerzéngten nach en äermleche Quartier, wou een net esou gären higaangen ass, ass et haut eng vun deene schéinsten a gemittlechste Plazen an der Stad. Virun allem d’Renovatiounen vu ville Gebaier Enn den 1980er an an den 90er Joren, d’Erëffnung vum Naturmusée an der Abtei Neimënster, Caféen a Restauranten an de Bau vun engem Lift vum Hl. Geeschtplateau erof an den Dall hunn dozou gefouert, dass haut am Gronn d’Liewe pulséiert wéi nach ni. An trotzdeem eng gewësse Rou ausstraalt.

Schonn am fréie Mëttelalter hu Mënschen an dësem Deel vun der Stad gelieft, nach iert de Sigfried um Bockfiels seng kleng Buerg gebaut huet.

Bis an d’14. Joerhonnert louch de Gronn nach « ante portas », d.h. virun den Dieren vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn eréischt an d’Schutzmauer vun der Stad ënnert dem Wenzel II. mat erageholl.

E reliéisen Zentrum war de Gronn virun allem duerch den am Mëttelalter gegrënnten Hospice St. Jean, d’Benediktinerabtei Neimënster an d’Kierch St. Ulric.

Industriellen Zentrum war de Gronn doduerch, dass hei vill Fëscher, Fierwer Gierwer an aner Handwierker déi d’Waasser resp. d’Waasserkraaft vun der Uelzecht gebraucht hunn, sech hei néiergelooss hunn.

Ënnert anerem Händschefabriken aus dem Gronn wéi z.B. d’Handschuhfabrik Albert Reinhard & Cie an der Plaetisgaass waren eng bedeitend Wirtschaftsbranche vun der Stad Lëtzebuerg. En Deel dovun steet och nach haut an huet als Appartementshaus mat Bureauen iwwerlieft. E weideren Deel gouf ofgerappt an als Park amenagéiert.

Net ze vergiessen sinn natierlech déi zwee Prisongen, déi am alen Hospice St. Jean (Fraeprisong) an an der Abtei Neimënster (fir d’Männer) installéiert goufen a bis an d’1980er Joren bestanen hunn, bis de Prisong zu Schraasseg opgaangen ass. Méi en däischtert Kapitel also vun der interessanter Geschicht vum Gronn.

Et ass kloer, dass mir op dëser Plaz nëmmen e ganz klengen Ëmrëss vun der Geschicht vum Gronn maache kënnen, an hoffen dass heimat den Interessi fir d’Geschicht vun dësem dach schéine Quartier bei deem engen oder aneren ausgeléist gouf.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

03 mai 2020

Flott Vue op d’Dräi Eechelen, offiziell Fort Thüngen genannt.

Wéinst den 3 doréierten Eechelen op den Tierm gëtt de Fort um Plateau Kierchbierg deementspriechend genannt. D‘Dräi Eechelen ware just en Deel vum impressionnante Festungskomplex „Obergrünewald“ mat deem een d’Staat géint en Ugrëff vun der ëstlecher Säit aus beschütze wollt.

De Fort ass 1732/33 vum éisträicheschen Ingenieur Simon de Beauffe op der Plaz vum Vauban senger Redoute « Hauteur du Parc » aus dem Joer 1688 erbaut ginn. Benannt ass de Fort nom éisträichesche Festungskommandant Adam Sigmund von Thüngen.

De Fort Thüngen ass als Verstäerkung vum 3. Festungsréng vun der Stad Lëtzebuerg gebaut ginn.

1836 gouf de Fort vun de Preisen erweidert a krut och seng dräi ronn Tierm mat den Dräi Eechelen.

Ënnert dem ganze Fort ginn et eng ganz Rei vu Minnen, déi am Eeschtfall hätte kéinte genotzt ginn, fir de Fort ze sprengen.

Nach 1860 gouf de Fort verstäerkt, vu dass en nach net wousst, wat e puer Joer drop sollt geschéien. Wéi nom Londoner Vertrag vun 1867 d’Festung huet misse geschleeft ginn, gouf och de Fort Thüngen an e puer Phasen vun 1870-1875 ofgerappt. Just d’Agangstierm, déi mir haut nach gesinn, sinn erhale bliwwen, d’Grondmaueren goufe mat Buedem bedeckt. D‘Eechele vun den 3 Tierm goufen um Enn vun den Ofrappaarbechten doréiert. D’Kasematten vum Fort Thüngen sinn haut zum Deel nees mat engem Guide zougänglech oder am Musée integréiert. Fréier hu sech d’Kanner aus dem Pafendall gären doran amuséiert: anscheinend koum een duerch verschidde Gäng aus dem Dällchen bis erop op de Plateau.

Haut fanne mir hei de Festungsmusée Musée Dräi Eechelen. Och de Mudam ass op de Fundamenter vum Fort ënnerbruecht an e gudden Deel gouf nees opgebaut. E ganz laangen Otem hunn dobäi d’Frënn vun der Festung gebraucht, bis et endgülteg, no villen administrativen Hürden, politeschen Fauxpasen a Fehlplanungen, all d’Bauaarbechten ofgeschloss waren.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1908.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

04 mai 2020

Eng immens flott animéiert Vue aus der Stad vum Knuedler (Place Guillaume II.) iwwer d’rue du Fossé an d’rue de la Reine, mam Päerdstram an op de Palais Grand-Ducal um Krautmaart.

Wéi ee gesäit, ass nawell vill lass um Stater Maart.

Och flott ze gesinn, dass en Deel vun den Haiser haut nach d’Form vun deemools hunn, sech awer trotzdeem vill verännert huet, wéi zum Beispill d’Gebai riets, wou haut eng Agence vun der BCEE dran ass.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

05 mai 2020

Grouss animéiert Postkaart vum Päerdstram op der Passerelle.

D’Passerelle, gouf och nach « Viaduc » oder « Al Bréck » genannt, nodeems déi « nei Bréck » oder de Pont Adolphe 1903 gebaut gouf.

D’Passerelle, déi de Garer Quartier mat der Uewerstad verbënnt, gouf vum Achille Grenier

an dem Auguste Letellier geplangt a vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers gebaut.

Et ass keen Zoufall, dass de Bau vun der Passerelle an déi selwecht Zäit fält, wéi de Bau vun der éischter Gare vun der Stad Lëtzebuerg. Et war vun Ufank u kloer, dass d’Gare, déi aus strategesche Grënn ausserhalb vun de Festungsmaueren stoung, misst mam Zentrum verbonne ginn.

Fir de Bau vun der Bréck ass fir d’éischt eng hëlze Behëllefsbréck, eng Passerelle opgeriicht ginn, déi der Bréck also ee vun hiren haitege Nimm ginn huet.

D’Passerelle ass 308,40 Meter laang a besteet aus 26 Béi, déi tëscht 8 a 15m breet sinn. D’Maximalhéicht ass 45m. Geplangt goufd’Bréck vum Achille Grenier an dem Auguste Letellier, gebaut gouf se vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers.

Dass d’Bréck e liichte Bou huet, ass iwwregens op taktesch Grënn aus der Zäit wéi Lëtzebuerg nach eng Festungsstad war, zeréckzeféieren. Wahrscheinlech war si och mat Sprengkummeren versinn.

1960 gouf si fir de ville Verkéier méi breet gemaach an dräispureg ausgebaut. Virun e puer Joer ass dunn eng Spuer duerch eng geséchert Vëlospiste mat engem Vëloscompteur installéiert gëtt, deen iwwregens all Joer en neie Rekord opstellt.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

06 mai 2020

Ganz al Postkaart mat Vue op d’Dräi Tierm (Pafendaller Puert) mat engem Panorama vum Pafendall, Clausen an dem Cents. An der Mëtt erkennt een dat alt Schluechthaus an hanner dem Viaduc d’Kierch St. Cunégonde.

Den Dräi Tierm hir Fundamenter sti wahrscheinlech op deem ale Réimerwee, dee vum Fëschmaart erof an de Pafendall gaangen ass.

Si sëtzen sech zesummen aus 2 ronnen Tierm an engem véiereckegen Tuerm. De véiereckegen ass deen eelste vun deenen 3 an gouf géint 1050 als Deel vun der zweeter Stadmauer gebaut. Déi ronn Tierm sinn aus dem 13. Joerhonnert.

D’Dräi Tierm hunn déi wichteg Puert vun der Uewerstad an d’Ënnerstad markéiert a leien op deem ganz ale réimesche Kiem, deen iwwerhaapt dozou gefouert huet, dass de Kär vun der Stad zu engem Verkéiersknuet ginn ass. Vum Fëschmaart erof sinn d’Händler fréier erof an de Pafendall gefuer, fir do, wahrscheinlech duerch eng Fuert op déi aner Säit vun der Uelzecht ze kommen, an da weider Richtung Tréier ze fueren.

Wësst dir eigentlech firwat Giischtercher aus dem Schraasseger Prisong op hirer Uniform d’Wopen mat den 3 Tierm droen?

Majo well d’Dräi Tierm bis ca. 1810 als Prisong funktionéiert hunn. Anscheinend gouf och d’Guillotine vun der Stad Lëtzebuerg, déi haut am Musée Dräi Eechelen ausgestallt ass, do stockéiert.

No der Schleefen vun der Festung huet de Kapitän Weydert vun der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie an den Tierm gewunnt.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

07 mai 2020

Schéi Vue vun der nach ganz onkanaliséierter Péitruss - déi mir jo demnächst neess kënne bewonneren – an der neier Neier Bréck.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Onbekannt.Datum: 1915.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

08 mai 2020

Flott al Postkaart vun der Buedanstalt an der Stad. D’Badanstalt gouf vun 1906-1910 no de Pläng vum Architekt Alphonse Kemp gebaut an huet bis haut, trotz grousse Renovatiounen hiren äusserleche Charakter mat der Fassad am Jugendstil behalen.

Schonn 1873 gouf et op der selwechter Plaz eng ëffentlech Schwemm. Bis 1950 war d’Badanstalt déi eenzeg iwwerdeckte Schwemm am Land, mat Ausnam vun de Bieder vu Munneref. Nieft dem Basseng gouf et och eng Galerie, wou bis zu 200 Spectateure Plaz haten.

Déi lescht grouss Renovatioun vun 1990-1992 duerch d’Architekten Romain Hoffmann a Carlo Schemel.huet aus der fréierer Schwemm e richtegen « Centre aquatique » mat Saunen an aner Wellnessberäicher gemaach.

Wéi een op der Postkaart erkennt, war de Chantier just, oder mol nach net ganz fäerdeg, wéi de Fotograf Charles Bernhoeft d’Badanstalt am Bild veréiwegt huet.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1909.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

09 mai 2020

Flott Vue aus dem Gronn op d’Uelzechtbréck an en aalt Wier, mat der Uewerstad am Hannergrond.

Iwwert de Gronn, de Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg kéint ee Bicher schreiwen - wat natierlech och gemaach gouf a gëtt.

Virun e puer Joerzéngten nach en äermleche Quartier, wou een net esou gären higaangen ass, ass et haut eng vun deene schéinsten a gemittlechste Plazen an der Stad. Virun allem d’Renovatiounen vu ville Gebaier Enn den 1980er an an den 90er Joren, d’Erëffnung vum Naturmusée an der Abtei Neimënster, Caféen a Restauranten an de Bau vun engem Lift vum Hl. Geeschtplateau erof an den Dall hunn dozou gefouert, dass haut am Gronn d’Liewe pulséiert wéi nach ni. An trotzdeem eng gewësse Rou ausstraalt.

Schonn am fréie Mëttelalter hu Mënschen an dësem Deel vun der Stad gelieft, nach iert de Sigfried um Bockfiels seng kleng Buerg gebaut huet.

Bis an d’14. Joerhonnert louch de Gronn nach « ante portas », d.h. virun den Dieren vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn eréischt an d’Schutzmauer vun der Stad ënnert dem Wenzel II. mat erageholl.

E reliéisen Zentrum war de Gronn virun allem duerch den am Mëttelalter gegrënnten Hospice St. Jean, d’Benediktinerabtei Neimënster an d’Kierch St. Ulric.

Industriellen Zentrum war de Gronn doduerch, dass hei vill Fëscher, Fierwer Gierwer an aner Handwierker déi d’Waasser resp. d’Waasserkraaft vun der Uelzecht gebraucht hunn, sech hei néiergelooss hunn.

Ënnert anerem Händschefabriken aus dem Gronn wéi z.B. d’Handschuhfabrik Albert Reinhard & Cie an der Plaetisgaass waren eng bedeitend Wirtschaftsbranche vun der Stad Lëtzebuerg. En Deel dovun steet och nach haut an huet als Appartementshaus mat Bureauen iwwerlieft. E weideren Deel gouf ofgerappt an als Park amenagéiert.

Net ze vergiessen sinn natierlech déi zwee Prisongen, déi am alen Hospice St. Jean (Fraeprisong) an an der Abtei Neimënster (fir d’Männer) installéiert goufen a bis an d’1980er Joren bestanen hunn, bis de Prisong zu Schraasseg opgaangen ass. Méi en däischtert Kapitel also vun der interessanter Geschicht vum Gronn.

Et ass kloer, dass mir op dëser Plaz nëmmen e ganz klengen Ëmrëss vun der Geschicht vum Gronn maache kënnen, an hoffen dass heimat den Interessi fir d’Geschicht vun dësem dach schéine Quartier bei deem engen oder aneren ausgeléist gouf.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

10 mai 2020

Vue op d’Dräi Tierm (Pafendaller Puert) mat engem Panorama vum Pafendall, Clausen an dem Cents. An der Mëtt erkennt een dat aalt Schluechthaus an hanner dem Viaduc d’Kierch St. Cunégonde, méi wäit riets de Plateau wou déi fréier Abtei Almënster stoung. Wann ee gutt kuckt, gesäit een esou guer, dass de Charles Bernhoeft den Zuch um Viaduc op der Hand nogezeechent huet.

Den Dräi Tierm hir Fundamenter sti wahrscheinlech op deem ale Réimerwee, dee vum Fëschmaart erof an de Pafendall gaangen ass.

Si sëtzen sech zesummen aus 2 ronnen Tierm an engem véiereckegen Tuerm. De véiereckegen ass deen eelste vun deenen 3 an gouf géint 1050 als Deel vun der zweeter Stadmauer gebaut. Déi ronn Tierm sinn aus dem 13. Joerhonnert.

D’Dräi Tierm hunn déi wichteg Puert vun der Uewerstad an d’Ënnerstad markéiert a leien op deem ganz ale réimesche Kiem, deen iwwerhaapt dozou gefouert huet, dass de Kär vun der Stad zu engem Verkéiersknuet ginn ass. Vum Fëschmaart erof sinn d’Händler fréier erof an de Pafendall gefuer, fir do, wahrscheinlech duerch eng Fuert op déi aner Säit vun der Uelzecht ze kommen, an da weider Richtung Tréier ze fueren.

Wësst dir eigentlech firwat Giischtercher aus dem Schraasseger Prisong op hirer Uniform d’Wopen mat den 3 Tierm droen?Majo well d’Dräi Tierm bis ca. 1810 als Prisong funktionéiert hunn. Anscheinend gouf och d’Guillotine vun der Stad Lëtzebuerg, déi haut am Musée Dräi Eechelen ausgestallt ass, do stockéiert.

No der Schleefen vun der Festung huet de Kapitän Weydert vun der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie an den Tierm gewunnt.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

11 mai 2020

Vue aus dem Gronn op den Helleg Geescht-Plateau.

Uewe lénks steet d’« Kriegslaboratorium » oder Munitiounslaboratoire, wou d’Munitioun fir den Asaz preparéiert gouf. Dëst Gebai gouf 1860/61 gebaut, 1982-1985 ofgerappt. Op dësen Terrasse goufe nom Schleefe vun der Festung anscheinend och wëll Déiere gehal.

Dat Gebai wat ee riets nieft dem Kriegslaboratorium gesäit, a wou haut d’Nationalarchiven dra sinn, ass eréischt 1857 innerhalb vun 3 Joer vun de Praise op engem sougenannte Niederwall vun der Helleg Geescht-Zitadell gebaut ginn. Et handelt sech ëm e bommeséchert Krichslazarett wat deemools iwwer 600 Better hat.

Vun enger vun den zwou Helleg Geescht-Kasären, déi 1685 no der Belagerung duerch déi franséisch Truppen, ënner der Leedung vum Festungsingenieur Vauban gebaut goufen, gesäit ee just en Deel. Dës ass 1982 ofgerappt ginn, fir der haiteger grousser Plaz an engem ënnerierdesche Parkhaus Plaz ze maachen. 1966 war et schonn esou dem Kornmagazin gaangen.

Déi zweet Kasär gesäit een net, si steet lénks niewend där, wou een den Daach gesäit. Si ass an de Bau vun der Cité judiciaire integréiert ginn. Eleng an déi 2 Kasären hu 1540 Zaldote gepasst. Nom Schleefe vun der Festung goufen am Kriegslazarett d’Lëtzebuerger Jägerbataillon ënnerbruecht an no deem senger Opléisung d’Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie. No der Opléisung vun der Fräiwëllegekompanie war hei d’Lëtzebuerger Arméi hei ënnerbruecht.

An der 1982 ofgerappter Kasär war d’Gendarmerie dran. An Vaubans-Kasär déi net ofgerappt ginn ass, ware verschidde Ministèren a Staatsservicer, e.a. de SREL an dat bis zum Bau vun der Cité judiciaire.

Ënne riets erkennt een d’Iwwerreschter vun der Grondschleis. Si gouf vun 1729-31 gebaut, no de Pläng vum General-Ingenieur vun der Festung, dem Simon de Beauffe, fir am Kader vun enger Belagerung de Gronn kënne mam Waasser vun der Uelzecht an der Péitruss ze fluten. Hie war och responsabel fir de Bau vun der Bourbonsschleis am Péitrussdall, déi dem selwechten Zweck sollt déngen. Zur Grondschleis hunn och 2 massiv Mauere lénks a riets vun der eigentlecher Schleis gehéiert. Si gouf am Kader vum Schleefe vun der Festung um Enn vun de 1870er Joren ofgerappt, de Rescht ass, wéi een op der Postkaart erkenne kann, stoe bliwwen.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Grands Magasins M. Knopf.

Datum: 1923.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

12 mai 2020

Eng flott Postkaart mat engem Spueneschen Tiermchen an engem Panorama vum Pafendall.

D’Spuenesch Tiermercher kruten hire Numm - wéi soll et anescht sinn - well se an der Zäit gebaut goufen wéi Lëtzebuerg zu de Spueneschen Nidderlanden gehéiert huet. Anscheinend goufen et fréier bis zu 38 där Wuechttierm, haut stinn der awer just nach 8. Vläicht huet et de Spuenier och just ze vill gereent am Ländchen, dass si sech e klengen Ënnerstand gebaut hunn.

Ënnen am Pafendall erkennt een hanne vu lénks no riets de « Féngerlek » (de Kamäin vun der Pompelstatioun, déi d’Drénkwaasser vun der Quell am Pafendall an Uewerstad gepompelt huet), de « Béinchen » an de Quartier mam selwechte Numm, d’Sichepaart an d’Kierch St. Mathieu.

No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Sichepaart an déi aner Säit d’Eecherpaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, dem Béinchen, verbonne waren. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Paart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen. D’Nimm vun der selweschter Paart variiéieren, bezéien sech awer ëmmer op dat selwescht: Siecherludeporte (1444), Sicherporte (1472), Paffendaler Porten (1479), Sichenleuth Pfordt (1659), Porte des lépreux (1717), Porte des Bons Malades.

Riets nieft der Puert stoung fréier och eng Rëtsch Haiser, déi alleguer ofgerappt goufen, fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen, ma och op der lénker Säit goufen Haiser, déi an engem schlechten Zoustand waren, aus « hygienesche » Grënn ofgerappt.

Weider no riets erkennt een d’Pafendaller Kierch, déi dem Hl. Théiwes (St. Mathieu) geweit ass an 1872 gebaut gouf. Den Théiwesbur, den ale Wäschbur aus dem Pafendall deen direkt nieft der Kierch steet, dierft jo och jidderengem aus dem Jean-Pierre Kemmer sengem Lidd bekannt sinn.

D’Kierch huet am 2. Weltkrich Geschicht geschriwwen, wéi während 14 Méint 6 desertéiert lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert sech do verstoppt hunn.

Vis-à-vis vun der Kierch steet dat aalt Vaubans-Lazarett, wat no sengem eigentlechen Zweck mol als Fabrik, mol als Wunnraum, mol als Musée funktionéiert huet, bis et 1955 ofgerappt gouf.

Fotograf & Editeur: P. C. Schoren.

Datum: 1911

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

13 mai 2020

Al Foto, vun der Passerelle aus gekuckt op de Péitrussdall mam Biisser Viaduc am Hannergrond.

D’Biisserbréck, och nach Viaduc de Pulvermühl genannt, ass en Eisebunnsviaduc iwwer den Uelzechtdall um nërdlechen Enn vun der Stater Gare.

Iwwer déi 242 Meter laang Konstruktioun lafe parallel d’Nordstreck an d’Waasserbëlleger Streck, déi ab 1862 a Betriib war.

D’Bréck ass 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf ginn, a se gouf am Optrag vum Adolphe Favier, deen d’Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut. D’Waring Brothers hunn kuerz duerno och d’Passerelle an aner Eisebunnsbrécke rondrëm d‘Stad gebaut.

Am Mäerz 2013 gouf matgedeelt, datt bei Vergréisserungsaarbechten d’Bréck véiergleiseg soll gemaach ginn, wouduerch eng nei Bréck nieft déi bestoend gebaut gëtt.

Den Numm Biisser Bréck krut se, well se iwwer de Biisserwee tëscht dem Stadgronn an der Polvermillen féiert, respektiv vun der fréierer Biissermillen, déi spéider och nach Hasteschmille genannt gouf. Den Numm « Biisser » kéint eventuell vum franséische Begrëff « biez » fir Millekanal hierstamen. Scho 1297 gëtt eng Biscergassa ernimmt. Den Numm huet also näischt mat der Uertschaft Biissen ze dinn.

Fotograf: Amateur.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

14 mai 2020

Et ass eng Opnam, déi um Enn vun der Joerhonnertwenn vum Charles Bernhoeft gemaach gouf. Hie stoung dofir um Béinchen. Hanne gesäit een d’Bréck, déi bei der Kierch eriwwer an de Quartier “Beim Béinchen” féiert. Et ass e flotten Temoignage vun der Lëtzebuerger Liedergierwerindustrie, déi wéinst dem Waasserbedierfnis an de Staddeeler un der Uelzecht floréiert huet. Net fir näischt huet d’Strooss deemools ab der Bréck “rue des Tanneurs” geheescht. Haut heescht d’Strooss vun der Bréck bis hannert den Hospice civil einfach “rue Mohrfels” (Muerbels).

Vun de rietsen Haiser op der Kaart steet haut keent méi, no der schroer Explosioun am Joer 1976 ass de Gros vun den Haiser ofgerappt resp. nei opgebaut ginn.

Uewen erkennt een an der deemoleger “Skyline” de Kierchtuerm vun der Méchelskierch vum Fëschmaart.Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

15 mai 2020

Ganz al Vue, en Extrait vun enger Stereophoto, vum Biisser Viaduc, kuerz no senger Fäerdegstellung.

D’Biisserbréck, och nach Viaduc de Pulvermühl genannt, ass en Eisebunnsviaduc iwwer den Uelzechtdall um nërdlechen Enn vun der Stater Gare.

Iwwer déi 242 Meter laang Konstruktioun lafe parallel d’Nordstreck an d’Waasserbëlleger Streck, déi ab 1862 a Betriib war.

D’Bréck ass 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf ginn, a se gouf am Optrag vum Adolphe Favier, deen d’Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut. D’Waring Brothers hunn kuerz duerno och d’Passerelle an aner Eisebunnsbrécke rondrëm d‘Stad gebaut.

Am Mäerz 2013 gouf matgedeelt, datt bei Vergréisserungsaarbechten d’Bréck véiergleiseg soll gemaach ginn, wouduerch eng nei Bréck nieft déi bestoend gebaut gëtt.

Den Numm Biisser Bréck krut se, well se iwwer de Biisserwee tëscht dem Stadgronn an der Polvermillen féiert, respektiv vun der fréierer Biissermillen, déi spéider och nach Hasteschmille genannt gouf. Den Numm « Biisser » kéint eventuell vum franséische Begrëff « biez » fir Millekanal hierstamen. Scho 1297 gëtt eng Biscergassa ernimmt. Den Numm huet also näischt mat der Uertschaft Biissen ze dinn.

Fotograf & Editeur: Onbekannt.

Datum: ca. 1861.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

16 mai 2020

Flott Opnam vun der Hondhausbréck bei der haiteger Jugendherberge mat Vue a Richtung Pafendall mam Hospice Civil an der Uewerstad am Hannergrond. Wéi ee gesäit, sinn och d’Fëscher aktiv op der Uelzecht, ob dat och hir Netzer sinn déi iwwer de Floss hänken?

De Numm Hondhaus kënnt dohier, well d’Grofe vu Lëtzebuerg, e.a. de Péiter Ernest I. vu Mansfeld seng Juegdhënn an der Ëmgéigend gehalen huet.

Den Hospice Civil huet eng mouvementéiert Geschicht hannert sech.

Wéi een un de Gebaier erkenne kann, handelt et sech ëm e fréiert Klouschter, wat am Laf vu senger Geschicht e puer mol d’Besëtzer an d’Affektatioun gewiesselt huet.

D’Wuerzele vum Klouschter ginn zeréck op d’Gräfin Ermesinde, déi ëm 1234 den « Büßerinnen der Hl. Magdalena » op der sougenannter Schadeburg, déi um äussere südlechen Enn vum Helleg Geescht Plateau louch a spéider an d’Zitadell Plateau integréiert gouf, e Klouschter gestëft huet. Den Uerden gouf 1264 an den Uerde vun de Klarissinnen incorporéiert an als Klarissinnen-Urbanistinnen bezeechent. D’Schwëstere waren haaptsächlech adeleg Fraen, déi e.a. fir d’Erzéiung vu jonken adelege a spéider och biergerleche Meedercher gesuergt hunn.

No der Attack an der Besetzung vun der Festung duerch déi franséisch Truppen huet de Vauban d’Plaz vum Klouschter fir den Ausbau vu senge Befestegungsanlage gebraucht, woufir no enger neier Plaz fir d’Klarissinnen gesicht gouf. 1687 gouf hinnen en Terrain am Pafendall, ënnerhalb vum Bock zougewisen. De 18.3.1690 plënneren d’Klarissinnen vum Klouschter vum Helleg Geescht Plateau, deemools ënner der Leedung vun der Äbtissin Magdalena de Herbemont an de Pafendall an déi nei Gebaier op der Muerbels. D’Gebaier um Helleg Geescht Plateau sollen awer nach bis 1770 gestanen hunn, wéi se opgrond vu Baufällegkeet komplett ofgerappt goufen.

Ronderëm dat ganzt Klouschter gouf et eng Mauer, un där vun 1731 un, 21 Joer laang gebaut gouf an déi awer an den 1970er Joren zerstéiert gouf.

1783/4 gouf d’Klouschter vum éisträichesche Keeser Joseph II. opgeléist an et stoung fir eng länger Zäit eidel. Am Kader vun de Verkeef vu reliéisen Propriétéiten gëtt d’Klouschter an de Revolutiounsjoeren un e gewëssenen Hencké verkaaft.

1815 gehéieren d’Gebaier der Militärregierung vun der Festung an 1828 gi se vun der hollänescher Regierung kaaft, déi se awer weiderhin dem MIlitär iwwerloossen.

1829 gëtt et an den ale Klouschtergemaier eng Gierwerei, eng Spënnerei vun de Gebridder Godchaux (besser bekannt duerch hir spéider Aktivitéit op der Schläifmillen) an eng Distillerie mat Essegfabrik vun engem gewëssene Graechen. Dës Betriber waren awer relativ schnell nees fort.

1842 huet d’Verwaltungskommissioun vun den Zivilhospizen dat alt Klouschter opkaaft, an den Hospice Saint-Jean aus dem Gronn, dee vun de Schwëstere vum Elisabetherinnenuerden geleed gouf, gouf den 30. Juli 1843 an de Pafendall verluecht. D’Gebaier goufen och erweidert an ëmgebaut, esou liest een z.B., dass 1867 eng Annexe aus dem Joer 1844 duerch e Feier komplett zerstéiert an nees opgebaut gouf. Den Hospice civil war den aarmen, alen a kranke Bierger vun der Stad Lëtzebuerg virenthalen, fir dass si hei hire Liewensowend verbrénge konnten. Déi Missioun erfëllen d’Gebailechkeeten nach haut.

Am 20. Joerhonnert gouf reegelméisseg Renovatiounsaarbechten, mä de Charakter vum Klouschter blouf erhalen. Vun 1999 bis 2003 gouf d’Gebai no de Pläng vum Georges Reuter komplett renovéiert an ass haut e Centre intégré pour personnes agées (CIPA), mat 101 Zëmmeren.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

17 mai 2020

Flott animéiert Vue op de Breedewee (Rue large). Op der Foto gesäit een, dass deemools am Bierg och nach Haiser op der lénker Säit stoungen, am ganzen waren et der +/- 20 Stéck, déi um Ufank géint 1896 ofgerappt goufen.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: Postkaart vun 1898, d’Opnam ass awer méi al.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

18 mai 2020

Schéine Panorama vum Gronn, den Haiser op der Schlassbréck mam fréiere Klouschter a spéideren Hôpital St. François, der Schlassbréck an dem Bock.E puer Wuert zum Klouschter:Dat fréiert Klouschter, wat am Volleksmond och nach « Am Kräizgank » genannt gëtt, war bis zur franséischer Revolutioun en Dominikanerklouschter. D’Gebai selwer staamt ongeféier aus dem Joer 1630 a läit op nach méi ale Fundamenter.

D’Dominikanerpateren, hui bis dohin an engem Klouschter um lieu-dit « Knuedlerloch » gelieft, ongeféier do wou haut d’Staatsbeamtekantin resp. déi al Ste. Sophie ass. Si hunn et awer mat der Konkurrenz vun de Jesuitten ze di kritt, déi an direkter Noperschaft och e Klouschter am Beräich vun der haiteger Kathedral an dem ale Kolléisch opgeriicht haten.

Bis kuerz virun 1630 hunn d’Dominikaner dunn tëscht der haiteger Corniche, dem Breedewee an dem Fëschmaart Haiser (vun de Schwësteren aus dem Mariendall, vun de Markgrafen vu Baden an der Wittfra Wiltheim-Busbach) an Terrainen krut, wou si dunn hiert Klouschter opgeriicht hunn. Hei louch am Mëttelalter och déi éischt Maarthal mat Stänn fir d’Händler aus der Uertschaft. Deeler vun dëser Hal resp. enger Strooss, « Niederstegaass » genannt, déi vun der Corniche eriwwer an de Breedewee gefouert huet, waren nach an de Kelleren vun der Klinik ze gesinn.

Ab 1630 gouf d’Klouschter also direkt un d’Méchelskierch gebaut, dee Moment awer just de Fligel zum Fëschmaart an en Ostfligel, jeeweils ëmmer mat zwee Stäck. 1636 koum de Sdfligel dobäi an 1679 den Westfligel. De Baudatum an d’Erweiderungsdaten sinn duerch Mauerankeren an der Fassaden bannen am Haff nach haut ze erkennen.

Duerch den Ugrëff vum Louis XIV senger Arméi an d’Belagerung an de Joren 1683/84 war d’Klouschter an och d’Méchelskierch, staark zerstéiert ginn an d’Dominikaner hunn iwwerluecht de Fëschmaart ze verloossen, well si keng Mëttele méi haten, fir alles nees opzebauen. Während sengem Besuch zu Lëtzebuerg huet de franséische Kinnek de Pateren dunn 4000 Pond vu sengem Privatverméige ginn, fir d’Kierch an d’Klouschter nees opzebauen, wat erkläert, firwat iwwer der Entrée vun der Kierch de Wopen vum Kinnek mat den « Fleurs de lys » hänkt.

Während der Revolutioun hunn d’Pateren d’Klouschter misse verloossen an et ass den 31.3.1798 als Bien national fir 10000 Pond versteet ginn.

Ëm 1860 war d’Wittfra vum Affekot Bernard Pondrom Besëtzerin vun de Gebailechkeeten. D’Madame Pondrom, déi schwéier krank war ass um Enn vun hirem Liewen vun Franziskanerinne gefleegt ginn an sou koum et, dass d’Haus 1860 nom Doud vun der Madame Pondrom un d’Franziskanerinne ënnert der Oberin, der Schwëster Franziska (gebueren Elisabeth Dufaing) verkaaft ginn ass.

1861 sinn déi éischt Schwësteren mat enger Grupp Weesekanner erageplënnert. 1866 hunn d’Schwësteren dunn eng Aeklinik an de Gebailechkeeten ageriicht, wouraus 1871 eng allgemeng Klinik entstanen ass.

Géint 1895 ass d’Gebai renovéiert ginn an et goufen 2 Stäck op déi al Maueren vun 1630 gesat an 1896 ass hei déi éischt modern Klinik um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg opgaangen. Duerch dësen Ëmbau huet den Tuerm vun der Méchelskierch awer leider e bëssen vu sengem impressionnanten Androck verluer.

Spéiderhinn ass aus der Klnik en Altersheim ginn, dat bis 2011 als Maison François a Betrib war, wéi déi lescht Schwësteren erausgeplënnert sinn. Et gouf un e Konsortium vun Investisseure verkaaft an d’Gebailechkeeten ginn zu Luxusappartementer ëmgebaut. Vu dass d’Gebai awer ënner Denkmalschutz steet, sinn vill Maueren net ugeréiert ginn an och d’Façade vun deem historesche Gebai ass erhale bliwwen. Bei Analysen hunn Archeologen esou guer festgestallt, dass am Daachstull nach hëlzen Dunnen vun deem éischte Bau erhale bliwwen sinnFotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

19 mai 2020

Vue op d’Dräi Tierm (Pafendaller Puert) mat engem Panorama vum Pafendall, Clausen an dem Cents. An der Mëtt erkennt een dat alt Schluechthaus an hanner dem Viaduc d’Kierch St. Cunégonde, méi wäit riets de Plateau wou déi fréier Abtei Almënster stoung.

Den Dräi Tierm hir Fundamenter sti wahrscheinlech op deem ale Réimerwee, dee vum Fëschmaart erof an de Pafendall gaangen ass.

Si sëtzen sech zesummen aus 2 ronnen Tierm an engem véiereckegen Tuerm. De véiereckegen ass deen eelste vun deenen 3 an gouf géint 1050 als Deel vun der zweeter Stadmauer gebaut. Déi ronn Tierm sinn aus dem 13. Joerhonnert.

D’Dräi Tierm hunn déi wichteg Puert vun der Uewerstad an d’Ënnerstad markéiert a leien op deem ganz ale réimesche Kiem, deen iwwerhaapt dozou gefouert huet, dass de Kär vun der Stad zu engem Verkéiersknuet ginn ass. Vum Fëschmaart erof sinn d’Händler fréier erof an de Pafendall gefuer, fir do, wahrscheinlech duerch eng Fuert op déi aner Säit vun der Uelzecht ze kommen, an da weider Richtung Tréier ze fueren.

Wësst dir eigentlech firwat Giischtercher aus dem Schraasseger Prisong op hirer Uniform d’Wopen mat den 3 Tierm droen?Majo well d’Dräi Tierm bis ca. 1810 als Prisong funktionéiert hunn. Anscheinend gouf och d’Guillotine vun der Stad Lëtzebuerg, déi haut am Musée Dräi Eechelen ausgestallt ass, do stockéiert.

No der Schleefen vun der Festung huet de Kapitän Weydert vun der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie an den Tierm gewunnt.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1907.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

20 mai 2020

Vue op d’Wäschfraen aus dem Gronn mam Stierchen an der Uewerstad am Hannergrond.

De Stierchen ass eng Foussgängerbréck, déi den Neiewee mam rietsen Ufer vun der Uelzecht an der Tréierer Strooss verbënnt. De Stierchen war Deel vun der 3. Befestegungsmauer vun der Stad Lëtzebuerg, déi ënnert dem Herzog Wenzel II. um Enn vum 14. Joerhonnert, géint 1390 gebaut gouf.

Hei en interessanten Artikel iwwert d’Fro, wou d’Bezeechnung « Stierchen » vläicht hierkënnt: http://infolux.uni.lu/stierchen-november-2011/

Eng aner Méiglechkeet ass Hierkonft vum Begrëff « Stegchen », d.h. « kleiner Steg » fir d’Bréck iwwer d’Uelzecht ze bezeechnen.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

21 mai 2020

Schéi Vue aus der Péitruss op d’Nei Bréck.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Onbekannt.

Datum: 1905.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

22 mai 2020

Idyllesch Vue aus dem Park vun den Dräi Eechelen op d’Uewerstad.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Th. Wirol, Luxembourg-Gare.Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

23 mai 2020

Flott Vue vun der Uewerstad an dem Gronn, mat e.a. der Grondschleiss am Zentrum.

D’Grondschleis gouf vun 1729-31 gebaut, no de Pläng vum General-Ingenieur vun der Festung, dem Simon de Beauffe, fir am Kader vun enger Belagerung de Gronn kënne mam Waasser vun der Uelzecht an der Péitruss ze fluten. Hie war och responsabel fir de Bau vun der Bourbonsschleis am Péitrussdall, déi dem selwechten Zweck sollt déngen. Zur Grondschleis hunn och 2 massiv Mauere lénks a riets vun der eigentlecher Schleis gehéiert. D’Schleis gouf am Kader vum Schleefe vun der Festung um Enn vun de 1870er Joren ofgerappt.

Iwwert de Gronn, de Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg kéint ee Bicher schreiwen - wat natierlech och gemaach gouf a gëtt.

Virun e puer Joerzéngten nach en äermleche Quartier, wou een net esou gären higaangen ass, ass et haut eng vun deene schéinsten a gemittlechste Plazen an der Stad. Virun allem d’Renovatiounen vu ville Gebaier Enn den 1980er an an den 90er Joren, d’Erëffnung vum Naturmusée an der Abtei Neimënster, Caféen a Restauranten an de Bau vun engem Lift vum Hl. Geeschtplateau erof an den Dall hunn dozou gefouert, dass haut am Gronn d’Liewe pulséiert wéi nach ni. An trotzdeem eng gewësse Rou ausstraalt.

Schonn am fréie Mëttelalter hu Mënschen an dësem Deel vun der Stad gelieft, nach iert de Sigfried um Bockfiels seng kleng Buerg gebaut huet.

Bis an d’14. Joerhonnert louch de Gronn nach « ante portas », d.h. virun den Dieren vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn eréischt an d’Schutzmauer vun der Stad ënnert dem Wenzel II. mat erageholl.

E reliéisen Zentrum war de Gronn virun allem duerch den am Mëttelalter gegrënnten Hospice St. Jean, d’Benediktinerabtei Neimënster an d’Kierch St. Ulric.

Industriellen Zentrum war de Gronn doduerch, dass hei vill Fëscher, Fierwer Gierwer an aner Handwierker déi d’Waasser resp. d’Waasserkraaft vun der Uelzecht gebraucht hunn, sech hei néiergelooss hunn.

Ënnert anerem Händschefabriken aus dem Gronn wéi z.B. d’Handschuhfabrik Albert Reinhard & Cie an der Plaetisgaass waren eng bedeitend Wirtschaftsbranche vun der Stad Lëtzebuerg. En Deel dovun steet och nach haut an huet als Appartementshaus mat Bureauen iwwerlieft. E weideren Deel gouf ofgerappt an als Park amenagéiert.

Net ze vergiessen sinn natierlech déi zwee Prisongen, déi am alen Hospice St. Jean (Fraeprisong) an an der Abtei Neimënster (fir d’Männer) installéiert goufen a bis an d’1980er Joren bestanen hunn, bis de Prisong zu Schraasseg opgaangen ass. Méi en däischtert Kapitel also vun der interessanter Geschicht vum Gronn.

Et ass kloer, dass mir op dëser Plaz nëmmen e ganz klengen Ëmrëss vun der Geschicht vum Gronn maache kënnen, an hoffen dass heimat den Interessi fir d’Geschicht vun dësem dach schéine Quartier bei deem engen oder aneren ausgeléist gouf.

Fotograf & Editeur: Jacques Marie Bellwald.

Datum: 1897.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

24 mai 2020

En Ouschternascht vum Fotograf Charles Bernhoeft, mat e puer Sehenswürdegkeete vun der Stad Lëtzebuerg.Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1908.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

25 mai 2020

Vue op de Clausener Viaduc, 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf an am Optrag vum Adolphe Favier, deen d’Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut. D’Bréck huet eng Längt vun 208 Meter, ass 44 Meter héich, 15 Meter breet an dee gréisste vun den 9 Béi iwwerspaant 15 Meter.

Vill méi interessant si sécherlech déi zwou Wäschfraen um Wäschbur an d’Kanner. D’Foto ass geholl ginn, ënnert der Stëtzmauer vun der rue de la Tour Jacob an de Wäschbur gëtt et och nach ëmmer.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

26 mai 2020

Vue op de Faubourg Clausen mat der fréierer Mousels-Brauerei lénks, der Clausener Kierch, de Fielsen an dem fréiere Park vum Schlass Mansfeld.Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

27 mai 2020

Schéi Postkaart vum Huelwee Clausen-Weimeschhaff mam Malakoff-Tuerm am Hannergrond.

D’Tour Malakoff, déi an der haiteger Rue Jules-Wilhelm steet, ass een vun den am beschten erhale Festungsreschter, dat wahrscheinlech och, well en als ee vun de leschte Bauwierker iwwerhaapt vun der Festung Lëtzebuerg gebaut gouf. 1860-1861 gouf den Tuerm gebaut an e krut den Numm vun engem Tuerm vum Fort Malakow vun der Festung vun der Stad Sewastopol, dat am Krimkrich am Joer 1855 bekannt gi war. Duerch déi europawäit Krichsreportagen deemools ass de Begrëff « Malakoff » och an eise Géigende bekannt ginn. Och a Mëllerdall gëtt et eng Fielsformatioun mam selwechte Numm.

Wéi een op der Postkaart liese kann, gouf en och als « Jüddeschen Tuerm » bezeechent, dat well de jüddesche Kierfecht net wäit ewech läit. Deen eelste vun de Juddekierfechten an der Stad ass de Kierfecht Malakoff. E gouf 1817 vun der jiddescher Communautéit aus der Stad kaaft. Eng ronn honnert Griewer sinn op dësem Kierfecht. Si goufen an der Zäit tëscht 1820 bis ongeféier 1883/1884 ugeluecht.

D’Tour Malakoff sollt de schmuelen Dällchen vum Weimeschhaff erof a Clausen sécheren a beschützen a war Deel vun der Ofschlossmauer déi de Fort Thüngen (3 Eechelen) mam Fort « Parkhöhe ».

D’Maueren goufen 1875 am Kader vum Schleefe vun der Festung ofgerappt, den Tuerm hunn se awer glécklecherweis stoe gelooss. Och déi kleng Paart duerch déi de Wee op de Weimeschhaff gefouert huet, ass stoe gelooss ginn.

Nom Ofbroch vun der Festung gouf den Tuerm laang Zäit als Wunneng genotzt, haut sinn de Rez-de-chaussée an de Keller un d’FNEL, den ieweschte Stack un d’LGS verlount.

Fotograf & Editeur: P.C. Schoren.

Datum: 1905.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

28 mai 2020

Schéi Vue aus dem Gronn op en Deel vun der Stad Lëtzebuerg virum Schleefe vun der Festung ab dem Joer 1867 nom Londoner Vertrag. Déi éischt Tréierer Puert, och nach Krudelspuert genannt, louch ënnen am Dall bei der Abtei Neimënster, do wou haut den Tutesall steet.

De Stierchen ass eng Foussgängerbréck, déi den Neiewee mam rietsen Ufer vun der Uelzecht an der Tréierer Strooss verbënnt. De Stierchen war Deel vun der 3. Befestegungsmauer vun der Stad Lëtzebuerg, déi ënnert dem Herzog Wenzel II. um Enn vum 14. Joerhonnert, géint 1390 gebaut gouf.

Hei en interessanten Artikel iwwert d’Fro, wou d’Bezeechnung « Stierchen » vläicht hierkënnt: http://infolux.uni.lu/stierchen-november-2011/

Eng aner Méiglechkeet ass Hierkonft vum Begrëff « Stegchen », d.h. « kleiner Steg » fir d’Bréck iwwer d’Uelzecht ze bezeechnen.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898, geschéckt 1904.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

29 mai 2020

Flott Vue op de Clausener Bierg an den Huelen Zant um Bock.Den Huelen Zant ass iwwregens (net wéi oft behaapt gëtt) keen Iwwerrescht vum Siegfried senger Buerg Lucilinburhuc, mä vum lénksen Tuerm vun der zweeter Paart vun der neizäitlecher Festung, vun uewen aus gekuckt. E gudden Deel vun deene Maueren stamen aus der Zäit den Ëmbauten vun der Festung duerch de Vauban. Dat haitegt Ausgesinn krut déi Ruin 1874, wéi d’Zitadell um Bock ofgerappt gouf. Oft gëtt behaapt, de Staatsarchitekt Charles Arendt, wär fir den Ëmbau am romantesche Stil responsabel gewiescht, wat awer net ganz richteg ass, vu dass hien déi Ëmbauten esou guer kritiséiert huet.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

30 mai 2020

Vue op déi haiteg Place des Bains mat lénks fréiere Klouschter vun de Redemptoristen, dem Kamäin vun der Pompel vum markanten Waassertuerm, 1886 ofgerappt,

De Waassertuerm war Deel vun der komplexer Waasserversuergung vun der Festung an der Stad. Als Architekt vun der Stad Lëtzebuerg huet de Jean-François Eydt géint 1866 déi éischt ënnerierdesch Waasserleitung mat engem 342 Meter laangen Tunnel an der Stad Lëtzebuerg geplangt, an zwar vun der Quell bei der Eecher Paart bis bei de Pëtz vun der Neipuert. Eng Dampmaschinn, där hiren Kamäin op der Foto nach steet, huet d’Waasser an de bommesécheren Waassertuerm um Plateau vum fréiere Fort Berlaymont gepompelt, vu wou aus et duerch d’Waasserleitung op verschidde Plazen an der Stad verdeelt gouf. Dësen Tuerm gouf also och géint 1865/66 gebaut. Et gesäit op der Postkaart esou aus, wéi wann den Daach vun der Pompelstatioun verbrannt wär, op d’mannst si keng Schëndelen méi drop. Knapp 20 Joer no sengem Bau (de Quellen no entweder 1886 oder 1890) ass de Waassertuerm schonn nees ofgerappt ginn, well en net méi gebraucht gouf, vu dass eng nei, méi staark Pompelstatioun am Pafendall gebaut ginn ass.

Lénks erkennt een och Kéip mat Steng, déi eventuell vun der Demolitioun vun der Bastioun Berlaimont stamen. Wéi si ofgerappt gouf, huet ee bei den Aarbechten d’Fundamenter vun der mëttelalterlecher 3. Réngmauer fonnt, e.a. vun der Lampertspuert, déi 1630 ënner de Mauere vun der neier Bastioun verschwonne waren.

Am Hannergrond erkennt een d’Tierm vun der Kierch St. Alphonse, der fréierer Klouschterkierch vum reliéisen Uerden vun de Redemptoristen. D’Kierch ass vun 1856 un no de Pläng vum Architekt Hartmann gebaut ginn, nodeems de Pateren hir al Kapell ze kleng gi war. Si ass 1858 vum Bëschof Adames geweit ginn.

D’Pateren hu schonn op der Plaz, an engem Haus am Gaart vum fréiere Kapuzinerklouschter gewunnt. Interessant ass d’Architektur vum Kiercheschëff, wat immens héich ass, par Rapport zu den Tierm. D’Tierm hu missen relativ kleng gebaut ginn, well se esou no un de Festungsmaueren stoungen, déi direkt hannendru verlaf sinn. D’Tierm sinn och net mam Schëff verbonnen an de lénken Tuerm ass iwwert eng kleng Bréckelchen mam Schëff verbonnen. Hiert Klouschter ass 1865 gebaut an 1869 vum Bëschof Adames geweit ginn.

Fotograf: ; Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902, Foto vun ca. 1886-1890.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

31 mai 2020

Vue op déi fréier Abtei Neimënster mam Clausener Viaduc am Hannergrond, riets d’Tréierer Strooss an d’Montée du Rham.

D’Abtei Neimënster an déi haiteg Grënnesch Kierch hunn nawell eng laang Geschicht. 1308 gouf d’Kierch « Sankt Johann auf den Steynen » vum Henri VII. vu Lëtzebuerg gegrënnt an 1321 gouf se Parkierch.

Am Krich tëscht dem franséische Kinnek François I. an dem Keeser Karel V. gouf 1542 d’Benediktinerabtei Almënster, déi virun de Festungsmaueren am Clausenerbierg louch, zerstéiert an ofgerappt.

Nom Krich hunn d’Benediktiner beschloss hir Abtei am Stadgronn nei opzeriichten. Se krut den Numm Neimënster. Am Joer 1606 gouf d’Abteikierch nei gebaut a 1618 als Parkierch St. Jean benotzt. Bis zur Franséischer Revolutioun hunn d’Benediktiner sech ëm d’Kierch bekëmmert. Bei der Belagerung duerch d’Fransousen 1684 ass d’Kierch mat der Abtei ofgebrannt. Tëscht 1688 an 1705 gouf se nees no de Pläng vum Hubert Laloir vu Léck, engem Mataarbechter vum Vauban opgebaut. 1731 huet de Weibëschof Nalbach vun Tréier se ageweit. Wéi all déi aner Kléischter gouf och Neimënster 1796 an de Revolutiounszäiten sekulariséiert an enteegent.

Vun 1815 bis 1867 war d’Kierch e Lazarett vun den Truppe vum Däitsche Bond. Wéi déi bis fort ware goufen d’Gebaier vum Lëtzebuerger Staat iwwerholl an et war bis 1984 e Männerprisong. No grousse Restauréierungsaarbechte gouf de ganze Komplex vun der Abtei fir soziokultureller Zwecker amenagéiert an ass haut de Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, deen zanter 2013 ënner dem Numm Neimënster firméiert.

Den 23. Abrëll 1953 gouf d’Kierch als nationaalt Monument klasséiert.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Nic. Harles, Luxembourg, 13 Avenue de la gare

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

01 juin 2020

Duebel Postkaart mat engem Panorama vun den ëstleche Quartieren vun der Stad, Pafendall, Clausen an Neiduerf, Cents a Rumm, mat ville Iwwerreschter a Bauwierker vun der Festung, déi haut zum UNESCO-Weltkulturierwen gehéieren

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

01 juin 2020

Duebel Postkaart mat engem Panorama vun den ëstleche Quartieren vun der Stad, Pafendall, Clausen an Neiduerf, Cents a Rumm, mat ville Iwwerreschter a Bauwierker vun der Festung, déi haut zum UNESCO-Weltkulturierwen gehéieren

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

02 juin 2020

Flott Opnam vun der Hondhausbréck bei der haiteger Jugendherberge mat Vue a Richtung Pafendall mam Hospice Civil an der Uewerstad am Hannergrond. De Numm Hondhaus kënnt dohier, well d’Grofe vu Lëtzebuerg, e.a. de Péiter Ernest I. vu Mansfeld seng Juegdhënn an der Ëmgéigend gehalen huet.

Den Hospice Civil huet eng mouvementéiert Geschicht hannert sech.

Wéi een un de Gebaier erkenne kann, handelt et sech ëm e fréiert Klouschter, wat am Laf vu senger Geschicht e puer mol d’Besëtzer an d’Affektatioun gewiesselt huet.

D’Wuerzele vum Klouschter ginn zeréck op d’Gräfin Ermesinde, déi ëm 1234 den « Büßerinnen der Hl. Magdalena » op der sougenannter Schadeburg, déi um äussere südlechen Enn vum Helleg Geescht Plateau louch a spéider an d’Zitadell Plateau integréiert gouf, e Klouschter gestëft huet. Den Uerden gouf 1264 an den Uerde vun de Klarissinnen incorporéiert an als Klarissinnen-Urbanistinnen bezeechent. D’Schwëstere waren haaptsächlech adeleg Fraen, déi e.a. fir d’Erzéiung vu jonken adelege a spéider och biergerleche Meedercher gesuergt hunn.

No der Attack an der Besetzung vun der Festung duerch déi franséisch Truppen huet de Vauban d’Plaz vum Klouschter fir den Ausbau vu senge Befestegungsanlage gebraucht, woufir no enger neier Plaz fir d’Klarissinnen gesicht gouf. 1687 gouf hinnen en Terrain am Pafendall, ënnerhalb vum Bock zougewisen. De 18.3.1690 plënneren d’Klarissinnen vum Klouschter vum Helleg Geescht Plateau, deemools ënner der Leedung vun der Äbtissin Magdalena de Herbemont an de Pafendall an déi nei Gebaier op der Muerbels. D’Gebaier um Helleg Geescht Plateau sollen awer nach bis 1770 gestanen hunn, wéi se opgrond vu Baufällegkeet komplett ofgerappt goufen.

Ronderëm dat ganzt Klouschter gouf et eng Mauer, un där vun 1731 un, 21 Joer laang gebaut gouf an déi awer an den 1970er Joren zerstéiert gouf.

1783/4 gouf d’Klouschter vum éisträichesche Keeser Joseph II. opgeléist an et stoung fir eng länger Zäit eidel. Am Kader vun de Verkeef vu reliéisen Propriétéiten gëtt d’Klouschter an de Revolutiounsjoeren un e gewëssenen Hencké verkaaft.

1815 gehéieren d’Gebaier der Militärregierung vun der Festung an 1828 gi se vun der hollänescher Regierung kaaft, déi se awer weiderhin dem MIlitär iwwerloossen.

1829 gëtt et an den ale Klouschtergemaier eng Gierwerei, eng Spënnerei vun de Gebridder Godchaux (besser bekannt duerch hir spéider Aktivitéit op der Schläifmillen) an eng Distillerie mat Essegfabrik vun engem gewëssene Graechen. Dës Betriber waren awer relativ schnell nees fort.

1842 huet d’Verwaltungskommissioun vun den Zivilhospizen dat alt Klouschter opkaaft, an den Hospice Saint-Jean aus dem Gronn, dee vun de Schwëstere vum Elisabetherinnenuerden geleed gouf, gouf den 30. Juli 1843 an de Pafendall verluecht. D’Gebaier goufen och erweidert an ëmgebaut, esou liest een z.B., dass 1867 eng Annexe aus dem Joer 1844 duerch e Feier komplett zerstéiert an nees opgebaut gouf. Den Hospice civil war den aarmen, alen a kranke Bierger vun der Stad Lëtzebuerg virenthalen, fir dass si hei hire Liewensowend verbrénge konnten. Déi Missioun erfëllen d’Gebailechkeeten nach haut.

Am 20. Joerhonnert gouf reegelméisseg Renovatiounsaarbechten, mä de Charakter vum Klouschter blouf erhalen. Vun 1999 bis 2003 gouf d’Gebai no de Pläng vum Georges Reuter komplett renovéiert an ass haut e Centre intégré pour personnes agées (CIPA), mat 101 Zëmmeren.

Fotograf : Onbekannt; Editeur: Onbekannt.Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

03 juin 2020

Vue op d’Bastioun Beck, 1644 gebaut, (haiteg Place de la Constitution) an de Cavalier Beck, erbaut 1674, ënnendrënner.

D’Bastioun Beck, och nach Bastioun St. Jean genannt, huet hiren Numm vum Baron a Gouverneur vun der Festungsstad, dem Jean Beck. D’Bastioun ass 1644, ënner spuenescher Herrschaft, no de Pläng vum Festungsingenieur Isaac von Traybach gebaut ginn. Och virdrun gouf et op dëser Säit vun der Stad eng Befestegung, wéi verschidden Texter a Pläng beleeën. Ongeféier do, wou haut d’Strooss, d.h. de Boulevard Roosevelt leeft, gouf et eng mëttelalterlech Wiermauer mat e puer Tierm, dräi Stéck laut dem « Deventer-Plang » virun der nach net existéierender Bastioun Beck.

Ënnert dem Philippe III. vun der Bourgogne sinn dës Maueren verstäerkt bzw. erweidert ginn an de Virgänger vun der Bastioun Beck, de Cavalier (op Lëtzebuergesch och nach « Kaz » genannt) « Conte Mansfelt » gouf gebaut.

Ab ongeféier dem Joer 1644 huet dunn wéi schonn uewe gesot déi haiteg Bastioun Beck bestanen.

D’Bastioun Beck krut ënnert de Fransousen, d.h. ënnert dem Festungsingenieur Vauban nach e Facelift an an éisträichescher Period, tëscht 1746 a 1751, sinn d’Kasematten an de Fiels gegruewe ginn, déi een och haut nach zum Deel besiche kann. Opgrond vun den Decisiounen aus dem Londoner Vertrag vun 1867 sinn 1873 d’Brustwehren ofgerappt an duerch Glänner ersat ginn. D’Trape fir vun der Bastioun erof an d’Péitruss ze kommen, koumen 1904 derbäi.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

04 juin 2020

Flott Vue op de Knuedler an der Stad mam Monument vum Wëllem II.

De Knuedler: Offiziell heescht d’Plaz jo « Place Guillaume II », benannt nom Wëllem II. vun Holland, Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1840-1849.

D’Monument vum Wëllem II. gouf 1884 opgeriicht. Haut steet och eng exakt Kopie vun der Statue zu Den Haag am Buitenhof, well eng aner Statue vum Wëllem II. net gefall huet an déi dunn 1924 op Tilburg gestallt ginn ass.

Den Numm Knuedler krut d’Plaz duerch d’Franziskanermönchen, déi am Mëttelalter bis zur Zäit vum Napoleon e Klouschter op der Plaz haten. Den Numm Knuedler soll also vun de Kniet un der Kordel vun de Pateren hier kommen.

Um Knuedler stoungen méi Gebaier wéi haut, wéi een och un de Fundamenter an de rezenten Ausgruewunge op der Plaz konnt gesinn. Ënnert anerem huet een och e Kierfecht fräigeluecht.

1554 koum et duerch e Blëtzschlag an d’Knuedlerkierch, wou ënnert dem Dag d’Schéisspolver vun de Kanounen vun der Festung gelagert gouf, zu enger riseger Explosioun an engem grousse Feier, wat d’Stadbild zolitt verännert huet. Vill Haiser sinn dem Brand zum Opfer gefall, well se mat Stréi oder hëlzen Schëndelen gedeckt waren. Nom Feier goufen verschidde Stroossen méi breed gemaach (z.B. Groussgaass), d’Haiser mat Schifer gedeckt an ganz nei Stroossenzich ugeluecht (z.B. Louvignysgaass, Philippsgaass etc.)

D’Plaz ass och bekannt duerch d’Ofhale vu Wochemäert, den Oktavmäertchen, verschidde Festivallen, Public Viewings, Chrëschtmäert, seng Äispist am Wanter, Baler etc. Eng Plaz also, wou seelen näischt lass ass.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Grands magasins M. Knopf, Luxembourg.

Datum: 1924.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

05 juin 2020

Interessant Amateurfoto vun mat den Industrien aus dem Gronn, op der Foto sinn et d’Gebaier vun der Brauerei vun der Famill Funck, spéider Funck-Bricher, en Numm dee säit knapp engem Joer, 250 Joer no senger Créatioun, nees mat guddem Bio-Béier a Verbindung bruecht gëtt. Haut sinn an de Gebaier vun der fréierer Brauerei, déi 1975 d’Produktioun gestoppt huet, Bureauen vun Amazon dran.

Iwwert de Gronn, de Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg kéint ee Bicher schreiwen - wat natierlech och gemaach gouf a gëtt.

Virun e puer Joerzéngten nach en äermleche Quartier, wou een net esou gären higaangen ass, ass et haut eng vun deene schéinsten a gemittlechste Plazen an der Stad. Virun allem d’Renovatiounen vu ville Gebaier Enn den 1980er an an den 90er Joren, d’Erëffnung vum Naturmusée an der Abtei Neimënster, Caféen a Restauranten an de Bau vun engem Lift vum Hl. Geeschtplateau erof an den Dall hunn dozou gefouert, dass haut am Gronn d’Liewe pulséiert wéi nach ni. An trotzdeem eng gewësse Rou ausstraalt.

Schonn am fréie Mëttelalter hu Mënschen an dësem Deel vun der Stad gelieft, nach iert de Sigfried um Bockfiels seng kleng Buerg gebaut huet.

Bis an d’14. Joerhonnert louch de Gronn nach « ante portas », d.h. virun den Dieren vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn eréischt an d’Schutzmauer vun der Stad ënnert dem Wenzel II. mat erageholl.

E reliéisen Zentrum war de Gronn virun allem duerch den am Mëttelalter gegrënnten Hospice St. Jean, d’Benediktinerabtei Neimënster an d’Kierch St. Ulric.

Industriellen Zentrum war de Gronn doduerch, dass hei vill Fëscher, Fierwer Gierwer an aner Handwierker déi d’Waasser resp. d’Waasserkraaft vun der Uelzecht gebraucht hunn, sech hei néiergelooss hunn.

Ënnert anerem Händschefabriken aus dem Gronn wéi z.B. d’Handschuhfabrik Albert Reinhard & Cie an der Plaetisgaass waren eng bedeitend Wirtschaftsbranche vun der Stad Lëtzebuerg. En Deel dovun steet och nach haut an huet als Appartementshaus mat Bureauen iwwerlieft. E weideren Deel gouf ofgerappt an als Park amenagéiert.

Net ze vergiessen sinn natierlech déi zwee Prisongen, déi am alen Hospice St. Jean (Fraeprisong) an an der Abtei Neimënster (fir d’Männer) installéiert goufen a bis an d’1980er Joren bestanen hunn, bis de Prisong zu Schraasseg opgaangen ass. Méi en däischtert Kapitel also vun der interessanter Geschicht vum Gronn.

Et ass kloer, dass mir op dëser Plaz nëmmen e ganz klengen Ëmrëss vun der Geschicht vum Gronn maache kënnen, an hoffen dass heimat den Interessi fir d’Geschicht vun dësem dach schéine Quartier bei deem engen oder aneren ausgeléist gouf.

Fotograf: Amateur.Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

06 juin 2020

Vue op d’Uelzecht am Gronn mat der Händschefabrik Reinhard op der rietser Säit.

07 juin 2020

Koloréiert Postkaart mat enger Vue op d’Uelzecht an op de Clausener Viaduc. Dëse gouf 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf an am Optrag vum Adolphe Favier, deen d’Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut. D’Bréck huet eng Längt vun 208 Meter, ass 44 Meter héich, 15 Meter breet an dee gréisste vun den 9 Béi iwwerspaant 15 Meter.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

08 juin 2020

Vue op de Gronn an d’Grondschleisbastioun.

Uewe riets ass d’Grondschleisbastioun, déi 1644 gebaut gouf an an de Joren 1674 an 1685 erweidert gouf, ier se 1751 verstäerkt gouf. Hiren Numm krut d’Bastioun vun der Schleis am Gronn, déi 1731 gebaut gouf. Ënnendrënner sinn d’ « Rondellen » , déi zwar gutt ausgesinn, vun der Defense awer e bësse manner effektiv waren, wéi déi vum Vauban. Op dësem klenge Plateau, ënnerhalb vun der Grondschleisbastioun erkennt een e lénks klenge Stall, dee fir krank Päerd geduecht war a riets niewendrun d’« Kriegslaboratorium » oder Munitiounslaboratoire, wou d’Munitioun fir den Asaz preparéiert gouf. Dës Gebaier goufen 1860/61 gebaut, 1982-1985 ofgerappt. Op dësen Terrasse goufe nom Schleefe vun der Festung anscheinend och wëll Déiere gehal. De ganze Fiels ass natierlech duerchlächert mat Kasematten, déi vum Gronn op de Plateau gefouert hunn.

Ënnen am Dall, lénks vun der Mëtt, steet déi fréier Kierch. St. Ulric mat dem markanten nivelléierten Daach. Si huet säit der Franséischer Revolutioun net méi als Kierch funktionéiert. D’Kierch ass 1798 als Bien National fir 10 Louis d’Or vum M. Reding gesteet ginn. Géint 1811 huet hei d’Gierwerei vum Jean Baptiste Kontz funktionéiert, déi och an der Famill bliwwen ass, eng Famill déi am 20. Joerhonnert landeswäit e Begrëff war fir d’BMW-Garage. An den 1860er/70er Joren fanne mir an der fréierer Kierch d’Peschfabrik vum Philipp Kontz, deen 1873 als Matbegrënner vun der Fabrique de chaussures du Grand-Duché de Luxembourg S.A. ernimmt gëtt. Am Gebai mam nivelléierten Dag war 1907 d’Fierwerei Schmit, spéider Schmit-Cravatte. 1937 ass d’Gebai dun ofgerappt ginn.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: L.D.F.

Datum:

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

09 juin 2020

Vue op déi sougenannten Hellepuert, déi iewescht Puert am Breedewee.

Op dëser Plaz war schonn am fréie Mëttelalter, am 10. Joerhonnert eng Puert an der 1. Réngmauer vun der Stad. Den haitege Bou stamt awer aus dem 16. Joerhonnert, wat een um Renaissancestil erkenne kann. Den Numm Hell kënnt eventuell vun enger Maarthal, déi fréier hei an der Géigend stoung. Vum Fëschmaart aus fort, gouf den éischten Deel vum Breedewee, grad ewéi en Haus an deem Deel, fréier och alt emol Hell oder Häll genannt. An Dokumenter aus de Joren 1323 an 1356 geet Rieds vun engem Gaart juxta hallam iwwerdeems d’Haus an engem Akt als Helle genannt gouf. Dat Haus war eng Wueren- oder Maarthal vun der Stad a gouf einfach Hal genannt. Aus Hal (däitsch « Halle ») gouf dunn Häll oder Hell (Däitsch: Hölle). Eng Famill déi am 13. Joerhonnert an deem Haus gewunnt huet, krut den Numm de Inferno („aus der Häll“).

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1898, geschéckt 1899.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

10 juin 2020

Vue op d’Bastioun Beck, den ale Kolléisch an d’Kathedral, ganz riets den Tuerm vun der protestantescher Kierch.

D’Bastioun Beck, och nach Bastioun St. Jean genannt, huet hiren Numm vum Baron a Gouverneur vun der Festungsstad, dem Jean Beck. D’Bastioun ass 1644, ënner spuenescher Herrschaft, no de Pläng vum Festungsingenieur Isaac von Traybach gebaut ginn. Och virdrun gouf et op dëser Säit vun der Stad eng Befestegung, wéi verschidden Texter a Pläng beleeën. Ongeféier do, wou haut d’Strooss, d.h. de Boulevard Roosevelt leeft, gouf et eng mëttelalterlech Wiermauer mat e puer Tierm, dräi Stéck laut dem « Deventer-Plang » virun der nach net existéierender Bastioun Beck.

Ënnert dem Philippe III. vun der Bourgogne sinn dës Maueren verstäerkt bzw. erweidert ginn an de Virgänger vun der Bastioun Beck, de Cavalier (op Lëtzebuergesch och nach « Kaz » genannt) « Conte Mansfelt » gouf gebaut.

Ab ongeféier dem Joer 1644 huet dunn wéi schonn uewe gesot déi haiteg Bastioun Beck bestanen.

D’Bastioun Beck krut ënnert de Fransousen, d.h. ënnert dem Festungsingenieur Vauban nach e Facelift an an éisträichescher Period, tëscht 1746 a 1751, sinn d’Kasematten an de Fiels gegruewe ginn, déi een och haut nach zum Deel besiche kann. Opgrond vun den Decisiounen aus dem Londoner Vertrag vun 1867 sinn 1873 d’Brustwehren ofgerappt an duerch Glänner ersat ginn. D’Trapen fir vun der Bastioun erof an d’Péitruss ze kommen, koumen 1904 derbäi.

D’Kathedral gouf vun de Jesuittepateren tëscht 1613 an 1621 als Kierch gebaut. D’Joer vun der Wei vun der Kierch, also 1621, ass och an enger Inscriptioun um Portal ze gesinn: « Sit Nomen Domini Benedictum 1621 ». Säit 1870 ass d’Kierch eng Kathedral, dat nodeem Lëtzebuerg en Bistum gouf. Ab 1934 ass d’Kathedral erweidert ginn andeems de Chouer an d’Querschëff mat dem sougenannte Marieportal un déi al Jesuittekierch ugebaut goufen. Den bis 1934 eenzegen Tuerm dréit d’Mauerankeren vun 1618, déi eis also den Alter vun dësem Tuerm verroden, deen also scho méi wéi 400 Joer steet.

Déi Kuppel déi een ënnerhalb vun der Kathedral erkennt, gehéiert zu enger Kapell, déi 1896 un de fréiere Séminaire ugebaut gouf.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

11 juin 2020

Schéine Panorama vun der Stad mam Gronn an der Abtei Neimënster, der Uewerstad an dem Bock.

D’Abtei Neimënster an déi haiteg Grënnesch Kierch hunn nawell eng laang Geschicht. 1308 gouf d’Kierch « Sankt Johann auf den Steynen » vum Henri VII. vu Lëtzebuerg gegrënnt an 1321 gouf se Parkierch.

Am Krich tëscht dem franséische Kinnek François I. an dem Keeser Karel V. gouf 1542 d’Benediktinerabtei Almënster, déi virun de Festungsmaueren am Clausenerbierg louch, zerstéiert an ofgerappt.

Nom Krich hunn d’Benediktiner beschloss hir Abtei am Stadgronn nei opzeriichten. Se krut den Numm Neimënster. Am Joer 1606 gouf d’Abteikierch nei gebaut a 1618 als Parkierch St. Jean benotzt. Bis zur Franséischer Revolutioun hunn d’Benediktiner sech ëm d’Kierch bekëmmert. Bei der Belagerung duerch d’Fransousen 1684 ass d’Kierch mat der Abtei ofgebrannt. Tëscht 1688 an 1705 gouf se nees no de Pläng vum Hubert Laloir vu Léck, engem Mataarbechter vum Vauban opgebaut. 1731 huet de Weibëschof Nalbach vun Tréier se ageweit. Wéi all déi aner Kléischter gouf och Neimënster 1796 an de Revolutiounszäiten sekulariséiert an enteegent.

Vun 1815 bis 1867 war d’Kierch e Lazarett vun den Truppe vum Däitsche Bond. Wéi déi bis fort ware goufen d’Gebaier vum Lëtzebuerger Staat iwwerholl an et war bis 1984 e Männerprisong. No grousse Restauréierungsaarbechte gouf de ganze Komplex vun der Abtei fir soziokultureller Zwecker amenagéiert an ass haut de Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, deen zanter 2013 ënner dem Numm Neimënster firméiert.

Den 23. Abrëll 1953 gouf d’Kierch als nationalt Monument klasséiert.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

12 juin 2020

Schéi wanterlech (retouchéiert) vue op de Pafendaller Bierg.Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

13 juin 2020

Schéin Opnam aus dem Pafendall mam Béinchen an der Sichepuert.

No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Sichepaart an déi aner Säit d’Eecherpaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, dem Béinchen, verbonne waren. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Paart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen. D’Nimm vun der selweschter Paart variiéieren, bezéien sech awer ëmmer op dat selwescht: Siecherludeporte (1444), Sicherporte (1472), Paffendaler Porten (1479), Sichenleuth Pfordt (1659), Porte des lépreux (1717), Porte des Bons Malades.

Riets nieft der Puert stoung, wéi een op der Postkaart gesäit, fréier och eng Rëtsch Haiser, déi alleguer ofgerappt goufen, fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen, ma och op der lénker Säit goufen Haiser, déi an engem schlechten Zoustand waren, aus « hygienesche » Grënn ofgerappt.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Th. Wirol, Luxembourg-gare.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

14 juin 2020

Flott Postkaart vun der Passerelle, dem Helleg Geescht Plateau an der Péitruss.D’Passerelle, och nach « Viaduc » oder « Al Bréck » genannt, nodeems déi « nei Bréck » oder de Pont Adolphe 1903 gebaut gouf.

D’Passerelle, déi de Garer Quartier mat der Uewerstad verbënnt, gouf vum Achille Grenier

an dem Auguste Letellier geplangt a vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers gebaut.

Et ass keen Zoufall, dass de Bau vun der Passerelle an déi selwecht Zäit fält, wéi de Bau vun der éischter Gare vun der Stad Lëtzebuerg. Et war vun Ufank u kloer, dass d’Gare, déi aus strategesche Grënn ausserhalb vun de Festungsmaueren stoung, misst mam Zentrum verbonne ginn.

Fir de Bau vun der Bréck ass fir d’éischt eng hëlze Behëllefsbréck, eng Passerelle opgeriicht ginn, déi der Bréck also ee vun hiren haitege Nimm ginn huet.

D’Passerelle ass 308,40 Meter laang a besteet aus 26 Béi, déi tëscht 8 a 15m breet sinn. D’Maximalhéicht ass 45m. Geplangt goufd’Bréck vum Achille Grenier an dem Auguste Letellier, gebaut gouf se vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers.

Dass d’Bréck e liichte Bou huet, ass iwwregens op taktesch Grënn aus der Zäit wéi Lëtzebuerg nach eng Festungsstad war, zeréckzeféieren. Wahrscheinlech war si och mat Sprengkummeren versinn.

1960 gouf si fir de ville Verkéier méi breet gemaach an dräispureg ausgebaut. Virun e puer Joer ass dunn eng Spuer duerch eng geséchert Vëlospiste mat engem Vëloscompteur installéiert gëtt, deen iwwregens all Joer en neie Rekord opstellt.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

15 juin 2020

Eidelt Graf vum Jang de Blannen an der Krypta vun der Kathedral.

Esou e Graf gëtt och nach Kenotaph genannt an et handelt sech ëm en en eidelt, symbolescht Graf vun engem Mënsch, deen anzwousch anescht begruewe läit. Dëst Graf gouf am 17. Joerhonnert gemaach. De Jang de Blannen läit allerdéngs net wäit ewech vun dëser Plaz an der Gruft vun der groussherzoglecher Famill.

Dem Jang de Blanne seng stierflech Iwwerreschter hunn e laange Wee hannert sech. Hien ass gestuerwen den de 26. August 1346 an der Schluecht vu Crécy. Dem Jang de Blanne säi Bouf Karel huet him e monumentaalt Graf an der Abtei Almënster baue gelooss. Ier d’Abtei 1543 schwéier beschiedegt gouf hat den Abt Johannes Harder dem Jang dem Blanne seng Iwwerreschter an d’Franziskanerkierch um Knuedler a Sécherheet brénge gelooss. Den Abt Bertels huet se 1592 nees an de Gronn zréckgeholl. 1618 koume se an d’Abtei Neimënster, wou e Marbergraf mat finanzieller Ënnerstëtzung vum Äerzherzog Albert gebaut gouf. Virun engem Brand gerett si se an eng drëtt Lued komm, déi den Numm « Hellegt Graf » krut a genau déi Lued steet haut an der Krypta vun der Kathedral.

Wéi d’Neimënsterabtei 1796 vun de franséische Revolutionäre säkulariséiert gouf, huet de Bäcker Adam Bastien dem Jang de Blanne seng Schanken an enger Grott hanner sengem Haus - op Nummer 16 vun der Mënstergaass - verstoppt. Viru sengem Doud huet en dëst Informatioun dem Stater Buergermeeschter uvertraut, dee se du bei säi Schwéierpapp, de Parzeläinsfabrikant Jean-Baptiste Boch brénge gelooss huet. Deem säi Bouf huet se op Mettlach bruecht. De preisesche Kinnek Friedrich Wilhelm IV. huet 1838 eng Grafkapell zu Kastel-Staadt un der Saar baue gelooss. De Jang de Blanne gouf de 26. August 1946 an der Serriger Klaus exhuméiert a mat enger Militäreskorte bis op Réimech bruecht. Do gouf e vu villen Notabelen an enger Hällewull Leit erwaart, a vun Zaldote vun der Lëtzebuerger Arméi bis op eng Lafette gedroen, mat där en an d’Stad zréckgefouert gouf, an do an der Krypta vun der Kathedral seng lescht Plaz krut.

Fotograf & Editeur: Charles Maroldt, Luxembourg Gare

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

16 juin 2020

Et erkennt ee scho wat et gi soll: d’hëlze Stee vun der Neier Bréck steet.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf: Onbekannten Amateurfotograf.

Datum: 1901.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

17 juin 2020

Mat Vollgas aus der Pufferzone vum UNESCO-Weltkulturierwe gefuer: Eng schéi Postkaart mat engem klenge Stéck Automobilgeschicht vu Lëtzebuerg.

Zu Zäiten, wéi zu Lëtzebuerg knapp eng Dosen Autoen ugemellt waren, sinn anerer schonn duerch d’Land gerannt, wéi hei op der Foto vun der Course Paräis-Berlin, déi vum 22 bis den 29 Juni 1901 stattfonnt huet.

Um Steier vum Auto mat der Nummer 240 sëtzen den Ernest Cuénod (1853-1915) a säi Schwoer de Alois Camillo von Eynard (1864-1942). Op der Foto gesi mir déi zwee duerch d’Neiduerf an der Stad briederen. Méi wäit ënne komme mir nach eng Kéier op déi zwee zeréck.

D’Course Paräis-Berlin gouf vum Automobile Club de France a vum Deutscher Automobilclub organiséiert. Den Däitsche Keeser an och de Lëtzebuerger Groussherzog Adolphe haten d’Coupen fir d’Gewënner gestëft.

D’Course war an zwou Gruppe gedeelt, eemol d’Course de vitesse an eemol d’Course des touristes. Un der Course des touristes hu vill illuster Leit aus Europa deelgeholl, Adeleger (Baronen, Grofen, etc.) an Geschäftsleit (Banquieren, Dokteren. etc.). Wéi den Numm et seet, sollt d’Cours vu Paräis op Berlin goen, wou déi 2 Gruppen zesumme sollten ukommen.

D’Course de vitesse mat am ganzen 109 Autoen, Motorrieder an Tricyclen war an 3 Etappen opgedeelt an ass an dräi Deeg, vum 27-29. Juni gefuer ginn: Paräis–Oochen, 459 Kilometer; Oochen–Hannover, 445,2 Kilometer; Hannover–Berlin, 293,93 Kilometer).

Op all Etapp ass et no der Nuetspaus moies ab 5:00 nees weidergaangen.

Insgesamt sinn just 47 Gefierer ukomm. Gesamtgewënner war den Henri Fournier op engem Mors deen de ganze Parcours an 25 Stonnen a 7 Minuten gefuer ass, wann een awer just d’Zäit tëscht de Miespunkte kuckt, da waren et 15 Stonnen, 33 Minutten a 6 Sekonne. Säin Auto war aus der Kategorie vun de schwéieren Autoen iwwer 650 kg, säi Mors huet der allerdéngs 1300 gewien.

Et goufen och nach 2 weider Klassen, eng fir liicht Autoen mat engem Gewiicht vun 400-600 kg an eng fir sougenannte Voiturettes ënner 400 kg.

Bei de liichten Autoen huet den Etienne Giraud op engem Panhard gewonnen, bei den Voiturettes e « gewëssene » Louis Renault op engem Renault a bei den Motorrieder den Georges Osmont op engem Dräirad De Dion-Bouton.

Eis zwee Rennfuerer op der Postkaart, de Cuénod an de von Eynard hunn un der 1209 km laanger Course des touristes deelgeholl, déi duerch Lëtzebuerg gefouert huet.

Den Ernest Cuénot war President vum Automobile Club de Suisse an interessanterweis och vun der franséischer « Ligue contre la poussière des routes », déi sech fir de Goudronnage vun de franséische Stroossen agesat huet. De Cuénod, deem seng Mamm eng gebueren Churchill, Duechter vum 5. Grof vu Marlborough war, war bekannt fir seng Participatioun u villen Autoscourssen an och Victoiren.

Den 2. Chauffeur, den däitsche Kapitän vun der Kavallerie, den Alois Camillo von Eynard war och bekannt fir seng Coursen, allerdéngs waren dëst Päerdscourssen, déi hien als ee vun deene beschten Reider aus der däitscher Arméi gewonnen huet.

Hiren Auto war en Georges-Richard mat 10 Päerd an huet zu enger Grupp vu 4 Modeller vun Georges Richard mat 4-10 Päerd gehéiert, déi un der Course des touristes deelgeholl hunn. Si sollten och alle véier ukommen. D’Marque Georges Richard huet sech iwwregens zur haiteger Camionsmarque IVECO weiderentwéckelt.

D’Etappen vun der méi gemittlecher Course des touristes mat 69 Autoen gounge vu Paräis op Reims, vu Reims op Lëtzebuerg, vu Lëtzebuerg op Koblenz, vu Koblenz op Frankfurt, vu Frankfurt op Eisenach, vun Eisenach op Leipzig, vu Leipzig op Potsdam a vu Potsdam op Berlin.

Den 29.6.1901 sinn déi zwee zu Berlin ukomm, leider konnte mir hir Fuerzäit net fannen.

Lëtzebuerg war also esou guer en Etappenziel, dëst den 23. Juni, wat natierlech och an der Dagespress opgegraff gouf. Allerdéngs net nëmme positiv, well d’Noriichten vu villen Accidenter vun der Course ganz heefeg waren an d’Leit vun deemools nach net un déi schnell Gefierer gewinnt waren- wéi gesot, et gouf deemools knapp 12 Autoen zu Lëtzebuerg. Mir konnten eng Foto fannen, wou e puer Autoen virun de Kasären vum Helleggeescht-Plateau stinn, wou also de Parking fir Participanten war. D’Participante goufen am spéiden Nomëtteg, um 17:00 och op der Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg mat vill Pomp empfaangen.

Allgemeng schéngen d’Meenungen iwwer d’Course positiv gewiescht ze sinn. An den Zeitungen vun deemools liese mir och eng Meenung iwwer d’Zesummenaarbecht vun deenen 2 groussen europäeschen Organisateuren: « die Automobilwettfahrt Paris-Berlin beweist ohne Zweifel aufs neue, dass die Beziehungen zwischen den beiden großen Nachbarstaaten Deutschland und Frankreich in neuerer Zeit erfreulicherweise besser geworden sind »

An der Luxemburger Zeitung liese mir iwwer en Kontrollpunkt vun der Course an der Stad: « Ein äußerst reges Interesse legte gestern das Publikum der Automobilwettfahrt Paris-Berlin an den Tag. Im Laufe des Vormittags sammelten sich zahlreiche Neugierige an der Kreuzung des Äußeren Rings und der Monterey-Avenue… Um zwölf Uhr 16 Minuten traf der erste Wagen ein. Er trug die Nummer 317 und erregte bei den anwesenden Deutschen großes Triumphgeschrei, denn es war ein Wagen von Benz, und der Führer hieß W. Schmit. Herr Laval versetzte ihm das bereitgehaltene Bouquet, und die Menschenwogen schlugen um das staubige Gefährt und um seine kalbfellumhüllten, brillenbewehrten Insassen zusammen wie Meereswellen um ein Riff ».

Wat Zäiten..

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1901.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

18 juin 2020

Schéi Vue vun den alen Haiser op der Corniche, wou e.a. e Kannerheem (Crèche) ënnerbruecht war. Leider hunn ech awer net méi Informatiounen dozou fonnt.Fotograf & Editeur: Bernard Kutter.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

19 juin 2020

Vue iwwer de Gronn mat e.a. der Gronndschleisbastioun.

Uewen ass d’Grondschleisbastioun, déi 1644 gebaut gouf an an de Joren 1674 an 1685 erweidert gouf, ier se 1751 verstäerkt gouf. Hiren Numm krut d’Bastioun vun der Schleis am Gronn, déi 1731 gebaut gouf. Ënnendrënner sinn d’ « Rondellen » , déi zwar gutt ausgesinn, vun der Defense awer e bësse manner effektiv waren, wéi déi vum Vauban. Op dësem klenge Plateau, ënnerhalb vun der Grondschleisbastioun erkennt een e lénks klenge Stall, dee fir krank Päerd geduecht war a riets niewendrun de Giewel vum « Kriegslaboratorium » oder Munitiounslaboratoire, wou d’Munitioun fir den Asaz preparéiert gouf. Dës Gebaier goufen 1860/61 gebaut, 1982-1985 ofgerappt. Op dësen Terrasse goufe nom Schleefe vun der Festung anscheinend och wëll Déiere gehal. De ganze Fiels ass natierlech duerchlächert mat Kasematten, déi vum Gronn op de Plateau gefouert hunn.

Ënnen am Dall, an der Mëtt, steet déi fréier Kierch. St. Ulric mat dem markanten nivelléierten Daach. Si huet säit der Franséischer Revolutioun net méi als Kierch funktionéiert. D’Kierch ass 1798 als Bien National fir 10 Louis d’Or vum M. Reding gesteet ginn. Géint 1811 huet hei d’Gierwerei vum Jean Baptiste Kontz funktionéiert, déi och an der Famill bliwwen ass, eng Famill déi am 20. Joerhonnert landeswäit e Begrëff war fir d’BMW-Garage. An den 1860er/70er Joren fanne mir an der fréierer Kierch d’Peschfabrik vum Philipp Kontz, deen 1873 als Matbegrënner vun der Fabrique de chaussures du Grand-Duché de Luxembourg S.A. ernimmt gëtt. Am Gebai mam nivelléierten Dag war 1907 d’Fierwerei Schmit, spéider Schmit-Cravatte. 1937 ass d’Gebai dun ofgerappt ginn.

Fotograf & Editeur: P. Johanns, Photogr., Luxemburg

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

20 juin 2020

Flott Vue op d’Dräi Eechelen, offiziell Fort Thüngen genannt.

Wéinst den 3 doréierten Eechelen op den Tierm gëtt de Fort um Plateau Kierchbierg deementspriechend genannt. D‘Dräi Eechelen ware just en Deel vum impressionnante Festungskomplex „Obergrünewald“ mat deem een d’Staat géint en Ugrëff vun der ëstlecher Säit aus beschütze wollt.

De Fort ass 1732/33 vum éisträicheschen Ingenieur Simon de Beauffe op der Plaz vum Vauban senger Redoute « Hauteur du Parc » aus dem Joer 1688 erbaut ginn. Benannt ass de Fort nom éisträichesche Festungskommandant Adam Sigmund von Thüngen.

De Fort Thüngen ass als Verstäerkung vum 3. Festungsréng vun der Stad Lëtzebuerg gebaut ginn.

1836 gouf de Fort vun de Preisen erweidert a krut och seng dräi ronn Tierm mat den Dräi Eechelen.

Ënnert dem ganze Fort ginn et eng ganz Rei vu Minnen, déi am Eeschtfall hätte kéinte genotzt ginn, fir de Fort ze sprengen.

Nach 1860 gouf de Fort verstäerkt, vu dass en nach net wousst, wat e puer Joer drop sollt geschéien. Wéi nom Londoner Vertrag vun 1867 d’Festung huet misse geschleeft ginn, gouf och de Fort Thüngen an e puer Phasen vun 1870-1875 ofgerappt. Just d’Agangstierm, déi mir haut nach gesinn, sinn erhale bliwwen, d’Grondmaueren goufe mat Buedem bedeckt. D‘Eechele vun den 3 Tierm goufen um Enn vun den Ofrappaarbechten doréiert. D’Kasematten vum Fort Thüngen sinn haut zum Deel nees mat engem Guide zougänglech oder am Musée integréiert. Fréier hu sech d’Kanner aus dem Pafendall gären doran amuséiert: anscheinend koum een duerch verschidde Gäng aus dem Dällchen bis erop op de Plateau.

Haut fanne mir hei de Festungsmusée Musée Dräi Eechelen. Och de Mudam ass op de Fundamenter vum Fort ënnerbruecht an e gudden Deel gouf nees opgebaut. E ganz laangen Otem hunn dobäi d’Frënn vun der Festung gebraucht, bis et endgülteg, no villen administrativen Hürden, politeschen Fauxpasen a Fehlplanungen, all d’Bauaarbechten ofgeschloss waren.

Fotograf: Nels; Editeur: E.A. Schaack.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

21 juin 2020

Haut eng flott Postkaart vum Pont Adolph mam Konvikt an der Villa Baldauff am Hannergrond.

Zum Konvikt :

Dat alt Gebai vum Konvikt, och nach Bullett genannt, war en Internat fir männlech Schüler aus der Stad, dat den 10.10.1872 seng Dieren opgemaach huet an och haut nach ënnert der Leedung vum Äerzbistum funktionéiert. Et ass vun 1869-1872 op Uerder vum Bëschof Adames gebaut ginn an huet deemools 1 Millioun Frang kascht, déi de Bëschof duerch Kollekten zesummekrut. Architekt fir de Bau war de François Eydt a gebaut gouf op den Iwwerreschter vum ale Fort Rheinsheim.

Am 2. Weltkrich huet de Konvikt och als Lazarett fir d’Wehrmacht gedingt.

1976 gouf dat imposant Gebai ofgerappt, fir engem Neibau Plaz ze maachen.

Vill Leit kennen de Konvikt och nach als Bullett, well anscheinend zimlech oft Buletten do zervéiert goufen.

Zur Villa Baldauff :

d’Villa Baldauff ass aus dem Joer 1880 a gouf gebaut vum Architekt Pierre Kemp. Leider geschitt nach ëmmer net vill mat deem wonnerschéine Gebai, an deem den Andy Bausch e puer Szene vu sengem Film « Luxembourg - Belle Epoque » gedréint huet.

Si gouf fir den Industriellen Eugène Kerckhoff gebaut a war eng vun de Villaen déi sengerzäit ronderëm déi nei ëffentlech Parken ugeluecht goufen. Nom Kerckhoff huet d’Villa dem Hubert Baldauff gehéiert, dohier hiren haitegen Numm. Nodeems d’Gebai eng länger Zäit eidel stoung, huet d’Stad Lëtzebuerg am Joer 2009 der Banque privée Edmond de Rothschild eng Baugenehmegung gi fir et ëmzebauen, ma et ass awer näischt geschitt. D’Villa gouf 2017 un d’Mammefirma vun der Luxembourgeoise verkaaft. Déi huet am Summer 2018 ugekënnegt, se wëllen ze restauréieren.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf: Onbekannten Amateurfotograf.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

22 juin 2020

Flott al Postkaart vum Stater Kolléisch a lénks niewendrun der Kathedral.

Den Athénée, am Volléksmond meeschtens Kolléisch genannt, kann op eng laang Geschicht zeréckblécken.

Op Initiative vum Antoine Houst, Member vum Conseil provincial sinn 1594 no villem hin an hier déi éischt Jesuittepateren op Lëtzebuerg komm. Si ware virun allem dofir bekannt, dass si am Bildungsberäich ganz aktiv waren. Schonn 1603 huet déi éischt Schoul vun de Jesuitten funktionéiert. Nodeems si an der Ënneschtgaass (Rue Notre-Dame) eng Rei Terrainen an Haiser kaaft hunn, hu se 1606-1611 déi éischt 2 Fligelen an L-Form (zur Säit vun der haiteger @rue de l’Ancien Athénée an zum Bd. F.D. Roosevelt.) am Renaissancestil gebaut.

E weidere Fligel, dee parallel zur haiteger Kathedral steet, koum 1687 dobäi a gouf zum Deel duerch eng grousszügeg Spend vum Louis XIV finanzéiert, deen de Pateren eng uerdentlech Zomm als Kompensatioun fir d’Schied vun der Attack vun de Fransousen an de Joren 1683/84 geschenkt huet. Dëse Fligel gouf « Philosophiefligel » genannt, well d’Pateren hei virun allem Philosophie enseignéiert hunn, woufir si vum Franséische Kinnek de Privileeg krut haten.

Duerch eng weider Spend vun der Famill Nidercorn konnt e 1713 e weideren Ubau mat zwee Fligele geplangt a gebaut ginn. Den éischte Fligel gouf nees parallel zum haitege Bd. Roosevelt gebaut, deen zweeten gouf am rechte Wénkel ugebaut, gouf awer 1934 ofgerappt, wéi d’Kathedral vergréissert gouf. Un dëse Fligel erënneren nach d’Arkaden Sprangbur a beim klenge Park um Bd. Roosevelt. Wann ee sech op de Parvis vun der Kathedral stellt an sech d’Architektur a besonnesch d’Fënsteren ukuckt, dann erkennt een déi verschidden Architekturelementer gutt.

Un de Philosophiefligel gouf géint 1720 nach eng Kéier e Block Richtung rue Notre Dame ugebaut, géint 1735 gouf d’Verbindung tëscht der Kathedral an dem Kolléisch geschaf. D’Fassade vun dësen 2 Bléck gesi mir op der Foto. Remarkabel ass déi opulent Entréesdier am Barockstil, déi d’Haaptentrée zum Kolléisch duergestallt huet.

1773 ass de Jesuittenuerden an domat och de Kolléisch wéi e bis dohi funktionéiert huet opgeléist ginn a Professeren aus dem weltleche Klerus hunn den Enseignement iwwerholl.

Bis 1964 gouf et also hei e Lycée ënner verschiddenen Nimm, mol Athenée royal » bis 1839, mol Athénée Grand-Ducal bis 1964. An deem Joer ass de Kolléisch an d’Märelerwisen geplënnert a bis 1969 gouf de ganze Komplex vum « Ale Kolléisch » restauréiert fir d’Nationalbibliothéik do ënnerzebréngen. Laut Aussoen vum Kulturministère gëtt dru geduecht, fir an de Gebailechkeeten e Genre Lëtzebuerger Nationalgalerie ënnerzebrénge.

Zur Kathedral:D’Kierch gouf vun de Jesuittepateren tëscht 1613 an 1621 gebaut. D’Joer vun der Wei vun der Kierch, also 1621, ass och an enger Inscriptioun um Portal ze gesinn: « Sit Nomen Domini Benedictum 1621 ». Säit 1870 ass d’Kierch eng Kathedral, dat nodeem Lëtzebuerg en Bistum gouf. Ab 1934 ass d’Kathedral erweidert ginn andeems de Chouer an d’Querschëff mat dem sougenannte Marieportal un déi al Jesuitekierch ugebaut goufen. Den bis 1934 eenzegen Tuerm dréit d’Mauerankeren vu 1618, déi eis also den Alter vun dësem Tuerm verroden, deen also scho méi wéi 400 Joer steet.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

23 juin 2020

Immens däitlech Postkaart vum Pafendall, dem Bock an der Uewerstad.

Vir lénks steet d’Siichepuert. No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Sichepaart an déi aner Säit d’Eecherpaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, de Béinchen, verbonne waren. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Sichepaart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen.

Lénks nieft der Puert stoung, wéi een op der Postkaart gesäit, fréier och eng Rëtsch Haiser, déi alleguer ofgerappt goufen, fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen, ma och op der rietser Säit stounge fréier Haiser, déi an engem schlechten Zoustand waren an aus « hygienesche » Grënn ofgerappt goufen.

Hannert der Siichepuert erkennt een d’Pafendaller Kierch, déi dem Hl. Théiwes (St. Mathieu) geweit ass an 1872 gebaut gouf. Den Théiwesbur, den ale Wäschbur aus dem Pafendall deen direkt nieft der Kierch steet, dierft jo och jidderengem aus dem Jean-Pierre Kemmer sengem Lidd bekannt sinn. D’Kierch huet am 2. Weltkrich Geschicht geschriwwen, wéi während 14 Méint 6 desertéiert lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert sech do verstoppt hunn.

Riets nieft der Kierch steet dat aalt Militärlazarett, och nach Vaubanskasär genannt, wat no sengem eigentlechen Zweck als Klinik fir d’Garnisoun vun der Festung mol als Betten- an Tubakfabrik, mol als Wunnraum, mol als Musée oder Schoul funktionéiert huet, bis et 1954 ofgerappt gouf.

Weider no riets erkennt een de « Féngerlek » (de Kamäin vun der Pompelstatioun, déi d’Drénkwaasser vun der Quell am Pafendall an Uewerstad gepompelt huet) an de Quartier « Béinchen ».

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1906.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

24 juin 2020

Schéi Foto aus dem Pafendall mam Béinchen an der Sichepuert.

No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Sichepaart an déi aner Säit d’Eecherpaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, dem Béinchen, verbonne waren. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Paart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen. D’Nimm vun der selweschter Paart variiéieren, bezéien sech awer ëmmer op dat selwescht: Siecherludeporte (1444), Sicherporte (1472), Paffendaler Porten (1479), Sichenleuth Pfordt (1659), Porte des lépreux (1717), Porte des Bons Malades.

Riets nieft der Puert stoung fréier och eng Rëtsch Haiser, déi alleguer ofgerappt goufen, fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen, ma och op der lénker Säit goufen Haiser, déi an engem schlechten Zoustand waren, aus « hygienesche » Grënn ofgerappt.

Fotograf: Amateur.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

25 juin 2020

Schéi Vue aus der Péitruss op d’Mauere vun der Bastion Beck lénks an dem Tuerm vun der Kathedral am Hannergrond.

D’Bastioun Beck, och nach Bastioun St. Jean genannt, huet hiren Numm vum Baron a Gouverneur vun der Festungsstad, dem Jean Beck. D’Bastioun ass 1644, ënner spuenescher Herrschaft, no de Pläng vum Festungsingenieur Isaac von Traybach gebaut ginn. Och virdrun gouf et op dëser Säit vun der Stad eng Befestegung, wéi verschidden Texter a Pläng beleeën. Ongeféier do, wou haut d’Strooss, d.h. de Boulevard Roosevelt leeft, gouf et eng mëttelalterlech Wiermauer mat e puer Tierm, dräi Stéck laut dem « Deventer-Plang » virun der nach net existéierender Bastioun Beck.

Ënnert dem Philippe III. vun der Bourgogne sinn dës Maueren verstäerkt bzw. erweidert ginn an de Virgänger vun der Bastioun Beck, de Cavalier (op Lëtzebuergesch och nach « Kaz » genannt) « Conte Mansfelt » gouf gebaut.

Ab ongeféier dem Joer 1644 huet dunn wéi schonn uewe gesot déi haiteg Bastioun Beck bestanen.

D’Bastioun Beck krut ënnert de Fransousen, d.h. ënnert dem Festungsingenieur Vauban nach e Facelift an an éisträichescher Period, tëscht 1746 a 1751, sinn d’Kasematten an de Fiels gegruewe ginn, déi een och haut nach zum Deel besiche kann. Opgrond vun den Decisiounen aus dem Londoner Vertrag vun 1867 sinn 1873 d’Brustwehren ofgerappt an duerch Glänner ersat ginn. D’Trapen fir vun der Bastioun erof an d’Péitruss ze kommen, koumen 1904 derbäi.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

26 juin 2020

Koloréiert Vue op d’Corniche, de Breedewee an d’Grënnesch Puert, och nach Spuenesch Puert, Porte Espagnole genannt, no den Erbauer, de Spuenier, déi d’Paart 1632 gebaut hunn, nodeems se déi mëttelalterlech Puert, déi Deel vun der zweeter Befestegungsmauer war, ofgerappt haten.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1900.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

28 juin 2020

Schéi Vue aus dem Gronn op d’Uelzecht an d’Uewerstad am Hannergrond. Wéi een erkennt ass d’Kapell vum fréieren Hôpital St. François nach am Bau.Iwwert de Gronn, de Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg kéint ee Bicher schreiwen - wat natierlech och gemaach gouf a gëtt.

Virun e puer Joerzéngten nach en äermleche Quartier, wou een net esou gären higaangen ass, ass et haut eng vun deene schéinsten a gemittlechste Plazen an der Stad. Virun allem d’Renovatiounen vu ville Gebaier Enn 80er an an den 90er Joren, d’Erëffnung vum Naturmusée an der Abtei Neimënster, Caféen a Restauranten an de Bau vun engem Lift vum Hl. Geeschtplateau erof an den Dall hunn dozou gefouert, dass haut am Gronn d’Liewe pulséiert wéi nach ni. An trotzdeem eng gewësse Rou ausstraalt.

Schonn am fréie Mëttelalter hu Mënschen an dësem Deel vun der Stad gelieft, nach iert de Sigfried um Bockfiels seng kleng Buerg gebaut huet.

Bis an d’14. Joerhonnert louch de Gronn nach « ante portas », d.h. virun den Dieren vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn eréischt an d’Schutzmauer vun der Stad ënnert dem Wenzel II. mat erageholl.

E reliéisen Zentrum war de Gronn virun allem duerch den am Mëttelalter gegrënnten Hospice St. Jean, d’Benediktinerabtei Neimënster an d’Kierch St. Ulric.

Industriellen Zentrum war de Gronn doduerch, dass hei vill Fëscher, Fierwer Gierwer an aner Handwierker déi d’Waasser resp. d’Waasserkraaft vun der Uelzecht gebraucht hunn, sech hei néiergelooss hunn.

Ënnert anerem Händschefabriken aus dem Gronn wéi z.B. d’Handschuhfabrik Albert Reinhard & Cie an der Plaetisgaass waren eng bedeitend Wirtschaftsbranche vun der Stad Lëtzebuerg. En Deel dovun steet och nach haut an huet als Appartementshaus mat Bureauen iwwerlieft. E weideren Deel gouf ofgerappt an als Park amenagéiert.

Net ze vergiessen sinn natierlech déi zwee Prisongen, déi am alen Hospice St. Jean (Fraeprisong) an an der Abtei Neimënster (fir d’Männer) installéiert goufen a bis an d’1980er Joren bestanen hunn, bis de Prisong zu Schraasseg opgaangen ass. Méi en däischtert Kapitel also vun der interessanter Geschicht vum Gronn.

Et ass kloer, dass mir op dëser Plaz nëmmen e ganz klengen Ëmrëss vun der Geschicht vum Gronn maache kënnen, an hoffen dass mir heimat den Interessi fir d’Geschicht vun dësem dach schéine Quartier bei deem engen oder aneren ausléise konnten.

Fotograf & Editeur: Jos. Fischer-Ferron.

Datum: 1903.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

29 juin 2020

Schéi Vue vum Fëschmaart mat engem Päerdsgespann a riets dem markante Balkon « Ënner de Steiler ».

Weider Informatiounen iwwer d’Geschicht vun dem historesche Gebai fënnt een op http://www.wellkomm.lu/index.php?view=category&catid=14&option=com_joomgallery&Itemid=834 Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1907.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

30 juin 2020

D’Nei Bréck, kuerz nodeem de Chantier fäerdeg war.D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Grand Bazar Champagne, Luxembourg-Gare.

Datum: 1903.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

01 juillet 2020

Vue vum Wäschbur ënnerhalb vum Clausener Viaduc aus gekuckt, mam Stierchen an der Uewerstad am Hannergrond.

De Stierchen ass eng Foussgängerbréck, déi den Neiewee mam rietsen Ufer vun der Uelzecht an der Tréierer Strooss verbënnt. De Stierchen war Deel vun der 3. Befestegungsmauer vun der Stad Lëtzebuerg, déi ënnert dem Herzog Wenzel II. um Enn vum 14. Joerhonnert, géint 1390 gebaut gouf.

Hei en interessanten Artikel iwwert d’Fro, wou d’Bezeechnung « Stierchen » vläicht hierkënnt: http://infolux.uni.lu/stierchen-november-2011/

Eng aner Méiglechkeet ass Hierkonft vum Begrëff « Stegchen », d.h. « kleiner Steg » fir d’Bréck iwwer d’Uelzecht ze bezeechnen.

Fotograf & Editeur: François Menn.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

02 juillet 2020

Flott koloréiert Vue op de Knuedler an der Stad mam Monument vum Wëllem II wärend engem Maartdag.

De Knuedler: Offiziell heescht d’Plaz jo « Place Guillaume II », benannt nom Wëllem II. vun Holland, Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1840-1849. D’Monument vum Wëllem II. gouf 1884 opgeriicht. Haut steet och eng exakt Kopie vun der Statue zu Den Haag am Buitenhof, well eng aner Statue vum Wëllem II. net gefall huet an déi dunn 1924 op Tilburg gestallt ginn ass.

Den Numm Knuedler krut d’Plaz duerch d’Franziskanermönchen, déi am Mëttelalter bis zur Zäit vum Napoleon e Klouschter op der Plaz haten. Den Numm Knuedler soll vun de Kniet un der Kordel vun de Pateren hier kommen.

Um Knuedler stoungen méi Gebaier wéi haut, wéi een och un de Fundamenter an de rezenten Ausgruewunge op der Plaz konnt gesinn. Ënnert anerem huet een och e Kierfecht fräigeluecht.

1554 koum et duerch e Blëtzschlag an d’Knuedlerkierch, wou ënnert dem Dag d’Schéisspolver vun de Kanounen vun der Festung gelagert gouf, zu enger riseger Explosioun an engem grousse Feier, wat d’Stadbild zolitt verännert huet. Vill Haiser sinn dem Brand zum Opfer gefall, well se mat Stréi oder hëlzen Schëndelen gedeckt waren. Nom Feier goufen verschidde Stroossen méi breed gemaach (z.B. Groussgaass), d’Haiser mat Schifer gedeckt an ganz nei Stroossenzich ugeluecht (z.B. Louvignysgaass, Philippsgaass etc.)

D’Plaz ass natierlech och bekannt duerch d’Ofhale vu Wochemäert, den Oktavmäertchen, verschidde Festivallen, Public Viewings, Chrëschtmäert, seng Äispist am Wanter, Baler etc. Eng Plaz also, wou seelen näischt lass ass.

Fotograf & Editeur: Nels.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

03 juillet 2020

Vue op d’Nei Puert (oder Nei Paart) am Joer 1871, kuerz iert se zerstéiert ginn ass. Riets a lénks gesäit een, dass d’Maueren scho verschwonne sinn an uewen stinn d’Aarbechter scho mam Hummer.

D’Nei Puert, déi et säit 1871 nom Schleefe vun der Festung net méi gëtt, ass 1626-36 gebaut ginn an huet am Ufank den Numm « Sankt Marienpforte » gedroen. An der Puert war eng Niche mat enger klenger Statue vun der Hl. Maria, d’Patréinerin vun der Stad Lëtzebuerg. Dës Statue steet haut am Musée Dräi Eechelen. D’Nei Puert ass gebaut ginn, nodeems eng Rei aner Puerte vun der Stad zougemaach goufen, e.a. z.B am Joer 1644 d’Juddepuert an der haiteger Avenue Emile Reuter/Groussgaass fir d’Festung méi sécher ze maachen. Deemno huet de ganze Verkéier dee soss, z.B. vun der Escher-, der Lonkecher- oder der Arelerstrooss koum, laanscht d’Festungsmaueren bis bei d’Neipuert goen, fir dann doduerch an d’Stad eranzekommen.

Virun der Nei Puert gouf et och e Gruef an eng Bréck, d’Neipuertsbréck, déi 1737 vun den Éisträicher ofgerappt ginn ass.

Bannen iwwer der Puert war d’Krichsgeriicht ënnerbruecht.

Wéi de Louis XIV 1684, no der Eruewerung vun der Festung duerch d’Fransousen, an d’Stad amarschéiert ass, huet hien eng Trophee ameessele gelooss, déi 1795 vun de Revolutiounstruppen zerstéiert gouf an duerch eng schwaarz Marberplack ersat gouf, op där stoung: Rendue à la République française le 24 Prairial An III (12. Juni 1795).

D’Fassade vun der anerer Säit vun der Puert (d-h. zur Stadsäit zou), staamt aus dem 19. Joerhonnert. Si gouf 1809 ënnert dem Napoleon am Empire-Stil gebaut an huet e groussen « N » um ieweschten Deel gedroen, als Erënnerung un den Napoleon. Ausserdeem huet hie baussen uewen op d’Paart eng Adlerstatue placéiert.

Nom Wiener Kongress, wéi d’Festung Lëtzebuerg eng preisesch Bundesfestung ginn ass, ass den « N » duerch de Reichsadler ersat ginn, deen do houng bis d’Nei Puert 1871 ofgerappt ginn ass.

Un d’Puert erënneren haut just nach de Stroossennumm (rue resp. avenue de la Porte-Neuve) an eng Kopie vun der Mariestatue beim Forum royal. Ënnert der Statue kann ee folgenden Text liesen (Quell: Wikipedia)

PATRIAE DECVS ATQVE TVTELA LOCO NOVO LVCEAT SEMPER A.D. XIV KAL. DECEMBRES MDCCCLXXVI

Den Houfert an d’Patréinesch vun der Heemecht soll op dëser neier Plaz fir ëmmer liichten, 14. Dezember 1876.

Op der Nordsäit vun der stiliséierter Paart steet:

REGIONE VRBIS HAC NOVATA CIVES ET B. MARIAE VIRGINIS EFFIGIEM VIGILEM IN PORTA NOVA PER SAECVLA ADHVC JAM TRIA NOVA IN SEDE VENERANDAM STATVERVNT

SIT INTRANTI ET EXEVNTI MARIA CERTAE SPEI SIGNVM ET SOLATII A.D. XIV KAL. DECEMBRES MDCCCCLXXVI

Am Volleksmond ass d’Nei Puert och nach « am däischtere Bou » genannt ginn, wat och Sënn mécht, wéi een op der Foto gesäit.

Fotograf: Peter Brandebourg (?)

Datum: 1871.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

04 juillet 2020

Vue vum Intérieur aus der Kathedral wärend der Oktavzäit.D’Kathedral gouf vun de Jesuittepateren tëscht 1613 an 1621 als Kierch gebaut. D’Joer vun der Wei vun der Kierch, also 1621, ass och an enger Inscriptioun um Portal ze gesinn: « Sit Nomen Domini Benedictum 1621 ». Säit 1870 ass d’Kierch eng Kathedral, dat nodeem Lëtzebuerg en Bistum gouf. Ab 1934 ass d’Kathedral erweidert ginn andeems de Chouer an d’Querschëff mat dem sougenannte Marieportal un déi al Jesuittekierch ugebaut goufen. Den bis 1934 eenzegen Tuerm dréit d’Mauerankeren vun 1618, déi eis also den Alter vun dësem Tuerm verroden, deen also scho méi wéi 400 Joer steet.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

05 juillet 2020

Riets den Neiewee mat der Schlassbréck dem Bock an der fréierer Abtei Neimënster.

De Neiewee heescht offiziell « rue Sosthène Weis », benannt nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941).

D’Strooss déi de Gronn laanscht d’Fielsen an d’Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch mam Pafendall verbënnt ass 1679 ënner spuenescher Herrschaft las Verbingung tëscht dem Gronn, dem Pafendall a Clausen ugeluecht ginn. D’Strooss awer net ëmmer sou geheescht: eelsten Numm ass eben « Neie Wee » oder « rue Neuve ». Vun 1925-1946 huet se « Felsenstraße » resp. « rue des Rochers » geheescht an eréischt 1946, 5 Joer nom Doud vum Sosthène Weis krut se hiren haitegen Numm.

Déi haiteg Schlassbréck um Bock staamt aus dem Joer 1735, d.h. aus der Zäit wéi Lëtzebuerg vun den Éisträicher besat war. Et fënnt een op verschiddene Plazen och de falsche Baudatum vun 1753. Geséchert ass, dass 1733 e Projet fir den Neibau vun där Bréck virlouch, well d’Stänn (Stände, Etats) aus der Stad dogéint protestéiert hunn, vu dass si de Finanzement vun 9000 Gulden hu misse garantéieren. Dës nei Bréck aus Steen sollt déi al hëlze Schlassbréck ersetzen.

Am Wanter 1733/34 goufen 680 Ween mat Steng vu Berg (?) op d’Bauplaz bruecht. D’Leit déi mam Won gefuer sinn, kruten am Wanter 6 Gulden, am Summer 5 Gulden dofir.

1735 war de grousse Bou fäerdeg, déi kleng koumen 1736 uewendrop.

Eng technesch Kuriositéit ass d’Bréck an deem Sënn, dass een se op 5 verschidden Niveauen passéiere kann, eemol ganz normal iwwer d’Strooss, dräi Mol duerch d’Gäng duerch d’Béi an eemol ënnert der Strooss.

D’Bréck déi mir haut gesinn ass usech eng Replik vun der Originalbréck, nodeems déi 1993 ofgerappt an am Originalzoustand nei opgebaut gouf. 1933 war d’Bréck schonn eng Kéier restauréiert ginn, wéi se fir de Verkéier méi breed gemaach ginn ass.

D’Abtei Neimënster an déi haiteg Grënnesch Kierch hunn nawell eng laang Geschicht. 1308 gouf d’Kierch « Sankt Johann auf den Steynen » vum Henri VII. vu Lëtzebuerg gegrënnt an 1321 gouf se Parkierch.

Am Krich tëscht dem franséische Kinnek François I. an dem Keeser Karel V. gouf 1542 d’Benediktinerabtei Almënster, déi virun de Festungsmaueren am Clausenerbierg louch, zerstéiert an ofgerappt.

Nom Krich hunn d’Benediktiner beschloss hir Abtei am Stadgronn nei opzeriichten. Se krut den Numm Neimënster. Am Joer 1606 gouf d’Abteikierch nei gebaut a 1618 als Parkierch St. Jean benotzt. Bis zur Franséischer Revolutioun hunn d’Benediktiner sech ëm d’Kierch bekëmmert. Bei der Belagerung duerch d’Fransousen 1684 ass d’Kierch mat der Abtei ofgebrannt. Tëscht 1688 an 1705 gouf se nees no de Pläng vum Hubert Laloir vu Léck, engem Mataarbechter vum Vauban opgebaut. 1731 huet de Weibëschof Nalbach vun Tréier se ageweit. Wéi all déi aner Kléischter gouf och Neimënster 1796 an de Revolutiounszäiten sekulariséiert an enteegent.

Vun 1815 bis 1867 war d’Kierch e Lazarett vun den Truppe vum Däitsche Bond. Wéi déi bis fort ware goufen d’Gebaier vum Lëtzebuerger Staat iwwerholl an et war bis 1984 e Männerprisong. No grousse Restauréierungsaarbechte gouf de ganze Komplex vun der Abtei fir soziokultureller Zwecker amenagéiert an ass haut de Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, deen zanter 2013 ënner dem Numm Neimënster firméiert.

Den 23. Abrëll 1953 gouf d’Kierch als nationalt Monument klasséiert.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

06 juillet 2020

Postkaart vun der Neier Puert (oder Nei Paart, Nei Pourt) vu bausse gekuckt, am Joer 1868, kuerz ier se zerstéiert ginn ass.

D’Nei Puert, déi et säit 1871 nom Schleefe vun der Festung net méi gëtt, ass 1626-36 gebaut ginn an huet am Ufank den Numm « Sankt Marienpforte » gedroen. An der Puert war eng Niche mat enger klenger Statue vun der Hl. Maria, d’Patréinerin vun der Stad Lëtzebuerg. Dës Statue steet haut am Musée Dräi Eechelen. D’Nei Puert ass gebaut ginn, nodeems eng Rei aner Puerte vun der Stad zougemaach goufen, e.a. z.B am Joer 1644 d’Juddepuert an der haiteger Avenue Emile Reuter/Groussgaass fir d’Festung méi sécher ze maachen. Deemno huet de ganze Verkéier dee soss, z.B. vun der Escher-, der Lonkecher- oder der Arelerstrooss koum, laanscht d’Festungsmaueren bis bei d’Neipuert goen, fir dann doduerch an d’Stad eranzekommen.

Virun der Nei Puert gouf et och e Gruef an eng Bréck, d’Neipuertsbréck, déi 1737 vun den Éisträicher ofgerappt ginn ass.

Bannen iwwer der Puert war d’Krichsgeriicht ënnerbruecht.

Wéi den Louis XIV 1684, no der Eruewerung vun der Festung duerch d’Fransousen, an d’Stad amarschéiert ass, huet hien eng Trophee ameessele gelooss, déi 1795 vun de Revolutiounstruppen zerstéiert gouf an duerch eng schwaarz Marberplack ersat gouf, op där stoung: Rendue à la République française le 24 Prairial An III (12. Juni 1795).

D’Fassade vun der anerer Säit vun der Puert (d-h. zur Stadsäit zou), staamt aus dem 19. Joerhonnert. Si gouf 1809 ënnert dem Napoleon am Empire-Stil gebaut an huet e groussen « N » um ieweschten Deel gedroen, als Erënnerung un den Napoleon. Ausserdeem huet hie baussen uewen op d’Paart eng Adlerstatue placéiert.

Nom Wiener Kongress, wéi d’Festung Lëtzebuerg eng preisesch Bundesfestung ginn ass, ass den « N » duerch de Reichsadler ersat ginn, deen do houng bis d’Nei Puert 1871 ofgerappt ginn ass.

Un d’Puert erënneren haut just nach de Stroossennumm (rue resp. avenue de la Porte-Neuve) an eng Kopie vun der Mariestatue beim Forum royal. Ënnert der Statue kann ee folgenden Text liesen (Quell: Wikipedia):

PATRIAE DECVS ATQVE TVTELA LOCO NOVO LVCEAT SEMPER A.D. XIV KAL. DECEMBRES MDCCCLXXVI

Den Houfert an d’Patréinesch vun der Heemecht soll op dëser neier Plaz fir ëmmer liichten, 14. Dezember 1876.

Op der Nordsäit vun der stiliséierter Paart steet:REGIONE VRBIS HAC NOVATA CIVES ET B. MARIAE VIRGINIS EFFIGIEM VIGILEM IN PORTA NOVA PER SAECVLA ADHVC JAM TRIA NOVA IN SEDE VENERANDAM STATVERVNT

SIT INTRANTI ET EXEVNTI MARIA CERTAE SPEI SIGNVM ET SOLATII A.D. XIV KAL. DECEMBRES MDCCCCLXXVI

Am Volleksmond ass d’Nei Puert och nach « am däischtere Bou » genannt ginn, wat och Sënn mécht, wéi een op der Foto gesäit.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

07 juillet 2020

Flott Postkaart aus dem Péitrussdall mat der Bastion Beck riets an dem Tuerm vun der Kathedral uewen um Plateau.

D’Bastioun Beck, och nach Bastioun St. Jean genannt, huet hiren Numm vum Baron a Gouverneur vun der Festungsstad, dem Jean Beck. D’Bastioun ass 1644, ënner spuenescher Herrschaft, no de Pläng vum Festungsingenieur Isaac von Traybach gebaut ginn. Och virdrun gouf et op dëser Säit vun der Stad eng Befestegung, wéi verschidden Texter a Pläng beleeën. Ongeféier do, wou haut d’Strooss, d.h. de Boulevard Roosevelt leeft, gouf et eng mëttelalterlech Wiermauer mat e puer Tierm, dräi Stéck laut dem « Deventer-Plang » virun der nach net existéierender Bastioun Beck.

Ënnert dem Philippe III. vun der Bourgogne sinn dës Maueren verstäerkt bzw. erweidert ginn an de Virgänger vun der Bastioun Beck, de Cavalier (op Lëtzebuergesch och nach « Kaz » genannt) « Conte Mansfelt » gouf gebaut.

Ab ongeféier dem Joer 1644 huet dunn wéi schonn uewe gesot déi haiteg Bastioun Beck bestanen.

D’Bastioun Beck krut ënnert de Fransousen, d.h. ënnert dem Festungsingenieur Vauban nach e Facelift an an éisträichescher Period, tëscht 1746 a 1751, sinn d’Kasematten an de Fiels gegruewe ginn, déi een och haut nach zum Deel besiche kann. Opgrond vun den Decisiounen aus dem Londoner Vertrag vun 1867 sinn 1873 d’Brustwehren ofgerappt an duerch Glänner ersat ginn. D’Trapen fir vun der Bastioun erof an d’Péitruss ze kommen, koumen 1904 derbäi.

Fotograf & Editeur: P. C. Schoren.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

08 juillet 2020

Schéin Opnam vum Kautmaart a vum Palais Grand-Ducal an der Stad.

Den haitege Palais Grand-Ducal steet op der Plaz vum 3. Stater Gemengenhaus, dat den 11. Juni 1554 duerch d’Explosioun vun engem Polvermagaseng zerstéiert gi war, a war als Sëtz vum Gouverneur vu Lëtzebuerg geduecht. Eréischt 1572 hat d’Stad déi finanziell Moyenen nees zesummen, sech en neit Gemengenhaus ze bauen.

D’Gebai gouf am Renaissance-Stil ënnert der Responsabilitéit vum Stater Schäffen Adam Roberti, mat der Ënnerstëtzung vum Pierre-Ernest I de Mansfeld gebaut. Den Architekt ass net bekannt, et ass awer warscheinlech, dass et deen oder déi selwecht waren, déi och dem Mansfeld säi Schlass a Clausen gebaut hunn. Den eelsten Deel vum Palais ass also deen tëscht deenen 2 Tiermercher.

1683 gouf de Palais ënner dem Louis XIV. senger Besetzung ëmgebaut, nodeems en wärend den Attacken uerg zerstéiert gi war. 1741-1743 ass riets vum eelsten Deel en Ubau am Barockstil, « Wo » genannt, bäigesat ginn, dee mir an der Mëtt vun der Postkaart gesinn. Dëse gouf 1891 ëmgebaut. 1858-1859 gouf nach méi riets deen Deel ugebaut, an deem haut d’Chamber ass.

Tëscht 1795 an 1814 wärend der franséischer Zäit war hei d’Préfecture vum Département des Forêts. Vun 1815 un war d’Gebai eng Zort administrativen Allzweckbau: Et war de Sëtz vun der Regierungskommissioun, an duerno, bis 1867, vun der Regierung. Vun 1848-1858 un hat och d’Parlament (dat 1857 an eng Assemblée des Etats ëmgeännert gouf) do säi Sëtz, bis et dann a säin eegent Gebai niewendru geplënnert ass. 1857 ass och nach de Staatsrot, deen duerch d’Lëtzebuerger Konstitutioun vun 1856 agefouert gi war, op den 2. Stack erageplënnert. Um selwechten 2. Stack war och nach eng archeologesch Sammlung ënnerbruecht. An de Kinnek-Groussherzog Wëllem II., huet 1841, 1844 an 1845 do gewunnt; säin Nofollger, de Wëllem III., just heiansdo, mä säi Statthalter, de Prënz Henri, nees méi reegelméisseg.

1867 sinn, als Resultat vum Londoner Traité, d’preisesch Truppen ofgezu ginn, an d’Regierung konnt sech am Refuge Sankt Maximin ariichten, do, wou bis viru kuerzem den Ausseministère war. De Staatsrot, d’archeologesch Sammlung, de Service agricole an d’Erzéiungskommissioun, déi sech och den 2. Stack hu missen deelen, sinn awer eréischt definitiv 1890 erausgeplënnert, wéi den Adolphe vun Nassau-Weilburg Groussherzog vu Lëtzebuerg gouf. Dofir gouf d’Gebai vun 1891 bis 1894 grëndlech ëm- an ausgebaut. An deem Kader koum och den Tuerm am Neorenaissance-Stil op der rietser Säit vum Palais derbäi.No 1964 an am Ufank vun den 1990er Jore gouf de Palais renovéiert an ass am Summer reegelméisseg op fir Visitten.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Grand Bazar Champagne, Luxembourg-Gare.

Datum: 1911.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

09 juillet 2020

Koloréiert Postkaart vun der Neier Bréck, kuerz nodeem se fir de Public opgaangen ass.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Grand Bazar Champagne, Luxembourg-gare.

Datum: 1903.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

10 juillet 2020

Vue op de Clausener Viaduc, de Plateau Almënster an de Pafendaller Viaduc.

De Clausener Viaduc gouf 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf an am Optrag vum Adolphe Favier, deen d’Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut. D’Bréck huet eng Längt vun 208 Meter, ass 44 Meter héich, 15 Meter breet an dee gréisste vun den 9 Béi iwwerspaant 15 Meter.

Interessant ass den Tuerm um Almënster Plateau aus dem 14. Jorhonnert, deen zur Befestegung an der 3. Réngmauer gehéiert huet, déi am Optrag vum Wenzel II. gebaut gouf. Wat wuel déi Art Rutschban oder Réier waren, déi den Tuerm ëmspanen? War et fir d’Uliwwerung vu Material fir d’Mouselsbrauerei?De Pafendaller Viaduc gouf och vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf an ab 1659 am Optrag vum Adolphe Favier gebaut. D’Bréck huet eng Längt vun 260m, 13 Béi an ass ca. 32m héich.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

11 juillet 2020

Interessant Vue iwwer de Pafendall, ier d’Festung ab dem Joer 1867 geschleeft gouf.

Ënnen am Pafendall erkennt ee vu lénks no riets d’Sichepaart, de « Béinchen », de Quartier mam selwechte Numm an d’Eecher Puert.

No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Sichepaart an déi aner Säit d’Eecherpaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, dem Béinchen, verbonne waren. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Paart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen. D’Nimm vun der selweschter Paart variiéieren, bezéien sech awer ëmmer op dat selwescht: Siecherludeporte (1444), Sicherporte (1472), Paffendaler Porten (1479), Sichenleuth Pfordt (1659), Porte des lépreux (1717), Porte des Bons Malades.

Riets hannert der Puert stoung fréier och eng Rëtsch Haiser, déi alleguer ofgerappt goufen, fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen, ma och op der lénker Säit goufen Haiser, déi an engem schlechten Zoustand waren, aus « hygienesche » Grënn ofgerappt.

Dominant ass aalt Vaubans-Lazarett, wat no sengem eigentlechen Zweck mol als Fabrik, mol als Wunnraum, mol als Musée funktionéiert huet, bis et 1955 ofgerappt gouf.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

12 juillet 2020

Koloréiert Postkaart vun dem Béinchen, der Sichepuert an der Sichegaass am Pafendall.

Ënnen am Pafendall erkennt een hanne vu lénks no riets de « Féngerlek » (de Kamäin vun der Pompelstatioun, déi d’Drénkwaasser vun der Quell am Pafendall an Uewerstad gepompelt huet), de « Béinchen » an de Quartier mam selwechte Numm, d’Sichepaart an d’Kierch St. Mathieu.

No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Sichepaart an déi aner Säit d’Eecherpaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, dem Béinchen, verbonne waren. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Paart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen. D’Nimm vun der selweschter Paart variiéieren, bezéien sech awer ëmmer op dat selwescht: Siecherludeporte (1444), Sicherporte (1472), Paffendaler Porten (1479), Sichenleuth Pfordt (1659), Porte des lépreux (1717), Porte des Bons Malades.

Riets nieft der Puert stoung fréier och eng Rëtsch Haiser, déi alleguer ofgerappt goufen, fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen, ma och op der lénker Säit ware schonn Haiser, déi an engem schlechten Zoustand waren, aus « hygienesche » Grënn ofgerappt ginn.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Grand Bazar Champagne, Luxembourg-Gare.

Datum: 1910.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

13 juillet 2020

Schéin animéiert Vue op de Neiewee mat e puer Haiser vun der Corniche, e.a. der Kapell vum fréiere Klouschter a spéideren Hôpital St. François.

E puer Wuert zum Klouschter:

Dat fréiert Klouschter, wat am Volleksmond och nach « Am Kräizgank » genannt gëtt, war bis zur franséischer Revolutioun en Dominikanerklouschter. D’Gebai selwer staamt ongeféier aus dem Joer 1630 a läit op nach méi ale Fundamenter.

D’Dominikanerpateren, hui bis dohin an engem Klouschter um lieu-dit « Knuedlerloch » gelieft, ongeféier do wou haut d’Staatsbeamtekantin resp. déi al Ste. Sophie ass. Si hunn et awer mat der Konkurrenz vun de Jesuitten ze di kritt, déi an direkter Noperschaft och e Klouschter am Beräich vun der haiteger Kathedral an dem ale Kolléisch opgeriicht haten.

Bis kuerz virun 1630 hunn d’Dominikaner dunn tëscht der haiteger Corniche, dem Breedewee an dem Fëschmaart Haiser (vun de Schwësteren aus dem Mariendall, vun de Markgrafen vu Baden an der Wittfra Wiltheim-Busbach) an Terrainen krut, wou si dunn hiert Klouschter opgeriicht hunn. Hei louch am Mëttelalter och déi éischt Maarthal mat Stänn fir d’Händler aus der Uertschaft. Deeler vun dëser Hal resp. enger Strooss, « Niederstegaass » genannt, déi vun der Corniche eriwwer an de Breedewee gefouert huet, waren nach an de Kelleren vun der Klinik ze gesinn.

Ab 1630 gouf d’Klouschter also direkt un d’Méchelskierch gebaut, dee Moment awer just de Fligel zum Fëschmaart an en Ostfligel, jeeweils ëmmer mat zwee Stäck. 1636 koum de Sdfligel dobäi an 1679 den Westfligel. De Baudatum an d’Erweiderungsdaten sinn duerch Mauerankeren an der Fassaden bannen am Haff nach haut ze erkennen.

Duerch den Ugrëff vum Louis XIV senger Arméi an d’Belagerung an de Joren 1683/84 war d’Klouschter an och d’Méchelskierch, staark zerstéiert ginn an d’Dominikaner hunn iwwerluecht de Fëschmaart ze verloossen, well si keng Mëttele méi haten, fir alles nees opzebauen. Während sengem Besuch zu Lëtzebuerg huet de franséische Kinnek de Pateren dunn 4000 Pond vu sengem Privatverméige ginn, fir d’Kierch an d’Klouschter nees opzebauen, wat erkläert, firwat iwwer der Entrée vun der Kierch de Wopen vum Kinnek mat den « Fleurs de lys » hänkt.

Während der Revolutioun hunn d’Pateren d’Klouschter misse verloossen an et ass den 31.3.1798 als Bien national fir 10000 Pond versteet ginn.

Ëm 1860 war d’Wittfra vum Affekot Bernard Pondrom Besëtzerin vun de Gebailechkeeten. D’Madame Pondrom, déi schwéier krank war ass um Enn vun hirem Liewen vun Franziskanerinne gefleegt ginn an sou koum et, dass d’Haus 1860 nom Doud vun der Madame Pondrom un d’Franziskanerinne ënnert der Oberin, der Schwëster Franziska (gebueren Elisabeth Dufaing) verkaaft ginn ass.

1861 sinn déi éischt Schwësteren mat enger Grupp Weesekanner erageplënnert. 1866 hunn d’Schwësteren dunn eng Aeklinik an de Gebailechkeeten ageriicht, wouraus 1871 eng allgemeng Klinik entstanen ass.

Géint 1895 ass d’Gebai renovéiert ginn an et goufen 2 Stäck op déi al Maueren vun 1630 gesat an 1896 ass hei déi éischt modern Klinik um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg opgaangen. Duerch dësen Ëmbau huet den Tuerm vun der Méchelskierch awer leider e bëssen vu sengem impressionnanten Androck verluer.

Spéiderhinn ass aus der Klnik en Altersheim ginn, dat bis 2011 als Maison François a Betrib war, wéi déi lescht Schwësteren erausgeplënnert sinn. Et gouf un e Konsortium vun Investisseure verkaaft an d’Gebailechkeeten ginn zu Luxusappartementer ëmgebaut. Vu dass d’Gebai awer ënner Denkmalschutz steet, sinn vill Maueren net ugeréiert ginn an och d’Façade vun deem historesche Gebai ass erhale bliwwen. Bei Analysen hunn Archeologen esou guer festgestallt, dass am Daachstull nach hëlzen Dunnen vun deem éischte Bau erhale bliwwen sinn.

Den Neiewee heescht offiziell « rue Sosthène Weis », benannt nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941).

D’Strooss déi de Gronn laanscht d’Fielsen an d’Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch mam Pafendall verbënnt, huet awer net ëmmer sou geheescht: eelsten Numm ass eben « Neie Wee » oder « rue Neuve ». Vun 1925-1946 huet se « Felsenstraße » resp. « rue des Rochers » geheescht an eréischt 1946, 5 Joer nom Doud vum Sosthène Weis krut se hiren haitegen Numm.Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

14 juillet 2020

Flott Vue op d’Rumm, de Biisser Viaduc an de Biisser Wee am Gronn.

D’Biisserbréck, och nach Viaduc de Pulvermühl genannt, ass en Eisebunnsviaduc iwwer den Uelzechtdall um nërdlechen Enn vun der Stater Gare.

Iwwer déi 242 Meter laang Konstruktioun lafe parallel d’Nordstreck an d’Waasserbëlleger Streck, déi ab 1862 a Betriib war.

D’Bréck ass 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf ginn, a se gouf am Optrag vum Adolphe Favier, deen d’Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut. D’Waring Brothers hunn kuerz duerno och d’Passerelle an aner Eisebunnsbrécke rondrëm d‘Stad gebaut.

Am Mäerz 2013 gouf matgedeelt, datt bei Vergréisserungsaarbechten d’Bréck véiergleiseg soll gemaach ginn, wouduerch eng nei Bréck nieft déi bestoend gebaut gëtt.

Den Numm Biisser Bréck krut se, well se iwwer de Biisserwee tëscht dem Stadgronn an der Polvermillen féiert, respektiv vun der fréierer Biissermillen, déi spéider och nach Hasteschmille genannt gouf. Den Numm « Biisser » kéint eventuell vum franséische Begrëff « biez » fir Millekanal hierstamen. Scho 1297 gëtt eng Biscergassa ernimmt. Den Numm huet also näischt mat der Uertschaft Biissen ze dinn.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Th. Wirol.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

15 juillet 2020

Vue op d’Dräi Tierm (Pafendaller Puert) mat engem Panorama vum Pafendall, Clausen an Cents. E.a. erkennt een an der Mëtt dat alt Schluechthaus oder hanner dem Viaduc d’Kierch St. Cunégonde.

Den Dräi Tierm hir Fundamenter sti wahrscheinlech op deem ale Réimerwee, dee vum Fëschmaart erof an de Pafendall gaangen ass.

Si sëtzen sech zesummen aus 2 ronnen Tierm an engem véiereckegen Tuerm. De véiereckegen ass deen eelste vun deenen 3 an gouf géint 1050 als Deel vun der zweeter Stadmauer gebaut. Déi ronn Tierm sinn aus dem 13. Joerhonnert.

D’Dräi Tierm hunn déi wichteg Puert vun der Uewerstad an d’Ënnerstad markéiert a leien op deem ganz ale réimesche Kiem, deen iwwerhaapt dozou gefouert huet, dass de Kär vun der Stad zu engem Verkéiersknuet ginn ass. Vum Fëschmaart erof sinn d’Händler fréier erof an de Pafendall gefuer, fir do, wahrscheinlech duerch eng Fuert op déi aner Säit vun der Uelzecht ze kommen, an da weider Richtung Tréier ze fueren.

Wësst dir eigentlech firwat Giischtercher aus dem Schraasseger Prisong op hirer Uniform d’Wopen mat den 3 Tierm droen?Majo well d’Dräi Tierm bis ca. 1810 als Prisong funktionéiert hunn. Anscheinend gouf och d’Guillotine vun der Stad Lëtzebuerg, déi haut am Musée Dräi Eechelen ausgestallt ass, do stockéiert.

No der Schleefen vun der Festung huet de Kapitän Weydert vun der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie an den Tierm gewunnt.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

16 juillet 2020

Vue op den haitegen Square Jan Palach an der Stad op d’Monument vun den Nationaldichter Dicks & Lentz. D’Monument, wat un déi zwee national Dichter Edmond de la Fontaine (Dicks) a Michel Lentz erënnert, gouf 1903 no de Pläng vum Architekt Georges Traus mat de Skulpturen vum Pierre Federspiel opgeriicht. Den 11. Oktober 1903 gouf dëst Monument ageweit.

Vläicht hutt dir et scho bemierkt, deemools stoung d’Monument an enger klenger Plantatioun a gouf vun enger Clôture geschützt, net wéi haut. Säit 1985 stoung et nämlech an der Mëtt vun engem klenge Buer. Viru kuerzem ass deen awer ewechgeholl ginn an d’Monument gouf nees a säin ursprénglechen Zoustand gesat.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Grand Bazar Champagne.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

17 juillet 2020

Schéi Vue op de Bock an d’Uewerstad.

Fotograf & Editeur: P.C. Schoren.Datum: 1908.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

18 juillet 2020

Ganz interessant Opnam (en Extrait vun enger Stéréoscopie) vu Clausen, mam Chantier vun der Kierch vu Clausen, wat eis erlaabt d’Foto op 1865 ze datéieren.

Leider ass d’Foto net ganz schaarf, mä am Hannergrond erkennt een och nach d’Festung um Bock, déi nach intakt ass, iert se geschleeft gouf.

D’Patréinesch vun der Kierch ass d’helleg Kunigunde, där hiert Fest den 13. Juli gefeiert gëtt. D’Kunigunde vu Lëtzebuerg (och Helleg Kunigunde war d’Duechter vum Grof Siegfried I. vu Lëtzebuerg a Fra vum däitsche Keeser Heinrich II.

Lëtzebuerg-Clausen gouf eréischt 1865 zu enger selbstänneger Par wéi Clausen vun der Par Lëtzebuerg-St. Michel ofgetrennt gouf. Am selwechte Joer gouf och d’Kierch gebaut a vum Bëschof Nicolas Adames konsekréiert.

1875 gouf déi éischt Uergel vun der Uergelmanufaktur Breidenfeld vun Tréier ugeschaaft, 1930 gouf se vun der Uergelmanufaktur Georg Haupt ëmgebaut a moderniséiert.

1958 gouf d’Kierch komplett restauréiert, awer schonn 1964 war se duerch e Feier nees staark beschiedegt ginn. Fir d’Honnertjoerfeier den 10. Oktober 1965 war se awer nees an d’Rei gesat.

Fotograf: Onbekannt.

Datum: ca. 1865.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

19 juillet 2020

Vue op Rumm-Befestegungen an eng vun de Kasären um Plateau.

Lénks steet d’Dënselpuert, d.h. déi al Tréiererpuert, déi eréischt no 1867 nees opgemaach ginn ass. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, also aus Richtung Tréier, dofir och „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..Déi vill méi al sougenannten Krudelspuert, déi méi déif am Dall un der Uelzecht louch, an de Gronn mat Clause verbonnen huet ass zu deem Zäitpunkt zougemaach ginn. Säit d’Abtei Neimënster gebaut gouf, war des Puert souwisou wahrscheinlech net méi a Betrib. Hier Iwwerreschter gesäit een haut nach duerch eng Fënster am Tuutesall wann ee Richtung Stierche geet. Op der Foto ass si awer natierlech net ze gesinn.

Haut steet e puer Meter ënnert der mëttelalterlecher Tour Jacob déi mat Stol rekonstruéiert « nei Tréiererpaart », déi also chronologesch déi lescht Paart ass, fir vun Osten hier an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen. Si gouf no 1867 leider ofgerappt.

Gebaut gouf si ëm 1590 an déi « mëttelal » Tréiererpaart gouf ganz zougemauert, genau sou wéi d’Tréiererstrooss e puer Meter no ënnen a laanscht d’Festungsmauer geluecht gouf. 1590 hunn se beim Bau vun där « neier » Puert och e réimesche Mënzschatz fonnt, deen awer leider verluer gaangen ass. E beweist awer, dass och schonn zu Réimerzäiten eng Siidlung dës Säit vun der Uelzecht, evt. op der Rumm bestanen huet.

D’Leit déi an d’Stad era wollten hunn all op dëse Plazen ëmmer missen eng Taxe bezuelen.

Fir den Iwwerbléck also:

- Eng éischt Paart louch ënnen am Dall, d.h. déi aktuell rue Münster huet dohi gefouert.

- Duerno gouf am Mëttelalter d’Tour Jacob als 2. Tréierer Paart gebaut- schlussendlech ëm 1590 déi jéngsten Tréierer Paart déi mir ënnert dem Jakobstur gesinn an déi 1867 ofgerappt an an den 1990er Joren aus Stol nees opgebaut gouf.

Am Hannergrond gesäit een och déi bal 12 Meter héij Tierm, déi en Deel vun der Rumm-Befestegung sinn an déi am Mëttelalter um Enn vum 14, Joerhonnert, ongeféier tëscht 1380 an 1395 op Uerder vum béimesche Kinnek Wenzel II. gebaut goufen.

Uewe riets erkennt een déi lescht Kasär, déi op der Rumm gebaut gouf. Ënner preisescher Besatzung gouf de Bau vun neie Kasäre virugedriwwen. An de Joren 1863-1866 gouf um Plateau eng 5. Kasär, direkt hanner der mëttelalterlecher Mauer gebaut, déi sou genannte „Preisesch Kasär“, e massive bommeséchere Bau, no den deemools neisten Technike vum Festungsbau gebaut: den Daach konnt am Krichsfall bannent kierzter Zäit ofgedroe ginn an duerch eng déck Couche Buedem ersat ginn, déi d’Gebai viru Bombardement schütze sollt. D’Rumm war zu deem Zäitpunkt d’Heemecht fir Artillerietruppen, déi natierlech och mat der Stadbevëlkerung Kontakt haten, deen net ëmmer onproblematesch war - vun dohier kënnt och d’lëtzebuergescht Lidd « Et wor emol e Kanonéier ».

Fotograf: Onbekannt; Editeur: O. Schleich Nachf.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

20 juillet 2020

Panorama mat der Dënselpuert, dem Gronn an der Uewerstad.

Lénks steet d’Dënselpuert, d.h. déi al Tréiererpuert, déi eréischt no 1867 nees opgemaach ginn ass. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, also aus Richtung Tréier, dofir och „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..

Déi vill méi al sougenannten Krudelspuert, déi méi déif am Dall un der Uelzecht louch, an de Gronn mat Clause verbonnen huet ass zu deem Zäitpunkt zougemaach ginn. Säit d’Abtei Neimënster gebaut gouf, war des Puert souwisou wahrscheinlech net méi a Betrib. Hier Iwwerreschter gesäit een haut nach duerch eng Fënster am Tuutesall wann ee Richtung Stierche geet. Op der Foto ass si awer natierlech net ze gesinn.

Haut steet e puer Meter ënnert der mëttelalterlecher Tour Jacob déi mat Stol rekonstruéiert « nei Tréiererpaart », déi also chronologesch déi lescht Paart ass, fir vun Osten hier an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen. Si gouf no 1867 leider ofgerappt.

Gebaut gouf si ëm 1590 an déi « mëttelal » Tréiererpaart gouf ganz zougemauert, genau sou wéi d’Tréiererstrooss e puer Meter no ënnen a laanscht d’Festungsmauer geluecht gouf. 1590 hunn se beim Bau vun där « neier » Puert och e réimesche Mënzschatz fonnt, deen awer leider verluer gaangen ass. E beweist awer, dass och schonn zu Réimerzäiten eng Siidlung dës Säit vun der Uelzecht, evt. op der Rumm bestanen huet.

D’Leit déi an d’Stad era wollten hunn all op dëse Plazen ëmmer missen eng Taxe bezuelen.

Fir den Iwwerbléck also:

- Eng éischt Paart louch ënnen am Dall, d.h. déi aktuell rue Münster huet dohi gefouert.

- Duerno gouf am Mëttelalter d’Tour Jacob als 2. Tréierer Paart gebaut

- schlussendlech ëm 1590 déi jéngsten Tréierer Paart déi mir ënnert dem Jakobstur gesinn an déi 1867 ofgerappt an an den 1990er Joren aus Stol nees opgebaut gouf.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

21 juillet 2020

Vue op déi sougenannten Hellepuert, déi iewescht Puert am Breedewee.

Op dëser Plaz war schonn am fréie Mëttelalter, am 10. Joerhonnert eng Puert an der 1. Réngmauer vun der Stad. Den haitege Bou stamt awer aus dem 16. Joerhonnert, wat een um Renaissancestil erkenne kann. Den Numm Hell kënnt eventuell vun enger Maarthal, déi fréier hei an der Géigend stoung. Vum Fëschmaart aus fort, gouf den éischten Deel vum Breedewee, grad ewéi en Haus an deem Deel, fréier och alt emol Hell oder Häll genannt. An Dokumenter aus de Joren 1323 an 1356 geet Rieds vun engem Gaart juxta hallam iwwerdeems d’Haus an engem Akt als Helle genannt gouf. Dat Haus war eng Wueren- oder Maarthal vun der Stad a gouf einfach Hal genannt. Aus Hal (däitsch « Halle ») gouf dunn Häll oder Hell (Däitsch: Hölle). Eng Famill déi am 13. Joerhonnert an deem Haus gewunnt huet, krut den Numm de Inferno („aus der Häll“).

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

22 juillet 2020

Flott Vue op de Knuedler an der Stad mam Monument vum Wëllem II wärend engem Maartdag.

De Knuedler: Offiziell heescht d’Plaz jo « Place Guillaume II », benannt nom Wëllem II. vun Holland, Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1840-1849. D’Monument vum Wëllem II. gouf 1884 opgeriicht. Haut steet och eng exakt Kopie vun der Statue zu Den Haag am Buitenhof, well eng aner Statue vum Wëllem II. net gefall huet an déi dunn 1924 op Tilburg gestallt ginn ass.

Den Numm Knuedler krut d’Plaz duerch d’Franziskanermönchen, déi am Mëttelalter bis zur Zäit vum Napoleon e Klouschter op der Plaz haten. Den Numm Knuedler soll vun de Kniet un der Kordel vun de Pateren hier kommen.

Um Knuedler stoungen méi Gebaier wéi haut, wéi een och un de Fundamenter an de rezenten Ausgruewunge op der Plaz konnt gesinn. Ënnert anerem huet een och e Kierfecht fräigeluecht.

1554 koum et duerch e Blëtzschlag an d’Knuedlerkierch, wou ënnert dem Dag d’Schéisspolver vun de Kanounen vun der Festung gelagert gouf, zu enger riseger Explosioun an engem grousse Feier, wat d’Stadbild zolitt verännert huet. Vill Haiser sinn dem Brand zum Opfer gefall, well se mat Stréi oder hëlzen Schëndelen gedeckt waren. Nom Feier goufen verschidde Stroossen méi breed gemaach (z.B. Groussgaass), d’Haiser mat Schifer gedeckt an ganz nei Stroossenzich ugeluecht (z.B. Louvignysgaass, Philippsgaass etc.)

D’Plaz ass natierlech och bekannt duerch d’Ofhale vu Wochemäert, den Oktavmäertchen, verschidde Festivallen, Public Viewings, Chrëschtmäert, seng Äispist am Wanter, Baler etc. Eng Plaz also, wou seelen näischt lass ass.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

23 juillet 2020

Vue op den haitegen Square Jan Palach an der Stad op d’Monument vun de Nationaldichter Dicks & Lentz. D’Monument, wat un déi zwee national Dichter Edmond de la Fontaine (Dicks) a Michel Lentz erënnert, gouf 1903 no de Pläng vum Architekt Georges Traus mat de Skulpturen vum Pierre Federspiel opgeriicht. Den 11. Oktober 1903 gouf dëst Monument ageweit.

Vläicht hutt dir et scho bemierkt, deemools stoung d’Monument an enger klenger Plantatioun a gouf vun enger Clôture geschützt, net wéi haut. Säit 1985 stoung et nämlech an der Mëtt vun engem klenge Buer. Viru kuerzem ass deen awer ewechgeholl ginn an d’Monument gouf nees a säin ursprénglechen Zoustand gesat.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Grand Bazar Champagne.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

24 juillet 2020

Postkaart vum Intérieur vun der Kathedral mat dem groussen Altoer wärend der Oktav.

D’Kathedral gouf vun de Jesuittepateren tëscht 1613 an 1621 als Kierch gebaut. D’Joer vun der Wei vun der Kierch, also 1621, ass och an enger Inscriptioun um Portal ze gesinn: « Sit Nomen Domini Benedictum 1621 ». Säit 1870 ass d’Kierch eng Kathedral, dat nodeem Lëtzebuerg en Bistum gouf. Ab 1934 ass d’Kathedral erweidert ginn andeems de Chouer an d’Querschëff mat dem sougenannte Marieportal un déi al Jesuittekierch ugebaut goufen. Den bis 1934 eenzegen Tuerm dréit d’Mauerankeren vun 1618, déi eis also den Alter vun dësem Tuerm verroden, deen also scho méi wéi 400 Joer steet.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

25 juillet 2020

Eng weider Opnam vun der Neier Bréck, kuerz no hirer Fäerdegstellung.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Grand Bazar Champagne, Luxembourg-gare.Datum: 1903.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

26 juillet 2020

Vue op d’Kathedral Notre Dame, de Péitrussdall an d’Bastion Louis.

D’Kathedral gouf vun de Jesuittepateren tëscht 1613 an 1621 als Kierch gebaut. D’Joer vun der Wei vun der Kierch, also 1621, ass och an enger Inscriptioun um Portal ze gesinn: « Sit Nomen Domini Benedictum 1621 ». Säit 1870 ass d’Kierch eng Kathedral, dat nodeem Lëtzebuerg en Bistum gouf. Ab 1934 ass d’Kathedral erweidert ginn andeems de Chouer an d’Querschëff mat dem sougenannte Marieportal un déi al Jesuittekierch ugebaut goufen. Den bis 1934 eenzegen Tuerm dréit d’Mauerankeren vun 1618, déi eis also den Alter vun dësem Tuerm verroden, deen also scho méi wéi 400 Joer steet.

D’Bastioun Louis ass 1644 vun de Spuenier gebaut a 1685 vun de Fransousen ënnert dem Vauban ausgebaut ginn. 1868 ass nom Londoner Vertrag e gudden Deel vun den ieweschte Befestegungen ofgerappt ginn.

Hiren Numm krut d’Bastioun vum franséische Kinnék Louis XIV., si war awer och ënner dem Numm Cavalier del Prevosto a Bastion Piémont bekannt. Nom Schleefe vun der Festung goufen d’Brustwehren (Parapet) ofgerappt an op der Plattform goufen 1869 Bauplazen amenagéiert, déi éischt Haiser stinn ab 1872, e.a. dat haitegt Terres Rouges Gebai oder d’Residenz vum briteschen Ambassadeur.

Fotograf & Editeur: P. C. Schoren.Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

27 juillet 2020

Flott Vue op d’Dräi Eechelen.

Wéinst den 3 doréierten Eechelen op den Tierm gëtt de Fort um Plateau Kierchbierg deementspriechend genannt. D‘Dräi Eechelen ware just en Deel vum impressionnante Festungskomplex „Obergrünewald“ mat deem een d’Staat géint en Ugrëff vun der ëstlecher Säit aus beschütze wollt.

De Fort ass 1732/33 vum éisträicheschen Ingenieur Simon de Beauffe op der Plaz vum Vauban senger Redoute « Hauteur du Parc » aus dem Joer 1688 erbaut ginn. Benannt ass de Fort nom éisträichesche Festungskommandant Adam Sigmund von Thüngen.

De Fort Thüngen ass als Verstäerkung vum 3. Festungsréng vun der Stad Lëtzebuerg gebaut ginn.

1836 gouf de Fort vun de Preisen erweidert a krut och seng dräi ronn Tierm mat den Dräi Eechelen.

Ënnert dem ganze Fort ginn et eng ganz Rei vu Minnen, déi am Eeschtfall hätte kéinte genotzt ginn, fir de Fort ze sprengen.

Nach 1860 gouf de Fort verstäerkt, vu dass en nach net wousst, wat e puer Joer drop sollt geschéien. Wéi nom Londoner Vertrag vun 1867 d’Festung huet misse geschleeft ginn, gouf och de Fort Thüngen an e puer Phasen vun 1870-1875 ofgerappt. Just d’Agangstierm, déi mir haut nach gesinn, sinn erhale bliwwen, d’Grondmaueren goufe mat Buedem bedeckt. D‘Eechele vun den 3 Tierm goufen um Enn vun den Ofrappaarbechten doréiert. D’Kasematten vum Fort Thüngen sinn haut zum Deel nees mat engem Guide zougänglech oder am Musée integréiert. Fréier hu sech d’Kanner aus dem Pafendall gären doran amuséiert: anscheinend koum een duerch verschidde Gäng aus dem Dällchen bis erop op de Plateau.

Haut fanne mir hei de Festungsmusée Musée Dräi Eechelen. Och de Mudam ass op de Fundamenter vum Fort ënnerbruecht an e gudden Deel gouf nees opgebaut. E ganz laangen Otem hunn dobäi d’Frënn vun der Festung gebraucht, bis et endgülteg, no villen administrativen Hürden, politeschen Fauxpasen a Fehlplanungen, all d’Bauaarbechten ofgeschloss waren.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

28 juillet 2020

Multivue mat enger Foto vun der Muttergottesstatue aus der Kathedral, der Tréierer Puert an engem schéine Panorama.

D’Geschicht vun der Veréierung vun der Hl. Maria zu Lëtzebuerg ass mat der Grënnung vum Jesuitekolléisch an der Stad verbonnen, deen 1603 gegrënnt gouf. Anerersäits muss een awer och den historesche Kontext kennen, an deem d’Marieveréierung zu Lëtzebuerg sech entwéckelt huet. Dat politescht, gesellschaftlecht a reliéist Ëmfeld beim Ufank vun der Muttergottesoktav waren engersäits den Drëssegjärege Krich (1618-1648) an d’Peschtjoren (1626-1636): zwéin Drëttel vun der Bevëlkerung stierwen un der Pescht. Krich an Hongersnout bestëmmen déi Krisenzäit.

Anerersäits hat déi jesuitesch Missioun e kloert Zil: duerch eng attraktiv Volleksfrëmmegkeet soll am Geescht vun der Géigereformatioun vum Konzil vun Trient (1545-1563) de kathoulesche Glawe gestäerkt ginn, fir ze verhënneren, datt de Protestantismus sech verbreet.

D’Jesuiten huelen déi Missioun also ganz eescht. Vun 1613-1621 ass och eng Kierch fir de Jesuitekolléisch gebaut ginn, déi haiteg Kathedral.

Den 8. Dezember 1624 droen Studenten aus dem Jesuitekolléisch eng aus Lannenholz geschnëtzten, 73 cm héich Muttergottesstatu virun d’Stadmaueren op d’Glacisfeld. De Pater Jacques Brocquart ass den Initiator vun dësem Pilgerwee a gëtt der Figur den Titel Consolatrix Afflictorum, Tréischterin am Leed.

Vun 1625-1628 gëtt op där Plaz um Glacis-Feld eng Pilgerkapell (Neipuertskapell genannt) gebaut, déi 1640 vergréissert an 1642 nei ageweit gouf. Dës Kapell stoung um Eck vum Nikloskierfecht, op der Kräizung vun der Avenue de la Faïencerie mat der Allée des Résistants et des Déportés. An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun gouf de Mobiliar versteet a 1796 gouf d’Kapell ofgerappt. Ufank Abrëll 2016 goufe vum Abbé Georges Hellinghausen bei Stroossenaarbechten um Trajet vum zukünftegen Tram d’Iwwerreschter vun der Kapell fonnt. D’Aarbechte goufe gestoppt fir déi Iwwerreschter z’erfuerschen an ze dokumentéieren. Am Laf vun den Aarbechte goufen op 1,5 m Déift laanscht der Kierfechtsmauer och stierflech Iwwerreschter vu Mënsche fonnt.

De Pater Brocquart hat gehofft d’Neipuertskapell schonn am Joer 1625 fäerdeg gebaut ze hunn, du krut hien awer d’Pescht. A senger Nout an op sengem Stierfbett huet de fromme Pater sech mat ganzem Vertrauen un d’Maria als Tréischterin am Leed geriicht. Op Urode vu sengem Beichtvater huet hien e reliéist Verspriechen (Gelübde) ofgeluecht: Wann hie sollt gesond ginn, da géif hie buerféiss a mat nach méi Äifer bei d’Neipuertskapell pilgeren an der Muttergottes eng Käerz vun zwee Pond schenken. Hie gouf 1626 gesond an huet säi Versprieche gehalen. De Pater Brocquart huet zu Antwerpen Biller vun der Tréischterin op Pabeier drécke gelooss, zu Nanzeg Medaile wéi och Statuen aus Holz, Steen, Sëlwer oder Gold an Optrag ginn. Hien hat domat sou vill Succès, datt d’Bild vun der Tréischterin a villen Dierfer a Stied veréiert ginn ass an d’Leit bei d’Satu gepilgert sinn.

1632 gouf et scho während 8 Deeg eng Pilgerwoch déi an der Kapell um Glacis ofgehale gouf, hei fanne mir also den Ursprong vun der Octave, déi 8 Deeg gedauert huet.

1639 gouf déi éischt Octave an der Jesuitekierch ofgehalen, well et mat der Plaz an der klenger Kapell um Glacis net méi duergaangen ass. Während 8 Deeg stoung d’Mariestatu also an der haiteger Kathedral an ass an der feierlecher Schlussprëssessioun nees zeréck op de Glacis bruecht ginn.

D’Veréierung vun der Muttergottes war esou grouss, dass d’Bild vun der Lëtzebuerger Tréischterin duerch spuenesch Zaldote scho 1642 op Kevelaer an Däitschland koum.

Si gëtt 1666 zur Patréinesch vun der Stad Lëtzebuerg gewielt. 1678 gëtt si Patréinesch vum ganzen Herzogtum Lëtzebuerg. Zanterhier gëtt et eng Prëssessioun, d’Octave zu hiren Eieren ofgehalen. 1679 gouf decidéiert d’Muttergottesoktav, déi bis dunn am Oktober war, vum véierte bis de fënnefte Sonndeg no Ouschteren ofzehalen. Déi Period gouf zweemol verlängert, an zwar 1898 wéi s’eng hallef Woch no vir verluecht gouf an dunn nach eng Kéier 1921, wéi se nach eng hallef Woch no vir geréckelt gouf. Zanterhier fänkt se den drëtte Sonnden no Ouschteren un an huet als Duebeloktav véierzéng Deeg, gëtt awer nach ëmmer am Volleksmond Oktav genannt.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: O. Schleich Nachf., Dresden

Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

29 juillet 2020

Schéi Postkaart vum Neiewee mat engem Spueneschen Tiermchen.

De Neiewee heescht offiziell « rue Sosthène Weis », benannt nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941).

D’Strooss déi de Gronn laanscht d’Fielsen an d’Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch mam Pafendall verbënnt ass 1679 ënner spuenescher Herrschaft las Verbingung tëscht dem Gronn, dem Pafendall a Clausen ugeluecht ginn. D’Strooss awer net ëmmer sou geheescht: eelsten Numm ass eben « Neie Wee » oder « rue Neuve ». Vun 1925-1946 huet se « Felsenstraße » resp. « rue des Rochers » geheescht an eréischt 1946, 5 Joer nom Doud vum Sosthène Weis krut se hiren haitegen Numm.

Uewe gesäit een och nach ee vun de bekannte Spueneschen Tiermecher. Si kruten hire Numm - wéi soll et anescht sinn - well se an der Zäit gebaut goufen wéi Lëtzebuerg zu de Spueneschen Nidderlanden gehéiert huet. Anscheinend goufen et fréier bis zu 38 där Wuechttierm, haut stinn der awer just nach 8. Vläicht huet et de Spuenier och just ze vill gereent am Ländchen, dass si sech e klengen Ënnerstand gebaut hunn.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

30 juillet 2020

Flott koloréiert Vue op de Knuedler an der Stad mam Monument vum Wëllem II an e puer interesséiere Kanner, déi dem Fotograf bei senger Aarbecht nokucken.

De Knuedler: Offiziell heescht d’Plaz jo « Place Guillaume II », benannt nom Wëllem II. vun Holland, Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1840-1849. D’Monument vum Wëllem II. gouf 1884 opgeriicht. Haut steet och eng exakt Kopie vun der Statue zu Den Haag am Buitenhof, well eng aner Statue vum Wëllem II. net gefall huet an déi dunn 1924 op Tilburg gestallt ginn ass.

Den Numm Knuedler krut d’Plaz duerch d’Franziskanermönchen, déi am Mëttelalter bis zur Zäit vum Napoleon e Klouschter op der Plaz haten. Den Numm Knuedler soll vun de Kniet un der Kordel vun de Pateren hier kommen.

Um Knuedler stoungen méi Gebaier wéi haut, wéi een och un de Fundamenter an de rezenten Ausgruewunge op der Plaz konnt gesinn. Ënnert anerem huet een och e Kierfecht fräigeluecht.

1554 koum et duerch e Blëtzschlag an d’Knuedlerkierch, wou ënnert dem Dag d’Schéisspolver vun de Kanounen vun der Festung gelagert gouf, zu enger riseger Explosioun an engem grousse Feier, wat d’Stadbild zolitt verännert huet. Vill Haiser sinn dem Brand zum Opfer gefall, well se mat Stréi oder hëlzen Schëndelen gedeckt waren. Nom Feier goufen verschidde Stroossen méi breed gemaach (z.B. Groussgaass), d’Haiser mat Schifer gedeckt an ganz nei Stroossenzich ugeluecht (z.B. Louvignysgaass, Philippsgaass etc.)

D’Plaz ass natierlech och bekannt duerch d’Ofhale vu Wochemäert, den Oktavmäertchen, verschidde Festivallen, Public Viewings, Chrëschtmäert, seng Äispist am Wanter, Baler etc. Eng Plaz also, wou seelen näischt lass ass.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Grand Bazar Champagne, Luxembourg-gare.

Datum: 1909.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

31 juillet 2020

Schéi Foto vum Gronn an der Uelzecht, mat der fréierer Abtei Neimënster lénks, der Uewerstad an dem Bock.D’Abtei Neimënster an déi haiteg Grënnesch Kierch hunn nawell eng laang Geschicht. 1308 gouf d’Kierch « Sankt Johann auf den Steynen » vum Henri VII. vu Lëtzebuerg gegrënnt an 1321 gouf se Parkierch.

Am Krich tëscht dem franséische Kinnek François I. an dem Keeser Karel V. gouf 1542 d’Benediktinerabtei Almënster, déi virun de Festungsmaueren am Clausenerbierg louch, zerstéiert an ofgerappt.

Nom Krich hunn d’Benediktiner beschloss hir Abtei am Stadgronn nei opzeriichten. Se krut den Numm Neimënster. Am Joer 1606 gouf d’Abteikierch nei gebaut a 1618 als Parkierch St. Jean benotzt. Bis zur Franséischer Revolutioun hunn d’Benediktiner sech ëm d’Kierch bekëmmert. Bei der Belagerung duerch d’Fransousen 1684 ass d’Kierch mat der Abtei ofgebrannt. Tëscht 1688 an 1705 gouf se nees no de Pläng vum Hubert Laloir vu Léck, engem Mataarbechter vum Vauban opgebaut. 1731 huet de Weibëschof Nalbach vun Tréier se ageweit. Wéi all déi aner Kléischter gouf och Neimënster 1796 an de Revolutiounszäiten sekulariséiert an enteegent.

Vun 1815 bis 1867 war d’Kierch e Lazarett vun den Truppe vum Däitsche Bond. Wéi déi bis fort ware goufen d’Gebaier vum Lëtzebuerger Staat iwwerholl an et war bis 1984 e Männerprisong. No grousse Restauréierungsaarbechte gouf de ganze Komplex vun der Abtei fir soziokultureller Zwecker amenagéiert an ass haut de Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, deen zanter 2013 ënner dem Numm Neimënster firméiert.

Den 23. Abrëll 1953 gouf d’Kierch als nationalt Monument klasséiert.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

01 août 2020

Dat aalt Portal vun der Kathedral Notre Dame.

D’Kathedral gouf vun de Jesuittepateren tëscht 1613 an 1621 als Kierch gebaut.. Den éischte Stee vun der Kierch gouf de 7. Mee 1613 ënner dem Père François Aldenard geluecht. Den Entreprener vum Gebai war den Ulrich Job vu Luzern. Ënner him goufen ënner anerem d’Dekoratioun vun de Kolonne realiséiert. D’Jesuittekierch gouf de 17. Oktober 1621 vum Weibëschof Georg von Helfenstein der Onbefleckter Empfängnis geweit. D’Joer vun der Wei vun der Kierch, also 1621, ass och an enger Inscriptioun um Portal ze gesinn: « Sit Nomen Domini Benedictum 1621 ».

Den Numm Notre-Dame krut d’Kierch den 31. Mäerz 1844 duerch den apostoulesche Vicaire Jean-Théodore Laurent.

Säit 1870 ass d’Kierch eng Kathedral, dat nodeem Lëtzebuerg en Bistum gouf. Duerch den enormen Zouwuess vu Pilger huet d’Gebai misse vergréissert ginn. Ab 1934 ass d’Kathedral no de Pläng vum Architekt Hubert Schumacher erweidert ginn andeems de Chouer an d’Querschëff mat dem sougenannte Marieportal un déi al Jesuittekierch ugebaut goufen. Den bis 1934 eenzegen Tuerm dréit d’Mauerankeren vun 1618, déi eis also den Alter vun dësem Tuerm verroden, deen also scho méi wéi 400 Joer steet.

D’Portal, haaptsächlech am Renaissance- a Barockstil gehalen, geet u sech zeréck op d’Haaptentrée vun der Kierch déi Jesuitten.

Um Portal gesäit een d’Statuen vum Hl. Ignatius (Grënner vum Jesuittenuerden), de François-Xavier, e wichtege Missionar vun de Jesuitten fir den indeschen an asiatesche Raum.

Uewen um Portal sinn d’Statuen vum Hl. Péitrus & Paulus an d’Muttergottes ze gesinn.

Ganz uewen steet dann nach De Kleeschen. A firwat dat dann? Majo vun 1778-1801 war d’Kierch vum Kolléisch vun de Jesuitten och Parkierch fir d’Par vum Hl. Niklos. Dëst well déi al Parkierch um Krautmaart, op der Plaz bei der Chamber baufälleg an ze kleng ginn ass.

Fotograf: Amateur.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

02 août 2020

Et ass eng Opnam, déi um Enn vun der Joerhonnertwenn vun engem Amateurfotograf gemaach gouf. Hie stoung dofir um Béinchen. Hanne gesäit een d’Bréck, déi bei der Kierch eriwwer an de Quartier “Beim Béinchen” féiert. Et ass e flotten Temoignage vun der Lëtzebuerger Liedergierwerindustrie, déi wéinst dem Waasserbedierfnis an de Staddeeler un der Uelzecht floréiert huet. Net fir näischt huet d’Strooss deemools ab der Bréck “rue des Tanneurs” geheescht. Haut heescht d’Strooss vun der Bréck bis hannert den Hospice civil einfach “rue Mohrfels” (Muerbels).

Vun de rietsen Haiser op der Kaart steet haut keent méi, no der schroer Explosioun am Joer 1976 ass de Gros vun den Haiser ofgerappt resp. nei opgebaut ginn.

Fotograf: Onbekannt.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

04 août 2020

Schéi Vue op de Gronn mat der Spuenescher Puert lénks an der fréierer Abtei Neimënster riets.

D’Grënnesch Puert gëtt och nach Spuenesch Puert, Porte Espagnole genannt, no den Erbauer, de Spuenier, déi d’Paart 1632 gebaut hunn, nodeems se déi mëttelalterlech Puert, déi Deel vun der zweeter Befestegungsmauer war, ofgerappt haten.

D’Abtei Neimënster an déi haiteg Grënnesch Kierch hunn nawell eng laang Geschicht. 1308 gouf d’Kierch « Sankt Johann auf den Steynen » vum Henri VII. vu Lëtzebuerg gegrënnt an 1321 gouf se Parkierch.

Am Krich tëscht dem franséische Kinnek François I. an dem Keeser Karel V. gouf 1542 d’Benediktinerabtei Almënster, déi virun de Festungsmaueren am Clausenerbierg louch, zerstéiert an ofgerappt.

Nom Krich hunn d’Benediktiner beschloss hir Abtei am Stadgronn nei opzeriichten. Se krut den Numm Neimënster. Am Joer 1606 gouf d’Abteikierch nei gebaut a 1618 als Parkierch St. Jean benotzt. Bis zur Franséischer Revolutioun hunn d’Benediktiner sech ëm d’Kierch bekëmmert. Bei der Belagerung duerch d’Fransousen 1684 ass d’Kierch mat der Abtei ofgebrannt. Tëscht 1688 an 1705 gouf se nees no de Pläng vum Hubert Laloir vu Léck, engem Mataarbechter vum Vauban opgebaut. 1731 huet de Weibëschof Nalbach vun Tréier se ageweit. Wéi all déi aner Kléischter gouf och Neimënster 1796 an de Revolutiounszäiten sekulariséiert an enteegent.

Vun 1815 bis 1867 war d’Kierch e Lazarett vun den Truppe vum Däitsche Bond. Wéi déi bis fort ware goufen d’Gebaier vum Lëtzebuerger Staat iwwerholl an et war bis 1984 e Männerprisong. No grousse Restauréierungsaarbechte gouf de ganze Komplex vun der Abtei fir soziokultureller Zwecker amenagéiert an ass haut de Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, deen zanter 2013 ënner dem Numm Neimënster firméiert.

Den 23. Abrëll 1953 gouf d’Kierch als nationalt Monument klasséiert.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Maison de gros, P. Houstraas.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

05 août 2020

Schéin Opnam vum Palais Grand-Ducal an der Stad.

Den haitege Palais Grand-Ducal steet op der Plaz vum 3. Stater Gemengenhaus, dat den 11. Juni 1554 duerch d’Explosioun vun engem Polvermagaseng zerstéiert gi war, a war als Sëtz vum Gouverneur vu Lëtzebuerg geduecht. Eréischt 1572 hat d’Stad déi finanziell Moyenen nees zesummen, sech en neit Gemengenhaus ze bauen.

D’Gebai gouf am Renaissance-Stil ënnert der Responsabilitéit vum Stater Schäffen Adam Roberti, mat der Ënnerstëtzung vum Pierre-Ernest I de Mansfeld gebaut. Den Architekt ass net bekannt, et ass awer warscheinlech, dass et deen oder déi selwecht waren, déi och dem Mansfeld säi Schlass a Clausen gebaut hunn. Den eelsten Deel vum Palais ass also deen tëscht deenen 2 Tiermercher.

1683 gouf de Palais ënner dem Louis XIV. senger Besetzung ëmgebaut, nodeems en wärend den Attacken uerg zerstéiert gi war. 1741-1743 ass riets vum eelsten Deel en Ubau am Barockstil, « Wo » genannt, bäigesat ginn, deen een an der Mëtt vun der Postkaart gesäit. Dëse gouf 1891 ëmgebaut. 1858-1859 gouf nach méi riets deen Deel ugebaut, an deem haut d’Chamber ass.

Tëscht 1795 an 1814 wärend der franséischer Zäit war hei d’Préfecture vum Département des Forêts. Vun 1815 un war d’Gebai eng Zort administrativen Allzweckbau: Et war de Sëtz vun der Regierungskommissioun, an duerno, bis 1867, vun der Regierung. Vun 1848-1858 un hat och d’Parlament (dat 1857 an eng Assemblée des Etats ëmgeännert gouf) do säi Sëtz, bis et dann a säin eegent Gebai niewendru geplënnert ass. 1857 ass och nach de Staatsrot, deen duerch d’Lëtzebuerger Konstitutioun vun 1856 agefouert gi war, op den 2. Stack erageplënnert. Um selwechten 2. Stack war och nach eng archeologesch Sammlung ënnerbruecht. An de Kinnek-Groussherzog Wëllem II., huet 1841, 1844 an 1845 do gewunnt; säin Nofollger, de Wëllem III., just heiansdo, mä säi Statthalter, de Prënz Henri, nees méi reegelméisseg.

1867 sinn, als Resultat vum Londoner Traité, d’preisesch Truppen ofgezu ginn, an d’Regierung konnt sech am Refuge Sankt Maximin ariichten, do, wou bis viru kuerzem den Ausseministère war. De Staatsrot, d’archeologesch Sammlung, de Service agricole an d’Erzéiungskommissioun, déi sech och den 2. Stack hu missen deelen, sinn awer eréischt definitiv 1890 erausgeplënnert, wéi den Adolphe vun Nassau-Weilburg Groussherzog vu Lëtzebuerg gouf. Dofir gouf d’Gebai vun 1891 bis 1894 grëndlech ëm- an ausgebaut. An deem Kader koum och den Tuerm am Neorenaissance-Stil op der rietser Säit vum Palais derbäi.No 1964 an am Ufank vun den 1990er Jore gouf de Palais renovéiert an ass am Summer reegelméisseg op fir Visitten.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

06 août 2020

Dat aalt Portal vun der Kathedral Notre Dame.

D’Kathedral gouf vun de Jesuittepateren tëscht 1613 an 1621 als Kierch gebaut.. Den éischte Stee vun der Kierch gouf de 7. Mee 1613 ënner dem Père François Aldenard geluecht. Den Entreprener vum Gebai war den Ulrich Job vu Luzern. Ënner him goufen ënner anerem d’Dekoratioun vun de Kolonne realiséiert. D’Jesuittekierch gouf de 17. Oktober 1621 vum Weibëschof Georg von Helfenstein der Onbefleckter Empfängnis geweit. D’Joer vun der Wei vun der Kierch ass och an enger Inscriptioun um Portal ze gesinn: « Sit Nomen Domini Benedictum 1621 ».

Den Numm Notre-Dame krut d’Kierch den 31. Mäerz 1844 duerch den apostoulesche Vicaire Jean-Théodore Laurent.

Säit 1870 ass d’Kierch eng Kathedral, dat nodeem Lëtzebuerg en Bistum gouf. Duerch den enormen Zouwuess vu Pilger huet d’Gebai misse vergréissert ginn. Ab 1934 ass d’Kathedral no de Pläng vum Architekt Hubert Schumacher erweidert ginn andeems de Chouer an d’Querschëff mat dem sougenannte Marieportal un déi al Jesuittekierch ugebaut goufen. Den bis 1934 eenzegen Tuerm dréit d’Mauerankeren vun 1618, déi eis also den Alter vun dësem Tuerm verroden, deen also scho méi wéi 400 Joer steet.

D’Portal, haaptsächlech am Renaissance- a Barockstil gehalen, geet u sech zeréck op d’Haaptentrée vun der Kierch déi Jesuitten.

Um Portal gesäit een d’Statuen vum Hl. Ignatius (Grënner vum Jesuittenuerden), de François-Xavier, e wichtege Missionar vun de Jesuitten fir den indeschen an asiatesche Raum.

Uewen um Portal sinn d’Statuen vum Hl. Péitrus & Paulus an d’Muttergottes ze gesinn.

Ganz uewen steet dann nach De Kleeschen. A firwat dat dann? Majo vun 1778-1801 war d’Kierch vum Kolléisch vun de Jesuitten och Parkierch fir d’Par vum Hl. Niklos. Dëst well déi al Parkierch um Krautmaart, op der Plaz bei der Chamber baufälleg an ze kleng ginn ass.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Manufacture de cartes, P. Houstraas, Luxembourg, rue des Augustins.

Datum: 1919.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

07 août 2020

Vue op de Clausener Viaduc, 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf an am Optrag vum Adolphe Favier, deen d’Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut. D’Bréck huet eng Längt vun 208 Meter, ass 44 Meter héich, 15 Meter breet an dee gréisste vun den 9 Béi iwwerspaant 15 Meter.

Vill méi interessant si sécherlech déi zwou Wäschfraen um Wäschbur an d’Kanner. D’Foto ass geholl ginn, ënnert der Stëtzmauer vun der rue de la Tour Jacob an de Wäschbur gëtt et och nach ëmmer.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

08 août 2020

Schéi Vue aus dem Gronn d’Uelzecht mat der aler Bréck.

Iwwert de Gronn, de Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg kéint ee Bicher schreiwen - wat natierlech och gemaach gouf a gëtt.

Virun e puer Joerzéngten nach en äermleche Quartier, wou een net esou gären higaangen ass, ass et haut eng vun deene schéinsten a gemittlechste Plazen an der Stad. Virun allem d’Renovatiounen vu ville Gebaier Enn 80er an an den 90er Joren, d’Erëffnung vum Naturmusée an der Abtei Neimënster, Caféen a Restauranten an de Bau vun engem Lift vum Hl. Geeschtplateau erof an den Dall hunn dozou gefouert, dass haut am Gronn d’Liewe pulséiert wéi nach ni. An trotzdeem eng gewësse Rou ausstraalt.

Schonn am fréie Mëttelalter hu Mënschen an dësem Deel vun der Stad gelieft, nach iert de Sigfried um Bockfiels seng kleng Buerg gebaut huet.

Bis an d’14. Joerhonnert louch de Gronn nach « ante portas », d.h. virun den Dieren vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn eréischt an d’Schutzmauer vun der Stad ënnert dem Wenzel II. mat erageholl.

E reliéisen Zentrum war de Gronn virun allem duerch den am Mëttelalter gegrënnten Hospice St. Jean, d’Benediktinerabtei Neimënster an d’Kierch St. Ulric.

Industriellen Zentrum war de Gronn doduerch, dass hei vill Fëscher, Fierwer Gierwer an aner Handwierker déi d’Waasser resp. d’Waasserkraaft vun der Uelzecht gebraucht hunn, sech hei néiergelooss hunn.

Ënnert anerem Händschefabriken aus dem Gronn wéi z.B. d’Handschuhfabrik Albert Reinhard & Cie an der Plaetisgaass waren eng bedeitend Wirtschaftsbranche vun der Stad Lëtzebuerg. En Deel dovun steet och nach haut an huet als Appartementshaus mat Bureauen iwwerlieft. E weideren Deel gouf ofgerappt an als Park amenagéiert.

Net ze vergiessen sinn natierlech déi zwee Prisongen, déi am alen Hospice St. Jean (Fraeprisong) an an der Abtei Neimënster (fir d’Männer) installéiert goufen a bis an d’1980er Joren bestanen hunn, bis de Prisong zu Schraasseg opgaangen ass. Méi en däischtert Kapitel also vun der interessanter Geschicht vum Gronn.

Et ass kloer, dass mir op dëser Plaz nëmmen e ganz klengen Ëmrëss vun der Geschicht vum Gronn maache kënnen, an hoffen dass mir heimat den Interessi fir d’Geschicht vun dësem dach schéine Quartier bei deem engen oder aneren ausléise konnten.

Fotograf & Editeur: P. C. Schoren.Datum: 1912.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

09 août 2020

Schéin Opnam vum Palais Grand-Ducal an der Stad.

Den haitege Palais Grand-Ducal steet op der Plaz vum 3. Stater Gemengenhaus, dat den 11. Juni 1554 duerch d’Explosioun vun engem Polvermagaseng zerstéiert gi war, a war als Sëtz vum Gouverneur vu Lëtzebuerg geduecht. Eréischt 1572 hat d’Stad déi finanziell Moyenen nees zesummen, sech en neit Gemengenhaus ze bauen.

D’Gebai gouf am Renaissance-Stil ënnert der Responsabilitéit vum Stater Schäffen Adam Roberti, mat der Ënnerstëtzung vum Pierre-Ernest I de Mansfeld gebaut. Den Architekt ass net bekannt, et ass awer warscheinlech, dass et deen oder déi selwecht waren, déi och dem Mansfeld säi Schlass a Clausen gebaut hunn. Den eelsten Deel vum Palais ass also deen tëscht deenen 2 Tiermercher.

1683 gouf de Palais ënner dem Louis XIV. senger Besetzung ëmgebaut, nodeems en wärend den Attacken uerg zerstéiert gi war. 1741-1743 ass riets vum eelsten Deel en Ubau am Barockstil, « Wo » genannt, bäigesat ginn, dee mir an der Mëtt vun der Postkaart gesinn. Dëse gouf 1891 ëmgebaut. 1858-1859 gouf nach méi riets deen Deel ugebaut, an deem haut d’Chamber ass.

Tëscht 1795 an 1814 wärend der franséischer Zäit war hei d’Préfecture vum Département des Forêts. Vun 1815 un war d’Gebai eng Zort administrativen Allzweckbau: Et war de Sëtz vun der Regierungskommissioun, an duerno, bis 1867, vun der Regierung. Vun 1848-1858 un hat och d’Parlament (dat 1857 an eng Assemblée des Etats ëmgeännert gouf) do säi Sëtz, bis et dann a säin eegent Gebai niewendru geplënnert ass. 1857 ass och nach de Staatsrot, deen duerch d’Lëtzebuerger Konstitutioun vun 1856 agefouert gi war, op den 2. Stack erageplënnert. Um selwechten 2. Stack war och nach eng archeologesch Sammlung ënnerbruecht. An de Kinnek-Groussherzog Wëllem II., huet 1841, 1844 an 1845 do gewunnt; säin Nofollger, de Wëllem III., just heiansdo, mä säi Statthalter, de Prënz Henri, nees méi reegelméisseg.

1867 sinn, als Resultat vum Londoner Traité, d’preisesch Truppen ofgezu ginn, an d’Regierung konnt sech am Refuge Sankt Maximin ariichten, do, wou bis viru kuerzem den Ausseministère war. De Staatsrot, d’archeologesch Sammlung, de Service agricole an d’Erzéiungskommissioun, déi sech och den 2. Stack hu missen deelen, sinn awer eréischt definitiv 1890 erausgeplënnert, wéi den Adolphe vun Nassau-Weilburg Groussherzog vu Lëtzebuerg gouf. Dofir gouf d’Gebai vun 1891 bis 1894 grëndlech ëm- an ausgebaut. An deem Kader koum och den Tuerm am Neorenaissance-Stil op der rietser Säit vum Palais derbäi.

No 1964 an am Ufank vun den 1990er Jore gouf de Palais renovéiert an ass am Summer reegelméisseg op fir Visitten.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897, fortgeschéckt 1900.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

10 août 2020

Flott Opnam, verbonne mat der reliéiser Geschicht vu Lëtzebuerg: Foto vun der Muttergottesstatue aus der Kathedral an der Oktavsprozessioun.

D’Geschicht vun der Veréierung vun der Hl. Maria zu Lëtzebuerg ass mat der Grënnung vum Jesuitekolléisch an der Stad verbonnen, deen 1603 gegrënnt gouf. Anerersäits muss een awer och den historesche Kontext kennen, an deem d’Marieveréierung zu Lëtzebuerg sech entwéckelt huet. Dat politescht, gesellschaftlecht a reliéist Ëmfeld beim Ufank vun der Muttergottesoktav waren engersäits den Drëssegjärege Krich (1618-1648) an d’Peschtjoren (1626-1636): zwéin Drëttel vun der Bevëlkerung stierwen un der Pescht. Krich an Hongersnout bestëmmen déi Krisenzäit.

Anerersäits hat déi jesuitesch Missioun e kloert Zil: duerch eng attraktiv Volleksfrëmmegkeet soll am Geescht vun der Géigereformatioun vum Konzil vun Trient (1545-1563) de kathoulesche Glawe gestäerkt ginn, fir ze verhënneren, datt de Protestantismus sech verbreet.

D’Jesuiten huelen déi Missioun also ganz eescht. Vun 1613-1621 ass och eng Kierch fir de Jesuitekolléisch gebaut ginn, déi haiteg Kathedral.

Den 8. Dezember 1624 droen Studenten aus dem Jesuitekolléisch eng aus Lannenholz geschnëtzten, 73 cm héich Muttergottesstatu virun d’Stadmaueren op d’Glacisfeld. De Pater Jacques Brocquart ass den Initiator vun dësem Pilgerwee a gëtt der Figur den Titel Consolatrix Afflictorum, Tréischterin am Leed.

Vun 1625-1628 gëtt op där Plaz um Glacis-Feld eng Pilgerkapell (Neipuertskapell genannt) gebaut, déi 1640 vergréissert an 1642 nei ageweit gouf. Dës Kapell stoung um Eck vum Nikloskierfecht, op der Kräizung vun der Avenue de la Faïencerie mat der Allée des Résistants et des Déportés. An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun gouf de Mobiliar versteet a 1796 gouf d’Kapell ofgerappt. Ufank Abrëll 2016 goufe vum Abbé Georges Hellinghausen bei Stroossenaarbechten um Trajet vum zukünftegen Tram d’Iwwerreschter vun der Kapell fonnt. D’Aarbechte goufe gestoppt fir déi Iwwerreschter z’erfuerschen an ze dokumentéieren. Am Laf vun den Aarbechte goufen op 1,5 m Déift laanscht der Kierfechtsmauer och stierflech Iwwerreschter vu Mënsche fonnt.

De Pater Brocquart hat gehofft d’Neipuertskapell schonn am Joer 1625 fäerdeg gebaut ze hunn, du krut hien awer d’Pescht. A senger Nout an op sengem Stierfbett huet de fromme Pater sech mat ganzem Vertrauen un d’Maria als Tréischterin am Leed geriicht. Op Urode vu sengem Beichtvater huet hien e reliéist Verspriechen (Gelübde) ofgeluecht: Wann hie sollt gesond ginn, da géif hie buerféiss a mat nach méi Äifer bei d’Neipuertskapell pilgeren an der Muttergottes eng Käerz vun zwee Pond schenken. Hie gouf 1626 gesond an huet säi Versprieche gehalen. De Pater Brocquart huet zu Antwerpen Biller vun der Tréischterin op Pabeier drécke gelooss, zu Nanzeg Medaile wéi och Statuen aus Holz, Steen, Sëlwer oder Gold an Optrag ginn. Hien hat domat sou vill Succès, datt d’Bild vun der Tréischterin a villen Dierfer a Stied veréiert ginn ass an d’Leit bei d’Satu gepilgert sinn.

1632 gouf et scho während 8 Deeg eng Pilgerwoch déi an der Kapell um Glacis ofgehale gouf, hei fanne mir also den Ursprong vun der Octave, déi 8 Deeg gedauert huet.

1639 gouf déi éischt Octave an der Jesuitekierch ofgehalen, well et mat der Plaz an der klenger Kapell um Glacis net méi duergaangen ass. Während 8 Deeg stoung d’Mariestatu also an der haiteger Kathedral an ass an der feierlecher Schlussprëssessioun nees zeréck op de Glacis bruecht ginn.

D’Veréierung vun der Muttergottes war esou grouss, dass d’Bild vun der Lëtzebuerger Tréischterin duerch spuenesch Zaldote scho 1642 op Kevelaer an Däitschland koum.

Si gëtt 1666 zur Patréinesch vun der Stad Lëtzebuerg gewielt. 1678 gëtt si Patréinesch vum ganzen Herzogtum Lëtzebuerg. Zanterhier gëtt et eng Prëssessioun, d’Octave zu hiren Eieren ofgehalen. 1679 gouf decidéiert d’Muttergottesoktav, déi bis dunn am Oktober war, vum véierte bis de fënnefte Sonndeg no Ouschteren ofzehalen. Déi Period gouf zweemol verlängert, an zwar 1898 wéi s’eng hallef Woch no vir verluecht gouf an dunn nach eng Kéier 1921, wéi se nach eng hallef Woch no vir geréckelt gouf. Zanterhier fänkt se den drëtte Sonnden no Ouschteren un an huet als Duebeloktav véierzéng Deeg, gëtt awer nach ëmmer am Volleksmond Oktav genannt.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

11 août 2020

Dat aalt Portal vun der Kathedral Notre Dame.

D’Kathedral gouf vun de Jesuittepateren tëscht 1613 an 1621 als Kierch gebaut.. Den éischte Stee vun der Kierch gouf de 7. Mee 1613 ënner dem Père François Aldenard geluecht. Den Entreprener vum Gebai war den Ulrich Job vu Luzern. Ënner him goufen ënner anerem d’Dekoratioun vun de Kolonne realiséiert. D’Jesuittekierch gouf de 17. Oktober 1621 vum Weibëschof Georg von Helfenstein der Onbefleckter Empfängnis geweit. D’Joer vun der Wei vun der Kierch ass och an enger Inscriptioun um Portal ze gesinn: « Sit Nomen Domini Benedictum 1621 ».

Den Numm Notre-Dame krut d’Kierch den 31. Mäerz 1844 duerch den apostoulesche Vicaire Jean-Théodore Laurent.

Säit 1870 ass d’Kierch eng Kathedral, dat nodeem Lëtzebuerg en Bistum gouf. Duerch den enormen Zouwuess vu Pilger huet d’Gebai misse vergréissert ginn. Ab 1934 ass d’Kathedral no de Pläng vum Architekt Hubert Schumacher erweidert ginn andeems de Chouer an d’Querschëff mat dem sougenannte Marieportal un déi al Jesuittekierch ugebaut goufen. Den bis 1934 eenzegen Tuerm dréit d’Mauerankeren vun 1618, déi eis also den Alter vun dësem Tuerm verroden, deen also scho méi wéi 400 Joer steet.

D’Portal, haaptsächlech am Renaissance- a Barockstil gehalen, geet u sech zeréck op d’Haaptentrée vun der Kierch déi Jesuitten.

Um Portal gesäit een d’Statuen vum Hl. Ignatius (Grënner vum Jesuittenuerden), de François-Xavier, e wichtege Missionar vun de Jesuitten fir den indeschen an asiatesche Raum.

Uewen um Portal sinn d’Statuen vum Hl. Péitrus & Paulus an d’Muttergottes ze gesinn.

Ganz uewen steet dann nach De Kleeschen. A firwat dat dann? Majo vun 1778-1801 war d’Kierch vum Kolléisch vun de Jesuitten och Parkierch fir d’Par vum Hl. Niklos. Dëst well déi al Parkierch um Krautmaart, op der Plaz bei der Chamber baufälleg an ze kleng ginn ass.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

12 août 2020

Interessant Postkaart vun 1901 (gedréckt 1898), mat Motiver, un déi kee vun eis sech méi erënnere kann. Dem Fotograf Bernhoeft waren dës Szeenen awer nach duerchaus bekannt. d’Festungswierk um Bockfiels, wat no dem Londoner Vertrag 1867 geschleeft ginn ass.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

13 août 2020

Schéi Vue vum Neiewee a Richtung Gronn gekuckt, mat engem Deel vun der Corniche an deem ieweschten Deel vun der Postkaart.

De Neiewee heescht offiziell « rue Sosthène Weis », benannt nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941).

D’Strooss déi de Gronn laanscht d’Fielsen an d’Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch mam Pafendall verbënnt ass 1679 ënner spuenescher Herrschaft las Verbingung tëscht dem Gronn, dem Pafendall a Clausen ugeluecht ginn. D’Strooss awer net ëmmer sou geheescht: eelsten Numm ass eben « Neie Wee » oder « rue Neuve ». Vun 1925-1946 huet se « Felsenstraße » resp. « rue des Rochers » geheescht an eréischt 1946, 5 Joer nom Doud vum Sosthène Weis krut se hiren haitegen Numm.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

14 août 2020

Vue op d’3 Tierm (Pafendaller Puert) an den ale Palais de Justice.

Dem ale Palais de Justice seng Geschicht geet zeréck an d’16. Joerhonnert, wéi kinnekleche Conseiller a Geschäftsmann Nicolas Greisch sech hei am Joer 1543 e Stadhaus, op franséisch en « Hôtel » op enger klenger Terrasse iwwer dem Dall baue gelooss huet.

1554 ass dat Gebai duerch dat grousst Feier zerstéiert ginn, wat duerch e Blëtzschlaag an d’Knuedlerkierch, wou d’Schwaarzpolver um Späicher stockéiert war, ausgeléist gouf. Duerch d’Feier gouf och d’Schlass um Bockfiels zerstéiert, wou bis dohinn d’Gouverneuren vun der Festung gewunnt hunn.

1564/65 léisst den Prënz Pierre-Ernst de Mansfeld, Gouverneur vun der Stad Lëtzebuerg, d’Gebai fir de spuenesche Kinnek Philipp II. kafen an installéiert do den « Hôtel du Gouverneur ». An der selwechter Zäit fänkt hien och mam Bau vu sengem Schlass a Clausen un.

1599 hunn d’ierfgroussherzoglecher Koppel vun Éisträich, den Albert (Neveu vum Philipp II) a seng Fra Isabelle am Palais logéiert.

Vun 1606-1609 gëtt de Palais op Uerder vum neie Gouverneur Berlaymont vergréissert.

Während dem Ugrëff vun de Fransousen am Joer 1684 gëtt d’Gebai zolidd beschiedegt. Aus dësem Joer staamt allerdéngs och e Bild vum Van der Meulen, esou dass mir haut nach wëssen, wéi d’Gebai deemools ausgesinn huet.

No der franséischer Belagerung gëtt d’Festung Lëtzebuerg mat engem groussen finanziellen Opwand nees gefléckt, esou dass de Louis XIV, de Sonnekinneck 1685 perséinlech de Chantier vun de Renovatiounsaarbechten besicht an mat sengem Haff, e.a. der Madame de Maintenon an dem Historiograph an Auteur Jean Racine am Palais logéiert.

Bis 1795 hunn d’Gouverneuren vun der Stad am Hôtel gewunnt, an duerch d’Flucht vum leschte Gouverneur Bender an d’Enn vum Ancien Régime krut d’Gebai eng nei Roll, nämlech den Hebergement vun de Justizinstitutiounen, e.a. d’Geriicht.

Dofir ass et och keen Zoufall dass an den 3 Tierm, esou no beim Geriichtspalais, de Stater Prisong entstanen huet an d’Guillotine hei stockéiert gouf. E weidere Prisong gouf et um Fëschmaart an engem Tuerm, deen haut awer leider verschwonnen ass.

D’Säitefliggelen vum Gebai goufen awer och nach fir aner Staatsinstitutiounen genotzt, z.b. Chambre des Comptes, de Staatsrot, d’Administration des Bâtiments publics um Ufank vum 19. Jorhonnert, d’Gendarmerie (1843-1881) oder den Erzéihungsministère (1881-1930).

D’Façade vum Gebai wéi mir et haut kennen, ass 1887/88 vum Staatsarchitekt Charles Arendt renovéiert ginn, nodeems dass et am Juni 1886 vun engem Feier staark beschiedegt gouf.

An den 1980er Joren ass d’Gebai och zweemol beschiedegt ginn, eemol duerch e Feier an eemol duerch d’Explosioun enger Bomm, Deel vun der Affär Bommeleeër.

Säit 1930 gouf d’Gebai exklusiv vun der Justiz benotzt an dat bis 2008 wéi d’Cité judiciaire um Helleg-Geescht Plateau opgaangen ass. Säit 2017 ass hei de Sëtz vum Ausseministère, dee vum ale Refuge St. Maximin heihi geplënnert ass,

Wéi ee gesäit, huet d’Gebai eng etlech Transformatiounen matgemaach. Während deene leschte Renovatiounsaarbechten konnt awer rausfonnt ginn, dass am Kär vum Gebai ëmmer nach d’Iwwerreschter vum 1. Gebai verbaut sinn, d.h. déi aus der Zäit vum Greisch, mä och aus der Zäit vum Mansfeld an den Attacken vun de Fransousen sinn Iwwerreschter erhale bliwwen.

D’Dräi Tierm, d’Pafendaller Puert, sti virdrun. Hir Fundamenter sti wahrscheinlech op deem ale Réimerwee, dee vum Fëschmaart erof an de Pafendall gaangen ass.

Dräi Tierm setzen sech aus 2 ronnen Tierm an engem véiereckegen Tuerm zesummen. De véiereckegen ass deen eelste vun deenen 3 an gouf géint 1050 als Deel vun der zweeter Stadmauer gebaut. Déi ronn Tierm sinn aus dem 13. Joerhonnert.

D’Dräi Tierm hunn déi wichteg Puert vun der Uewerstad an d’Ënnerstad markéiert a leien op deem ganz ale réimesche Kiem, deen iwwerhaapt dozou gefouert huet, dass de Kär vun der Stad zu engem Verkéiersknuet ginn ass. Vum Fëschmaart erof sinn d’Händler fréier erof an de Pafendall gefuer, fir do, wahrscheinlech duerch eng Fuert op déi aner Säit vun der Uelzecht ze kommen, an da weider Richtung Tréier ze fueren.

Wësst dir eigentlech firwat Giischtercher aus dem Schraasseger Prisong op hirer Uniform d’Wopen mat den 3 Tierm droen?Majo well d’Dräi Tierm bis ca. 1810 als Prisong funktionéiert hunn. Anscheinend gouf och d’Guillotine vun der Stad Lëtzebuerg, déi haut am Musée Dräi Eechelen ausgestallt ass, do stockéiert.

No der Schleefen vun der Festung huet de Kapitän Weydert vun der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie an den Tierm gewunnt.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1903.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

15 août 2020

Vue vum Helleg Geescht Plateau aus gekuckt, op d’Corniche, de Breedewee an d’Grënnesch Puert, och nach Spuenesch Puert, Porte Espagnole genannt, no den Erbauer, de Spuenier, déi d’Paart 1632 gebaut hunn, nodeems se déi mëttelalterlech Puert, déi Deel vun der zweeter Befestegungsmauer war, ofgerappt haten.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1901.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

16 août 2020

Vue op den Neiewee am Gronn an den Iwwerreschter vun der Buerg resp. dem Fort um Bock.Hannert der riichter Mauer déi mir uewen iwwert dem natierleche Fiels gesinn, verstoppen sech d’Fundamenter vun den Zwillingstierm vun der Haaptpuert vun der Buerg. Dës Tierm kënnen den Archeologen no an d’Mëtt vum d’13. Joerhonnert datéiert ginn.

Déi Tierm goufen warscheinlech an der Mëtt vum 17. Joerhonnert zesumme mam Recht vun der Buerg zerstéiert.

Déi haiteg Schlassbréck um Bock staamt aus dem Joer 1735, d.h. aus der Zäit wéi Lëtzebuerg vun den Éisträicher besat war. Et fënnt een op verschiddene Plazen och de falsche Baudatum vun 1753. Geséchert ass, dass 1733 e Projet fir den Neibau vun där Bréck virlouch, well d’Stänn (Stände, Etats) aus der Stad dogéint protestéiert hunn, vu dass si de Finanzement vun 9000 Gulden hu misse garantéieren. Dës nei Bréck aus Steen sollt déi al hëlze Schlassbréck ersetzen.

Am Wanter 1733/34 goufen 680 Ween mat Steng vu Berg (?) op d’Bauplaz bruecht. D’Leit déi mam Won gefuer sinn, kruten am Wanter 6 Gulden, am Summer 5 Gulden dofir.

1735 war de grousse Bou fäerdeg, déi kleng koumen 1736 uewendrop.

Eng technesch Kuriositéit ass d’Bréck an deem Sënn, dass een se op 5 verschidden Niveauen passéiere kann, eemol ganz normal iwwer d’Strooss, dräi Mol duerch d’Gäng duerch d’Béi an eemol ënnert der Strooss.

D’Bréck déi mir haut gesinn ass usech eng Replik vun der Originalbréck, nodeems déi 1993 ofgerappt an am Originalzoustand nei opgebaut gouf. 1933 war d’Bréck schonn eng Kéier restauréiert ginn, wéi se fir de Verkéier méi breed gemaach ginn ass.

De Neiewee heescht offiziell « rue Sosthène Weis », benannt nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941).

D’Strooss déi de Gronn laanscht d’Fielsen an d’Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch mam Pafendall verbënnt ass 1679 ënner spuenescher Herrschaft las Verbingung tëscht dem Gronn, dem Pafendall a Clausen ugeluecht ginn. D’Strooss awer net ëmmer sou geheescht: eelsten Numm ass eben « Neie Wee » oder « rue Neuve ». Vun 1925-1946 huet se « Felsenstraße » resp. « rue des Rochers » geheescht an eréischt 1946, 5 Joer nom Doud vum Sosthène Weis krut se hiren haitegen Numm.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

17 août 2020

Flott Vue op d’Dräi Eechelen.

Wéinst den 3 doréierten Eechelen op den Tierm gëtt de Fort um Plateau Kierchbierg deementspriechend genannt. D‘Dräi Eechelen ware just en Deel vum impressionnante Festungskomplex „Obergrünewald“ mat deem een d’Staat géint en Ugrëff vun der ëstlecher Säit aus beschütze wollt.

De Fort ass 1732/33 vum éisträicheschen Ingenieur Simon de Beauffe op der Plaz vum Vauban senger Redoute « Hauteur du Parc » aus dem Joer 1688 erbaut ginn. Benannt ass de Fort nom éisträichesche Festungskommandant Adam Sigmund von Thüngen.

De Fort Thüngen ass als Verstäerkung vum 3. Festungsréng vun der Stad Lëtzebuerg gebaut ginn.

1836 gouf de Fort vun de Preisen erweidert a krut och seng dräi ronn Tierm mat den Dräi Eechelen.

Ënnert dem ganze Fort ginn et eng ganz Rei vu Minnen, déi am Eeschtfall hätte kéinte genotzt ginn, fir de Fort ze sprengen.

Nach 1860 gouf de Fort verstäerkt, vu dass en nach net wousst, wat e puer Joer drop sollt geschéien. Wéi nom Londoner Vertrag vun 1867 d’Festung huet misse geschleeft ginn, gouf och de Fort Thüngen an e puer Phasen vun 1870-1875 ofgerappt. Just d’Agangstierm, déi mir haut nach gesinn, sinn erhale bliwwen, d’Grondmaueren goufe mat Buedem bedeckt. D‘Eechele vun den 3 Tierm goufen um Enn vun den Ofrappaarbechten doréiert. D’Kasematten vum Fort Thüngen sinn haut zum Deel nees mat engem Guide zougänglech oder am Musée integréiert. Fréier hu sech d’Kanner aus dem Pafendall gären doran amuséiert: anscheinend koum een duerch verschidde Gäng aus dem Dällchen bis erop op de Plateau.

Haut fanne mir hei de Festungsmusée Musée Dräi Eechelen. Och de Mudam ass op de Fundamenter vum Fort ënnerbruecht an e gudden Deel gouf nees opgebaut. E ganz laangen Otem hunn dobäi d’Frënn vun der Festung gebraucht, bis et endgülteg, no villen administrativen Hürden, politeschen Fauxpasen a Fehlplanungen, all d’Bauaarbechten ofgeschloss waren.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

18 août 2020

Schéi Postkaart mat vue op de Gronn, d’Corniche, d’Uewerstad an de Clausener Bierg.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

19 août 2020

Faarweg Vue op d’Gëlle Fra op der Place de la Constitution an der Stad.

D’Gëlle Fra huet eng mouvementéiert Geschicht an ass eent vun deene beléiftesten Touristenziler an der Stad Lëtzebuerg.

Dat 21 m héicht Monument gouf den 23.5.1923 opgeriicht an de 27.5.1923 ageweit. Den Numm am Volleksmond kënnt vun der doréierter Skulptur, déi uewen op der Spëtzt steet a vum Claus Cito geschafe gouf.

Ursprénglech war d’Monument zu Éieren vun de Lëtzebuerger Fräiwëlleg opgeriicht ginn, déi an der Friemelegioun op franséischer Säit am Éischte Weltkrich gefall sinn. Opgrond vu senger Geschicht ass d’Gëlle Fra haut en allgemengt Monument géint d’Oppressioun an d’Krichsaffer.

Um Granitsockel gesäit een 2 männlech Figuren, eng déi läit, déi aner trauert.

Déi gëlle Figur soll eng Allegorie sinn fir d’Natioun, de Fridden an d’Victoire, déi déi gefalen Zaldoten éiert a betrauert. De Claus Cito selwer huet seng Skultpur « Friddenskinnigin » genannt.

Interessant ass et vläicht nach ze bemierken, dass der gëllener Figur hir weiblech Reizer an den 20er Joren fir vill Protest an der Gesellschaft gesuergt hunn.

Méi en donkele Moment an der Geschicht vum Monument war den 10.10.1940, wéi d’Nazien et mat enger Dampwalz, trotz Protester vun e.a. de Studenten aus dem Kolléisch, ëmgerappt hunn.

D’Gëlle Fra gouf séchergestallt an ass eréischt nom Krich, 1955, an enger Ausstellung iwwer d’Resistenz nees kuerz opgetaucht an duerno « verluer » gaangen. Verstoppt gouf se op der Arelerstrooss an engem Dépôt vu Bâtiments publics.

Et huet bis 1981 gedauert, wéi den Tageblatt-Journalist Josy Braun annoncéiert huet, dass d’Gëlle Fra am Keller vum haitegen Stade Josy Barthel fonnt gi wär. U sech war dat vun e puer Leit gewosst, mä déi hunn näischt driwwer gesot. No villen Diskussiounen gouf si dunn 1985 nees op hir Originalplaz gesat.

Den 3.3.2010 gouf d’Statu ofmontéiert, fir vum 1.5-31.10.2010 virum Lëtzebuerger Pavillon op der Expo 2010 zu Shanghai ausgestallt ze ginn.

No Shanghai stoung d’Gëlle Fra nach bis den 23.1.2011 zu Bascharage, der Gebuertsstad vum Claus Cito an enger Ausstellung a koum duerno nees op hir Plaz.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: E.A. Schaack.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

20 août 2020

Koloréiert Vue vun der Tour Jacob, dem Gronn an der Uewerstad.

Lénks steet d’Dënselpuert, d.h. déi al Tréiererpuert, déi eréischt no 1867 nees opgemaach ginn ass. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, also aus Richtung Tréier, dofir och „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..Déi vill méi al sougenannten Krudelspuert, déi méi déif am Dall un der Uelzecht louch, an de Gronn mat Clause verbonnen huet ass zu deem Zäitpunkt zougemaach ginn. Säit d’Abtei Neimënster gebaut gouf, war des Puert souwisou wahrscheinlech net méi a Betrib. Hier Iwwerreschter gesäit een haut nach duerch eng Fënster am Tuutesall wann ee Richtung Stierche geet. Op der Foto ass si awer natierlech net ze gesinn.

Haut steet e puer Meter ënnert der mëttelalterlecher Tour Jacob déi mat Stol rekonstruéiert « nei Tréiererpaart », déi also chronologesch déi lescht Paart ass, fir vun Osten hier an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen. Si gouf no 1867 leider ofgerappt.

Gebaut gouf si ëm 1590 an déi « mëttelal » Tréiererpaart gouf ganz zougemauert, genau sou wéi d’Tréiererstrooss e puer Meter no ënnen a laanscht d’Festungsmauer geluecht gouf. 1590 hunn se beim Bau vun där « neier » Puert och e réimesche Mënzschatz fonnt, deen awer leider verluer gaangen ass. E beweist awer, dass och schonn zu Réimerzäiten eng Siidlung dës Säit vun der Uelzecht, evt. op der Rumm bestanen huet.

D’Leit déi an d’Stad era wollten hunn all op dëse Plazen ëmmer missen eng Taxe bezuelen.

Fir den Iwwerbléck also:

- Eng éischt Paart louch ënnen am Dall, d.h. déi aktuell rue Münster huet dohi gefouert.

- Duerno gouf am Mëttelalter d’Tour Jacob als 2. Tréierer Paart gebaut- schlussendlech ëm 1590 déi jéngsten Tréierer Paart déi mir ënnert dem Jakobstur gesinn an déi 1867 ofgerappt an an den 1990er Joren aus Stol nees opgebaut gouf.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Kunstanstalt Louis Glaser, Leipzig.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

21 août 2020

Vue op déi hënnescht Fassad vun den alen Haiser aus der Tilleschgaass am Gronn.

Iwwert de Gronn, de Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg kéint ee Bicher schreiwen - wat natierlech och gemaach gouf a gëtt.

Virun e puer Joerzéngten nach en äermleche Quartier, wou een net esou gären higaangen ass, ass et haut eng vun deene schéinsten a gemittlechste Plazen an der Stad. Virun allem d’Renovatiounen vu ville Gebaier Enn 80er an an den 90er Joren, d’Erëffnung vum Naturmusée an der Abtei Neimënster, Caféen a Restauranten an de Bau vun engem Lift vum Hl. Geeschtplateau erof an den Dall hunn dozou gefouert, dass haut am Gronn d’Liewe pulséiert wéi nach ni. An trotzdeem eng gewësse Rou ausstraalt.

Schonn am fréie Mëttelalter hu Mënschen an dësem Deel vun der Stad gelieft, nach iert de Sigfried um Bockfiels seng kleng Buerg gebaut huet.

Bis an d’14. Joerhonnert louch de Gronn nach « ante portas », d.h. virun den Dieren vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn eréischt an d’Schutzmauer vun der Stad ënnert dem Wenzel II. mat erageholl.

E reliéisen Zentrum war de Gronn virun allem duerch den am Mëttelalter gegrënnten Hospice St. Jean, d’Benediktinerabtei Neimënster an d’Kierch St. Ulric.

Industriellen Zentrum war de Gronn doduerch, dass hei vill Fëscher, Fierwer Gierwer an aner Handwierker déi d’Waasser resp. d’Waasserkraaft vun der Uelzecht gebraucht hunn, sech hei néiergelooss hunn.

Ënnert anerem Händschefabriken aus dem Gronn wéi z.B. d’Handschuhfabrik Albert Reinhard & Cie an der Plaetisgaass waren eng bedeitend Wirtschaftsbranche vun der Stad Lëtzebuerg. En Deel dovun steet och nach haut an huet als Appartementshaus mat Bureauen iwwerlieft. E weideren Deel gouf ofgerappt an als Park amenagéiert.

Net ze vergiessen sinn natierlech déi zwee Prisongen, déi am alen Hospice St. Jean (Fraeprisong) an an der Abtei Neimënster (fir d’Männer) installéiert goufen a bis an d’1980er Joren bestanen hunn, bis de Prisong zu Schraasseg opgaangen ass. Méi en däischtert Kapitel also vun der interessanter Geschicht vum Gronn.

Et ass kloer, dass mir op dëser Plaz nëmmen e ganz klengen Ëmrëss vun der Geschicht vum Gronn maache kënnen, an hoffen dass mir heimat den Interessi fir d’Geschicht vun dësem dach schéine Quartier bei deem engen oder aneren ausléise konnten.

Fotograf: Nels; Editeur: Ern. Thill, Bruxelles.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

22 août 2020

Haut fänkt an der Stad d’Schueberfouer un. Dofir dann haut déi passend Postkaart dozou mam bekannte Lidd dem „Hämmelsmarsch“.

D’Schueberfouer, gegrënnt am Joer 1340 vum Jang de Blannen, nodeems aner Mäert kee grousse Succès waren, ass haut net méi ewech ze denken.

Firwat fält d’Stater Kiermes, wat et usech ass, eigentlech ëmmer an d’grouss Vakanz? Majo well d’Kiermes un d’Fest vun engem Hellege gebonnen ass, an dësem Fall den Hellege Baartelméis. Am Dokument vum Jang de Blannen steet, dass dee Joermaart all Joer um Virowend vum Fest vum Hl. Baartelméis soll ufänken.

Wat mir elo op der Postkaart gesinn, dat ass den traditionellen Hämmelsmarsch (Hämmel = männlecht Schof). Hei eng Erklärung zur Geschicht vun dësem Begrëff:

D’Traditioun fir virun enger Kiermes Hämmel duerch d’Gaassen ze dreiwen ass am Kader vun der Schueberfouer opkomm. Do gouf et beim Präisschéissen Hämmel ze gewannen an d’Foraine wollten deemno Reklamm fir d’Schéissbude maachen andeems se de Stater Leit hir schéi Präishämmel weise gaange sinn. Dat ass sou gutt ukomm, datt duerno uechtert d’ganz Land d’Kiermes mat engem Hämmelsmarsch agelaut goufen, obschonn et keen Hammel ze gewanne gouf.

D’Museksstéck Hämmelsmarsch ass eng alt Volléksweis, där hiren Auteur net bekannt ass. Aus dëser Weis gouf am 19. Joerhonnert e Lidd wéi de Michel Lentz en Text dozou geschriwwen huet. D’Lidd gouf oft ënner dem Numm « Schuebermëss » publizéiert.

Hei de ganzen Text:

Den Text vum Michel Lentz

1. Stroph’T as Kiirmesdag an eng Gei jéngt muerges an der Gaass,

‘T jäitzt eng Clarnett an ‘t brommt eng schaddreg Baass,

An d’Hämmel gin derbei mat Bänn a Flettschen un,

Blénkeg zënne Plettlen an der Rei sin hannendrun,

Sin hannendrun;

An d’Kanner loossen hire Kaffi stonFir deene schéinen Hämmel nozegonWou d’Musek as, déi spillt sou lëschteg d’Gaassen an,

Fir bei all grouss Hären an der Stad hir Ronn ze man,

Hir Ronn ze man.

2. StrophD’Leit si gebotzt an si hun hir schéinste Kleeder un,

D’Kamäiner dämpen, d’Kächen, déi sinn drun,

d’Pan an der Fuesend, déi ass nët esou geplot,

Well et ass haut nët genoch mat engem Hämmelsbrot,

A mat Zalot.

An aus der Friemd sinn d’Lëtzebuurger do,

Op d’Kiirmes kommen si vu wäit an no,

‘T as aus der Heemecht keen, a wir en iwer d’Mier,

Op de Schuebersonndeg, ‘t ass gewëss, dann denkt ën hier,

Dann denkt ën hier.

3. StrophHun d’Hämmel dann d’Musikanten d’Neipuert ausgeleet,

Mam Fouermeeschter voll Gléckséilegkeet,

Da sëtzen d’Leit um Dësch mat hire Kirmesgescht,

d’Tell’re klënken, jiddereen, deen deet sei meescht, sei bescht,

Sei meescht, sei bescht.

D’Gemitlechkeet, déi schenkt en d’Glieser aan,

An d’Lëschtegkeet, déi blénkt aus allen Aan,

De Quetschekoch, dee schmaacht wéi de beschte Bond,

D’Fra vum Haus as frou, well alle Mënsch e gutt huet fond,

E gutt huet fond.

4. StrophAn d’Schuebermëss, déi ass dann an hirem volle Glanz;

D’Trompett an d’Gei déi ruffe bei den Danz;

Grouss Schëlter op de Lietsche gi wëll Déieren un,

Wouvun as s’am ofsten nët en Hoor dobannen hun,

Dobannen hun.

Hei weisen si e Riis, dee Sable frësst,

An do e schwaarze Mann, deen Tubak ësst;

All Wonner vun der Welt, déi ka mer hei gesin,

Nëmmen nët e Mensch, deen iech fir näischt géif eppes gin,

Géif eppes gin.

23 août 2020

Och haut nach eng flott Postkaart vun der Schueberfouer an der Belle Epoque.

D’Schueberfouer, gegrënnt am Joer 1340 vum Jang de Blannen, nodeems aner Mäert kee grousse Succès waren, ass haut net méi ewech ze denken.

Firwat fält d’Stater Kiermes, wat et usech ass, eigentlech ëmmer an d’grouss Vakanz? Majo well d’Kiermes un d’Fest vun engem Hellege gebonnen ass, an dësem Fall den Hellege Baartelméis. Am Dokument vum Jang de Blannen steet, dass dee Joermaart all Joer um Virowend vum Fest vum Hl. Baartelméis soll ufänken.

Fotograf & Editeur: Onbekannt.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

24 août 2020

Flott Vue op de Clausener Bierg an den Huelen Zant um Bock.

Den Huelen Zant ass iwwregens (net wéi oft behaapt gëtt) keen Iwwerrescht vum Siegfried senger Buerg Lucilinburhuc, mä vum lénksen Tuerm vun der zweeter Paart vun der neizäitlecher Festung, vun uewen aus gekuckt. E gudden Deel vun deene Maueren stamen aus der Zäit den Ëmbauten vun der Festung duerch de Vauban. Dat haitegt Ausgesinn krut déi Ruin 1874, wéi d’Zitadell um Bock ofgerappt gouf. Oft gëtt behaapt, de Staatsarchitekt Charles Arendt, wär fir den Ëmbau am romantesche Stil responsabel gewiescht, wat awer net ganz richteg ass, vu dass hien déi Ëmbauten esou guer kritiséiert huet.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: O. Schleich Nachf., Dresden.Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

25 août 2020

Et ass eng Opnam, déi um Enn vun der Joerhonnertwenn vum Charles Bernhoeft gemaach gouf. Hie stoung dofir um Béinchen. Hanne gesäit een d’Bréck, déi bei der Kierch eriwwer an de Quartier “Beim Béinchen” féiert. Et ass e flotten Temoignage vun der Lëtzebuerger Liedergierwerindustrie, déi wéinst dem Waasserbedierfnis an de Staddeeler un der Uelzecht floréiert huet. Net fir näischt huet d’Strooss deemools ab der Bréck “rue des Tanneurs” geheescht. Haut heescht d’Strooss vun der Bréck bis hannert den Hospice civil einfach “rue Mohrfels” (Muerbels).

Vun de rietsen Haiser op der Kaart steet haut keent méi, no der schroer Explosioun am Joer 1976 ass de Gros vun den Haiser ofgerappt resp. nei opgebaut ginn.

Uewen erkennt een an der deemoleger “Skyline” de Kierchtuerm vun der Méchelskierch vum Fëschmaart.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897, geschéckt 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

26 août 2020

Schéin animéiert Postkaart aus dem Pafendall mam Béinchen, der Sichepaart an der Sichegaass.

No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Sichepaart an déi aner Säit d’Eecherpaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, dem Béinchen, verbonne waren. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Paart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen. D’Nimm vun der selweschter Paart variiéieren, bezéien sech awer ëmmer op dat selwescht: Siecherludeporte (1444), Sicherporte (1472), Paffendaler Porten (1479), Sichenleuth Pfordt (1659), Porte des lépreux (1717), Porte des Bons Malades.

Riets nieft der Puert stoung, wéi een op der Postkaart gesäit, fréier och eng Rëtsch Haiser, déi alleguer ofgerappt goufen, fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen, ma och op der lénker Säit stounge fréier Haiser, déi an engem schlechten Zoustand waren an aus « hygienesche » Grënn ofgerappt goufen.

Fotograf & Editeur: Charles Grieser, Kunstverlag, Luxembourg.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

27 août 2020

Staark ofgenotzten Amateuropnam vum Pafendaller Viaduc mat engem spueneschen Tiermchen op der rietser Säit.

De Pafendaller Viaduc gouf och vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf an ab 1659 am Optrag vum Adolphe Favier gebaut. D’Bréck huet eng Längt vun 260m, 13 Béi an ass ca. 32m héich.D’Spuenesch Tiermercher kruten hire Numm - wéi soll et anescht sinn - well se an der Zäit gebaut goufen wéi Lëtzebuerg zu de Spueneschen Nidderlanden gehéiert huet. Anscheinend goufen et fréier bis zu 38 där Wuechttierm, haut stinn der awer just nach 8. Vläicht huet et de Spuenier och just ze vill gereent am Ländchen, dass si sech e klengen Ënnerstand gebaut hunn.

Fotograf: Amateur.

Datum: 1910.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

28 août 2020

D’Amaliendenkmal am Stater Park läit net méi an der Zone Unesco oder an der Pufferzon, soll awer trotzdeem op dëser Plaz ernimmt ginn.

Dëst Monument misst jidderengem bekannt sinn, dee gären duerch de Stater Park geet.

D’Amaliendenkmal gouf den 30.10.1876 zu Éieren vun der Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach ageweit.

Architekten vum Monument waren den Oscar Belanger an den Tony Dutreux. D’Bronzeskulptur gouf vum franséische Sculpteur Charles Pêtre gemaach, op d’mannst offiziell. D’Maquette vun der Skulptur gouf nämlech vu sengem Schüler Jean-Antoine Injalbert kreéiert. D’Grénganlagen goufen vum Paysagiste Édouard André gestalt, dee wahrscheinlech och déi zwou Sequoiaen (Risemammutbeem, déi méi wéi 1000 Joer al kënne ginn) planze gelooss huet. Déi zwee Beem sinn 28 resp. 33 m. héich.

Wie war d’Amalia?

D’Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach, gebuer den 20.3.1830 zu Gent a gestuerwen den 1.5.1872 am Schlass zu Walfer, war déi éischt Fra vum Prënz Henri vun Oranien-Nassau, dem Jong vum Kinnek-Groussherzog vu Lëtzebuerg, den Wëllem II. Den Henri vun Oranien-Nassau huet Lëtzebuerg am Numm vu sengem Brudder, dem Wëllem III. als prince-lieutenant regéiert.

Der Prinzessin Amalia hiere Papp, de Bernard, Groussherzog vu Sachsen-Weimar war Gouverneur général vu Lëtzebuerg ënnert dem Wëllem I. a sollt d’Land virun de Fonken vun der Belscher Revolutioun schützen.

D’Prinzessin Amalia war beim Lëtzebuerger Vollek relativ beléift a populair, well si sech vill fir karitativ Wierker agesat huet. Si huet och eng wichteg Roll gespillt, wéi et 1867 der Lëtzebuerger Onofhängegkeet bal un de Kolli gaangen ass, a vu Frankräich ënnert dem Napoleon III. sollt verkaaft ginn (Crise du Luxembourg). Dee Moment ass d’Prinzessin Amalia vun hirem Mann op St. Peterburg geschéckt ginn, wou si bei hirem Verwandten, dem Tsar Alexander II. fir d’Lëtzebuerger Cause plaidéiert huet.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

28 août 2020

Schéin animéiert Vue vun der Passerelle.

D’Passerelle, och nach « Viaduc » oder « Al Bréck » genannt, nodeems déi « nei Bréck » oder de Pont Adolphe 1903 gebaut gouf.

D’Passerelle, déi de Garer Quartier mat der Uewerstad verbënnt, gouf vum Achille Grenier

an dem Auguste Letellier geplangt a vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers gebaut.

Et ass keen Zoufall, dass de Bau vun der Passerelle an déi selwecht Zäit fält, wéi de Bau vun der éischter Gare vun der Stad Lëtzebuerg. Et war vun Ufank u kloer, dass d’Gare, déi aus strategesche Grënn ausserhalb vun de Festungsmaueren stoung, misst mam Zentrum verbonne ginn.

Fir de Bau vun der Bréck ass fir d’éischt eng hëlze Behëllefsbréck, eng Passerelle opgeriicht ginn, déi der Bréck also ee vun hiren haitege Nimm ginn huet.

D’Passerelle ass 308,40 Meter laang a besteet aus 26 Béi, déi tëscht 8 a 15m breet sinn. D’Maximalhéicht ass 45m. Geplangt goufd’Bréck vum Achille Grenier an dem Auguste Letellier, gebaut gouf se vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers.

Dass d’Bréck e liichte Bou huet, ass iwwregens op taktesch Grënn aus der Zäit wéi Lëtzebuerg nach eng Festungsstad war, zeréckzeféieren. Wahrscheinlech war si och mat Sprengkummeren versinn.

1960 gouf si fir de ville Verkéier méi breet gemaach an dräispureg ausgebaut. Virun e puer Joer ass dunn eng Spuer duerch eng geséchert Vëlospiste mat engem Vëloscompteur installéiert gëtt, deen iwwregens all Joer en neie Rekord opstellt.

Riets op der Foto gesäit een och d’Diecher vun zwou Kasären, déi vum Vauban gebaut goufen, a wouvun haut just nach déi steet, déi an d’Cité judiciaire integréiert gouf.

Lénks nieft dëser Kasär a vis-à-vis vun der haiteger englescher Ambassade steet e Gebai, dat haut vill Leit net méi kennen. Et handelt sech ëm d' »Kornmagazin », wat d’preisesch Besatzung 1856 baue gelooss huet a gutt 100 Joer méi spéit, 1966 ofgerappt ginn ass.

Zur Zäit vun der Opnam waren e gudden Deel vun de Festungsmaueren vum Helleg-Geescht-Plateau verschwonnen, dofir gesäit een och näischt méi vun der Paart, duerch déi een huet misse goen, fir vun der Passerelle an d’Stad eran ze kommen. Dës Part gouf « Prinz-Heinrich-Pforte » genannt. Do wou haut op dräi Spueren Veloen, Autoen a Foussgänger an d’Uewerstad oder an den Tunnel kommen, hätt deemools mol kee klengen Auto duerchgepasst.

Fotograf & Editeur: P. C. Schoren, Photograph, Luxembourg-Gare.

Datum: 1912.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

29 août 2020

Schéi Vue vun der Schlassbréck aus gekuckt op déi fréier Abtei Neimënster.

D’Abtei Neimënster an déi haiteg Grënnesch Kierch hunn nawell eng laang Geschicht. 1308 gouf d’Kierch « Sankt Johann auf den Steynen » vum Henri VII. vu Lëtzebuerg gegrënnt an 1321 gouf se Parkierch.

Am Krich tëscht dem franséische Kinnek François I. an dem Keeser Karel V. gouf 1542 d’Benediktinerabtei Almënster, déi virun de Festungsmaueren am Clausenerbierg louch, zerstéiert an ofgerappt.

Nom Krich hunn d’Benediktiner beschloss hir Abtei am Stadgronn nei opzeriichten. Se krut den Numm Neimënster. Am Joer 1606 gouf d’Abteikierch nei gebaut a 1618 als Parkierch St. Jean benotzt. Bis zur Franséischer Revolutioun hunn d’Benediktiner sech ëm d’Kierch bekëmmert. Bei der Belagerung duerch d’Fransousen 1684 ass d’Kierch mat der Abtei ofgebrannt. Tëscht 1688 an 1705 gouf se nees no de Pläng vum Hubert Laloir vu Léck, engem Mataarbechter vum Vauban opgebaut. 1731 huet de Weibëschof Nalbach vun Tréier se ageweit. Wéi all déi aner Kléischter gouf och Neimënster 1796 an de Revolutiounszäiten sekulariséiert an enteegent.

Vun 1815 bis 1867 war d’Kierch e Lazarett vun den Truppe vum Däitsche Bond. Wéi déi bis fort ware goufen d’Gebaier vum Lëtzebuerger Staat iwwerholl an et war bis 1984 e Männerprisong. No grousse Restauréierungsaarbechte gouf de ganze Komplex vun der Abtei fir soziokultureller Zwecker amenagéiert an ass haut de Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, deen zanter 2013 ënner dem Numm Neimënster firméiert.

Den 23. Abrëll 1953 gouf d’Kierch als nationalt Monument klasséiert.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

30 août 2020

Dat aalt Portal vun der Kathedral Notre Dame.

D’Kathedral gouf vun de Jesuittepateren tëscht 1613 an 1621 als Kierch gebaut.. Den éischte Stee vun der Kierch gouf de 7. Mee 1613 ënner dem Père François Aldenard geluecht. Den Entreprener vum Gebai war den Ulrich Job vu Luzern. Ënner him goufen ënner anerem d’Dekoratioun vun de Kolonne realiséiert. D’Jesuittekierch gouf de 17. Oktober 1621 vum Weibëschof Georg von Helfenstein der Onbefleckter Empfängnis geweit. D’Joer vun der Wei vun der Kierch ass och an enger Inscriptioun um Portal ze gesinn: « Sit Nomen Domini Benedictum 1621 ».

Den Numm Notre-Dame krut d’Kierch den 31. Mäerz 1844 duerch den apostoulesche Vicaire Jean-Théodore Laurent.

Säit 1870 ass d’Kierch eng Kathedral, dat nodeem Lëtzebuerg en Bistum gouf. Duerch den enormen Zouwuess vu Pilger huet d’Gebai misse vergréissert ginn. Ab 1934 ass d’Kathedral no de Pläng vum Architekt Hubert Schumacher erweidert ginn andeems de Chouer an d’Querschëff mat dem sougenannte Marieportal un déi al Jesuittekierch ugebaut goufen. Den bis 1934 eenzegen Tuerm dréit d’Mauerankeren vun 1618, déi eis also den Alter vun dësem Tuerm verroden, deen also scho méi wéi 400 Joer steet.

D’Portal, haaptsächlech am Renaissance- a Barockstil gehalen, geet u sech zeréck op d’Haaptentrée vun der Kierch déi Jesuitten.

Um Portal gesäit een d’Statuen vum Hl. Ignatius (Grënner vum Jesuittenuerden), de François-Xavier, e wichtege Missionar vun de Jesuitten fir den indeschen an asiatesche Raum.

Uewen um Portal sinn d’Statuen vum Hl. Péitrus & Paulus an d’Muttergottes ze gesinn.

Ganz uewen steet dann nach De Kleeschen. A firwat dat dann? Majo vun 1778-1801 war d’Kierch vum Kolléisch vun de Jesuitten och Parkierch fir d’Par vum Hl. Niklos. Dëst well déi al Parkierch um Krautmaart, op der Plaz bei der Chamber baufälleg an ze kleng ginn ass.

Fotograf: ; Editeur: Foto P. C. Schoren, Luxemburg-Bahnhof, Bourbonstraße 10.Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

31 août 2020

Vue op de Gronn mam Clausener Viaduc ganz riets, wäiss Wäsch fir ze bleechen nieft der Uelzecht, der Tréierer Puert an der Rumm.

De Clausener Viaduc gouf 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf an am Optrag vum Adolphe Favier, deen d’Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut. D’Bréck huet eng Längt vun 208 Meter, ass 44 Meter héich, 15 Meter breet an dee gréisste vun den 9 Béi iwwerspaant 15 Meter.Uewen an der Mëtt steet d’Dënselpuert, d.h. déi al Tréiererpuert, déi eréischt no 1867 nees opgemaach ginn ass. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, also aus Richtung Tréier, dofir och „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..Déi vill méi al sougenannten Krudelspuert, déi méi déif am Dall un der Uelzecht louch, an de Gronn mat Clause verbonnen huet ass zu deem Zäitpunkt zougemaach ginn. Säit d’Abtei Neimënster gebaut gouf, war des Puert souwisou wahrscheinlech net méi a Betrib. Hier Iwwerreschter gesäit een haut nach duerch eng Fënster am Tuutesall wann ee Richtung Stierche geet. Op der Foto ass si awer natierlech net ze gesinn.

Haut steet e puer Meter ënnert der mëttelalterlecher Tour Jacob déi mat Stol rekonstruéiert « nei Tréiererpaart », déi also chronologesch déi lescht Paart ass, fir vun Osten hier an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen. Si gouf no 1867 leider ofgerappt.

Gebaut gouf si ëm 1590 an déi « mëttelal » Tréiererpaart gouf ganz zougemauert, genau sou wéi d’Tréiererstrooss e puer Meter no ënnen a laanscht d’Festungsmauer geluecht gouf. 1590 hunn se beim Bau vun där « neier » Puert och e réimesche Mënzschatz fonnt, deen awer leider verluer gaangen ass. E beweist awer, dass och schonn zu Réimerzäiten eng Siidlung dës Säit vun der Uelzecht, evt. op der Rumm bestanen huet.

D’Leit déi an d’Stad era wollten hunn all op dëse Plazen ëmmer missen eng Taxe bezuelen.

Fir den Iwwerbléck also:

- Eng éischt Paart louch ënnen am Dall, d.h. déi aktuell rue Münster huet dohi gefouert.

- Duerno gouf am Mëttelalter d’Tour Jacob als 2. Tréierer Paart gebaut- schlussendlech ëm 1590 déi jéngsten Tréierer Paart déi mir ënnert dem Jakobstur gesinn an déi 1867 ofgerappt an an den 1990er Joren aus Stol nees opgebaut gouf.

Am Hannergrond gesäit een och déi bal 12 Meter héij Tierm, déi en Deel vun der Rumm-Befestegung sinn an déi am Mëttelalter um Enn vum 14, Joerhonnert, ongeféier tëscht 1380 an 1395 op Uerder vum béimesche Kinnek Wenzel II. gebaut goufen.

Uewe riets erkennt een déi lescht Kasär, déi op der Rumm gebaut gouf. Ënner preisescher Besatzung gouf de Bau vun neie Kasäre virugedriwwen. An de Joren 1863-1866 gouf um Plateau eng 5. Kasär, direkt hanner der mëttelalterlecher Mauer gebaut, déi sou genannte „Preisesch Kasär“, e massive bommeséchere Bau, no den deemools neisten Technike vum Festungsbau gebaut: den Daach konnt am Krichsfall bannent kierzter Zäit ofgedroe ginn an duerch eng déck Couche Buedem ersat ginn, déi d’Gebai viru Bombardement schütze sollt. D’Rumm war zu deem Zäitpunkt d’Heemecht fir Artillerietruppen, déi natierlech och mat der Stadbevëlkerung Kontakt haten, deen net ëmmer onproblematesch war - vun dohier kënnt och d’lëtzebuergescht Lidd « Et wor emol e Kanonéier ».

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Grand Bazar Champagne.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

01 septembre 2020

Et ass eng Opnam, déi um Enn vun der Joerhonnertwenn vum Charles Bernhoeft gemaach gouf. Hie stoung op der Bréck déi bei der Kierch eriwwer an de Quartier “Beim Béinchen” féiert. Et ass e flotten Temoignage vun der lëtzebuerger Liedergierwerindustrie, déi wéinst dem Waasserbedierfnis an de Staddeeler un der Uelzecht floréiert huet. Net fir näischt huet d’Strooss deemools “rue des Tanneurs” geheescht. Haut heescht d’Strooss vun der Bréck bis hannert den Hospice civil einfach “rue Mohrfels” (Muerbels).

Vun den Haiser riets op der Kaart steet haut keent méi, no der schroer Explosioun am Joer 1976 ass de Gros vun den Haiser ofgerappt resp. nei opgebaut ginn. Ganz lénks erkennt een nach d’Eckmauer vum Vauban sengem Lazarett (erbaut 1687), dat 1955 ofgerappt gouf.

Uewen erkennt een an der deemoleger “Skyline” de Kierchtuerm vun der Méchelskierch vum Fëschmaart.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

02 septembre 2020

Eng immens flott Vue aus der Stad vum Knuedler (Place Guillaume II.) iwwer d’rue du Fossé an d’rue de la Reine op de Palais Grand-Ducal um Krautmaart.

Wéi ee gesäit, ass nawell vill lass um Stater Maart.

Och flott ze gesinn, dass en Deel vun den Haiser haut nach d’Form vun deemools hunn, sech awer trotzdeem vill verännert huet, wéi zum Beispill d’Gebai riets, wou haut eng Agence vun der BCEE dran ass.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

03 septembre 2020

Flott Vue op d’Sichenhaffer Millen, ëm 1900 nach mat Stréi gedeckt. Am Hannergrond riets gesi mer d’Sichenhafferbréck, déi iech vläicht hëlleft, d’Millen ze situéieren. D’Mille läit esou just net méi an der Pufferzone vum UNESCO-Weltkulturierwen, soll awer un dëser Plaz trotzdeem ernimmt ginn.

D’Sichenhaffermillen, haut meeschtens ënner dem Numm « Moulin d’Eydt » ze fannen, huet eng Aberzuel un Nimm: Eydtmillen, Eetermillen, Probstmillen, Neimillen, Iewescht Millen, Kinneksmillen, Domänemillen.

Dës Millen gëtt fir d’éischt am Joer 1311 als « li noef molins » genannt, sou dass unzehuelen ass, dass si um Enn vum 13. Jorhonnert entstanen ass. Si war eng Bannmillen, d.h. se huet de Grofe vu Lëtzebuerg, resp. dem jeeweilege Besëtzer vun der Festung gehéiert. An de Rechnungsbicher vun der Stad Lëtzebuerg fanne mir se am 14. Joerhonnert als « mullin Proist derier Lymperch », « Proist mullin », « Moulin de Monseigneur, nommé Prostmullen ».

1430 gi mir gewuer, dass d’Mille beschiedegt war an duerch de Schockmann an de Johann de Vilstorff nees opgebaut gouf. Piechter zur där Zäit war den Claus Scefgin. 1544 ass d’Millen op en neits zerstéiert ginn duerch e Feier.

Während der Belagerung duerch dem Louis XIV. seng Truppen am Joer 1684 gëtt d’Millen vun de spuenescher Besatzung vun der Festung verminnt - an explodéiert.

Géint 1700 fanne mir de Martin Eydt a seng Fra Marie Zeves als Besëtzer vun der Millen. Während 6 Generatiounen ass d’Famill Eydt op der Millen nogewisen an gëtt hir och hiren am heefegsten gebrauchten Numm. De Jong vum Martin Eydt, de Johann Eydt fiert duerno mam Millebetrib weider.

1741 fanne mir den Heinrich Reckinger an d’Margareta Päckels - wahrscheinlech als Aarbechter op der Millen, 1748 pacht de « Müller Eydt » d’Mille vun der Éisträichescher Regierung, déi mëttlerweil d’Festung besat hunn. 1780 gëtt den Nicolas Eydt als Piechter vun der Millen ernimmt.

D’Millen gouf befestegt an huet eng wichteg Roll an der Verteidegung vun der Stad resp. dem Pafendall gespillt. Déi franséisch Revolutiounstruppen gräifen d’Millen am Wanter/Fréijoer 1795 un an no e puer weideren Attacken gëtt se vun hinnen ageholl. Den Nicolas Eydt-Warcher muss dofir den Eruewerer 1500 Livres bezuelen. 1797 gëtt d’Millen mam Wunnhaus als Bien national versteet. Den Nicolas Eydt ersteet se fir 157000 Frang.

Am Joer 1843 ass d’Millen un de Johann Thill verpacht an en Deel vun der Millen ass un dKartonage-Fabrick Jean Ecker verlount. De Michel Eydt huet eng Pabeiermillen net wäit ewech vun der Eydtmille bedriwwen.

1847 ass d’Bréck beim Sichenhaff iwwer den Terrain vun der Mille gebaut ginn. 1850 freet de Michel Eydt-Limbourg bei der Regierung d’Autorisatioun fir en Neibau vun der Millenanlag, 1858 freet hien d’Autorisatioun fir eng Dampmaschinn do z’installéieren.

1906 huet d’Famill Eydt d’Mille mat dem Terrain un de Schnappsbrenner Jean-Baptiste Weicker vu Sandweiler verkaaft. De leschte Mëller op der Millen war den Nik. Siebenaler-Weimerskirch am Joer 1917. 1918 ass d’Millen vun der Famill Weicker versteet ginn an de Johann-Gerhard Terlinden vun der Weimerskiercher Millen krut den Zouschlag. Ab deem Joer gouf et och eng Dréckerei an de Gebailechkeeten, déi 1920 vun der Lithographie Artistique Ch. Hoffmann et Fr. Feller, Siechenhof iwwerholl ginn ass.

De Staat huet d’Millewier 1934 zeréckkaaft fir et am Kader vum Reamenagement vun der Uelzecht ze zerstéieren. Domat war och d’Enn vun der Millen besigelt.

1951 war de Guillaume Terlinden Besëtzer vun der Millen.

Haut steet nach en Deel vun de Gebaier vun der Millen, déi zu Wunnzwecker fir manner bemëttelt Leit viru kuerzem nees restauréiert goufen. Op engem Deel vum Areal vun der Millen fënnt een haut och e klenge Sportsterrain fir déi Jonk.

Fotograf & Editeur: Nels.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

04 septembre 2020

Flott Vue op d’Dräi Eechelen.

Wéinst den 3 doréierten Eechelen op den Tierm gëtt de Fort um Plateau Kierchbierg deementspriechend genannt. D‘Dräi Eechelen ware just en Deel vum impressionnante Festungskomplex „Obergrünewald“ mat deem een d’Staat géint en Ugrëff vun der ëstlecher Säit aus beschütze wollt.

De Fort ass 1732/33 vum éisträicheschen Ingenieur Simon de Beauffe op der Plaz vum Vauban senger Redoute « Hauteur du Parc » aus dem Joer 1688 erbaut ginn. Benannt ass de Fort nom éisträichesche Festungskommandant Adam Sigmund von Thüngen.

De Fort Thüngen ass als Verstäerkung vum 3. Festungsréng vun der Stad Lëtzebuerg gebaut ginn.

1836 gouf de Fort vun de Preisen erweidert a krut och seng dräi ronn Tierm mat den Dräi Eechelen.

Ënnert dem ganze Fort ginn et eng ganz Rei vu Minnen, déi am Eeschtfall hätte kéinte genotzt ginn, fir de Fort ze sprengen.

Nach 1860 gouf de Fort verstäerkt, vu dass en nach net wousst, wat e puer Joer drop sollt geschéien. Wéi nom Londoner Vertrag vun 1867 d’Festung huet misse geschleeft ginn, gouf och de Fort Thüngen an e puer Phasen vun 1870-1875 ofgerappt. Just d’Agangstierm, déi mir haut nach gesinn, sinn erhale bliwwen, d’Grondmaueren goufe mat Buedem bedeckt. D‘Eechele vun den 3 Tierm goufen um Enn vun den Ofrappaarbechten doréiert. D’Kasematten vum Fort Thüngen sinn haut zum Deel nees mat engem Guide zougänglech oder am Musée integréiert. Fréier hu sech d’Kanner aus dem Pafendall gären doran amuséiert: anscheinend koum een duerch verschidde Gäng aus dem Dällchen bis erop op de Plateau.

Haut fanne mir hei de Festungsmusée Musée Dräi Eechelen. Och de Mudam ass op de Fundamenter vum Fort ënnerbruecht an e gudden Deel gouf nees opgebaut. E ganz laangen Otem hunn dobäi d’Frënn vun der Festung gebraucht, bis et endgülteg, no villen administrativen Hürden, politeschen Fauxpasen a Fehlplanungen, all d’Bauaarbechten ofgeschloss waren.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

05 septembre 2020

Panorama vum Gronn an der Uewerstad.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

06 septembre 2020

Schéi Vue vum Pafendall mat (vu lénks no riets) der Sichepuert, der Sichegaass, der Kierch St. Mathieu, dem Béinchen an der Eecherpuert.No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Sichepaart an déi aner Säit d’Eecherpaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, dem Béinchen, verbonne waren. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Paart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen. D’Nimm vun der selweschter Paart variiéieren, bezéien sech awer ëmmer op dat selwescht: Siecherludeporte (1444), Sicherporte (1472), Paffendaler Porten (1479), Sichenleuth Pfordt (1659), Porte des lépreux (1717), Porte des Bons Malades.

Lénks nieft der Puert stoung, wéi een op der Postkaart gesäit, eng Rëtsch Haiser, déi alleguer ofgerappt goufen, fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen, ma och op der lénker Säit stounge fréier Haiser, déi an engem schlechten Zoustand waren an aus « hygienesche » Grënn ofgerappt goufen.

Weider hannen erkennt een d’Pafendaller Kierch, déi dem Hl. Théiwes (St. Mathieu) geweit ass an 1872 gebaut gouf. Den Théiwesbur, den ale Wäschbur aus dem Pafendall deen direkt nieft der Kierch steet, dierft jo och jidderengem aus dem Jean-Pierre Kemmer sengem Lidd bekannt sinn.

D’Kierch huet am 2. Weltkrich Geschicht geschriwwen, wéi während 14 Méint 6 desertéiert lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert sech do verstoppt hunn.

Vis-à-vis vun der Kierch steet dat aalt Militärlazarett, och nach Vaubanskasär genannt, wat no sengem eigentlechen Zweck als Klinik fir d’Garnisoun vun der Festung mol als Betten- an Tubakfabrik, mol als Wunnraum, mol als Musée oder Schoul funktionéiert huet, bis et 1954 ofgerappt gouf.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

07 septembre 2020

Vue op Clausen mat e.a. der Kierch vun der Hl. Kunigunde a Clausen an dem fréiere Park vum Schlass Mansfeld.

Lëtzebuerg-Clausen gouf eréischt 1865 zu enger selbstänneger Par wéi Clausenvun der Par Lëtzebuerg-St. Michel ofgetrennt gouf. Am selwechte Joer gouf och d’Kierchgebaut a vum Bëschof Nicolas Adames konsekréiert. 1958 gouf d’Kierch komplettrestauréiert, awer schonn 1964 war se duerch e Feier nees staark beschiedegt ginn. Fird’Honnertjoerfeier den 10. Oktober 1965 war se awer nees an d’Rei gesat.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

08 septembre 2020

Vue op d’Corniche, de Breedewee an d’Grënnesch Puert, och nach Spuenesch Puert, Porte Espagnole genannt, no den Erbauer, de Spuenier, déi d’Paart 1632 gebaut hunn, nodeems si déi mëttelalterlech Puert, déi Deel vun der zweeter Befestegungsmauer war, ofgerappt haten. D’Zuchbréck an d’Grief goufen tëscht 1868 an 1872 am Kader vum Schleefe vun der Festung zerstéiert.

Fotograf & Editeur: Imprimerie Nouvelle Photographie, Paris.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

09 septembre 2020

Panorama vun der Eecher Strooss aus gekuckt op de Pafendall, de Bock, d’Rumm an d’Uewerstad.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

10 septembre 2020

Schéi Vue op d’Corniche an d’Uewerstad mat dem markenten Tuerm vun der Méchelskierch an dem fréieren Dominikanerklouschter, duerno Clinique St.-François.

E puer Wuert zum Klouschter:

Dat fréiert Klouschter, wat am Volleksmond och nach « Am Kräizgank » genannt gëtt, war bis zur franséischer Revolutioun en Dominikanerklouschter. D’Gebai selwer staamt ongeféier aus dem Joer 1630 a läit op nach méi ale Fundamenter.

D’Dominikanerpateren, hui bis dohin an engem Klouschter um lieu-dit « Knuedlerloch » gelieft, ongeféier do wou haut d’Staatsbeamtekantin resp. déi al Ste. Sophie ass. Si hunn et awer mat der Konkurrenz vun de Jesuitten ze di kritt, déi an direkter Noperschaft och e Klouschter am Beräich vun der haiteger Kathedral an dem ale Kolléisch opgeriicht haten.

Bis kuerz virun 1630 hunn d’Dominikaner dunn tëscht der haiteger Corniche, dem Breedewee an dem Fëschmaart Haiser (vun de Schwësteren aus dem Mariendall, vun de Markgrafen vu Baden an der Wittfra Wiltheim-Busbach) an Terrainen krut, wou si dunn hiert Klouschter opgeriicht hunn. Hei louch am Mëttelalter och déi éischt Maarthal mat Stänn fir d’Händler aus der Uertschaft. Deeler vun dëser Hal resp. enger Strooss, « Niederstegaass » genannt, déi vun der Corniche eriwwer an de Breedewee gefouert huet, waren nach an de Kelleren vun der Klinik ze gesinn.

Ab 1630 gouf d’Klouschter also direkt un d’Méchelskierch gebaut, dee Moment awer just de Fligel zum Fëschmaart an en Ostfligel, jeeweils ëmmer mat zwee Stäck. 1636 koum de Sdfligel dobäi an 1679 den Westfligel. De Baudatum an d’Erweiderungsdaten sinn duerch Mauerankeren an der Fassaden bannen am Haff nach haut ze erkennen.

Duerch den Ugrëff vum Louis XIV senger Arméi an d’Belagerung an de Joren 1683/84 war d’Klouschter an och d’Méchelskierch, staark zerstéiert ginn an d’Dominikaner hunn iwwerluecht de Fëschmaart ze verloossen, well si keng Mëttele méi haten, fir alles nees opzebauen. Während sengem Besuch zu Lëtzebuerg huet de franséische Kinnek de Pateren dunn 4000 Pond vu sengem Privatverméige ginn, fir d’Kierch an d’Klouschter nees opzebauen, wat erkläert, firwat iwwer der Entrée vun der Kierch de Wopen vum Kinnek mat den « Fleurs de lys » hänkt.

Während der Revolutioun hunn d’Pateren d’Klouschter misse verloossen an et ass den 31.3.1798 als Bien national fir 10000 Pond versteet ginn.

Ëm 1860 war d’Wittfra vum Affekot Bernard Pondrom Besëtzerin vun de Gebailechkeeten. D’Madame Pondrom, déi schwéier krank war ass um Enn vun hirem Liewen vun Franziskanerinne gefleegt ginn an sou koum et, dass d’Haus 1860 nom Doud vun der Madame Pondrom un d’Franziskanerinne ënnert der Oberin, der Schwëster Franziska (gebueren Elisabeth Dufaing) verkaaft ginn ass.

1861 sinn déi éischt Schwësteren mat enger Grupp Weesekanner erageplënnert. 1866 hunn d’Schwësteren dunn eng Aeklinik an de Gebailechkeeten ageriicht, wouraus 1871 eng allgemeng Klinik entstanen ass.

Géint 1895 ass d’Gebai renovéiert ginn an et goufen 2 Stäck op déi al Maueren vun 1630 gesat an 1896 ass hei déi éischt modern Klinik um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg opgaangen. Duerch dësen Ëmbau huet den Tuerm vun der Méchelskierch awer leider e bëssen vu sengem impressionnanten Androck verluer.

Spéiderhinn ass aus der Klnik en Altersheim ginn, dat bis 2011 als Maison François a Betrib war, wéi déi lescht Schwësteren erausgeplënnert sinn. Et gouf un e Konsortium vun Investisseure verkaaft an d’Gebailechkeeten ginn zu Luxusappartementer ëmgebaut. Vu dass d’Gebai awer ënner Denkmalschutz steet, sinn vill Maueren net ugeréiert ginn an och d’Façade vun deem historesche Gebai ass erhale bliwwen. Bei Analysen hunn Archeologen esou guer festgestallt, dass am Daachstull nach hëlzen Dunnen vun deem éischte Bau erhale bliwwen sinn.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

11 septembre 2020

Panoramavue vum de Gronn mat lénks dem Neiewee an niewendrun déi fréier Abtei Neimënster a mam Clausener Viaduc am Hannergrond.

De Neiewee heescht offiziell « rue Sosthène Weis », benannt nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941).

D’Strooss déi de Gronn laanscht d’Fielsen an d’Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch mam Pafendall verbënnt ass 1679 ënner spuenescher Herrschaft las Verbingung tëscht dem Gronn, dem Pafendall a Clausen ugeluecht ginn. D’Strooss awer net ëmmer sou geheescht: eelsten Numm ass eben « Neie Wee » oder « rue Neuve ». Vun 1925-1946 huet se « Felsenstraße » resp. « rue des Rochers » geheescht an eréischt 1946, 5 Joer nom Doud vum Sosthène Weis krut se hiren haitegen Numm.

D’Abtei Neimënster an déi haiteg Grënnesch Kierch hunn nawell eng laang Geschicht. 1308 gouf d’Kierch « Sankt Johann auf den Steynen » vum Henri VII. vu Lëtzebuerg gegrënnt an 1321 gouf se Parkierch.

Am Krich tëscht dem franséische Kinnek François I. an dem Keeser Karel V. gouf 1542 d’Benediktinerabtei Almënster, déi virun de Festungsmaueren am Clausenerbierg louch, zerstéiert an ofgerappt.

Nom Krich hunn d’Benediktiner beschloss hir Abtei am Stadgronn nei opzeriichten. Se krut den Numm Neimënster. Am Joer 1606 gouf d’Abteikierch nei gebaut a 1618 als Parkierch St. Jean benotzt. Bis zur Franséischer Revolutioun hunn d’Benediktiner sech ëm d’Kierch bekëmmert. Bei der Belagerung duerch d’Fransousen 1684 ass d’Kierch mat der Abtei ofgebrannt. Tëscht 1688 an 1705 gouf se nees no de Pläng vum Hubert Laloir vu Léck, engem Mataarbechter vum Vauban opgebaut. 1731 huet de Weibëschof Nalbach vun Tréier se ageweit. Wéi all déi aner Kléischter gouf och Neimënster 1796 an de Revolutiounszäiten sekulariséiert an enteegent.

Vun 1815 bis 1867 war d’Kierch e Lazarett vun den Truppe vum Däitsche Bond. Wéi déi bis fort ware goufen d’Gebaier vum Lëtzebuerger Staat iwwerholl an et war bis 1984 e Männerprisong. No grousse Restauréierungsaarbechte gouf de ganze Komplex vun der Abtei fir soziokultureller Zwecker amenagéiert an ass haut de Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, deen zanter 2013 ënner dem Numm Neimënster firméiert.

Den 23. Abrëll 1953 gouf d’Kierch als nationalt Monument klasséiert.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

12 septembre 2020

Vue op d’Schlassbréck.Hannert der riichter Mauer déi mir uewe riets iwwert dem natierleche Fiels gesinn, verstoppen sech d’Fundamenter vun den Zwillingstierm vun der Haaptpuert vun der Buerg. Dës Tierm kënnen den Archeologen no an d’Mëtt vum d’13. Joerhonnert datéiert ginn.

Déi Tierm goufen warscheinlech an der Mëtt vum 17. Joerhonnert zesumme mam Recht vun der Buerg zerstéiert.

Déi haiteg Schlassbréck um Bock staamt aus dem Joer 1735, d.h. aus der Zäit wéi Lëtzebuerg vun den Éisträicher besat war. Et fënnt een op verschiddene Plazen och de falsche Baudatum vun 1753. Geséchert ass, dass 1733 e Projet fir den Neibau vun där Bréck virlouch, well d’Stänn (Stände, Etats) aus der Stad dogéint protestéiert hunn, vu dass si de Finanzement vun 9000 Gulden hu misse garantéieren. Dës nei Bréck aus Steen sollt déi al hëlze Schlassbréck ersetzen.

Am Wanter 1733/34 goufen 680 Ween mat Steng vu Berg (?) op d’Bauplaz bruecht. D’Leit déi mam Won gefuer sinn, kruten am Wanter 6 Gulden, am Summer 5 Gulden dofir.

1735 war de grousse Bou fäerdeg, déi kleng koumen 1736 uewendrop.

Eng technesch Kuriositéit ass d’Bréck an deem Sënn, dass een se op 5 verschidden Niveauen passéiere kann, eemol ganz normal iwwer d’Strooss, dräi Mol duerch d’Gäng duerch d’Béi an eemol ënnert der Strooss.

D’Bréck déi mir haut gesinn ass usech eng Replik vun der Originalbréck, nodeems déi 1993 ofgerappt an am Originalzoustand nei opgebaut gouf. 1933 war d’Bréck schonn eng Kéier restauréiert ginn, wéi se fir de Verkéier méi breed gemaach ginn ass.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898, fortgeschéckt 1921.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

13 septembre 2020

Schéi wanterlech Vue vum Pafendall mat der Sichepuert, der Sichegaass, der Kierch St. Mathieu an dem Béinchen.

No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Sichepaart an déi aner Säit d’Eecherpaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, dem Béinchen, verbonne waren. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Paart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen. D’Nimm vun der selweschter Paart variiéieren, bezéien sech awer ëmmer op dat selwescht: Siecherludeporte (1444), Sicherporte (1472), Paffendaler Porten (1479), Sichenleuth Pfordt (1659), Porte des lépreux (1717), Porte des Bons Malades.

Lénks nieft der Puert stoung, wéi een op der Postkaart gesäit, fréier och eng Rëtsch Haiser, déi alleguer ofgerappt goufen, fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen, ma och op der lénker Säit stounge fréier Haiser, déi an engem schlechten Zoustand waren an aus « hygienesche » Grënn ofgerappt goufen.

Weider hannen erkennt een d’Pafendaller Kierch, déi dem Hl. Théiwes (St. Mathieu) geweit ass an 1872 gebaut gouf. Den Théiwesbur, den ale Wäschbur aus dem Pafendall deen direkt nieft der Kierch steet, dierft jo och jidderengem aus dem Jean-Pierre Kemmer sengem Lidd bekannt sinn.

D’Kierch huet am 2. Weltkrich Geschicht geschriwwen, wéi während 14 Méint 6 desertéiert lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert sech do verstoppt hunn.

Vis-à-vis vun der Kierch steet dat alt Vaubans-Lazarett, wat no sengem eigentlechen Zweck mol als Fabrik, mol als Wunnraum, mol als Musée funktionéiert huet, bis et 1955 ofgerappt gouf.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

14 septembre 2020

Eng schéi Multivue vun de schéinste Plazen vun der Stad Lëtzebuerg: De Gronn, deemools nach als raue Quartier bekannt (oder pittoresk, wéi se op der Kaart schreiwen), de Bockfiels mam Huelen Zant, d‘Schlassbréck, de Pafendall mam Viaduc (net de Clausener Viaduc, wéi et op der Kaart steet) an der Hondhausbréck, do wou och schonn deemools d‘Jugendherberge am ale Schluechthaus ënnerbruecht war.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Messageries Paul Kraus, Luxembourg, G.D.Datum: 1958.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

15 septembre 2020

Schéine Panorama vun der Uewerstad mam Pafendall.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1907, geschéckt 1909.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

16 septembre 2020

Flott Vue op de Péitrussdall an de Gronn, mat de Festungswierker um Helleg Geescht-Plateau.

Uewen ass d’Grondschleisbastioun, déi 1644 gebaut gouf an an de Joren 1674 an 1685 erweidert gouf, ier se 1751 verstäerkt gouf. Hiren Numm krut d’Bastioun vun der Schleis am Gronn, déi 1731 gebaut gouf. Ënnendrënner sinn d’ « Rondellen » , déi zwar gutt ausgesinn, vun der Defense awer e bësse manner effektiv waren, wéi déi vum Vauban. Op dësem klenge Plateau, ënnerhalb vun der Grondschleisbastioun erkennt een e lénks klenge Stall, dee fir krank Päerd geduecht war a riets niewendrun de « Kriegslaboratorium » oder Munitiounslaboratoire, wou d’Munitioun fir den Asaz preparéiert gouf. Dës Gebaier goufen 1860/61 gebaut, 1982-1985 ofgerappt. Op dësen Terrasse goufe nom Schleefe vun der Festung anscheinend och wëll Déiere gehal. De ganze Fiels ass natierlech duerchlächert mat Kasematten, déi vum Gronn op de Plateau gefouert hunn.

Ënnen am Dall, an der Mëtt, steet déi fréier Kierch. St. Ulric mat dem markanten nivelléierten Daach. Si huet säit der Franséischer Revolutioun net méi als Kierch funktionéiert. D’Kierch ass 1798 als Bien National fir 10 Louis d’Or vum M. Reding gesteet ginn. Géint 1811 huet hei d’Gierwerei vum Jean Baptiste Kontz funktionéiert, déi och an der Famill bliwwen ass, eng Famill déi am 20. Joerhonnert landeswäit e Begrëff war fir d’BMW-Garage. An den 1860er/70er Joren fanne mir an der fréierer Kierch d’Peschfabrik vum Philipp Kontz, deen 1873 als Matbegrënner vun der Fabrique de chaussures du Grand-Duché de Luxembourg S.A. ernimmt gëtt. Am Gebai mam nivelléierten Dag war 1907 d’Fierwerei Schmit, spéider Schmit-Cravatte. 1937 ass d’Gebai dun ofgerappt ginn.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

17 septembre 2020

Schéi Vue vun engem Spueneschen Tiermchen an dem Pafendall.

D’Spuenesch Tiermercher kruten hire Numm - wéi soll et anescht sinn - well se an der Zäit gebaut goufen wéi Lëtzebuerg zu de Spueneschen Nidderlanden gehéiert huet. Anscheinend goufen et fréier bis zu 38 där Wuechttierm, haut stinn der awer just nach 8. Vläicht huet et de Spuenier och just ze vill gereent am Ländchen, dass si sech e klengen Ënnerstand gebaut hunn.

Ënnen am Pafendall erkennt een hannen de « Féngerlek » (de Kamäin vun der Pompelstatioun, déi d’Drénkwaasser vun der Quell am Pafendall an Uewerstad gepompelt huet) an de « Béinchen » an de Quartier mam selwechte Numm. Vir ass och nach déi al Pafendaller Bréck ze gesinn. Schonn zu Réimerzäiten war am Pafendall eng Bréck iwwer d’Uelzecht, iwwer déi d’Strooss vu Reims op Arel a weider op Tréier gefouert huet. Iwwerreschter vun der Réimerbréck ware bei Niddregwaasser an der Uelzecht, no bei der haiteger Bréck (rue du Pont) vis-à-vis vun der Pafendaller Kierch ze gesinn.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1908.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

18 septembre 2020

Schéi Vue vun der Uelzechtbréck op déi al Gierwereien am Gronn, mat der Uewerstad am Hannergrond

Iwwert de Gronn, de Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg kéint ee Bicher schreiwen - wat natierlech och gemaach gouf a gëtt.

Virun e puer Joerzéngten nach en äermleche Quartier, wou een net esou gären higaangen ass, ass et haut eng vun deene schéinsten a gemittlechste Plazen an der Stad. Virun allem d’Renovatiounen vu ville Gebaier Enn 80er an an den 90er Joren, d’Erëffnung vum Naturmusée an der Abtei Neimënster, Caféen a Restauranten an de Bau vun engem Lift vum Hl. Geeschtplateau erof an den Dall hunn dozou gefouert, dass haut am Gronn d’Liewe pulséiert wéi nach ni. An trotzdeem eng gewësse Rou ausstraalt.

Schonn am fréie Mëttelalter hu Mënschen an dësem Deel vun der Stad gelieft, nach iert de Sigfried um Bockfiels seng kleng Buerg gebaut huet.

Bis an d’14. Joerhonnert louch de Gronn nach « ante portas », d.h. virun den Dieren vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn eréischt an d’Schutzmauer vun der Stad ënnert dem Wenzel II. mat erageholl.

E reliéisen Zentrum war de Gronn virun allem duerch den am Mëttelalter gegrënnten Hospice St. Jean, d’Benediktinerabtei Neimënster an d’Kierch St. Ulric.

Industriellen Zentrum war de Gronn doduerch, dass hei vill Fëscher, Fierwer Gierwer an aner Handwierker déi d’Waasser resp. d’Waasserkraaft vun der Uelzecht gebraucht hunn, sech hei néiergelooss hunn.

Ënnert anerem Händschefabriken aus dem Gronn wéi z.B. d’Handschuhfabrik Albert Reinhard & Cie an der Plaetisgaass waren eng bedeitend Wirtschaftsbranche vun der Stad Lëtzebuerg. En Deel dovun steet och nach haut an huet als Appartementshaus mat Bureauen iwwerlieft. E weideren Deel gouf ofgerappt an als Park amenagéiert.

Net ze vergiessen sinn natierlech déi zwee Prisongen, déi am alen Hospice St. Jean (Fraeprisong) an an der Abtei Neimënster (fir d’Männer) installéiert goufen a bis an d’1980er Joren bestanen hunn, bis de Prisong zu Schraasseg opgaangen ass. Méi en däischtert Kapitel also vun der interessanter Geschicht vum Gronn.

Et ass kloer, dass mir op dëser Plaz nëmmen e ganz klengen Ëmrëss vun der Geschicht vum Gronn maache kënnen, an hoffen dass mir heimat den Interessi fir d’Geschicht vun dësem dach schéine Quartier bei deem engen oder aneren ausléise konnten.Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897, geschéckt 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

19 septembre 2020

Postkaart vun der Passerelle mam Tram a lénks de Bureau de l’Octroi.

Där Octroien gouf et bis virun knapp 100 Joer nach vill ronderëm d’Stad. Et handelt sech ëm e Posten, wou een huet missen eng Tax op Wueren bezuelen, déi an d’Stad agefouert gi sinn. D’Wichtegkeet vun deene Posten erkennt een un den Aarbechtsplazen: 1900 schaffen 35 Leit « um Oktroi ». Op dëse Plazen gouf et meeschtens eng Wo, fir d’Wueren ze weien, a wann net hunn d’Händler missen en Ëmwee bei deen nächste Büro mat enger Wo maachen. Esou eng Wo gesäit een och hei op der Postkaart virum Haischen op der Strooss.

An alen Zeitungen liest een och heiansdo vu Schmuggler, déi Branntewäin, Eeër a Speck an Heeween verstoppt haten, fir laanscht den Octroi ze kommen, dobäi awer erwëscht goufen.

Nodeem d’Gemengen Hamm, Bouneweg, Hollerech, Rollengergronn an Eech 1920 an d’Gemeng Lëtzebuerg integréiert goufen, war et eriwwer mam Octroi. Den 1. Juni 1920 kruten « d’Octroismännecher », déi ongeféier esou beléift waren, wéi déi haiteg Pecherten vum Buergermeeschter Luc Housse matgedeelt, dass si hiere Poste géife verléieren. Domat war dann och d’Enn vun deenen deels ganz pittoresken Haisercher besigelt. Dee leschten Ocrtoisposten, deen beim Agang vum Park beim Rond-Point Schuman um Glacis stoung 1986 ofgerappt, nodeem e Sprengstoffattentat do verübt gi war. De Bommeleeër?

D’Passerelle, och nach « Viaduc » oder « Al Bréck » genannt, nodeems déi « nei Bréck » oder de Pont Adolphe 1903 gebaut gouf.

D’Passerelle, déi de Garer Quartier mat der Uewerstad verbënnt, gouf vum Achille Grenier

an dem Auguste Letellier geplangt a vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers gebaut.

Et ass keen Zoufall, dass de Bau vun der Passerelle an déi selwecht Zäit fält, wéi de Bau vun der éischter Gare vun der Stad Lëtzebuerg. Et war vun Ufank u kloer, dass d’Gare, déi aus strategesche Grënn ausserhalb vun de Festungsmaueren stoung, misst mam Zentrum verbonne ginn.

Fir de Bau vun der Bréck ass fir d’éischt eng hëlze Behëllefsbréck, eng Passerelle opgeriicht ginn, déi der Bréck also ee vun hiren haitege Nimm ginn huet.

D’Passerelle ass 308,40 Meter laang a besteet aus 26 Béi, déi tëscht 8 a 15m breet sinn. D’Maximalhéicht ass 45m. Geplangt goufd’Bréck vum Achille Grenier an dem Auguste Letellier, gebaut gouf se vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers.

Dass d’Bréck e liichte Bou huet, ass iwwregens op taktesch Grënn aus der Zäit wéi Lëtzebuerg nach eng Festungsstad war, zeréckzeféieren. Wahrscheinlech war si och mat Sprengkummeren versinn.

1960 gouf si fir de ville Verkéier méi breet gemaach an dräispureg ausgebaut. Virun e puer Joer ass dunn eng Spuer duerch eng geséchert Vëlospiste mat engem Vëloscompteur installéiert gëtt, deen iwwregens all Joer en neie Rekord opstellt.

Interessant ass och nach d’Kathedral, déi deemools just een Tuerm, den haitegen Westtuerm, dee vun der aler Jesuitekierch hat. Eréischt 1935-1938 koumen den Ost- an de Mëtteltuerm dobäi.

Riets op der Foto gesäit een och den Daach vun enger vun den zwou Kasären, déi vum Vauban gebaut goufen, a wouvun haut just nach déi steet, déi an d’Cité judiciaire integréiert gouf. Déi aner gouf 1982 ofgerappt.

Fotograf & Editeur: P.C. Schoren.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

20 septembre 2020

Vue op d’Dräi Tierm (Pafendaller Puert) mat engem Panorama vum Pafendall a Clausen, uewe lénks erkennt een d’Dräi EechelenDen Dräi Tierm hir Fundamenter sti wahrscheinlech op deem ale Réimerwee, dee vum Fëschmaart erof an de Pafendall gaangen ass.

Si sëtzen sech zesummen aus 2 ronnen Tierm an engem véiereckegen Tuerm. De véiereckegen ass deen eelste vun deenen 3 an gouf géint 1050 als Deel vun der zweeter Stadmauer gebaut. Déi ronn Tierm sinn aus dem 13. Joerhonnert.

D’Dräi Tierm hunn déi wichteg Puert vun der Uewerstad an d’Ënnerstad markéiert a leien op deem ganz ale réimesche Kiem, deen iwwerhaapt dozou gefouert huet, dass de Kär vun der Stad zu engem Verkéiersknuet ginn ass. Vum Fëschmaart erof sinn d’Händler fréier erof an de Pafendall gefuer, fir do, wahrscheinlech duerch eng Fuert op déi aner Säit vun der Uelzecht ze kommen, an da weider Richtung Tréier ze fueren.

Wësst dir eigentlech firwat Giischtercher aus dem Schraasseger Prisong op hirer Uniform d’Wopen mat den 3 Tierm droen?Majo well d’Dräi Tierm bis ca. 1810 als Prisong funktionéiert hunn. Anscheinend gouf och d’Guillotine vun der Stad Lëtzebuerg, déi haut am Musée Dräi Eechelen ausgestallt ass, do stockéiert.

No der Schleefen vun der Festung huet de Kapitän Weydert vun der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie an den Tierm gewunnt.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Stengel & Co., Dresden u. Berlin.

Datum: 1906.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

21 septembre 2020

Vue op d’Tréier Puert an de Gronn.

Lénks steet d’Dënselpuert, d.h. déi al Tréiererpuert, déi eréischt no 1867 nees opgemaach ginn ass. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, also aus Richtung Tréier, dofir och „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..Déi vill méi al sougenannten Krudelspuert, déi méi déif am Dall un der Uelzecht louch, an de Gronn mat Clause verbonnen huet ass zu deem Zäitpunkt zougemaach ginn. Säit d’Abtei Neimënster gebaut gouf, war des Puert souwisou wahrscheinlech net méi a Betrib. Hier Iwwerreschter gesäit een haut nach duerch eng Fënster am Tuutesall wann ee Richtung Stierche geet. Op der Foto ass si awer natierlech net ze gesinn.

Haut steet e puer Meter ënnert der mëttelalterlecher Tour Jacob déi mat Stol rekonstruéiert « nei Tréiererpaart », déi also chronologesch déi lescht Paart ass, fir vun Osten hier an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen. Si gouf no 1867 leider ofgerappt.

Gebaut gouf si ëm 1590 an déi « mëttelal » Tréiererpaart gouf ganz zougemauert, genau sou wéi d’Tréiererstrooss e puer Meter no ënnen a laanscht d’Festungsmauer geluecht gouf. 1590 hunn se beim Bau vun där « neier » Puert och e réimesche Mënzschatz fonnt, deen awer leider verluer gaangen ass. E beweist awer, dass och schonn zu Réimerzäiten eng Siidlung dës Säit vun der Uelzecht, evt. op der Rumm bestanen huet.

D’Leit déi an d’Stad era wollten hunn all op dëse Plazen ëmmer missen eng Taxe bezuelen.

Fir den Iwwerbléck also:

- Eng éischt Paart louch ënnen am Dall, d.h. déi aktuell rue Münster huet dohi gefouert.

- Duerno gouf am Mëttelalter d’Tour Jacob als 2. Tréierer Paart gebaut- schlussendlech ëm 1590 déi jéngsten Tréierer Paart déi mir ënnert dem Jakobstur gesinn an déi 1867 ofgerappt an an den 1990er Joren aus Stol nees opgebaut gouf.

Fotograf: ; Editeur: E.A. Schaack, Luxembourg.Datum: 1923.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

22 septembre 2020

Vue aus dem Clausener Bierg op den Huelen Zant an d’Uewerstad.

Den Huelen Zant ass (net wéi oft behaapt gëtt) keen Iwwerrescht vum Siegfried senger Buerg Lucilinburhuc, mä vum lénksen Tuerm vun der zweeter Paart vun der neizäitlecher Festung. E gudden Deel vun deene Maueren stamen aus der Zäit den Ëmbauten vun der Festung duerch de Vauban. Dat haitegt Ausgesinn krut déi Ruin 1874, wéi d’Zitadell um Bock ofgerappt gouf. Oft gëtt behaapt, de Staatsarchitekt Charles Arendt, wär fir den Ëmbau am romantesche Stil responsabel gewiescht, wat awer net ganz richteg ass, vu dass hien déi Ëmbauten esou guer kritiséiert huet.

Fotograf: Charles Bernhoeft ; Editeur: Charles Bernhoeft.

23 septembre 2020

Vue op d’Corniche, de Breedewee an d’Grënnesch Puert, och nach Spuenesch Puert, Porte Espagnole genannt, no den Erbauer, de Spuenier, déi d’Paart 1632 gebaut hunn, nodeems si déi mëttelalterlech Puert, déi Deel vun der zweeter Befestegungsmauer war, ofgerappt haten. D’Zuchbréck an d’Grief goufen tëscht 1868 an 1872 am Kader vum Schleefe vun der Festung zerstéiert.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Galeries de France.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

24 septembre 2020

Schéi Postkaart aus dem Gronn vun der Uelzecht an dem Stierchen.

De Stierchen ass eng Foussgängerbréck, déi den Neiewee mam rietsen Ufer vun der Uelzecht an der Tréierer Strooss verbënnt. De Stierchen war Deel vun der 3. Befestegungsmauer vun der Stad Lëtzebuerg, déi ënnert dem Herzog Wenzel II. um Enn vum 14. Joerhonnert, géint 1390 gebaut gouf.

Hei en interessanten Artikel iwwert d’Fro, wou d’Bezeechnung « Stierchen » vläicht hierkënnt: http://infolux.uni.lu/stierchen-november-2011/

Eng aner Méiglechkeet ass Hierkonft vum Begrëff « Stegchen », d.h. « kleiner Steg » fir d’Bréck iwwer d’Uelzecht ze bezeechnen.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

25 septembre 2020

Vue op de Gronn mat dem Neiewee, der Schlassbréck, dem Bock an der fréier Abtei Neimënster.

Déi haiteg Schlassbréck um Bock staamt aus dem Joer 1735, d.h. aus der Zäit wéi Lëtzebuerg vun den Éisträicher besat war. Et fënnt een op verschiddene Plazen och de falsche Baudatum vun 1753. Geséchert ass, dass 1733 e Projet fir den Neibau vun där Bréck virlouch, well d’Stänn (Stände, Etats) aus der Stad dogéint protestéiert hunn, vu dass si de Finanzement vun 9000 Gulden hu misse garantéieren. Dës nei Bréck aus Steen sollt déi al hëlze Schlassbréck ersetzen.

Am Wanter 1733/34 goufen 680 Ween mat roudem Standsteen vu Berg (?) op d’Bauplaz bruecht. D’Leit déi mam Won gefuer sinn, kruten am Wanter 6 Gulden, am Summer 5 Gulden dofir.

1735 war de grousse Bou fäerdeg, déi kleng koumen 1736 uewendrop.

Eng technesch Kuriositéit ass d’Bréck an deem Sënn, dass een se op 5 verschidden Niveauen passéiere kann, eemol ganz normal iwwer d’Strooss, dräi Mol duerch d’Gäng duerch d’Béi an eemol ënnert der Strooss.

D’Bréck déi mir haut gesinn ass usech eng Replik vun der Originalbréck, nodeems déi 1993 ofgerappt an am Originalzoustand nei opgebaut gouf. 1933 war d’Bréck schonn eng Kéier restauréiert ginn, wéi se fir de Verkéier méi breed gemaach ginn ass.

Hannert der riichter Mauer déi ee riets neift der Schlassbréck, iwwert dem natierleche Fiels gesinn, verstoppen sech d’Fundamenter vun den Zwillingstierm vun der Haaptpuert vun der Buerg. Dës Tierm kënnen den Archeologen no an d’Mëtt vum d’13. Joerhonnert datéiert ginn. Déi Tierm goufen warscheinlech an der Mëtt vum 17. Joerhonnert zesumme mam Recht vun der Buerg zerstéiert.

De Neiewee heescht offiziell « rue Sosthène Weis », benannt nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941).

D’Strooss déi de Gronn laanscht d’Fielsen an d’Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch mam Pafendall verbënnt ass 1679 ënner spuenescher Herrschaft las Verbingung tëscht dem Gronn, dem Pafendall a Clausen ugeluecht ginn. D’Strooss awer net ëmmer sou geheescht: eelsten Numm ass eben « Neie Wee » oder « rue Neuve ». Vun 1925-1946 huet se « Felsenstraße » resp. « rue des Rochers » geheescht an eréischt 1946, 5 Joer nom Doud vum Sosthène Weis krut se hiren haitegen Numm.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1908.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

26 septembre 2020

Vue op den Neiewee am Gronn, d’Schlassbréck an d’Iwwerreschter vun der Buerg Lucilinburhuc.

Hannert der riichter Mauer déi mir uewen iwwert dem natierleche Fiels gesinn, verstoppen sech d’Fundamenter vun den Zwillingstierm vun der Haaptpuert vun der Buerg. Dës Tierm kënnen den Archeologen no an d’Mëtt vum d’13. Joerhonnert datéiert ginn.

Déi Tierm goufen warscheinlech an der Mëtt vum 17. Joerhonnert zesumme mam Recht vun der Buerg zerstéiert.

Déi haiteg Schlassbréck um Bock staamt aus dem Joer 1735, d.h. aus der Zäit wéi Lëtzebuerg vun den Éisträicher besat war. Et fënnt een op verschiddene Plazen och de falsche Baudatum vun 1753. Geséchert ass, dass 1733 e Projet fir den Neibau vun där Bréck virlouch, well d’Stänn (Stände, Etats) aus der Stad dogéint protestéiert hunn, vu dass si de Finanzement vun 9000 Gulden hu misse garantéieren. Dës nei Bréck aus Steen sollt déi al hëlze Schlassbréck ersetzen.

Am Wanter 1733/34 goufen 680 Ween mat Steng vu Berg (?) op d’Bauplaz bruecht. D’Leit déi mam Won gefuer sinn, kruten am Wanter 6 Gulden, am Summer 5 Gulden dofir.

1735 war de grousse Bou fäerdeg, déi kleng koumen 1736 uewendrop.

Eng technesch Kuriositéit ass d’Bréck an deem Sënn, dass een se op 5 verschidden Niveauen passéiere kann, eemol ganz normal iwwer d’Strooss, dräi Mol duerch d’Gäng duerch d’Béi an eemol ënnert der Strooss.

D’Bréck déi mir haut gesinn ass usech eng Replik vun der Originalbréck, nodeems déi 1993 ofgerappt an am Originalzoustand nei opgebaut gouf. 1933 war d’Bréck schonn eng Kéier restauréiert ginn, wéi se fir de Verkéier méi breed gemaach ginn ass.

De Neiewee heescht offiziell « rue Sosthène Weis », benannt nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941).

D’Strooss déi de Gronn laanscht d’Fielsen an d’Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch mam Pafendall verbënnt ass 1679 ënner spuenescher Herrschaft las Verbingung tëscht dem Gronn, dem Pafendall a Clausen ugeluecht ginn. D’Strooss awer net ëmmer sou geheescht: eelsten Numm ass eben « Neie Wee » oder « rue Neuve ». Vun 1925-1946 huet se « Felsenstraße » resp. « rue des Rochers » geheescht an eréischt 1946, 5 Joer nom Doud vum Sosthène Weis krut se hiren haitegen Numm.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1907.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

27 septembre 2020

Schéi Postkaart vum Pafendall mat den Eisebunnsviadukten lénks an dem Pafendaller Bierg riets.

An der Mëtt steet déi al Vaubanskasär, resp. -lazarett, 1686-89 gebaut, wat no sengem eigentlechen Zweck mol fir Schoulräim, mol als Bett- oder Tubaksfabrick, mol als Wunnraum, mol als Musée funktionéiert huet, bis et 1954 ofgerappt gouf.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: W. Springer Söhne, Strassburg i. E.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

28 septembre 2020

Flott Vue op d’Dräi Eechelen.

Wéinst den 3 doréierten Eechelen op den Tierm gëtt de Fort um Plateau Kierchbierg deementspriechend genannt. D‘Dräi Eechelen ware just en Deel vum impressionnante Festungskomplex „Obergrünewald“ mat deem een d’Staat géint en Ugrëff vun der ëstlecher Säit aus beschütze wollt.

De Fort ass 1732/33 vum éisträicheschen Ingenieur Simon de Beauffe op der Plaz vum Vauban senger Redoute « Hauteur du Parc » aus dem Joer 1688 erbaut ginn. Benannt ass de Fort nom éisträichesche Festungskommandant Adam Sigmund von Thüngen.

De Fort Thüngen ass als Verstäerkung vum 3. Festungsréng vun der Stad Lëtzebuerg gebaut ginn.

1836 gouf de Fort vun de Preisen erweidert a krut och seng dräi ronn Tierm mat den Dräi Eechelen.

Ënnert dem ganze Fort ginn et eng ganz Rei vu Minnen, déi am Eeschtfall hätte kéinte genotzt ginn, fir de Fort ze sprengen.

Nach 1860 gouf de Fort verstäerkt, vu dass en nach net wousst, wat e puer Joer drop sollt geschéien. Wéi nom Londoner Vertrag vun 1867 d’Festung huet misse geschleeft ginn, gouf och de Fort Thüngen an e puer Phasen vun 1870-1875 ofgerappt. Just d’Agangstierm, déi mir haut nach gesinn, sinn erhale bliwwen, d’Grondmaueren goufe mat Buedem bedeckt. D‘Eechele vun den 3 Tierm goufen um Enn vun den Ofrappaarbechten doréiert. D’Kasematten vum Fort Thüngen sinn haut zum Deel nees mat engem Guide zougänglech oder am Musée integréiert. Fréier hu sech d’Kanner aus dem Pafendall gären doran amuséiert: anscheinend koum een duerch verschidde Gäng aus dem Dällchen bis erop op de Plateau.

Haut fanne mir hei de Festungsmusée Musée Dräi Eechelen. Och de Mudam ass op de Fundamenter vum Fort ënnerbruecht an e gudden Deel gouf nees opgebaut. E ganz laangen Otem hunn dobäi d’Frënn vun der Festung gebraucht, bis et endgülteg, no villen administrativen Hürden, politeschen Fauxpasen a Fehlplanungen, all d’Bauaarbechten ofgeschloss waren.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Hermann frères, Luxembourg.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

29 septembre 2020

Eng flott Postkaart mat engem Panorama vum Pafendall.

Ënnen am Pafendall erkennt een hanne vu lénks no riets de « Féngerlek » (de Kamäin vun der Pompelstatioun, déi d’Drénkwaasser vun der Quell am Pafendall an d’Uewerstad gepompelt huet), de « Béinchen » an de Quartier mam selwechte Numm, d’Sichepaart an d’Kierch St. Mathieu.

No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Eecherpaart an déi aner Säit d’Sichepaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, dem Béinchen, verbonne waren. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Paart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen. D’Nimm vun der selweschter Paart variiéieren, bezéien sech awer ëmmer op dat selwescht: Siecherludeporte (1444), Sicherporte (1472), Paffendaler Porten (1479), Sichenleuth Pfordt (1659), Porte des lépreux (1717), Porte des Bons Malades.

Riets nieft der Puert stoung fréier och eng Rëtsch Haiser, déi alleguer ofgerappt goufen, fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen, ma och op der lénker Säit goufen Haiser, déi an engem schlechten Zoustand waren, aus « hygienesche » Grënn ofgerappt.

Weider no riets erkennt een d’Pafendaller Kierch, déi dem Hl. Théiwes (St. Mathieu) geweit ass an 1872 gebaut gouf. Den Théiwesbur, den ale Wäschbur aus dem Pafendall deen direkt nieft der Kierch steet, dierft jo och jidderengem aus dem Jean-Pierre Kemmer sengem Lidd bekannt sinn.

D’Kierch huet am 2. Weltkrich Geschicht geschriwwen, wéi während 14 Méint 6 desertéiert lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert sech do verstoppt hunn.

Vis-à-vis vun der Kierch steet dat alt Vaubans-Lazarett, wat no sengem eigentlechen Zweck mol als Fabrik, mol als Wunnraum, mol als Musée funktionéiert huet, bis et 1955 ofgerappt gouf.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

30 septembre 2020

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Grand Bazar Champagne, Luxembourg-gare.Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

01 octobre 2020

Vue vun 1866 vu Clausen op d’Bréck beim Hondhaus. Deemools hat een nach eng fräi Vue, op d’Befestegunge vum Bock, haut verleeft just virdrun den Viaduc du Pfaffenthal. Hannert de Pëppelen erbléckt een den Hospice Civil Paffenthal, e fréiert Klouschter.

Et ass wierklech impressionnant, wéi déi verschidden Besëtzer vun der Festung aus deem klenge Grofeschlass e risegt Bollwierk gemaach hunn, wat virun allem op dësem Beispill kloer gëtt, e.a. duerch d’Mauer déi vun der ënneschter Paart vun der Bockfestung erof an de Pafendall verleeft. Net fir näischt krut d’Festung iergendwann de Spëtznumm « Gibraltar vum Norden ». Et brauch ee sech just d’Schlassbréck am Verglach mat der Héicht vun de Festungsmaueren unzekucken.

D’Hondhausbréck krut hiren Numm opgrond vun der Plaz, wou d’Grofe vu Lëtzebuerg, e.a. de Pierre Ernest I. de Mansfeld, hir Juegdhënn gehale goufen. D’Bréck mat 3 Béi ass ënner dem Vauban no der Attack an der Besetzung vun de Franséischen Truppen am Joer 1684 befestegt ginn. 1842-43 ass d’Bréck vum Ingenieur Major von Mühlbach verbreedert ginn. Wéi 1858-1859 de Pafendaller Viaduc gebaut gouf, ass den Ënnerbau restauréiert ginn an 1930 ass d’Bréck verbreedert ginn. Haut féiert hei eng modern Bréck vum Pafendall Richtung Fouss vum Bockfiels. Hannert der Bréck stoung fréier e Schluechthaus an haut d’Jugendherberge vun der Stad Lëtzebuerg.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

02 octobre 2020

Schéine Panorama vum Fetschenhaff aus iwwer Clausen Richtung Uewerstad gekuckt. Dominant ass natierlech de Clausener Viaduc.

De Clausener Viaduc gouf 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf an am Optrag vum Adolphe Favier, deen d’Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut. D’Bréck huet eng Längt vun 208 Meter, ass 44 Meter héich, 15 Meter breet an dee gréisste vun den 9 Béi iwwerspaant 15 Meter.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Stengel & Co, Dresden u. Berlin.

Datum: 1899.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

03 octobre 2020

Vue op den Neiewee am Gronn an den Iwwerreschter vun der fréierer Buerg an dem Fort um Bock.Hannert der riichter Mauer déi mir uewen iwwert dem natierleche Fiels gesinn, verstoppen sech d’Fundamenter vun den Zwillingstierm vun der Haaptpuert vun der Buerg. Dës Tierm kënnen den Archeologen no an d’Mëtt vum d’13. Joerhonnert datéiert ginn.

Déi Tierm goufen warscheinlech an der Mëtt vum 17. Joerhonnert zesumme mam Recht vun der Buerg zerstéiert.

Déi haiteg Schlassbréck um Bock staamt aus dem Joer 1735, d.h. aus der Zäit wéi Lëtzebuerg vun den Éisträicher besat war. Et fënnt een op verschiddene Plazen och de falsche Baudatum vun 1753. Geséchert ass, dass 1733 e Projet fir den Neibau vun där Bréck virlouch, well d’Stänn (Stände, Etats) aus der Stad dogéint protestéiert hunn, vu dass si de Finanzement vun 9000 Gulden hu misse garantéieren. Dës nei Bréck aus Steen sollt déi al hëlze Schlassbréck ersetzen.

Am Wanter 1733/34 goufen 680 Ween mat Steng vu Berg (?) op d’Bauplaz bruecht. D’Leit déi mam Won gefuer sinn, kruten am Wanter 6 Gulden, am Summer 5 Gulden dofir.

1735 war de grousse Bou fäerdeg, déi kleng koumen 1736 uewendrop.

Eng technesch Kuriositéit ass d’Bréck an deem Sënn, dass een se op 5 verschidden Niveauen passéiere kann, eemol ganz normal iwwer d’Strooss, dräi Mol duerch d’Gäng duerch d’Béi an eemol ënnert der Strooss.

D’Bréck déi mir haut gesinn ass usech eng Replik vun der Originalbréck, nodeems déi 1993 ofgerappt an am Originalzoustand nei opgebaut gouf. 1933 war d’Bréck schonn eng Kéier restauréiert ginn, wéi se fir de Verkéier méi breed gemaach ginn ass.

De Neiewee heescht offiziell « rue Sosthène Weis », benannt nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941).

D’Strooss déi de Gronn laanscht d’Fielsen an d’Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch mam Pafendall verbënnt ass 1679 ënner spuenescher Herrschaft las Verbingung tëscht dem Gronn, dem Pafendall a Clausen ugeluecht ginn. D’Strooss awer net ëmmer sou geheescht: eelsten Numm ass eben « Neie Wee » oder « rue Neuve ». Vun 1925-1946 huet se « Felsenstraße » resp. « rue des Rochers » geheescht an eréischt 1946, 5 Joer nom Doud vum Sosthène Weis krut se hiren haitegen Numm.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

04 octobre 2020

Flott Vue op de Gronn mat der fréierer Abteikierch an den alen Industriegebaier laanscht d’Uelzecht.D’Abtei Neimënster an déi haiteg Grënnesch Kierch hunn nawell eng laang Geschicht. 1308 gouf d’Kierch « Sankt Johann auf den Steynen » vum Henri VII. vu Lëtzebuerg gegrënnt an 1321 gouf se Parkierch.

Am Krich tëscht dem franséische Kinnek François I. an dem Keeser Karel V. gouf 1542 d’Benediktinerabtei Almënster, déi virun de Festungsmaueren am Clausenerbierg louch, zerstéiert an ofgerappt.

Nom Krich hunn d’Benediktiner beschloss hir Abtei am Stadgronn nei opzeriichten. Se krut den Numm Neimënster. Am Joer 1606 gouf d’Abteikierch nei gebaut a 1618 als Parkierch St. Jean benotzt. Bis zur Franséischer Revolutioun hunn d’Benediktiner sech ëm d’Kierch bekëmmert. Bei der Belagerung duerch d’Fransousen 1684 ass d’Kierch mat der Abtei ofgebrannt. Tëscht 1688 an 1705 gouf se nees no de Pläng vum Hubert Laloir vu Léck, engem Mataarbechter vum Vauban opgebaut. 1731 huet de Weibëschof Nalbach vun Tréier se ageweit. Wéi all déi aner Kléischter gouf och Neimënster 1796 an de Revolutiounszäiten sekulariséiert an enteegent.

Vun 1815 bis 1867 war d’Kierch e Lazarett vun den Truppe vum Däitsche Bond. Wéi déi bis fort ware goufen d’Gebaier vum Lëtzebuerger Staat iwwerholl an et war bis 1984 e Männerprisong. No grousse Restauréierungsaarbechte gouf de ganze Komplex vun der Abtei fir soziokultureller Zwecker amenagéiert an ass haut de Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, deen zanter 2013 ënner dem Numm Neimënster firméiert.

Den 23. Abrëll 1953 gouf d’Kierch als nationalt Monument klasséiert.

Fotograf & Editeur: Onbekannt, evt. Amateurfotograf.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

05 octobre 2020

Eng flott Foto mat engem Panorama vum Pafendall, Richtung Clausen gekuckt.

Riets déi al Vaubanskasär, resp. Lazarett, 1686-89 gebaut, wat no sengem eigentlechen Zweck mol fir Schoulräim, mol als Bett- oder Tubaksfabrick, mol als Wunnraum, mol als Musée funktionéiert huet, bis et 1954/55 ofgerappt gouf.

Fotograf: Amateur.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

06 octobre 2020

Vue op d’Bastioun Beck, déi haiteg Place de la Constitution an d’Kathedral am Hannergrond. Virun der Kathedral steet e klengt Gebai mat enger Kuppel, et handelt sech heibäi ëm eng kleng Kapell (net wéi heiansdo behaapt, ëm déi 1. Synagog), déi 1896 gebaut gouf an zum Seminär gehéiert huet. Riets erkennt een och nach den Tuerm vun der protestantescher Kierch.

D’Bastioun Beck, och nach Bastioun St. Jean genannt, huet hiren Numm vum Baron a Gouverneur vun der Festungsstad, dem Jean Beck. D’Bastioun ass 1644, ënner spuenescher Herrschaft, no de Pläng vum Festungsingenieur Isaac von Traybach gebaut ginn. Och virdrun gouf et op dëser Säit vun der Stad eng Befestegung, wéi verschidden Texter a Pläng beleeën. Ongeféier do, wou haut d’Strooss, d.h. de Boulevard Roosevelt leeft, gouf et eng mëttelalterlech Wiermauer mat e puer Tierm, dräi Stéck laut dem « Deventer-Plang » virun der nach net existéierender Bastioun Beck.

Ënnert dem Philippe III. vun der Bourgogne sinn dës Maueren verstäerkt bzw. erweidert ginn an de Virgänger vun der Bastioun Beck, de Cavalier (op Lëtzebuergesch och nach « Kaz » genannt) « Conte Mansfelt » gouf gebaut.

Ab ongeféier dem Joer 1644 huet dunn wéi schonn uewe gesot déi haiteg Bastioun Beck bestanen.

D’Bastioun Beck krut ënnert de Fransousen, d.h. ënnert dem Festungsingenieur Vauban nach e Facelift an an éisträichescher Period, tëscht 1746 a 1751, sinn d’Kasematten an de Fiels gegruewe ginn, déi een och haut nach zum Deel besiche kann. Opgrond vun den Decisiounen aus dem Londoner Vertrag vun 1867 sinn 1873 d’Brustwehren ofgerappt an duerch Glänner ersat ginn. D’Trape fir vun der Bastioun erof an d’Péitruss ze kommen, koumen 1904 derbäi.

D’Kathedral gouf vun de Jesuittepateren tëscht 1613 an 1621 als Kierch gebaut.. Den éischte Stee vun der Kierch gouf de 7. Mee 1613 ënner dem Père François Aldenard geluecht. Den Entreprener vum Gebai war den Ulrich Job vu Luzern. Ënner him goufen ënner anerem d’Dekoratioun vun de Kolonne realiséiert. D’Jesuittekierch gouf de 17. Oktober 1621 vum Weibëschof Georg von Helfenstein der Onbefleckter Empfängnis geweit. D’Joer vun der Wei vun der Kierch ass och an enger Inscriptioun um Portal ze gesinn: « Sit Nomen Domini Benedictum 1621 ».

Den Numm Notre-Dame krut d’Kierch den 31. Mäerz 1844 duerch den apostoulesche Vicaire Jean-Théodore Laurent.

Säit 1870 ass d’Kierch eng Kathedral, dat nodeem Lëtzebuerg en Bistum gouf. Duerch den enormen Zouwuess vu Pilger huet d’Gebai misse vergréissert ginn. Ab 1934 ass d’Kathedral no de Pläng vum Architekt Hubert Schumacher erweidert ginn andeems de Chouer an d’Querschëff mat dem sougenannte Marieportal un déi al Jesuittekierch ugebaut goufen. Den bis 1934 eenzegen Tuerm dréit d’Mauerankeren vun 1618, déi eis also den Alter vun dësem Tuerm verroden, deen also scho méi wéi 400 Joer steet.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft,

Datum: 1898, geschéckt 1899.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

07 octobre 2020

Vue op d’Uelzecht am Gronn mat der Uewerstad am Honnergrond.

Iwwert de Gronn, de Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg kéint ee Bicher schreiwen - wat natierlech och gemaach gouf a gëtt.

Virun e puer Joerzéngten nach en äermleche Quartier, wou een net esou gären higaangen ass, ass et haut eng vun deene schéinsten a gemittlechste Plazen an der Stad. Virun allem d’Renovatiounen vu ville Gebaier Enn 80er an an den 90er Joren, d’Erëffnung vum Naturmusée an der Abtei Neimënster, Caféen a Restauranten an de Bau vun engem Lift vum Hl. Geeschtplateau erof an den Dall hunn dozou gefouert, dass haut am Gronn d’Liewe pulséiert wéi nach ni. An trotzdeem eng gewësse Rou ausstraalt.

Schonn am fréie Mëttelalter hu Mënschen an dësem Deel vun der Stad gelieft, nach iert de Sigfried um Bockfiels seng kleng Buerg gebaut huet.

Bis an d’14. Joerhonnert louch de Gronn nach « ante portas », d.h. virun den Dieren vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn eréischt an d’Schutzmauer vun der Stad ënnert dem Wenzel II. mat erageholl.

E reliéisen Zentrum war de Gronn virun allem duerch den am Mëttelalter gegrënnten Hospice St. Jean, d’Benediktinerabtei Neimënster an d’Kierch St. Ulric.

Industriellen Zentrum war de Gronn doduerch, dass hei vill Fëscher, Fierwer Gierwer an aner Handwierker déi d’Waasser resp. d’Waasserkraaft vun der Uelzecht gebraucht hunn, sech hei néiergelooss hunn.

Ënnert anerem Händschefabriken aus dem Gronn wéi z.B. d’Handschuhfabrik Albert Reinhard & Cie an der Plaetisgaass waren eng bedeitend Wirtschaftsbranche vun der Stad Lëtzebuerg. En Deel dovun steet och nach haut an huet als Appartementshaus mat Bureauen iwwerlieft. E weideren Deel gouf ofgerappt an als Park amenagéiert.

Net ze vergiessen sinn natierlech déi zwee Prisongen, déi am alen Hospice St. Jean (Fraeprisong) an an der Abtei Neimënster (fir d’Männer) installéiert goufen a bis an d’1980er Joren bestanen hunn, bis de Prisong zu Schraasseg opgaangen ass. Méi en däischtert Kapitel also vun der interessanter Geschicht vum Gronn.

Et ass kloer, dass mir op dëser Plaz nëmmen e ganz klengen Ëmrëss vun der Geschicht vum Gronn maache kënnen, an hoffen dass mir heimat den Interessi fir d’Geschicht vun dësem dach schéine Quartier bei deem engen oder aneren ausléise konnten.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

08 octobre 2020

Faarweg Vue op d’Gëlle Fra op der Place de la Constitution an der Stad.

D’Gëlle Fra huet eng mouvementéiert Geschicht an ass eent vun deene beléiftesten Touristenziler an der Stad Lëtzebuerg.

Dat 21 m héicht Monument gouf den 23.5.1923 opgeriicht an de 27.5.1923 ageweit. Den Numm am Volleksmond kënnt vun der doréierter Skulptur, déi uewen op der Spëtzt steet a vum Claus Cito geschafe gouf.

Ursprénglech war d’Monument zu Éieren vun de Lëtzebuerger Fräiwëlleg opgeriicht ginn, déi an der Friemelegioun op franséischer Säit am Éischte Weltkrich gefall sinn. Opgrond vu senger Geschicht ass d’Gëlle Fra haut en allgemengt Monument géint d’Oppressioun an d’Krichsaffer.

Um Granitsockel gesäit een 2 männlech Figuren, eng déi läit, déi aner trauert.

Déi gëlle Figur soll eng Allegorie sinn fir d’Natioun, de Fridden an d’Victoire, déi déi gefalen Zaldoten éiert a betrauert. De Claus Cito selwer huet seng Skultpur « Friddenskinnigin » genannt.

Interessant ass et vläicht nach ze bemierken, dass der gëllener Figur hir weiblech Reizer an den 20er Joren fir vill Protest an der Gesellschaft gesuergt hunn.

Méi en donkele Moment an der Geschicht vum Monument war den 10.10.1940, wéi d’Nazien et mat enger Dampwalz, trotz Protester vun e.a. de Studenten aus dem Kolléisch, ëmgerappt hunn.

D’Gëlle Fra gouf séchergestallt an ass eréischt nom Krich, 1955, an enger Ausstellung iwwer d’Resistenz nees kuerz opgetaucht an duerno « verluer » gaangen. Verstoppt gouf se op der Arelerstrooss an engem Dépôt vu Bâtiments publics.

Et huet bis 1981 gedauert, wéi den Tageblatt-Journalist Josy Braun annoncéiert huet, dass d’Gëlle Fra am Keller vum haitegen Stade Josy Barthel fonnt gi wär. U sech war dat vun e puer Leit gewosst, mä déi hunn näischt driwwer gesot. No villen Diskussiounen gouf si dunn 1985 nees op hir Originalplaz gesat.

Den 3.3.2010 gouf d’Statu ofmontéiert, fir vum 1.5-31.10.2010 virum Lëtzebuerger Pavillon op der Expo 2010 zu Shanghai ausgestallt ze ginn.

No Shanghai stoung d’Gëlle Fra nach bis den 23.1.2011 zu Bascharage, der Gebuertsstad vum Claus Cito an enger Ausstellung a koum duerno nees op hir Plaz.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: E.A. Schaack.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

09 octobre 2020

Flott Postkaart, déi eis Deeler vun der Festung virun der Schleefung ab dem Joer 1867 weisen: engersäits eng vun den 3 Puerten am Pafendallerbierg, normalerweis d’Reuferspuert, a riets d’Eecherpuert am Dall vun der Eecher Säit aus gekuckt.

D’Reufersporte, wann et se dann um Bild ass, ass eng éischte Kéier am Joer 1453 ernimmt ginn. 1516 gouf se als Schoulpuert bezeechent, vu dass op der Plaz e Schoulgebai louch. Wärend dem Ugrëff vun de Fransousen am Joer 1684 gouf se zerstéiert an duerno vum Vauban nees opgebaut a verstäerkt.

1874/75 gouf se am Kader vum Schleefe vun der Festung ofgerappt.No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Eecherpaart an déi aner Säit d’Sichepaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, dem Béinchen, verbonne waren. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

10 octobre 2020

Flott animéiert Vue op de Knuedler an der Stad mam Monument vum Wëllem II wärend engem Maartdag.

De Knuedler: Offiziell heescht d’Plaz jo « Place Guillaume II », benannt nom Wëllem II. vun Holland, Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1840-1849. D’Monument vum Wëllem II. gouf 1884 opgeriicht. Haut steet och eng exakt Kopie vun der Statue zu Den Haag am Buitenhof, well eng aner Statue vum Wëllem II. net gefall huet an déi dunn 1924 op Tilburg gestallt ginn ass.

Den Numm Knuedler krut d’Plaz duerch d’Franziskanermönchen, déi am Mëttelalter bis zur Zäit vum Napoleon e Klouschter op der Plaz haten. Den Numm Knuedler soll vun de Kniet un der Kordel vun de Pateren hier kommen.

Um Knuedler stoungen méi Gebaier wéi haut, wéi een och un de Fundamenter an de rezenten Ausgruewunge op der Plaz konnt gesinn. Ënnert anerem huet een och e Kierfecht fräigeluecht.

1554 koum et duerch e Blëtzschlag an d’Knuedlerkierch, wou ënnert dem Dag d’Schéisspolver vun de Kanounen vun der Festung gelagert gouf, zu enger riseger Explosioun an engem grousse Feier, wat d’Stadbild zolitt verännert huet. Vill Haiser sinn dem Brand zum Opfer gefall, well se mat Stréi oder hëlzen Schëndelen gedeckt waren. Nom Feier goufen verschidde Stroossen méi breed gemaach (z.B. Groussgaass), d’Haiser mat Schifer gedeckt an ganz nei Stroossenzich ugeluecht (z.B. Louvignysgaass, Philippsgaass etc.)

D’Plaz ass natierlech och bekannt duerch d’Ofhale vu Wochemäert, den Oktavmäertchen, verschidde Festivallen, Public Viewings, Chrëschtmäert, seng Äispist am Wanter, Baler etc. Eng Plaz also, wou seelen näischt lass ass.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1900.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

11 octobre 2020

D’Nei Bréck ass bal fäerdeg wéi een op der Postkaart vun 1903 erkenne kann.D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1903.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

12 octobre 2020

Flott Stereo-Postkaart vun der Hondhausbréck bei der haiteger Jugendherberge mat Vue a Richtung Pafendall mam Hospice Civil an der Uewerstad am Hannergrond. De Numm Hondhaus kënnt dohier, well d’Grofe vu Lëtzebuerg, e.a. de Péiter Ernest I. vu Mansfeld seng Juegdhënn an der Ëmgéigend gehalen huet.

Den Hospice Civil huet eng mouvementéiert Geschicht hannert sech.

Wéi een un de Gebaier erkenne kann, handelt et sech ëm e fréiert Klouschter, wat am Laf vu senger Geschicht e puer mol d’Besëtzer an d’Affektatioun gewiesselt huet.

D’Wuerzele vum Klouschter ginn zeréck op d’Gräfin Ermesinde, déi ëm 1234 den « Büßerinnen der Hl. Magdalena » op der sougenannter Schadeburg, déi um äussere südlechen Enn vum Helleg Geescht Plateau louch a spéider an d’Zitadell Plateau integréiert gouf, e Klouschter gestëft huet. Den Uerden gouf 1264 an den Uerde vun de Klarissinnen incorporéiert an als Klarissinnen-Urbanistinnen bezeechent. D’Schwëstere waren haaptsächlech adeleg Fraen, déi e.a. fir d’Erzéiung vu jonken adelege a spéider och biergerleche Meedercher gesuergt hunn.

No der Attack an der Besetzung vun der Festung duerch déi franséisch Truppen huet de Vauban d’Plaz vum Klouschter fir den Ausbau vu senge Befestegungsanlage gebraucht, woufir no enger neier Plaz fir d’Klarissinnen gesicht gouf. 1687 gouf hinnen en Terrain am Pafendall, ënnerhalb vum Bock zougewisen. De 18.3.1690 plënneren d’Klarissinnen vum Klouschter vum Helleg Geescht Plateau, deemools ënner der Leedung vun der Äbtissin Magdalena de Herbemont an de Pafendall an déi nei Gebaier op der Muerbels. D’Gebaier um Helleg Geescht Plateau sollen awer nach bis 1770 gestanen hunn, wéi se opgrond vu Baufällegkeet komplett ofgerappt goufen.

Ronderëm dat ganzt Klouschter gouf et eng Mauer, un där vun 1731 un, 21 Joer laang gebaut gouf an déi awer an den 1970er Joren zerstéiert gouf.

1783/4 gouf d’Klouschter vum éisträichesche Keeser Joseph II. opgeléist an et stoung fir eng länger Zäit eidel. Am Kader vun de Verkeef vu reliéisen Propriétéiten gëtt d’Klouschter an de Revolutiounsjoeren un e gewëssenen Hencké verkaaft.

1815 gehéieren d’Gebaier der Militärregierung vun der Festung an 1828 gi se vun der hollänescher Regierung kaaft, déi se awer weiderhin dem MIlitär iwwerloossen.

1829 gëtt et an den ale Klouschtergemaier eng Gierwerei, eng Spënnerei vun de Gebridder Godchaux (besser bekannt duerch hir spéider Aktivitéit op der Schläifmillen) an eng Distillerie mat Essegfabrik vun engem gewëssene Graechen. Dës Betriber waren awer relativ schnell nees fort.

1842 huet d’Verwaltungskommissioun vun den Zivilhospizen dat alt Klouschter opkaaft, an den Hospice Saint-Jean aus dem Gronn, dee vun de Schwëstere vum Elisabetherinnenuerden geleed gouf, gouf den 30. Juli 1843 an de Pafendall verluecht. D’Gebaier goufen och erweidert an ëmgebaut, esou liest een z.B., dass 1867 eng Annexe aus dem Joer 1844 duerch e Feier komplett zerstéiert an nees opgebaut gouf. Den Hospice civil war den aarmen, alen a kranke Bierger vun der Stad Lëtzebuerg virenthalen, fir dass si hei hire Liewensowend verbrénge konnten. Déi Missioun erfëllen d’Gebailechkeeten nach haut.

Am 20. Joerhonnert gouf reegelméisseg Renovatiounsaarbechten, mä de Charakter vum Klouschter blouf erhalen. Vun 1999 bis 2003 gouf d’Gebai no de Pläng vum Georges Reuter komplett renovéiert an ass haut e Centre intégré pour personnes agées (CIPA), mat 101 Zëmmeren.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Imprimerie nouvelle photographique, Paris.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

13 octobre 2020

Flott Vue op d’Dräi Eechelen.

Wéinst den 3 doréierten Eechelen op den Tierm gëtt de Fort um Plateau Kierchbierg deementspriechend genannt. D‘Dräi Eechelen ware just en Deel vum impressionnante Festungskomplex „Obergrünewald“ mat deem een d’Staat géint en Ugrëff vun der ëstlecher Säit aus beschütze wollt.

De Fort ass 1732/33 vum éisträicheschen Ingenieur Simon de Beauffe op der Plaz vum Vauban senger Redoute « Hauteur du Parc » aus dem Joer 1688 erbaut ginn. Benannt ass de Fort nom éisträichesche Festungskommandant Adam Sigmund von Thüngen.

De Fort Thüngen ass als Verstäerkung vum 3. Festungsréng vun der Stad Lëtzebuerg gebaut ginn.

1836 gouf de Fort vun de Preisen erweidert a krut och seng dräi ronn Tierm mat den Dräi Eechelen.

Ënnert dem ganze Fort ginn et eng ganz Rei vu Minnen, déi am Eeschtfall hätte kéinte genotzt ginn, fir de Fort ze sprengen.

Nach 1860 gouf de Fort verstäerkt, vu dass en nach net wousst, wat e puer Joer drop sollt geschéien. Wéi nom Londoner Vertrag vun 1867 d’Festung huet misse geschleeft ginn, gouf och de Fort Thüngen an e puer Phasen vun 1870-1875 ofgerappt. Just d’Agangstierm, déi mir haut nach gesinn, sinn erhale bliwwen, d’Grondmaueren goufe mat Buedem bedeckt. D‘Eechele vun den 3 Tierm goufen um Enn vun den Ofrappaarbechten doréiert. D’Kasematten vum Fort Thüngen sinn haut zum Deel nees mat engem Guide zougänglech oder am Musée integréiert. Fréier hu sech d’Kanner aus dem Pafendall gären doran amuséiert: anscheinend koum een duerch verschidde Gäng aus dem Dällchen bis erop op de Plateau.

Haut fanne mir hei de Festungsmusée Musée Dräi Eechelen. Och de Mudam ass op de Fundamenter vum Fort ënnerbruecht an e gudden Deel gouf nees opgebaut. E ganz laangen Otem hunn dobäi d’Frënn vun der Festung gebraucht, bis et endgülteg, no villen administrativen Hürden, politeschen Fauxpasen a Fehlplanungen, all d’Bauaarbechten ofgeschloss waren.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

14 octobre 2020

Schéi Vue op d’Passerelle.D’Passerelle, och nach « Viaduc » oder « Al Bréck » genannt, nodeems déi « nei Bréck » oder de Pont Adolphe 1903 gebaut gouf.

D’Passerelle, déi de Garer Quartier mat der Uewerstad verbënnt, gouf vum Achille Grenier

an dem Auguste Letellier geplangt a vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers gebaut.

Et ass keen Zoufall, dass de Bau vun der Passerelle an déi selwecht Zäit fält, wéi de Bau vun der éischter Gare vun der Stad Lëtzebuerg. Et war vun Ufank u kloer, dass d’Gare, déi aus strategesche Grënn ausserhalb vun de Festungsmaueren stoung, misst mam Zentrum verbonne ginn.

Fir de Bau vun der Bréck ass fir d’éischt eng hëlze Behëllefsbréck, eng Passerelle opgeriicht ginn, déi der Bréck also ee vun hiren haitege Nimm ginn huet.

D’Passerelle ass 308,40 Meter laang a besteet aus 26 Béi, déi tëscht 8 a 15m breet sinn. D’Maximalhéicht ass 45m. Geplangt goufd’Bréck vum Achille Grenier an dem Auguste Letellier, gebaut gouf se vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers.

Dass d’Bréck e liichte Bou huet, ass iwwregens op taktesch Grënn aus der Zäit wéi Lëtzebuerg nach eng Festungsstad war, zeréckzeféieren. Wahrscheinlech war si och mat Sprengkummeren versinn.

1960 gouf si fir de ville Verkéier méi breet gemaach an dräispureg ausgebaut. Virun e puer Joer ass dunn eng Spuer duerch eng geséchert Vëlospiste mat engem Vëloscompteur installéiert gëtt, deen iwwregens all Joer en neie Rekord opstellt.

Interessant ass och nach d’Kathedral, déi deemools just een Tuerm, den haitegen Westtuerm, dee vun der aler Jesuitekierch hat. Eréischt 1935-1938 koumen den Ost- an de Mëtteltuerm dobäi.

Riets op der Foto gesäit een och d’Diecher vun zwou Kasären, déi vum Vauban gebaut goufen, a wouvun haut just nach déi steet, déi an d’Cité judiciaire integréiert gouf.

Direkt nieft dëser Kasär, vis-à-vis vun der haiteger englescher Ambassade steet e Gebai, dat haut vill Leit net méi kennen.

Et handelt sech ëm d' »Kornmagazin », wat d’preisesch Besatzung 1856 baue gelooss huet a gutt 100 Joer méi spéit, 1966 ofgerappt ginn ass.

Zur Zäit vun der Opnam waren e gudden Deel vun de Festungsmaueren vum Helleg-Geescht-Plateau verschwonnen, dofir gesäit een och näischt méi vun der Paart, duerch déi een huet misse goen, fir vun der Passerelle an d’Stad eran ze kommen. Dës Part gouf « Prinz-Heinrich-Pforte » genannt. Do wou haut op dräi Spueren Veloen, Autoen a Foussgänger an d’Uewerstad oder an den Tunnel kommen, hätt deemools mol kee klengen Auto duerchgepasst.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: M. Knopf, Luxembourg.

Datum: 1901.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

15 octobre 2020

Eng patriotesch Postkaart mat enger Vue op de Gronn, d’Rumm an dem Text vum Feierwon, « Mir wëlle bleiwe wat mir sinn… » « Mä wat si mir iwwerhaapt? » freet sech och d’Lëtzebuerger Band De Läb.

De Feierwon ass e Lidd vum Michel Lentz, wat de 4. Oktober 1859 fir d’éischt gesongen gouf, fir den éischten Zuch ze feieren, deen deen Dag vun der Stater Gare fortgefuer ass.

Um Knuedler, op der Trap virum Stadhaus, gouf et vun engem Chouer virgedroen, an den Text ass op Ziedelen un d’Leit verdeelt ginn. Den ursprénglechen Titel war D’Letzeburger. D’Lidd gouf séier am ganze Land bekannt a populär. Dee leschte Saz aus dem Refrain gouf zum Nationalmotto vu Lëtzebuerg erhuewen. Dëse gouf vun de Leit och alt a « Mir wëlle jo keng Preise ginn » ëmgewandelt. (Quell: Wikipedia)

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

16 octobre 2020

Vue op de Roude Pëtz an der Groussgaass virum Schleefe vun der Festung.

De Roude gouf ëm 1740 ugeluecht, fir d’Festung Lëtzebuerg mat Drénkwaasser ze versuergen. Dofir gouf e 64 m déiwe Schacht an de Sandstee gesprengt. Ronderëm de Pëtz war e klengen Tiermchen aus rouden Zillen, wouduerch de Pëtz säi Spëtznumm krut. E war op der Plaz, wou d’Lantergässel an d’Groussgaass zesummekommen. Nom Londoner Vertrag 1867 gouf e kuerz no ofgerappt. De Schacht vum Pëtz existéiert awer nach haut.Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

17 octobre 2020

Flott Vue op d’Dräi Eechelen.

Wéinst den 3 doréierten Eechelen op den Tierm gëtt de Fort um Plateau Kierchbierg deementspriechend genannt. D‘Dräi Eechelen ware just en Deel vum impressionnante Festungskomplex „Obergrünewald“ mat deem een d’Staat géint en Ugrëff vun der ëstlecher Säit aus beschütze wollt.

De Fort ass 1732/33 vum éisträicheschen Ingenieur Simon de Beauffe op der Plaz vum Vauban senger Redoute « Hauteur du Parc » aus dem Joer 1688 erbaut ginn. Benannt ass de Fort nom éisträichesche Festungskommandant Adam Sigmund von Thüngen.

De Fort Thüngen ass als Verstäerkung vum 3. Festungsréng vun der Stad Lëtzebuerg gebaut ginn.

1836 gouf de Fort vun de Preisen erweidert a krut och seng dräi ronn Tierm mat den Dräi Eechelen.

Ënnert dem ganze Fort ginn et eng ganz Rei vu Minnen, déi am Eeschtfall hätte kéinte genotzt ginn, fir de Fort ze sprengen.

Nach 1860 gouf de Fort verstäerkt, vu dass en nach net wousst, wat e puer Joer drop sollt geschéien. Wéi nom Londoner Vertrag vun 1867 d’Festung huet misse geschleeft ginn, gouf och de Fort Thüngen an e puer Phasen vun 1870-1875 ofgerappt. Just d’Agangstierm, déi mir haut nach gesinn, sinn erhale bliwwen, d’Grondmaueren goufe mat Buedem bedeckt. D‘Eechele vun den 3 Tierm goufen um Enn vun den Ofrappaarbechten doréiert. D’Kasematten vum Fort Thüngen sinn haut zum Deel nees mat engem Guide zougänglech oder am Musée integréiert. Fréier hu sech d’Kanner aus dem Pafendall gären doran amuséiert: anscheinend koum een duerch verschidde Gäng aus dem Dällchen bis erop op de Plateau.

Haut fanne mir hei de Festungsmusée Musée Dräi Eechelen. Och de Mudam ass op de Fundamenter vum Fort ënnerbruecht an e gudden Deel gouf nees opgebaut. E ganz laangen Otem hunn dobäi d’Frënn vun der Festung gebraucht, bis et endgülteg, no villen administrativen Hürden, politeschen Fauxpasen a Fehlplanungen, all d’Bauaarbechten ofgeschloss waren.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

18 octobre 2020

Postkaart mat engem Bild, wéi d’Befestegungen um Bock virun dem Schleefe vun der Festung ausgesinn hunn.

D’Bock-Befestegungen op der Postkaart sinn an hirem Zoustand kuerz virum Londoner Kongress am Joer 1867, wou d’Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg decidéiert gouf. D’Ausgesinn an där Zäit geet haaptsächlech zeréck op déi grouss Ëmbaumoossnamen vum franséische Festungsingenieur Vauban. No der Belagerung vun der Festung duerch déi franséisch Truppen am Joer 1684, huet hie mam Bau vun de neie Befestegungen ugefaangen, vu dass déi al Forten um Bock, déi vun de Spuenier gebaut gi waren, staark zerstéiert goufen. Dem Vauban seng Befestegungsanlag huet eigentlech aus 3 Deeler bestanen: de grousse Bock, de mëttlere Bock an de klenge Bock. De klengen a mëttlere Bock waren eigentlech näischt anescht wéi ganz staark befestegt Paarten. Fir vu Clausen erop op de Fëschmaart ze kommen huet ee missen duerch 4 Paarte goen, tëscht den 2 éischten an ënneschten war also de klenge Bock, tëscht der zweeter an der drëtter war de mëttlere Bock. Vun der drëtter Paart ass eis och nach e Stéck erhale bliwwen, de rietsen Tuerm vun der Paart, haut beschtens bekannt als « Huelen Zant ». Tëscht der drëtter Paart an der Bréck war also de grousse Bock. De grousse Bock kéint een och als tatsächleche Fort bezeechen, heiansdo liest een esouguer de Begrëff « Zitadell ».

D’Verbindung zu der Schlassbastioun fir op de Fëschmaart gouf duerch eng Bréck gemaach, déi deemools nach eng Zéibréck a méi spéit eng Holzbréck war, déi am Fall vun enger Belagerung konnt eropgezunn, respektiv séier ofgebaut konnt ginn. Ënner éisträichescher Herrschaft gouf doraus déi stenge Schlassbréck aus dem Joer 1735, wéi se och op der Postkaart lénks ze gesinn ass an déi och haut, no enger Rei Renovatiouns- an Ëmbauaarbechten, nach steet.

Et ass awer net ze vergiessen, dass natierlech schonn zu Réimerzäiten an am Mëttelalter Befestegungen um Bock existéiert hunn. Déi mëttelalterlech Buerg ass géint 1555 ofgebaut ginn an duerch en neie Fort ënner spuenescher Herrschaft ersat ginn. Fiederféierend war bei de leschten Ëmbauaarbechten virun der franséischer Attack vun 1684 de schwäizer Ingenieur Isaac von Treybach.

Zu de Bockbefestegungen hunn natierlech och d’Kasematte gehéiert, en Tunnelsystem, dee virun allem an éisterräichecher Zäit, géint tèescht 1737 an 1746 zu engem zesummenhänkende System mat groussen Ëffnunge fir Kanounen, ausgebaut gouf. Virdrun haten och schonn d’Spuenier ënnerierdesch Tunnellen ugeluecht. Eng leschte Kéier gouf d’Befestegung an de Joren 1837-39 ënnert der preisescher Garnisoun erneiert an ausgebessert.

Déi haiteg Schlassbréck um Bock staamt aus dem Joer 1735, d.h. aus der Zäit wéi Lëtzebuerg vun den Éisträicher besat war. Et fënnt een op verschiddene Plazen och de falsche Baudatum vun 1753. Geséchert ass, dass 1733 e Projet fir den Neibau vun där Bréck virlouch, well d’Stänn (Stände, Etats) aus der Stad dogéint protestéiert hunn, vu dass si de Finanzement vun 9000 Gulden hu misse garantéieren. Dës nei Bréck aus Steen sollt déi al hëlze Schlassbréck ersetzen.

Am Wanter 1733/34 goufen 680 Ween mat roudem Standsteen vu Berg (?) op d’Bauplaz bruecht. D’Leit déi mam Won gefuer sinn, kruten am Wanter 6 Gulden, am Summer 5 Gulden dofir.

1735 war de grousse Bou fäerdeg, déi kleng koumen 1736 uewendrop.

Eng technesch Kuriositéit ass d’Bréck an deem Sënn, dass een se op 5 verschidden Niveauen passéiere kann, eemol ganz normal iwwer d’Strooss, dräi Mol duerch d’Gäng duerch d’Béi an eemol ënnert der Strooss.

D’Bréck déi mir haut gesinn ass usech eng Replik vun der Originalbréck, nodeems déi 1993 ofgerappt an am Originalzoustand nei opgebaut gouf. 1933 war d’Bréck schonn eng Kéier restauréiert ginn, wéi se fir de Verkéier méi breed gemaach ginn ass.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898, Bild vu virun 1867.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

19 octobre 2020

Vue op d’Schlassbréck, den Iwwerreschter vun der Buerg an dem Fort um Bock, dem Clausener Viaduc a ganz riets d’Tour Jacob.

Hannert der riichter Mauer riets nieft der Schlassbréck, verstoppen sech d’Fundamenter vun den Zwillingstierm vun der Haaptpuert vun der Buerg. Dës Tierm kënnen den Archeologen no an d’Mëtt vum d’13. Joerhonnert datéiert ginn.

Déi Tierm goufen warscheinlech an der Mëtt vum 17. Joerhonnert zesumme mam Recht vun der Buerg zerstéiert.

Déi haiteg Schlassbréck um Bock staamt aus dem Joer 1735, d.h. aus der Zäit wéi Lëtzebuerg vun den Éisträicher besat war. Et fënnt een op verschiddene Plazen och de falsche Baudatum vun 1753. Geséchert ass, dass 1733 e Projet fir den Neibau vun där Bréck virlouch, well d’Stänn (Stände, Etats) aus der Stad dogéint protestéiert hunn, vu dass si de Finanzement vun 9000 Gulden hu misse garantéieren. Dës nei Bréck aus Steen sollt déi al hëlze Schlassbréck ersetzen.

Am Wanter 1733/34 goufen 680 Ween mat Steng vu Berg (?) op d’Bauplaz bruecht. D’Leit déi mam Won gefuer sinn, kruten am Wanter 6 Gulden, am Summer 5 Gulden dofir.

1735 war de grousse Bou fäerdeg, déi kleng koumen 1736 uewendrop.

Eng technesch Kuriositéit ass d’Bréck an deem Sënn, dass een se op 5 verschidden Niveauen passéiere kann, eemol ganz normal iwwer d’Strooss, dräi Mol duerch d’Gäng duerch d’Béi an eemol ënnert der Strooss.

D’Bréck déi mir haut gesinn ass usech eng Replik vun der Originalbréck, nodeems déi 1993 ofgerappt an am Originalzoustand nei opgebaut gouf. 1933 war d’Bréck schonn eng Kéier restauréiert ginn, wéi se fir de Verkéier méi breed gemaach ginn ass.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

20 octobre 2020

Vue op déi mëttelalterlech Dënselpuert, de Gronn an d’Uewerstad.

Lénks steet d’Dënselpuert, d.h. déi al Tréiererpuert, déi eréischt no 1867 nees opgemaach ginn ass. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, also aus Richtung Tréier, dofir och „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..Déi vill méi al sougenannten Krudelspuert, déi méi déif am Dall un der Uelzecht louch, an de Gronn mat Clause verbonnen huet ass zu deem Zäitpunkt zougemaach ginn. Säit d’Abtei Neimënster gebaut gouf, war des Puert souwisou wahrscheinlech net méi a Betrib. Hier Iwwerreschter gesäit een haut nach duerch eng Fënster am Tuutesall wann ee Richtung Stierche geet. Op der Foto ass si awer natierlech net ze gesinn.

Haut steet e puer Meter ënnert der mëttelalterlecher Tour Jacob déi mat Stol rekonstruéiert « nei Tréiererpaart », déi also chronologesch déi lescht Paart ass, fir vun Osten hier an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen. Si gouf no 1867 leider ofgerappt.

Gebaut gouf si ëm 1590 an déi « mëttelal » Tréiererpaart gouf ganz zougemauert, genau sou wéi d’Tréiererstrooss e puer Meter no ënnen a laanscht d’Festungsmauer geluecht gouf. 1590 hunn se beim Bau vun där « neier » Puert och e réimesche Mënzschatz fonnt, deen awer leider verluer gaangen ass. E beweist awer, dass och schonn zu Réimerzäiten eng Siidlung dës Säit vun der Uelzecht, evt. op der Rumm bestanen huet.

D’Leit déi an d’Stad era wollten hunn all op dëse Plazen ëmmer missen eng Taxe bezuelen.

Fir den Iwwerbléck also:

- Eng éischt Paart louch ënnen am Dall, d.h. déi aktuell rue Münster huet dohi gefouert.

- Duerno gouf am Mëttelalter d’Tour Jacob als 2. Tréierer Paart gebaut- schlussendlech ëm 1590 déi jéngsten Tréierer Paart déi mir ënnert dem Jakobstur gesinn an déi 1867 ofgerappt an an den 1990er Joren aus Stol nees opgebaut gouf.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Grand Bazar Champagne, Luxembourg.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

21 octobre 2020

Schéi Vue vun der Alstad mat 2 Spueneschen Tiermercher, der Méchelskierch an der Mëtt an den Dräi Tierm ganz riets.

D’Spuenesch Tiermercher kruten hire Numm - wéi soll et anescht sinn - well se an der Zäit gebaut goufen wéi Lëtzebuerg zu de Spueneschen Nidderlanden gehéiert huet. Anscheinend goufen et fréier bis zu 38 där Wuechttierm, haut stinn der awer just nach 8. Vläicht huet et de Spuenier och just ze vill gereent am Ländchen, dass si sech e klengen Ënnerstand gebaut hunn.

Den Dräi Tierm hir Fundamenter sti wahrscheinlech op deem ale Réimerwee, dee vum Fëschmaart erof an de Pafendall gaangen ass. Si sëtzen sech zesummen aus 2 ronnen Tierm an engem véiereckegen Tuerm. De véiereckegen ass deen eelste vun deenen 3 an gouf géint 1050 als Deel vun der zweeter Stadmauer gebaut. Déi ronn Tierm sinn aus dem 13. Joerhonnert.

D’Dräi Tierm hunn déi wichteg Puert vun der Uewerstad an d’Ënnerstad markéiert a leien op deem ganz ale réimesche Kiem, deen iwwerhaapt dozou gefouert huet, dass de Kär vun der Stad zu engem Verkéiersknuet ginn ass. Vum Fëschmaart erof sinn d’Händler fréier erof an de Pafendall gefuer, fir do, wahrscheinlech duerch eng Fuert a spéider iwwer eng Bréck op déi aner Säit vun der Uelzecht ze kommen, an da weider Richtung Tréier ze fueren.

Wësst dir eigentlech firwat Giischtercher aus dem Schraasseger Prisong op hirer Uniform d’Wopen mat den Dräi Tierm droen?Majo well d’Dräi Tierm bis ca. 1810 als Prisong funktionéiert hunn. Anscheinend gouf och d’Guillotine vun der Stad Lëtzebuerg, déi haut am Musée Dräi Eechelen ausgestallt ass, do stockéiert.

No der Schleefen vun der Festung huet de Kapitän Weydert vun der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie an den Tierm gewunnt.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

22 octobre 2020

Schéin Opnam vum Palais Grand-Ducal an der Stad.

Den haitege Palais Grand-Ducal steet op der Plaz vum 3. Stater Gemengenhaus, dat den 11. Juni 1554 duerch d’Explosioun vun engem Polvermagaseng zerstéiert gi war, a war als Sëtz vum Gouverneur vu Lëtzebuerg geduecht. Eréischt 1572 hat d’Stad déi finanziell Moyenen nees zesummen, sech en neit Gemengenhaus ze bauen.

D’Gebai gouf am Renaissance-Stil ënnert der Responsabilitéit vum Stater Schäffen Adam Roberti, mat der Ënnerstëtzung vum Pierre-Ernest I de Mansfeld gebaut. Den Architekt ass net bekannt, et ass awer warscheinlech, dass et deen oder déi selwecht waren, déi och dem Mansfeld säi Schlass a Clausen gebaut hunn. Den eelsten Deel vum Palais ass also deen tëscht deenen 2 Tiermercher.

1683 gouf de Palais ënner dem Louis XIV. senger Besetzung ëmgebaut, nodeems en wärend den Attacken uerg zerstéiert gi war. 1741-1743 ass riets vum eelsten Deel en Ubau am Barockstil, « Wo » genannt, bäigesat ginn, dee mir an der Mëtt vun der Postkaart gesinn. Dëse gouf 1891 ëmgebaut. 1858-1859 gouf nach méi riets deen Deel ugebaut, an deem haut d’Chamber ass.

Tëscht 1795 an 1814 wärend der franséischer Zäit war hei d’Préfecture vum Département des Forêts. Vun 1815 un war d’Gebai eng Zort administrativen Allzweckbau: Et war de Sëtz vun der Regierungskommissioun, an duerno, bis 1867, vun der Regierung. Vun 1848-1858 un hat och d’Parlament (dat 1857 an eng Assemblée des Etats ëmgeännert gouf) do säi Sëtz, bis et dann a säin eegent Gebai niewendru geplënnert ass. 1857 ass och nach de Staatsrot, deen duerch d’Lëtzebuerger Konstitutioun vun 1856 agefouert gi war, op den 2. Stack erageplënnert. Um selwechten 2. Stack war och nach eng archeologesch Sammlung ënnerbruecht. An de Kinnek-Groussherzog Wëllem II., huet 1841, 1844 an 1845 do gewunnt; säin Nofollger, de Wëllem III., just heiansdo, mä säi Statthalter, de Prënz Henri, nees méi reegelméisseg.

1867 sinn, als Resultat vum Londoner Traité, d’preisesch Truppen ofgezu ginn, an d’Regierung konnt sech am Refuge Sankt Maximin ariichten, do, wou bis viru kuerzem den Ausseministère war. De Staatsrot, d’archeologesch Sammlung, de Service agricole an d’Erzéiungskommissioun, déi sech och den 2. Stack hu missen deelen, sinn awer eréischt definitiv 1890 erausgeplënnert, wéi den Adolphe vun Nassau-Weilburg Groussherzog vu Lëtzebuerg gouf. Dofir gouf d’Gebai vun 1891 bis 1894 grëndlech ëm- an ausgebaut. An deem Kader koum och den Tuerm am Neorenaissance-Stil op der rietser Säit vum Palais derbäi.

No 1964 an am Ufank vun den 1990er Jore gouf de Palais renovéiert an ass am Summer reegelméisseg op fir Visitten.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

23 octobre 2020

Vue op de Neiewee an d’Schlassbréck.

Déi haiteg Schlassbréck um Bock staamt aus dem Joer 1735, d.h. aus der Zäit wéi Lëtzebuerg vun den Éisträicher besat war. Et fënnt een op verschiddene Plazen och de falsche Baudatum vun 1753. Geséchert ass, dass 1733 e Projet fir den Neibau vun där Bréck virlouch, well d’Stänn (Stände, Etats) aus der Stad dogéint protestéiert hunn, vu dass si de Finanzement vun 9000 Gulden hu misse garantéieren. Dës nei Bréck aus Steen sollt déi al hëlze Schlassbréck ersetzen.

Am Wanter 1733/34 goufen 680 Ween mat Steng vu Berg (?) op d’Bauplaz bruecht. D’Leit déi mam Won gefuer sinn, kruten am Wanter 6 Gulden, am Summer 5 Gulden dofir.

1735 war de grousse Bou fäerdeg, déi kleng koumen 1736 uewendrop.

Eng technesch Kuriositéit ass d’Bréck an deem Sënn, dass een se op 5 verschidden Niveauen passéiere kann, eemol ganz normal iwwer d’Strooss, dräi Mol duerch d’Gäng duerch d’Béi an eemol ënnert der Strooss.

D’Bréck déi mir haut gesinn ass usech eng Replik vun der Originalbréck, nodeems déi 1993 ofgerappt an am Originalzoustand nei opgebaut gouf. 1933 war d’Bréck schonn eng Kéier restauréiert ginn, wéi se fir de Verkéier méi breed gemaach ginn ass.

De Neiewee heescht offiziell « rue Sosthène Weis », benannt nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941).

D’Strooss déi de Gronn laanscht d’Fielsen an d’Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch mam Pafendall verbënnt ass 1679 ënner spuenescher Herrschaft las Verbingung tëscht dem Gronn, dem Pafendall a Clausen ugeluecht ginn. D’Strooss awer net ëmmer sou geheescht: eelsten Numm ass eben « Neie Wee » oder « rue Neuve ». Vun 1925-1946 huet se « Felsenstraße » resp. « rue des Rochers » geheescht an eréischt 1946, 5 Joer nom Doud vum Sosthène Weis krut se hiren haitegen Numm.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Manufacture de cartes postales, P. Houstraas, Luxembourg.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

24 octobre 2020

Flott Vue op d’Dräi Eechelen.

Wéinst den 3 doréierten Eechelen op den Tierm gëtt de Fort um Plateau Kierchbierg deementspriechend genannt. D‘Dräi Eechelen ware just en Deel vum impressionnante Festungskomplex „Obergrünewald“ mat deem een d’Staat géint en Ugrëff vun der ëstlecher Säit aus beschütze wollt.

De Fort ass 1732/33 vum éisträicheschen Ingenieur Simon de Beauffe op der Plaz vum Vauban senger Redoute « Hauteur du Parc » aus dem Joer 1688 erbaut ginn. Benannt ass de Fort nom éisträichesche Festungskommandant Adam Sigmund von Thüngen.

De Fort Thüngen ass als Verstäerkung vum 3. Festungsréng vun der Stad Lëtzebuerg gebaut ginn.

1836 gouf de Fort vun de Preisen erweidert a krut och seng dräi ronn Tierm mat den Dräi Eechelen.

Ënnert dem ganze Fort ginn et eng ganz Rei vu Minnen, déi am Eeschtfall hätte kéinte genotzt ginn, fir de Fort ze sprengen.

Nach 1860 gouf de Fort verstäerkt, vu dass en nach net wousst, wat e puer Joer drop sollt geschéien. Wéi nom Londoner Vertrag vun 1867 d’Festung huet misse geschleeft ginn, gouf och de Fort Thüngen an e puer Phasen vun 1870-1875 ofgerappt. Just d’Agangstierm, déi mir haut nach gesinn, sinn erhale bliwwen, d’Grondmaueren goufe mat Buedem bedeckt. D‘Eechele vun den 3 Tierm goufen um Enn vun den Ofrappaarbechten doréiert. D’Kasematten vum Fort Thüngen sinn haut zum Deel nees mat engem Guide zougänglech oder am Musée integréiert. Fréier hu sech d’Kanner aus dem Pafendall gären doran amuséiert: anscheinend koum een duerch verschidde Gäng aus dem Dällchen bis erop op de Plateau.

Haut fanne mir hei de Festungsmusée Musée Dräi Eechelen. Och de Mudam ass op de Fundamenter vum Fort ënnerbruecht an e gudden Deel gouf nees opgebaut. E ganz laangen Otem hunn dobäi d’Frënn vun der Festung gebraucht, bis et endgülteg, no villen administrativen Hürden, politeschen Fauxpasen a Fehlplanungen, all d’Bauaarbechten ofgeschloss waren.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1902

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

25 octobre 2020

Impressionant Vue op de Chantier vun der Neier Bréck, wou dee Moment just déi hëlze Stee stoung.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf: J.B.F; Editeur: Etablissement des arts graphiques de Luxembourg.

Datum: 1900, fortgeschéckt 1908.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

26 octobre 2020

Vue op d’Enn vum Péitrussdall mam Gronn an der Rumm an dem Biisser Viaduc am Hannergrond.

Uewe lénks ass d’Grondschleisbastioun, déi 1644 gebaut gouf an an de Joren 1674 an 1685 erweidert gouf, ier se 1751 verstäerkt gouf. Hiren Numm krut d’Bastioun vun der Schleis am Gronn, déi 1731 gebaut gouf. Ënnendrënner sinn d’ « Rondellen » , déi zwar gutt ausgesinn, vun der Defense awer e bësse manner effektiv waren, wéi déi vum Vauban. Op dësem klenge Plateau, ënnerhalb vun der Grondschleisbastioun erkennt een e lénks klenge Stall, dee fir krank Päerd geduecht war a riets niewendrun de Giewel vum « Kriegslaboratorium » oder Munitiounslaboratoire, wou d’Munitioun fir den Asaz preparéiert gouf. Dës Gebaier goufen 1860/61 gebaut, 1982-1985 ofgerappt. Op dësen Terrasse goufe nom Schleefe vun der Festung anscheinend och wëll Déiere gehal. De ganze Fiels ass natierlech duerchlächert mat Kasematten, déi vum Gronn op de Plateau gefouert hunn.

Ënnen am Dall, an der Mëtt, steet déi fréier Kierch. St. Ulric mat dem markanten nivelléierten Daach. Si huet säit der Franséischer Revolutioun net méi als Kierch funktionéiert. D’Kierch ass 1798 als Bien National fir 10 Louis d’Or vum M. Reding gesteet ginn. Géint 1811 huet hei d’Gierwerei vum Jean Baptiste Kontz funktionéiert, déi och an der Famill bliwwen ass, eng Famill déi am 20. Joerhonnert landeswäit e Begrëff war fir d’BMW-Garage. An den 1860er/70er Joren fanne mir an der fréierer Kierch d’Peschfabrik vum Philipp Kontz, deen 1873 als Matbegrënner vun der Fabrique de chaussures du Grand-Duché de Luxembourg S.A. ernimmt gëtt. Am Gebai mam nivelléierten Dag war 1907 d’Fierwerei Schmit, spéider Schmit-Cravatte. 1937 ass d’Gebai dun ofgerappt ginn.

Lénks den Helleg Geescht Plateau, ënnen am Dall steet déi fréier Kierch. St. Ulric, déi säit der Franséischer Revolutioun net méi als Kierch funktionéiert huet, D’Gebai mam nivelléierten Dag war spéider eng Gierwerei an eng Fierwerei et ass 1937 ofgerappt ginn.

An der Mëtt ënner dem Biisser Viaduc läit d’Biissermillen (Hasteschmillen), déi kuerz virum 2. Weltkrich verbrannt ass, duerno nach kuerzzäiteg vun der Famill Gantenbein bedriwwe gouf an 1970 ofgerappt gouf.

Iert d’Gebailechkeeten vum Pierre Hastert géint 1825 kaaft goufen, huet do eng Brauerei funktionéiert. Weider Informatiounen dozou: http://www.industrie.lu/moulinhastertgrund.html

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

27 octobre 2020

Schéi Foto aus dem Gronn op déi hënnescht Fassad vun den alen Haiser aus der Tilleschgaass.

Iwwert de Gronn, de Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg kéint ee Bicher schreiwen - wat natierlech och gemaach gouf a gëtt.

Virun e puer Joerzéngten nach en äermleche Quartier, wou een net esou gären higaangen ass, ass et haut eng vun deene schéinsten a gemittlechste Plazen an der Stad. Virun allem d’Renovatiounen vu ville Gebaier Enn 80er an an den 90er Joren, d’Erëffnung vum Naturmusée an der Abtei Neimënster, Caféen a Restauranten an de Bau vun engem Lift vum Hl. Geeschtplateau erof an den Dall hunn dozou gefouert, dass haut am Gronn d’Liewe pulséiert wéi nach ni. An trotzdeem eng gewësse Rou ausstraalt.

Schonn am fréie Mëttelalter hu Mënschen an dësem Deel vun der Stad gelieft, nach iert de Sigfried um Bockfiels seng kleng Buerg gebaut huet.

Bis an d’14. Joerhonnert louch de Gronn nach « ante portas », d.h. virun den Dieren vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn eréischt an d’Schutzmauer vun der Stad ënnert dem Wenzel II. mat erageholl.

E reliéisen Zentrum war de Gronn virun allem duerch den am Mëttelalter gegrënnten Hospice St. Jean, d’Benediktinerabtei Neimënster an d’Kierch St. Ulric.

Industriellen Zentrum war de Gronn doduerch, dass hei vill Fëscher, Fierwer Gierwer an aner Handwierker déi d’Waasser resp. d’Waasserkraaft vun der Uelzecht gebraucht hunn, sech hei néiergelooss hunn.

Ënnert anerem Händschefabriken aus dem Gronn wéi z.B. d’Handschuhfabrik Albert Reinhard & Cie an der Plaetisgaass waren eng bedeitend Wirtschaftsbranche vun der Stad Lëtzebuerg. En Deel dovun steet och nach haut an huet als Appartementshaus mat Bureauen iwwerlieft. E weideren Deel gouf ofgerappt an als Park amenagéiert.

Net ze vergiessen sinn natierlech déi zwee Prisongen, déi am alen Hospice St. Jean (Fraeprisong) an an der Abtei Neimënster (fir d’Männer) installéiert goufen a bis an d’1980er Joren bestanen hunn, bis de Prisong zu Schraasseg opgaangen ass. Méi en däischtert Kapitel also vun der interessanter Geschicht vum Gronn.

Et ass kloer, dass mir op dëser Plaz nëmmen e ganz klengen Ëmrëss vun der Geschicht vum Gronn maache kënnen, an hoffen dass mir heimat den Interessi fir d’Geschicht vun dësem dach schéine Quartier bei deem engen oder aneren ausléise konnten.

Fotograf: Amateur.

Datum: Obekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

28 octobre 2020

Vue op de Palais vun der ARBED, dee mëttlerweil der BCEE - Spuerkeess gehéiert.

Dee wonnerschéine Palais vun der ARBED, brauch ee wuel kengem méi virzestellen. Säit 2014 am Besëtz vun der Spuerkeess, wäert en hoffentlech nach e puer Joeren iwwerdaueren.

D’Gebai gouf vun 1920-1922 gebaut als nei Zentral fir d’ARBED, déi nom 1. Weltkrich grouss Gewënner verbucht huet. Ursprénglech sollt den Terrain um Plateau Bourbon vum Staat fir de Bau vun engem Musée an dem Palais de justice genotzt ginn, gouf awer dunn un d’ARBED verkaaft.

Architekt fir d’Bauwierk waren den Fransous René Théry an ausféierend war de Lëtzebuerger fréieren Staatsarchitekt Sosthène Weis.

Et war e Gebai mat alle Schikanen: Bureauen, e Restaurant, Salonen, e Festsall, Fumoiren, e Gymnastiksall, eng Bibliothéik an esou guer eng Keelebunn hunn dozou gehéiert.

Méi en däischtert Kapitel hat d’Gebai am 2. Weltkrich, wéi Chef vun der Zivilverwaltung, de Gustav Simon do logéiert huet.

Nodeems d’ARBED Deel vum neie Grupp ARCELOR gouf, déi duerno vun Mittal Steel Company opkaaft ginn ass, ass och d’Gebai un déi nei Firma ArcelorMittal gaangen, déi et schlussendlech der BCEE verkaaft huet.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Messageries Paul Kraus.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

29 octobre 2020

Eng flott Postkaart mat engem Panorama vum Pafendall.

Ënnen am Pafendall erkennt een hanne vu lénks no riets de « Féngerlek » (de Kamäin vun der Pompelstatioun, déi d’Drénkwaasser vun der Quell am Pafendall an d’Uewerstad gepompelt huet), de « Béinchen » an de Quartier mam selwechte Numm, d’Sichepaart an d’Kierch St. Mathieu.

No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Sichepaart an déi aner Säit d’Eecherpaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, dem Béinchen, verbonne waren. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee wärend dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Paart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen. D’Nimm vun der selweschter Paart variéieren, bezéien sech awer ëmmer op dat selwescht: Siecherludeporte (1444), Sicherporte (1472), Paffendaler Porten (1479), Sichenleuth Pfordt (1659), Porte des lépreux (1717), Porte des Bons Malades.

Riets nieft der Puert stoung fréier och eng Rëtsch Haiser, déi alleguer ofgerappt goufen, fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen, ma och op der lénker Säit goufen Haiser, déi an engem schlechten Zoustand waren, aus « hygienesche » Grënn ofgerappt.

Weider no riets erkennt een d’Pafendaller Kierch, déi dem Hl. Théiwes (St. Mathieu) geweit ass an 1872 gebaut gouf. Den Théiwesbur, den ale Wäschbuer aus dem Pafendall deen direkt nieft der Kierch steet, dierft jo och jidderengem aus dem Jean-Pierre Kemmer sengem Lidd bekannt sinn.

D’Kierch huet am 2. Weltkrich Geschicht geschriwwen, wéi wärend 14 Méint 6 desertéiert Lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert sech do verstoppt hunn.

Vis-à-vis vun der Kierch steet dat alt Vaubans-Lazarett, wat no sengem eigentlechen Zweck mol als Fabrick, mol als Wunnraum, mol als Musée funktionéiert huet, bis et 1955 ofgerappt gouf.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

30 octobre 2020

Postkaart mat Vue op déi fréier Abtei Neimënster, d’Uewerstad an de Bock.

D’Abtei Neimënster an déi haiteg Grënnesch Kierch hunn nawell eng laang Geschicht. 1308 gouf d’Kierch « Sankt Johann auf den Steynen » vum Henri VII. vu Lëtzebuerg gegrënnt an 1321 gouf se Parkierch.

Am Krich tëscht dem franséische Kinnek François I. an dem Keeser Karel V. gouf 1542 d’Benediktinerabtei Almënster, déi virun de Festungsmaueren am Clausenerbierg louch, zerstéiert an ofgerappt.

Nom Krich hunn d’Benediktiner beschloss hir Abtei am Stadgronn nei opzeriichten. Se krut den Numm Neimënster. Am Joer 1606 gouf d’Abteikierch nei gebaut a 1618 als Parkierch St. Jean benotzt. Bis zur Franséischer Revolutioun hunn d’Benediktiner sech ëm d’Kierch bekëmmert. Bei der Belagerung duerch d’Fransousen 1684 ass d’Kierch mat der Abtei ofgebrannt. Tëscht 1688 an 1705 gouf se nees no de Pläng vum Hubert Laloir vu Léck, engem Mataarbechter vum Vauban opgebaut. 1731 huet de Weibëschof Nalbach vun Tréier se ageweit. Wéi all déi aner Kléischter gouf och Neimënster 1796 an de Revolutiounszäiten sekulariséiert an enteegent.

Vun 1815 bis 1867 war d’Kierch e Lazarett vun den Truppe vum Däitsche Bond. Wéi déi bis fort ware goufen d’Gebaier vum Lëtzebuerger Staat iwwerholl an et war bis 1984 e Männerprisong. No grousse Restauréierungsaarbechte gouf de ganze Komplex vun der Abtei fir soziokultureller Zwecker amenagéiert an ass haut de Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, deen zanter 2013 ënner dem Numm Neimënster firméiert.

Den 23. Abrëll 1953 gouf d’Kierch als nationalt Monument klasséiert.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

31 octobre 2020

Panorama vum Verluerekascht aus op de Gronn gekuckt.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: M. Knopf.

Datum: 1898.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

01 novembre 2020

Postkaart mam Bock an der fréierer Abteikierch am Gronn.

D’Abtei Neimënster an déi haiteg Grënnesch Kierch hunn nawell eng laang Geschicht. 1308 gouf d’Kierch « Sankt Johann auf den Steynen » vum Henri VII. vu Lëtzebuerg gegrënnt an 1321 gouf se Parkierch.

Am Krich tëscht dem franséische Kinnek François I. an dem Keeser Karel V. gouf 1542 d’Benediktinerabtei Almënster, déi virun de Festungsmaueren am Clausenerbierg louch, zerstéiert an ofgerappt.

Nom Krich hunn d’Benediktiner beschloss hir Abtei am Stadgronn nei opzeriichten. Se krut den Numm Neimënster. Am Joer 1606 gouf d’Abteikierch nei gebaut a 1618 als Parkierch St. Jean benotzt. Bis zur Franséischer Revolutioun hunn d’Benediktiner sech ëm d’Kierch bekëmmert. Bei der Belagerung duerch d’Fransousen 1684 ass d’Kierch mat der Abtei ofgebrannt. Tëscht 1688 an 1705 gouf se nees no de Pläng vum Hubert Laloir vu Léck, engem Mataarbechter vum Vauban opgebaut. 1731 huet de Weibëschof Nalbach vun Tréier se ageweit. Wéi all déi aner Kléischter gouf och Neimënster 1796 an de Revolutiounszäiten sekulariséiert an enteegent.

Vun 1815 bis 1867 war d’Kierch e Lazarett vun den Truppe vum Däitsche Bond. Wéi déi bis fort ware goufen d’Gebaier vum Lëtzebuerger Staat iwwerholl an et war bis 1984 e Männerprisong. No grousse Restauréierungsaarbechte gouf de ganze Komplex vun der Abtei fir soziokultureller Zwecker amenagéiert an ass haut de Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, deen zanter 2013 ënner dem Numm Neimënster firméiert.

Den 23. Abrëll 1953 gouf d’Kierch als nationalt Monument klasséiert.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

02 novembre 2020

Panorama vum Fetschenhaff aus gekuckt, mat der Vue iwwer Clausen mat sengem dominante Viaduc, dem Clausenerbierg an der Uewerstad am Hannergrond.

De Clausener Viaduc gouf 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf an am Optrag vum Adolphe Favier, deen d’Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut. D’Bréck huet eng Längt vun 208 Meter, ass 44 Meter héich, 15 Meter breet an dee gréisste vun den 9 Béi iwwerspaant 15 Meter.

Fotograf & Editeur: Onbekannt.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

03 novembre 2020

Aus der reliéiser Geschicht vu Lëtzebuerg: Postkaart mat enger Gravure vun der Muttergottesstatue aus der Kathedral, d’Tréischterin am Leed.

D’Geschicht vun der Veréierung vun der Hl. Maria zu Lëtzebuerg ass mat der Grënnung vum Jesuitekolléisch an der Stad verbonnen, deen 1603 gegrënnt gouf. Anerersäits muss een awer och den historesche Kontext kennen, an deem d’Marieveréierung zu Lëtzebuerg sech entwéckelt huet. Dat politescht, gesellschaftlecht a reliéist Ëmfeld beim Ufank vun der Muttergottesoktav waren engersäits den Drëssegjärege Krich (1618-1648) an d’Peschtjoren (1626-1636): zwéin Drëttel vun der Bevëlkerung stierwen un der Pescht. Krich an Hongersnout bestëmmen déi Krisenzäit.

Anerersäits hat déi jesuitesch Missioun e kloert Zil: duerch eng attraktiv Volleksfrëmmegkeet soll am Geescht vun der Géigereformatioun vum Konzil vun Trient (1545-1563) de kathoulesche Glawe gestäerkt ginn, fir ze verhënneren, datt de Protestantismus sech verbreet.

D’Jesuiten huelen déi Missioun also ganz eescht. Vun 1613-1621 ass och eng Kierch fir de Jesuitekolléisch gebaut ginn, déi haiteg Kathedral.

Den 8. Dezember 1624 droen Studenten aus dem Jesuitekolléisch eng aus Lannenholz geschnëtzten, 73 cm héich Muttergottesstatu virun d’Stadmaueren op d’Glacisfeld. De Pater Jacques Brocquart ass den Initiator vun dësem Pilgerwee a gëtt der Figur den Titel Consolatrix Afflictorum, Tréischterin am Leed.

Vun 1625-1628 gëtt op där Plaz um Glacis-Feld eng Pilgerkapell (Neipuertskapell genannt) gebaut, déi 1640 vergréissert an 1642 nei ageweit gouf. Dës Kapell stoung um Eck vum Nikloskierfecht, op der Kräizung vun der Avenue de la Faïencerie mat der Allée des Résistants et des Déportés. An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun gouf de Mobiliar versteet a 1796 gouf d’Kapell ofgerappt. Ufank Abrëll 2016 goufe vum Abbé Georges Hellinghausen bei Stroossenaarbechten um Trajet vum zukünftegen Tram d’Iwwerreschter vun der Kapell fonnt. D’Aarbechte goufe gestoppt fir déi Iwwerreschter z’erfuerschen an ze dokumentéieren. Am Laf vun den Aarbechte goufen op 1,5 m Déift laanscht der Kierfechtsmauer och stierflech Iwwerreschter vu Mënsche fonnt.

De Pater Brocquart hat gehofft d’Neipuertskapell schonn am Joer 1625 fäerdeg gebaut ze hunn, du krut hien awer d’Pescht. A senger Nout an op sengem Stierfbett huet de fromme Pater sech mat ganzem Vertrauen un d’Maria als Tréischterin am Leed geriicht. Op Urode vu sengem Beichtvater huet hien e reliéist Verspriechen (Gelübde) ofgeluecht: Wann hie sollt gesond ginn, da géif hie buerféiss a mat nach méi Äifer bei d’Neipuertskapell pilgeren an der Muttergottes eng Käerz vun zwee Pond schenken. Hie gouf 1626 gesond an huet säi Versprieche gehalen. De Pater Brocquart huet zu Antwerpen Biller vun der Tréischterin op Pabeier drécke gelooss, zu Nanzeg Medaile wéi och Statuen aus Holz, Steen, Sëlwer oder Gold an Optrag ginn. Hien hat domat sou vill Succès, datt d’Bild vun der Tréischterin a villen Dierfer a Stied veréiert ginn ass an d’Leit bei d’Satu gepilgert sinn.

1632 gouf et scho während 8 Deeg eng Pilgerwoch déi an der Kapell um Glacis ofgehale gouf, hei fanne mir also den Ursprong vun der Octave, déi 8 Deeg gedauert huet.

1639 gouf déi éischt Octave an der Jesuitekierch ofgehalen, well et mat der Plaz an der klenger Kapell um Glacis net méi duergaangen ass. Während 8 Deeg stoung d’Mariestatu also an der haiteger Kathedral an ass an der feierlecher Schlussprëssessioun nees zeréck op de Glacis bruecht ginn.

D’Veréierung vun der Muttergottes war esou grouss, dass d’Bild vun der Lëtzebuerger Tréischterin duerch spuenesch Zaldote scho 1642 op Kevelaer an Däitschland koum.

Si gëtt 1666 zur Patréinesch vun der Stad Lëtzebuerg gewielt. 1678 gëtt si Patréinesch vum ganzen Herzogtum Lëtzebuerg. Zanterhier gëtt et eng Prëssessioun, d’Octave zu hiren Eieren ofgehalen. 1679 gouf decidéiert d’Muttergottesoktav, déi bis dunn am Oktober war, vum véierte bis de fënnefte Sonndeg no Ouschteren ofzehalen. Déi Period gouf zweemol verlängert, an zwar 1898 wéi s’eng hallef Woch no vir verluecht gouf an dunn nach eng Kéier 1921, wéi se nach eng hallef Woch no vir geréckelt gouf. Zanterhier fänkt se den drëtte Sonnden no Ouschteren un an huet als Duebeloktav véierzéng Deeg, gëtt awer nach ëmmer am Volleksmond Oktav genannt.

Fotograf & Editeur: Onbekannt.

Datum: 1900.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

04 novembre 2020

Vue op d’Dënselpuert, d.h. déi al Tréiererpuert, déi eréischt no 1867 nees opgemaach ginn ass. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, also aus Richtung Tréier, dofir och „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..Déi vill méi al sougenannten Krudelspuert, déi méi déif am Dall un der Uelzecht louch, an de Gronn mat Clause verbonnen huet ass zu deem Zäitpunkt zougemaach ginn. Säit d’Abtei Neimënster gebaut gouf, war des Puert souwisou wahrscheinlech net méi a Betrib. Hier Iwwerreschter gesäit een haut nach duerch eng Fënster am Tuutesall wann ee Richtung Stierche geet. Op der Foto ass si awer natierlech net ze gesinn.

Haut steet e puer Meter ënnert der mëttelalterlecher Tour Jacob déi mat Stol rekonstruéiert « nei Tréiererpaart », déi also chronologesch déi lescht Paart ass, fir vun Osten hier an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen. Si gouf no 1867 leider ofgerappt. Gebaut gouf si ëm 1590 an déi « mëttelal » Tréiererpaart gouf ganz zougemauert, genau sou wéi d’Tréiererstrooss e puer Meter no ënnen a laanscht d’Festungsmauer geluecht gouf. 1590 hunn se beim Bau vun där « neier » Puert och e réimesche Mënzschatz fonnt, deen awer leider verluer gaangen ass. E beweist awer, dass och schonn zu Réimerzäiten eng Siidlung dës Säit vun der Uelzecht, evt. op der Rumm bestanen huet.

D’Leit déi an d’Stad era wollten hunn all op dëse Plazen ëmmer missen eng Taxe bezuelen.

Fir den Iwwerbléck also:

- Eng éischt Paart louch ënnen am Dall, d.h. déi aktuell rue Münster huet dohi gefouert.

- Duerno gouf am Mëttelalter d’Tour Jacob als 2. Tréierer Paart gebaut- schlussendlech ëm 1590 déi jéngsten Tréierer Paart déi mir ënnert dem Jakobstur gesinn an déi 1867 ofgerappt an an den 1990er Joren aus Stol nees opgebaut gouf.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

05 novembre 2020

Schéin Opnam vun engem Deel vum Palais Grand-Ducal an der Stad mat engem Zaldot op der Wuecht.

Den haitege Palais Grand-Ducal steet op der Plaz vum 3. Stater Gemengenhaus, dat den 11. Juni 1554 duerch d’Explosioun vun engem Polvermagaseng zerstéiert gi war, a war als Sëtz vum Gouverneur vu Lëtzebuerg geduecht. Eréischt 1572 hat d’Stad déi finanziell Moyenen nees zesummen, sech en neit Gemengenhaus ze bauen.

D’Gebai gouf am Renaissance-Stil ënnert der Responsabilitéit vum Stater Schäffen Adam Roberti, mat der Ënnerstëtzung vum Pierre-Ernest I de Mansfeld gebaut. Den Architekt ass net bekannt, et ass awer warscheinlech, dass et deen oder déi selwecht waren, déi och dem Mansfeld säi Schlass a Clausen gebaut hunn. Den eelsten Deel vum Palais ass also deen tëscht deenen 2 Tiermercher.

1683 gouf de Palais ënner dem Louis XIV. senger Besetzung ëmgebaut, nodeems en wärend den Attacken uerg zerstéiert gi war. 1741-1743 ass riets vum eelsten Deel en Ubau am Barockstil, « Wo » genannt, bäigesat ginn. Dëse gouf 1891 ëmgebaut. 1858-1859 gouf nach méi riets deen Deel ugebaut, an deem haut d’Chamber ass.

Tëscht 1795 an 1814 wärend der franséischer Zäit war hei d’Préfecture vum Département des Forêts. Vun 1815 un war d’Gebai eng Zort administrativen Allzweckbau: Et war de Sëtz vun der Regierungskommissioun, an duerno, bis 1867, vun der Regierung. Vun 1848-1858 un hat och d’Parlament (dat 1857 an eng Assemblée des Etats ëmgeännert gouf) do säi Sëtz, bis et dann a säin eegent Gebai niewendru geplënnert ass. 1857 ass och nach de Staatsrot, deen duerch d’Lëtzebuerger Konstitutioun vun 1856 agefouert gi war, op den 2. Stack erageplënnert. Um selwechten 2. Stack war och nach eng archeologesch Sammlung ënnerbruecht. An de Kinnek-Groussherzog Wëllem II., huet 1841, 1844 an 1845 do gewunnt; säin Nofollger, de Wëllem III., just heiansdo, mä säi Statthalter, de Prënz Henri, nees méi reegelméisseg.

1867 sinn, als Resultat vum Londoner Traité, d’preisesch Truppen ofgezu ginn, an d’Regierung konnt sech am Refuge Sankt Maximin ariichten, do, wou bis viru kuerzem den Ausseministère war. De Staatsrot, d’archeologesch Sammlung, de Service agricole an d’Erzéiungskommissioun, déi sech och den 2. Stack hu missen deelen, sinn awer eréischt definitiv 1890 erausgeplënnert, wéi den Adolphe vun Nassau-Weilburg Groussherzog vu Lëtzebuerg gouf. Dofir gouf d’Gebai vun 1891 bis 1894 grëndlech ëm- an ausgebaut. An deem Kader koum och den Tuerm am Neorenaissance-Stil op der rietser Säit vum Palais derbäi.

No 1964 an am Ufank vun den 1990er Jore gouf de Palais renovéiert an ass am Summer reegelméisseg op fir Visitten.

Fotograf: Amateur.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

06 novembre 2020

Schéin Opnam vun der hënneschter Säit vum Palais Grand-Ducal an engem klengen Deel vum Chambersgebai an der Stad. Wéi een erkenne kann, sinn hei vill Bauetappen matenee verknäppt an den hënneschten Deel ass bäi wäitem net esou harmonesch, wéi déi viischt Fassad.

Den haitege Palais Grand-Ducal steet op der Plaz vum 3. Stater Gemengenhaus, dat den 11. Juni 1554 duerch d’Explosioun vun engem Polvermagaseng zerstéiert gi war, a war als Sëtz vum Gouverneur vu Lëtzebuerg geduecht. Eréischt 1572 hat d’Stad déi finanziell Moyenen nees zesummen, sech en neit Gemengenhaus ze bauen.

D’Gebai gouf am Renaissance-Stil ënnert der Responsabilitéit vum Stater Schäffen Adam Roberti, mat der Ënnerstëtzung vum Pierre-Ernest I. de Mansfeld gebaut. Den Architekt ass net bekannt, et ass awer warscheinlech, dass et deen oder déi selwecht waren, déi och dem Mansfeld säi Schlass a Clausen gebaut hunn. Den eelsten Deel vum Palais ass also deen tëscht deenen 2 Tiermercher, vu vir aus gekuckt.

1683 gouf de Palais ënner dem Louis XIV. senger Besetzung ëmgebaut, nodeems en wärend den Attacken uerg zerstéiert gi war. 1741-1743 ass lénks vum eelsten Deel en Ubau am Barockstil, « Wo » genannt, bäigesat ginn, dee mir also lénks op der Postkaart gesinn. Dëse gouf 1891 ëmgebaut. 1858-1859 gouf ganz lénks deen Deel ugebaut, an deem haut d’Chamber ass.

Tëscht 1795 an 1814 wärend der franséischer Zäit war hei d’Préfecture vum Département des Forêts. Vun 1815 un war d’Gebai eng Zort administrativen Allzweckbau: Et war de Sëtz vun der Regierungskommissioun, an duerno, bis 1867, vun der Regierung. Vun 1848-1858 un hat och d’Parlament (dat 1857 an eng Assemblée des Etats ëmgeännert gouf) do säi Sëtz, bis et dann a säin eegent Gebai niewendru geplënnert ass. 1857 ass och nach de Staatsrot, deen duerch d’Lëtzebuerger Konstitutioun vun 1856 agefouert gi war, op den 2. Stack erageplënnert. Um selwechten 2. Stack war och nach eng archeologesch Sammlung ënnerbruecht. An de Kinnek-Groussherzog Wëllem II., huet 1841, 1844 an 1845 do gewunnt; säin Nofollger, de Wëllem III., just heiansdo, mä säi Statthalter, de Prënz Henri, nees méi reegelméisseg.

1867 sinn, als Resultat vum Londoner Traité, d’preisesch Truppen ofgezu ginn, an d’Regierung konnt sech am Refuge Sankt Maximin ariichten, do, wou bis viru kuerzem den Ausseministère war. De Staatsrot, d’archeologesch Sammlung, de Service agricole an d’Erzéiungskommissioun, déi sech och den 2. Stack hu missen deelen, sinn awer eréischt definitiv 1890 erausgeplënnert, wéi den Adolphe vun Nassau-Weilburg Groussherzog vu Lëtzebuerg gouf. Dofir gouf d’Gebai vun 1891 bis 1894 grëndlech ëm- an ausgebaut. An deem Kader koum och den Tuerm am Neorenaissance-Stil op der rietser Säit (vu vir) vum Palais derbäi.No 1964 an am Ufank vun den 1990er Jore gouf de Palais renovéiert an ass am Summer reegelméisseg op fir Visitten.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Onbekannt.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

07 novembre 2020

Postkaart mat engem ee vun de bekannte Spueneschen Tiermecher. Si kruten hire Numm - wéi soll et anescht sinn - well se an der Zäit gebaut goufen wéi Lëtzebuerg zu de Spueneschen Nidderlanden gehéiert huet. Anscheinend goufen et fréier bis zu 38 där Wuechttierm, haut stinn der awer just nach 8. Vläicht huet et de Spuenier och just ze vill gereent am Ländchen, dass si sech e klengen Ënnerstand gebaut hunn.

Fotograf & Editeur: Onbekannt.

Datum: 1906.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

08 novembre 2020

Flott Vue op de Chantier vun der Neier Bréck. D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf: J.B.F.; Editeur: Etablissements des arts graphiques, Luxembourg.

Datum: 1900.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

09 novembre 2020

Aus der reliéiser Geschicht vu Lëtzebuerg: Postkaart vun der Muttergottesstatue aus der Kathedral.

D’Geschicht vun der Veréierung vun der Hl. Maria zu Lëtzebuerg ass mat der Grënnung vum Jesuitekolléisch an der Stad verbonnen, deen 1603 gegrënnt gouf. Anerersäits muss een awer och den historesche Kontext kennen, an deem d’Marieveréierung zu Lëtzebuerg sech entwéckelt huet. Dat politescht, gesellschaftlecht a reliéist Ëmfeld beim Ufank vun der Muttergottesoktav waren engersäits den Drëssegjärege Krich (1618-1648) an d’Peschtjoren (1626-1636): zwéin Drëttel vun der Bevëlkerung stierwen un der Pescht. Krich an Hongersnout bestëmmen déi Krisenzäit.

Anerersäits hat déi jesuitesch Missioun e kloert Zil: duerch eng attraktiv Volleksfrëmmegkeet soll am Geescht vun der Géigereformatioun vum Konzil vun Trient (1545-1563) de kathoulesche Glawe gestäerkt ginn, fir ze verhënneren, datt de Protestantismus sech verbreet.

D’Jesuiten huelen déi Missioun also ganz eescht. Vun 1613-1621 ass och eng Kierch fir de Jesuitekolléisch gebaut ginn, déi haiteg Kathedral.

Den 8. Dezember 1624 droen Studenten aus dem Jesuitekolléisch eng aus Lannenholz geschnëtzten, 73 cm héich Muttergottesstatu virun d’Stadmaueren op d’Glacisfeld. De Pater Jacques Brocquart ass den Initiator vun dësem Pilgerwee a gëtt der Figur den Titel Consolatrix Afflictorum, Tréischterin am Leed.

Vun 1625-1628 gëtt op där Plaz um Glacis-Feld eng Pilgerkapell (Neipuertskapell genannt) gebaut, déi 1640 vergréissert an 1642 nei ageweit gouf. Dës Kapell stoung um Eck vum Nikloskierfecht, op der Kräizung vun der Avenue de la Faïencerie mat der Allée des Résistants et des Déportés. An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun gouf de Mobiliar versteet a 1796 gouf d’Kapell ofgerappt. Ufank Abrëll 2016 goufe vum Abbé Georges Hellinghausen bei Stroossenaarbechten um Trajet vum zukünftegen Tram d’Iwwerreschter vun der Kapell fonnt. D’Aarbechte goufe gestoppt fir déi Iwwerreschter z’erfuerschen an ze dokumentéieren. Am Laf vun den Aarbechte goufen op 1,5 m Déift laanscht der Kierfechtsmauer och stierflech Iwwerreschter vu Mënsche fonnt.

De Pater Brocquart hat gehofft d’Neipuertskapell schonn am Joer 1625 fäerdeg gebaut ze hunn, du krut hien awer d’Pescht. A senger Nout an op sengem Stierfbett huet de fromme Pater sech mat ganzem Vertrauen un d’Maria als Tréischterin am Leed geriicht. Op Urode vu sengem Beichtvater huet hien e reliéist Verspriechen (Gelübde) ofgeluecht: Wann hie sollt gesond ginn, da géif hie buerféiss a mat nach méi Äifer bei d’Neipuertskapell pilgeren an der Muttergottes eng Käerz vun zwee Pond schenken. Hie gouf 1626 gesond an huet säi Versprieche gehalen. De Pater Brocquart huet zu Antwerpen Biller vun der Tréischterin op Pabeier drécke gelooss, zu Nanzeg Medaile wéi och Statuen aus Holz, Steen, Sëlwer oder Gold an Optrag ginn. Hien hat domat sou vill Succès, datt d’Bild vun der Tréischterin a villen Dierfer a Stied veréiert ginn ass an d’Leit bei d’Satu gepilgert sinn.

1632 gouf et scho während 8 Deeg eng Pilgerwoch déi an der Kapell um Glacis ofgehale gouf, hei fanne mir also den Ursprong vun der Octave, déi 8 Deeg gedauert huet.

1639 gouf déi éischt Octave an der Jesuitekierch ofgehalen, well et mat der Plaz an der klenger Kapell um Glacis net méi duergaangen ass. Während 8 Deeg stoung d’Mariestatu also an der haiteger Kathedral an ass an der feierlecher Schlussprëssessioun nees zeréck op de Glacis bruecht ginn.

D’Veréierung vun der Muttergottes war esou grouss, dass d’Bild vun der Lëtzebuerger Tréischterin duerch spuenesch Zaldote scho 1642 op Kevelaer an Däitschland koum.

Si gëtt 1666 zur Patréinesch vun der Stad Lëtzebuerg gewielt. 1678 gëtt si Patréinesch vum ganzen Herzogtum Lëtzebuerg. Zanterhier gëtt et eng Prëssessioun, d’Octave zu hiren Eieren ofgehalen. 1679 gouf decidéiert d’Muttergottesoktav, déi bis dunn am Oktober war, vum véierte bis de fënnefte Sonndeg no Ouschteren ofzehalen. Déi Period gouf zweemol verlängert, an zwar 1898 wéi s’eng hallef Woch no vir verluecht gouf an dunn nach eng Kéier 1921, wéi se nach eng hallef Woch no vir geréckelt gouf. Zanterhier fänkt se den drëtte Sonnden no Ouschteren un an huet als Duebeloktav véierzéng Deeg, gëtt awer nach ëmmer am Volleksmond Oktav genannt.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: O. Schleich Nachf., Dresden.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

10 novembre 2020

De Lëtzebuerger Fändel an eng Vue op d’Corniche, de Breedewee an d’Grënnesch Puert, och nach Spuenesch Puert, Porte Espagnole genannt, no den Erbauer, de Spuenier, déi d’Paart 1632 gebaut hunn, nodeems si déi mëttelalterlech Puert, déi Deel vun der zweeter Befestegungsmauer war, ofgerappt haten. D’Zuchbréck an d’Grief goufen tëscht 1868 an 1872 am Kader vum Schleefe vun der Festung zerstéiert.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Guggenheim & Cie Zürich.

Datum: 1924.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

11 novembre 2020

Postkaart vun der nach jonker Neier Bréck an dem nach onbebauten Plateau Bourbon. Et fält virun allem op, dass de Siège vun der Spuerkeess nach net steet, wat der Vue Richtung Gare direkt e ganz aneren an ongewinnte Charakter gëtt.

D’Gebai vun der Spuerkeess gouf 1910-1913 no de Pläng vum Architekt Jean-Pierre König gebaut. Wann ee gutt kuckt, gesäit een och dass hannert dem spéidere Komplex vun der Spuerkeess nach eng Wiss läit a Beem stinn, do wou spéider e.a. de Palais vun der ARBED sollt hikommen.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: H. Guggenheim & Co., Zürich.

Datum: virun 1910, fortgeschéckt 1912.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

12 novembre 2020

Eng immens flott Vue aus der Stad vum Knuedler (Place Guillaume II.) iwwer d’rue du Fossé an d’rue de la Reine op de Palais Grand-Ducal um Krautmaart.

Wéi ee gesäit, ass nawell vill lass um Stater Maart.

Och flott ze gesinn, dass en Deel vun den Haiser haut nach d’Form vun deemools hunn, sech awer trotzdeem vill verännert huet, wéi zum Beispill d’Gebai riets, wou haut eng Agence vun der BCEE dran ass.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

13 novembre 2020

Panorama iwwer de Gronn mam Clausener Viaduc lénks an der Tréierer Puert riets an de fréiere Festungswierker um Fetschenhaff am Hannergrond.

De Clausener Viaduc gouf 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf an am Optrag vum Adolphe Favier, deen d’Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut. D’Bréck huet eng Längt vun 208 Meter, ass 44 Meter héich, 15 Meter breet an dee gréisste vun den 9 Béi iwwerspaant 15 Meter.

Riets ass d’Dënselpuert, d.h. déi al Tréiererpuert, déi eréischt no 1867 nees opgemaach ginn ass. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, also aus Richtung Tréier, dofir och „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..

Déi vill méi al sougenannten Krudelspuert, déi méi déif am Dall un der Uelzecht louch, an de Gronn mat Clause verbonnen huet ass zu deem Zäitpunkt zougemaach ginn. Säit d’Abtei Neimënster gebaut gouf, war des Puert souwisou wahrscheinlech net méi a Betrib. Hier Iwwerreschter gesäit een haut nach duerch eng Fënster am Tuutesall wann ee Richtung Stierche geet. Op der Foto ass si awer natierlech net ze gesinn.

Haut steet e puer Meter ënnert der mëttelalterlecher Tour Jacob déi mat Stol rekonstruéiert « nei Tréiererpaart », déi also chronologesch déi lescht Paart ass, fir vun Osten hier an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen. Si gouf no 1867 leider ofgerappt.

Gebaut gouf si ëm 1590 an déi « mëttelal » Tréiererpaart gouf ganz zougemauert, genau sou wéi d’Tréiererstrooss e puer Meter no ënnen a laanscht d’Festungsmauer geluecht gouf. 1590 hunn se beim Bau vun där « neier » Puert och e réimesche Mënzschatz fonnt, deen awer leider verluer gaangen ass. E beweist awer, dass och schonn zu Réimerzäiten eng Siidlung dës Säit vun der Uelzecht, evt. op der Rumm bestanen huet.

D’Leit déi an d’Stad era wollten hunn all op dëse Plazen ëmmer missen eng Taxe bezuelen.

Fir den Iwwerbléck also:

- Eng éischt Paart louch ënnen am Dall, d.h. déi aktuell rue Münster huet dohi gefouert.

- Duerno gouf am Mëttelalter d’Tour Jacob als 2. Tréierer Paart gebaut

- schlussendlech ëm 1590 déi jéngsten Tréierer Paart déi mir ënnert dem Jakobstur gesinn an déi 1867 ofgerappt an an den 1990er Joren aus Stol nees opgebaut gouf.

Fotograf: Amateur.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

14 novembre 2020

Schéi Foto vum Pafendall, mat e.a. dem Fort Thüngen ganz uewe lénks, enger Reiderkasär vum Vauban aus dem Joer 1687, dem Pafendaller Viaduc, der Kierch a Clausen an dem ale Schluechthaus ganz riets.

De Pafendaller Viaduc gouf och vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf an ab 1659 am Optrag vum Adolphe Favier gebaut. D’Bréck huet eng Längt vun 260m, 13 Béi an ass ca. 32m héich.

Fotograf & Editeur: Atelier photographique N. Maroldt Diekirch.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

15 novembre 2020

Schéi Vue aus Clausen op d’Uelzecht an de Viaduc mat e puer interesséierten Zweebeener a gefliggelte Frënn.

De Clausener Viaduc gouf 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf an am Optrag vum Adolphe Favier, deen d’Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut. D’Bréck huet eng Längt vun 208 Meter, ass 44 Meter héich, 15 Meter breet an dee gréisste vun den 9 Béi iwwerspaant 15 Meter.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

16 novembre 2020

Flott Vue aus dem Clausener Bierg op den Huelen Zant.Den Huelen Zant ass iwwregens (net wéi oft behaapt gëtt) keen Iwwerrescht vum Siegfried senger Buerg Lucilinburhuc, mä vum lénksen Tuerm vun der zweeter Paart vun der neizäitlecher Festung, vun uewen aus gekuckt. E gudden Deel vun deene Maueren stamen aus der Zäit den Ëmbauten vun der Festung duerch de Vauban. Dat haitegt Ausgesinn krut déi Ruin 1874, wéi d’Zitadell um Bock ofgerappt gouf. Oft gëtt behaapt, de Staatsarchitekt Charles Arendt, wär fir den Ëmbau am romantesche Stil responsabel gewiescht, wat awer net ganz richteg ass, vu dass hien déi Ëmbauten esou guer kritiséiert huet.

Fotograf: ; Editeur:

Datum:

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

17 novembre 2020

Vue op den Neiewee am Gronn.

De Neiewee heescht offiziell « rue Sosthène Weis », benannt nom lëtzebuergesche Moler an Architekt Sosthène Weis (1872-1941).

D’Strooss déi de Gronn laanscht d’Fielsen an d’Corniche, ënner der Schlassbréck erduerch mam Pafendall verbënnt ass 1679 ënner spuenescher Herrschaft las Verbingung tëscht dem Gronn, dem Pafendall a Clausen ugeluecht ginn. D’Strooss awer net ëmmer sou geheescht: eelsten Numm ass eben « Neie Wee » oder « rue Neuve ». Vun 1925-1946 huet se « Felsenstraße » resp. « rue des Rochers » geheescht an eréischt 1946, 5 Joer nom Doud vum Sosthène Weis krut se hiren haitegen Numm.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1903

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

18 novembre 2020

Schéi Panoramavue vun der Fondation Pescatore aus iwwer d’Faubourgen vun der Stad Lëtzebuerg gekuckt.

Och den Text vun der Kaart, déi am Colpecher Schlass geschriwwe ginn ass, ass interessant : « je retournerai demain Lundi pour le prison ». Wat wuel domat gemengt war?

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

19 novembre 2020

Al Postkaart mat vue vum Bock op de Gronn, d’Uewerstad, de Clausenerbierg mat der Méchelskierch an der Villa Wehrling am Hannergrond.Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

20 novembre 2020

Flott Vue op de Pafendaller Bierg mat den 3 Tierm (Pafendaller Puert).

D’Dräi Tierm, d’Pafendaller Puert, sti virdrun. Hir Fundamenter sti wahrscheinlech op deem ale Réimerwee, dee vum Fëschmaart erof an de Pafendall gaangen ass.

Dräi Tierm setzen sech aus 2 ronnen Tierm an engem véiereckegen Tuerm zesummen. De véiereckegen ass deen eelste vun deenen 3 an gouf géint 1050 als Deel vun der zweeter Stadmauer gebaut. Déi ronn Tierm sinn aus dem 13. Joerhonnert.

D’Dräi Tierm hunn déi wichteg Puert vun der Uewerstad an d’Ënnerstad markéiert a leien op deem ganz ale réimesche Kiem, deen iwwerhaapt dozou gefouert huet, dass de Kär vun der Stad zu engem Verkéiersknuet ginn ass. Vum Fëschmaart erof sinn d’Händler fréier erof an de Pafendall gefuer, fir do, wahrscheinlech duerch eng Fuert op déi aner Säit vun der Uelzecht ze kommen, an da weider Richtung Tréier ze fueren.

Wësst dir eigentlech firwat Giischtercher aus dem Schraasseger Prisong op hirer Uniform d’Wopen mat den 3 Tierm droen?Majo well d’Dräi Tierm bis ca. 1810 als Prisong funktionéiert hunn. Anscheinend gouf och d’Guillotine vun der Stad Lëtzebuerg, déi haut am Musée Dräi Eechelen ausgestallt ass, do stockéiert.

No der Schleefen vun der Festung huet de Kapitän Weydert vun der Lëtzebuerger Fräiwëllegekompanie an den Tierm gewunnt.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

21 novembre 2020

Schéi Postkaart mat Kanner aus enger Vakanzekolonie am Joer 1914, virun der « Skyline » vun der Alstad, mat e.a. der fréierer Clinique St.-François um Fëschmaart.

Dat fréiert Klouschter, wat am Volleksmond och nach « Am Kräizgank » genannt gëtt, war bis zur franséischer Revolutioun en Dominikanerklouschter. D’Gebai selwer staamt ongeféier aus dem Joer 1630 a läit op nach méi ale Fundamenter.

D’Dominikanerpateren, hu bis dohin an engem Klouschter um lieu-dit « Knuedlerloch » gelieft, ongeféier do wou haut d’Staatsbeamtekantin resp. déi al Ste. Sophie ass. Si hunn et awer mat der Konkurrenz vun de Jesuitten ze di kritt, déi an direkter Noperschaft och e Klouschter am Beräich vun der haiteger Kathedral an dem ale Kolléisch opgeriicht haten.

Bis kuerz virun 1630 hunn d’Dominikaner dunn tëscht der haiteger Corniche, dem Breedewee an dem Fëschmaart Haiser (vun de Schwësteren aus dem Mariendall, vun de Markgrafen vu Baden an der Wittfra Wiltheim-Busbach) an Terrainen krut, wou si dunn hiert Klouschter opgeriicht hunn. Hei louch am Mëttelalter och déi éischt Maarthal mat Stänn fir d’Händler aus der Uertschaft. Deeler vun dëser Hal resp. enger Strooss, « Niederstegaass » genannt, déi vun der Corniche eriwwer an de Breedewee gefouert huet, waren nach an de Kelleren vun der Klinik ze gesinn.

Ab 1630 gouf d’Klouschter also direkt un d’Méchelskierch gebaut, dee Moment awer just de Fligel zum Fëschmaart an en Ostfligel, jeeweils ëmmer mat zwee Stäck. 1636 koum de Südfligel dobäi an 1679 den Westfligel. De Baudatum an d’Erweiderungsdaten sinn duerch Mauerankeren an der Fassaden bannen am Haff nach haut ze erkennen.

Duerch den Ugrëff vum Louis XIV senger Arméi an d’Belagerung an de Joren 1683/84 war d’Klouschter an och d’Méchelskierch, staark zerstéiert ginn an d’Dominikaner hunn iwwerluecht de Fëschmaart ze verloossen, well si keng Mëttele méi haten, fir alles nees opzebauen. Wärend sengem Besuch zu Lëtzebuerg huet de franséische Kinnek de Pateren dunn 4000 Pond vu sengem Privatverméige ginn, fir d’Kierch an d’Klouschter nees opzebauen, wat erkläert, firwat iwwer der Entrée vun der Kierch de Wopen vum Kinnek mat den « Fleurs de lys » hänkt.

Wärend der Revolutioun hunn d’Pateren d’Klouschter misse verloossen an et ass den 31.3.1798 als Bien national fir 10000 Pond versteet ginn.

Ëm 1860 war d’Wittfra vum Affekot Bernard Pondrom Besëtzerin vun de Gebailechkeeten. D’Madamm Pondrom, déi schwéier krank war ass um Enn vun hirem Liewen vun Franziskanerinne gefleegt ginn an sou koum et, dass d’Haus 1860 nom Doud vun der Madamm Pondrom un d’Franziskanerinne ënnert der Oberin, der Schwëster Franziska (gebueren Elisabeth Dufaing) verkaaft ginn ass.

1861 sinn déi éischt Schwësteren mat enger Grupp Weesekanner erageplënnert. 1866 hunn d’Schwësteren dunn eng Aeklinik an de Gebailechkeeten ageriicht, wouraus 1871 eng allgemeng Klinik entstanen ass.

Géint 1895 ass d’Gebai renovéiert ginn an et goufen 2 Stäck op déi al Maueren vun 1630 gesat an 1896 ass hei déi éischt modern Klinik um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg opgaangen. Duerch dësen Ëmbau huet den Tuerm vun der Méchelskierch awer leider e bëssen vu sengem impressionnanten Androck verluer.

Spéiderhin ass aus der Klinik en Altersheim ginn, dat bis 2011 als Maison François a Betrib war, wéi déi lescht Schwësteren erausgeplënnert sinn. Et gouf un e Konsortium vun Investisseure verkaaft an d’Gebailechkeeten ginn zu Luxusappartementer ëmgebaut. Vu dass d’Gebai awer ënner Denkmalschutz steet, sinn vill Maueren net ugeréiert ginn an och d’Façade vun deem historesche Gebai ass erhale bliwwen. Bei Analysen hunn Archeologen esou guer festgestallt, dass am Daachstull nach hëlzen Dunnen vun deem éischte Bau erhale bliwwen sinn.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Manufacture de cartes postales, P. Houstraas, Luxembourg.

Datum: 1914.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

22 novembre 2020

Interessant Foto mat enger Vue op de Bock virun der Schleefung ab 1867, vun der fréierer Schlassbastioun aus gekuckt.

D’Bock-Befestegungen op der Postkaart sinn an hirem Zoustand kuerz virum Londoner Kongress am Joer 1867, wou d’Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg decidéiert gouf. D’Ausgesinn an där Zäit geet haaptsächlech zeréck op déi grouss Ëmbaumoossnamen vum franséische Festungsingenieur Vauban. No der Belagerung vun der Festung duerch déi franséisch Truppen am Joer 1684, huet hie mam Bau vun de neie Befestegungen ugefaangen, vu dass déi al Forten um Bock, déi vun de Spuenier gebaut gi waren, staark zerstéiert goufen. Dem Vauban seng Befestegungsanlag huet eigentlech aus 3 Deeler bestanen: de grousse Bock, de mëttlere Bock an de klenge Bock. De klengen a mëttlere Bock waren eigentlech näischt anescht wéi ganz staark befestegt Paarten. Fir vu Clausen erop op de Fëschmaart ze kommen huet ee missen duerch 4 Paarte goen, tëscht den 2 éischten an ënneschten war also de klenge Bock, tëscht der zweeter an der drëtter war de mëttlere Bock. Vun der drëtter Paart ass eis och nach e Stéck erhale bliwwen, de rietsen Tuerm vun der Paart, haut beschtens bekannt als « Huelen Zant ». Tëscht der drëtter Paart an der Bréck war also de grousse Bock, dee mir gutt op der Postkaart erkennen. De grousse Bock kéint een och als tatsächleche Fort bezeechen, heiansdo liest een esouguer de Begrëff « Zitadell ».

D’Verbindung zu der Schlassbastioun fir op de Fëschmaart gouf duerch eng Bréck gemaach, déi deemools nach eng Zéibréck a méi spéit eng Holzbréck war, déi am Fall vun enger Belagerung konnt eropgezunn, respektiv séier ofgebaut konnt ginn. Ënner éisträichescher Herrschaft gouf doraus déi stenge Schlassbréck aus dem Joer 1735, wéi se och op der Postkaart lénks ze gesinn ass an déi och haut, no enger Rei Renovatiouns- an Ëmbauaarbechten, nach steet.

Et ass awer net ze vergiessen, dass natierlech schonn zu Réimerzäiten an am Mëttelalter Befestegungen um Bock existéiert hunn. Déi mëttelalterlech Buerg ass géint 1555 ofgebaut ginn an duerch en neie Fort ënner spuenescher Herrschaft ersat ginn. Fiederféierend war bei de leschten Ëmbauaarbechten virun der franséischer Attack vun 1684 de schwäizer Ingenieur Isaac von Treybach.

Zu de Bockbefestegungen hunn natierlech och d’Kasematte gehéiert, en Tunnelsystem, dee virun allem an éisterräichecher Zäit, géint tèescht 1737 an 1746 zu engem zesummenhänkende System mat groussen Ëffnunge fir Kanounen, ausgebaut gouf. Virdrun haten och schonn d’Spuenier ënnerierdesch Tunnellen ugeluecht. Eng leschte Kéier gouf d’Befestegung an de Joren 1837-39 ënnert der preisescher Garnisoun erneiert an ausgebessert.

Fotograf: Onbekannt.

Datum: ëm 1867.

23 novembre 2020

Ganz al Foto mat enger Vue op d’Corniche, de Breedewee an d’Grënnesch Puert, och nach Spuenesch Puert, Porte Espagnole genannt, no den Erbauer, de Spuenier, déi d’Paart 1632 gebaut hunn, nodeems si déi mëttelalterlech Puert, déi Deel vun der zweeter Befestegungsmauer war, ofgerappt haten. D’Zuchbréck an d’Grief goufen tëscht 1868 an 1872 am Kader vum Schleefe vun der Festung zerstéiert.

Fotograf: Amateur.

Datum: ca. 1880.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

24 novembre 2020

Amateuropnam aus der Belle-Epoque vun der Neier Bréck, der Kathedral, der Place de la Constitution an dem haitege Boulevard F. D. Roosevelt.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf: Amateurfotograf.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

25 novembre 2020

Amateuropnam vun der Péitruss an der Neier Bréck.

26 novembre 2020

Schéi wanterlech Foto vun der Uewerstad op de Bock gekuckt, mat lénks der Kapell vum fréiere Klouschter a spéideren Hôpital St. François, riets mam Clausener Viaduc an ënnen am Dall der Abtei Neimënster, deemools nach e Prisong.

E puer Wuert zum Klouschter:

Dat fréiert Klouschter, wat am Volleksmond och nach « Am Kräizgank » genannt gëtt, war bis zur franséischer Revolutioun en Dominikanerklouschter. D’Gebai selwer staamt ongeféier aus dem Joer 1630 a läit op nach méi ale Fundamenter.

D’Dominikanerpateren, hui bis dohin an engem Klouschter um lieu-dit « Knuedlerloch » gelieft, ongeféier do wou haut d’Staatsbeamtekantin resp. déi al Ste. Sophie ass. Si hunn et awer mat der Konkurrenz vun de Jesuitten ze di kritt, déi an direkter Noperschaft och e Klouschter am Beräich vun der haiteger Kathedral an dem ale Kolléisch opgeriicht haten.

Bis kuerz virun 1630 hunn d’Dominikaner dunn tëscht der haiteger Corniche, dem Breedewee an dem Fëschmaart Haiser (vun de Schwësteren aus dem Mariendall, vun de Markgrafen vu Baden an der Wittfra Wiltheim-Busbach) an Terrainen krut, wou si dunn hiert Klouschter opgeriicht hunn. Hei louch am Mëttelalter och déi éischt Maarthal mat Stänn fir d’Händler aus der Uertschaft. Deeler vun dëser Hal resp. enger Strooss, « Niederstegaass » genannt, déi vun der Corniche eriwwer an de Breedewee gefouert huet, waren nach an de Kelleren vun der Klinik ze gesinn.

Ab 1630 gouf d’Klouschter also direkt un d’Méchelskierch gebaut, dee Moment awer just de Fligel zum Fëschmaart an en Ostfligel, jeeweils ëmmer mat zwee Stäck. 1636 koum de Sdfligel dobäi an 1679 den Westfligel. De Baudatum an d’Erweiderungsdaten sinn duerch Mauerankeren an der Fassaden bannen am Haff nach haut ze erkennen.

Duerch den Ugrëff vum Louis XIV senger Arméi an d’Belagerung an de Joren 1683/84 war d’Klouschter an och d’Méchelskierch, staark zerstéiert ginn an d’Dominikaner hunn iwwerluecht de Fëschmaart ze verloossen, well si keng Mëttele méi haten, fir alles nees opzebauen. Während sengem Besuch zu Lëtzebuerg huet de franséische Kinnek de Pateren dunn 4000 Pond vu sengem Privatverméige ginn, fir d’Kierch an d’Klouschter nees opzebauen, wat erkläert, firwat iwwer der Entrée vun der Kierch de Wopen vum Kinnek mat den « Fleurs de lys » hänkt.

Während der Revolutioun hunn d’Pateren d’Klouschter misse verloossen an et ass den 31.3.1798 als Bien national fir 10000 Pond versteet ginn.

Ëm 1860 war d’Wittfra vum Affekot Bernard Pondrom Besëtzerin vun de Gebailechkeeten. D’Madame Pondrom, déi schwéier krank war ass um Enn vun hirem Liewen vun Franziskanerinne gefleegt ginn an sou koum et, dass d’Haus 1860 nom Doud vun der Madame Pondrom un d’Franziskanerinne ënnert der Oberin, der Schwëster Franziska (gebueren Elisabeth Dufaing) verkaaft ginn ass.

1861 sinn déi éischt Schwësteren mat enger Grupp Weesekanner erageplënnert. 1866 hunn d’Schwësteren dunn eng Aeklinik an de Gebailechkeeten ageriicht, wouraus 1871 eng allgemeng Klinik entstanen ass.

Géint 1895 ass d’Gebai renovéiert ginn an et goufen 2 Stäck op déi al Maueren vun 1630 gesat an 1896 ass hei déi éischt modern Klinik um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg opgaangen. Duerch dësen Ëmbau huet den Tuerm vun der Méchelskierch awer leider e bëssen vu sengem impressionnanten Androck verluer.

Spéiderhinn ass aus der Klnik en Altersheim ginn, dat bis 2011 als Maison François a Betrib war, wéi déi lescht Schwësteren erausgeplënnert sinn. Et gouf un e Konsortium vun Investisseure verkaaft an d’Gebailechkeeten ginn zu Luxusappartementer ëmgebaut. Vu dass d’Gebai awer ënner Denkmalschutz steet, sinn vill Maueren net ugeréiert ginn an och d’Façade vun deem historesche Gebai ass erhale bliwwen. Bei Analysen hunn Archeologen esou guer festgestallt, dass am Daachstull nach hëlzen Dunnen vun deem éischte Bau erhale bliwwen sinn

D’Abtei Neimënster an déi haiteg Grënnesch Kierch hunn nawell eng laang Geschicht. 1308 gouf d’Kierch « Sankt Johann auf den Steynen » vum Henri VII. vu Lëtzebuerg gegrënnt an 1321 gouf se Parkierch.

Am Krich tëscht dem franséische Kinnek François I. an dem Keeser Karel V. gouf 1542 d’Benediktinerabtei Almënster, déi virun de Festungsmaueren am Clausenerbierg louch, zerstéiert an ofgerappt.

Nom Krich hunn d’Benediktiner beschloss hir Abtei am Stadgronn nei opzeriichten. Se krut den Numm Neimënster. Am Joer 1606 gouf d’Abteikierch nei gebaut a 1618 als Parkierch St. Jean benotzt. Bis zur Franséischer Revolutioun hunn d’Benediktiner sech ëm d’Kierch bekëmmert. Bei der Belagerung duerch d’Fransousen 1684 ass d’Kierch mat der Abtei ofgebrannt. Tëscht 1688 an 1705 gouf se nees no de Pläng vum Hubert Laloir vu Léck, engem Mataarbechter vum Vauban opgebaut. 1731 huet de Weibëschof Nalbach vun Tréier se ageweit. Wéi all déi aner Kléischter gouf och Neimënster 1796 an de Revolutiounszäiten sekulariséiert an enteegent.

Vun 1815 bis 1867 war d’Kierch e Lazarett vun den Truppe vum Däitsche Bond. Wéi déi bis fort ware goufen d’Gebaier vum Lëtzebuerger Staat iwwerholl an et war bis 1984 e Männerprisong. No grousse Restauréierungsaarbechte gouf de ganze Komplex vun der Abtei fir soziokultureller Zwecker amenagéiert an ass haut de Centre culturel de rencontre Abbaye de Neumünster, deen zanter 2013 ënner dem Numm Neimënster firméiert.

Den 23. Abrëll 1953 gouf d’Kierch als nationalt Monument klasséiert.

Fotograf: Amateur.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

27 novembre 2020

Schéi Foto op de Gronn mat der Uewerstad am Hannergrond. Dës Foto ass en Extrait vun enger Stereoscopie.Fotograf: Onbekannt; Editeur: Keystone View CompanyDatum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

28 novembre 2020

Flott Vue op d’Bastioun Beck mat der Place de la Constitution, am Hannergrond d’Kathedral mam Kolléisch.

D’Bastioun Beck, och nach Bastioun St. Jean genannt, huet hiren Numm vum Baron a Gouverneur vun der Festungsstad, dem Jean Beck. D’Bastioun ass 1644, ënner spuenescher Herrschaft, no de Pläng vum Festungsingenieur Isaac von Traybach gebaut ginn. Och virdrun gouf et op dëser Säit vun der Stad eng Befestegung, wéi verschidden Texter a Pläng beleeën. Ongeféier do, wou haut d’Strooss, d.h. de Boulevard Roosevelt leeft, gouf et eng mëttelalterlech Wiermauer mat e puer Tierm, dräi Stéck laut dem « Deventer-Plang » virun der nach net existéierender Bastioun Beck.

Ënnert dem Philippe III. vun der Bourgogne sinn dës Maueren verstäerkt bzw. erweidert ginn an de Virgänger vun der Bastioun Beck, de Cavalier (op Lëtzebuergesch och nach « Kaz » genannt) « Conte Mansfelt » gouf gebaut.

Ab ongeféier dem Joer 1644 huet dunn wéi schonn uewe gesot déi haiteg Bastioun Beck bestanen.

D’Bastioun Beck krut ënnert de Fransousen, d.h. ënnert dem Festungsingenieur Vauban nach e Facelift an an éisträichescher Period, tëscht 1746 a 1751, sinn d’Kasematten an de Fiels gegruewe ginn, déi een och haut nach zum Deel besiche kann. Opgrond vun den Decisiounen aus dem Londoner Vertrag vun 1867 sinn 1873 d’Brustwehren ofgerappt an duerch Glänner ersat ginn. D’Trape fir vun der Bastioun erof an d’Péitruss ze kommen, koumen 1904 derbäi.D’Kathedral gouf vun de Jesuittepateren tëscht 1613 an 1621 als Kierch gebaut.. Den éischte Stee vun der Kierch gouf de 7. Mee 1613 ënner dem Père François Aldenard geluecht. Den Entreprener vum Gebai war den Ulrich Job vu Luzern. Ënner him goufen ënner anerem d’Dekoratioun vun de Kolonne realiséiert. D’Jesuittekierch gouf de 17. Oktober 1621 vum Weibëschof Georg von Helfenstein der Onbefleckter Empfängnis geweit. D’Joer vun der Wei vun der Kierch ass och an enger Inscriptioun um Portal ze gesinn: « Sit Nomen Domini Benedictum 1621 ».

Den Numm Notre-Dame krut d’Kierch den 31. Mäerz 1844 duerch den apostoulesche Vicaire Jean-Théodore Laurent.

Säit 1870 ass d’Kierch eng Kathedral, dat nodeem Lëtzebuerg en Bistum gouf. Duerch den enormen Zouwuess vu Pilger huet d’Gebai misse vergréissert ginn. Ab 1934 ass d’Kathedral no de Pläng vum Architekt Hubert Schumacher erweidert ginn andeems de Chouer an d’Querschëff mat dem sougenannte Marieportal un déi al Jesuittekierch ugebaut goufen. Den bis 1934 eenzegen Tuerm dréit d’Mauerankeren vun 1618, déi eis also den Alter vun dësem Tuerm verroden, deen also scho méi wéi 400 Joer steet.

Fotograf: Amateur.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

29 novembre 2020

Amateuropnam aus der Belle-Epoque mat der Neier Bréck an engem klengen interessanten Detail: d’Péitruss-Kasematten.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf: Amateur.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

30 novembre 2020

Amateuropnam op de Péitrussdall mat der Neier Bréck an der Place de la Constitution riets.

01 décembre 2020

Flott Postkaart vun der Weekapell an der Stad an der Montée de la Pétrusse mat e puer interesséierte Kanner, déi dem Fotograf bei der Aarbecht nokucken.

An der Kapell steet e Weekräiz an eng hëlze Statue aus dem 18. Jorhonnert vun den Dräi Jofferen Fides (Glawen), Spes (Hoffnung) et Caritas (Barmhäerzegkeet), Duechtere vun der Helleger Sophie (Verstännegkeet), op engem Iesel. Et sinn iwwregens déi selwescht dräi Jongfraen, déi der Uertschaft Troisvierges (Ëlwen) hiren Numm ginn hunn. Déi dräi Jongfraen solle géint allerlee Krankheeten a Problemer gehollef hunn an am lëtzebuerger Volléksmond gouf och alt mol gesot « Wann dir eng net hëlleft, dann hëllefen dir déi aner. »

D’Weekapell steet iwwer der Quell vun der Gräinskapell, déi schonn a virchrëschtlecher Zäit eng Kultplaz vun de keltesche Norne war an d’Statue ass definitiv domat a Verbindung ze bréngen, vu dass si wärend der Christianiséierung oft déi heednesch Gëttinen ersat hunn.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1907.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

02 décembre 2020

Vue op de Pafendall mat der Sichepuert an der Kierch St. Mathieu hannendrun.

No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Eecherpaart an déi aner Säit d’Sichepaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, dem Béinchen, verbonne waren. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Paart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen. D’Nimm vun der selweschter Paart variiéieren, bezéien sech awer ëmmer op dat selwescht: Siecherludeporte (1444), Sicherporte (1472), Paffendaler Porten (1479), Sichenleuth Pfordt (1659), Porte des lépreux (1717), Porte des Bons Malades.

Lénks hannerder Puert stoung fréier och eng Rëtsch Haiser, déi alleguer ofgerappt goufen, fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen, ma och op der lénker Säit goufen Haiser, déi an engem schlechten Zoustand waren, aus « hygienesche » Grënn ofgerappt.

Weider no riets erkennt een d’Pafendaller Kierch, déi dem Hl. Théiwes (St. Mathieu) geweit ass an 1872 gebaut gouf. Den Théiwesbur, den ale Wäschbur aus dem Pafendall deen direkt nieft der Kierch steet, dierft jo och jidderengem aus dem Jean-Pierre Kemmer sengem Lidd bekannt sinn.

D’Kierch huet am 2. Weltkrich Geschicht geschriwwen, wéi während 14 Méint 6 desertéiert lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert sech do verstoppt hunn.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Manufacture de cartes, P. Houstraas, Luxembourg, Rue des Augustins

Datum: 1914.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

03 décembre 2020

Flott Vue op d’Dräi Eechelen.

Wéinst den 3 doréierten Eechelen op den Tierm gëtt de Fort um Plateau Kierchbierg deementspriechend genannt. D‘Dräi Eechelen ware just en Deel vum impressionnante Festungskomplex „Obergrünewald“ mat deem een d’Staat géint en Ugrëff vun der ëstlecher Säit aus beschütze wollt.

De Fort ass 1732/33 vum éisträicheschen Ingenieur Simon de Beauffe op der Plaz vum Vauban senger Redoute « Hauteur du Parc » aus dem Joer 1688 erbaut ginn. Benannt ass de Fort nom éisträichesche Festungskommandant Adam Sigmund von Thüngen.

De Fort Thüngen ass als Verstäerkung vum 3. Festungsréng vun der Stad Lëtzebuerg gebaut ginn.

1836 gouf de Fort vun de Preisen erweidert a krut och seng dräi ronn Tierm mat den Dräi Eechelen.

Ënnert dem ganze Fort ginn et eng ganz Rei vu Minnen, déi am Eeschtfall hätte kéinte genotzt ginn, fir de Fort ze sprengen.

Nach 1860 gouf de Fort verstäerkt, vu dass en nach net wousst, wat e puer Joer drop sollt geschéien. Wéi nom Londoner Vertrag vun 1867 d’Festung huet misse geschleeft ginn, gouf och de Fort Thüngen an e puer Phasen vun 1870-1875 ofgerappt. Just d’Agangstierm, déi mir haut nach gesinn, sinn erhale bliwwen, d’Grondmaueren goufe mat Buedem bedeckt. D‘Eechele vun den 3 Tierm goufen um Enn vun den Ofrappaarbechten doréiert. D’Kasematten vum Fort Thüngen sinn haut zum Deel nees mat engem Guide zougänglech oder am Musée integréiert. Fréier hu sech d’Kanner aus dem Pafendall gären doran amuséiert: anscheinend koum een duerch verschidde Gäng aus dem Dällchen bis erop op de Plateau.

Haut fanne mir hei de Festungsmusée Musée Dräi Eechelen. Och de Mudam ass op de Fundamenter vum Fort ënnerbruecht an e gudden Deel gouf nees opgebaut. E ganz laangen Otem hunn dobäi d’Frënn vun der Festung gebraucht, bis et endgülteg, no villen administrativen Hürden, politeschen Fauxpasen a Fehlplanungen, all d’Bauaarbechten ofgeschloss waren.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Grand Bazar Champagne, Luxembourg-Gare.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

04 décembre 2020

Koloréiert Postkaart vun der nach jonker Neier Bréck an dem nach wéineg bebauten Plateau Bourbon. Et fält virun allem op, dass de Siège vun der Spuerkeess mat hierem markanten Tuerm nach net ganz steet, wat der Vue Richtung Gare direkt e ganz aneren an ongewinnte Charakter gëtt.

D’Gebai vun der Spuerkeess gouf 1910-1913 no de Pläng vum Architekt Jean-Pierre König gebaut. Wann ee gutt kuckt, gesäit een och dass hannert dem Komplex vun der Spuerkeess nach eng gréng Wiss läit, do wou spéider e.a. de Palais vun der ARBED sollt hikommen.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefe vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Ingénieur Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnamen vun de Lëtzebuerger Fotografen Charles Bernhoeft a vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plack aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Grand Bazar Champagne, Luxembourg-gare.

Datum: 1912.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

05 décembre 2020

Flott animéiert Vue op de Knuedler an der Stad mam Monument vum Wëllem II wärend engem Maartdag.

De Knuedler: Offiziell heescht d’Plaz jo « Place Guillaume II », benannt nom Wëllem II. vun Holland, Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1840-1849. D’Monument vum Wëllem II. gouf 1884 opgeriicht. Haut steet och eng exakt Kopie vun der Statue zu Den Haag am Buitenhof, well eng aner Statue vum Wëllem II. net gefall huet an déi dunn 1924 op Tilburg gestallt ginn ass.

Den Numm Knuedler krut d’Plaz duerch d’Franziskanermönchen, déi am Mëttelalter bis zur Zäit vum Napoleon e Klouschter op der Plaz haten. Den Numm Knuedler soll vun de Kniet un der Kordel vun de Pateren hier kommen.

Um Knuedler stoungen méi Gebaier wéi haut, wéi een och un de Fundamenter an de rezenten Ausgruewunge op der Plaz konnt gesinn. Ënnert anerem huet een och e Kierfecht fräigeluecht.

1554 koum et duerch e Blëtzschlag an d’Knuedlerkierch, wou ënnert dem Dag d’Schéisspolver vun de Kanounen vun der Festung gelagert gouf, zu enger riseger Explosioun an engem grousse Feier, wat d’Stadbild zolitt verännert huet. Vill Haiser sinn dem Brand zum Opfer gefall, well se mat Stréi oder hëlzen Schëndelen gedeckt waren. Nom Feier goufen verschidde Stroossen méi breed gemaach (z.B. Groussgaass), d’Haiser mat Schifer gedeckt an ganz nei Stroossenzich ugeluecht (z.B. Louvignysgaass, Philippsgaass etc.)

D’Plaz ass natierlech och bekannt duerch d’Ofhale vu Wochemäert, den Oktavmäertchen, verschidde Festivallen, Public Viewings, Chrëschtmäert, seng Äispist am Wanter, Baler etc. Eng Plaz also, wou seelen näischt lass ass.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Onbekannt.Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

06 décembre 2020

Ganz al Postkaart mat engem Panorama vum Gronn.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: M. Knopf.Datum: 1897.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

07 décembre 2020

Lénks steet d’Dënselpuert, d.h. déi al Tréiererpuert, déi eréischt no 1867 nees opgemaach ginn ass. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, also aus Richtung Tréier, dofir och „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..Déi vill méi al sougenannten Krudelspuert, déi méi déif am Dall un der Uelzecht louch, an de Gronn mat Clause verbonnen huet ass zu deem Zäitpunkt zougemaach ginn. Säit d’Abtei Neimënster gebaut gouf, war des Puert souwisou wahrscheinlech net méi a Betrib. Hier Iwwerreschter gesäit een haut nach duerch eng Fënster am Tuutesall wann ee Richtung Stierche geet. Op der Foto ass si awer natierlech net ze gesinn.

Haut steet e puer Meter ënnert der mëttelalterlecher Tour Jacob déi mat Stol rekonstruéiert « nei Tréiererpaart », déi also chronologesch déi lescht Paart ass, fir vun Osten hier an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen. Si gouf no 1867 leider ofgerappt. Gebaut gouf si ëm 1590 an déi « mëttelal » Tréiererpaart gouf ganz zougemauert, genau sou wéi d’Tréiererstrooss e puer Meter no ënnen a laanscht d’Festungsmauer geluecht gouf. 1590 hunn se beim Bau vun där « neier » Puert och e réimesche Mënzschatz fonnt, deen awer leider verluer gaangen ass. E beweist awer, dass och schonn zu Réimerzäiten eng Siidlung dës Säit vun der Uelzecht, evt. op der Rumm bestanen huet.

D’Leit déi an d’Stad era wollten hunn all op dëse Plazen ëmmer missen eng Taxe bezuelen.

Fir den Iwwerbléck also:

- Eng éischt Paart louch ënnen am Dall, d.h. déi aktuell rue Münster huet dohi gefouert.

- Duerno gouf am Mëttelalter d’Tour Jacob als 2. Tréierer Paart gebaut- schlussendlech ëm 1590 déi jéngsten Tréierer Paart déi mir ënnert dem Jakobstur gesinn an déi 1867 ofgerappt an an den 1990er Joren aus Stol nees opgebaut gouf.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: M. Knopf.

Datum: 1898.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

07 décembre 2020

Lénks steet d’Dënselpuert, d.h. déi al Tréiererpuert, déi eréischt no 1867 nees opgemaach ginn ass. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, also aus Richtung Tréier, dofir och „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..Déi vill méi al sougenannten Krudelspuert, déi méi déif am Dall un der Uelzecht louch, an de Gronn mat Clause verbonnen huet ass zu deem Zäitpunkt zougemaach ginn. Säit d’Abtei Neimënster gebaut gouf, war des Puert souwisou wahrscheinlech net méi a Betrib. Hier Iwwerreschter gesäit een haut nach duerch eng Fënster am Tuutesall wann ee Richtung Stierche geet. Op der Foto ass si awer natierlech net ze gesinn.

Haut steet e puer Meter ënnert der mëttelalterlecher Tour Jacob déi mat Stol rekonstruéiert « nei Tréiererpaart », déi also chronologesch déi lescht Paart ass, fir vun Osten hier an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen. Si gouf no 1867 leider ofgerappt. Gebaut gouf si ëm 1590 an déi « mëttelal » Tréiererpaart gouf ganz zougemauert, genau sou wéi d’Tréiererstrooss e puer Meter no ënnen a laanscht d’Festungsmauer geluecht gouf. 1590 hunn se beim Bau vun där « neier » Puert och e réimesche Mënzschatz fonnt, deen awer leider verluer gaangen ass. E beweist awer, dass och schonn zu Réimerzäiten eng Siidlung dës Säit vun der Uelzecht, evt. op der Rumm bestanen huet.

D’Leit déi an d’Stad era wollten hunn all op dëse Plazen ëmmer missen eng Taxe bezuelen.

Fir den Iwwerbléck also:

- Eng éischt Paart louch ënnen am Dall, d.h. déi aktuell rue Münster huet dohi gefouert.

- Duerno gouf am Mëttelalter d’Tour Jacob als 2. Tréierer Paart gebaut- schlussendlech ëm 1590 déi jéngsten Tréierer Paart déi mir ënnert dem Jakobstur gesinn an déi 1867 ofgerappt an an den 1990er Joren aus Stol nees opgebaut gouf.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: M. Knopf.

Datum: 1898.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

08 décembre 2020

Flott animéiert Postkaart vum Clausenerbierg um Bock mat Vue op e.a. d’Schlassbréck, d’Méchelskierch an d’Villa Wehrling.

D’Villa Werling stoung do, wou haut d’Gebai vum Conseil d’Etat steet. D’Villa Werling ass 1888 vum Banquier Ernest Werling gebaut ginn. No sengem Doud ass d’Villa 1920 un den Hans Dumont verkaaft ginn. Am zweete Weltkrich war am Gebai d’Nationalsozialistische Volkswohlfahrt ënnerbruecht.

Nom Krich huet de Staat d’Villa kaaft, déi 1957 ofgerappt ginn ass an duerch dat aktuellt Gebai vum Staatsrot ersat ginn ass. Säit 1960 ass de Staatsrot also am Gebai. Wéi een um Baustil gesäit, huet ee probéiert, sech der Architektur vun den ale Gebaier vum Fëschmaart unzepassen. Sou ass zum Beispill de Balcon mat den Arkaden eng Replik vum Balcon « Ënnert de Steiler », eng Idee déi vun der Groussherzogin Charlotte koum, wéi een an der Literatur liese kann.

Fotograf: Nels; Editeur: Nels.

Datum: 1903.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

09 décembre 2020

Vue vun der Rumm op d’Abtei Neimënster an d’Uewerstad a vir, engem vun den Tierm, déi en Deel vun der Rumm-Befestegung sinn an déi am Mëttelalter um Enn vum 14, Joerhonnert, ongeféier tëscht 1380 an 1395 op Uerder vum béimesche Kinnek Wenzel II. gebaut goufen.

Fotograf & Editeur: Onbekannt.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

10 décembre 2020

Schéine Panorama vum Gronn, vum Biisser Viaduc aus gekuckt.

D’Biisserbréck, och nach Viaduc de Pulvermühl genannt, ass en Eisebunnsviaduc iwwer den Uelzechtdall um nërdlechen Enn vun der Stater Gare.

Iwwer déi 242 Meter laang Konstruktioun lafe parallel d’Nordstreck an d’Waasserbëlleger Streck, déi ab 1862 a Betriib war.

D’Bréck ass 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf ginn, a se gouf am Optrag vum Adolphe Favier, deen d’Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut. D’Waring Brothers hunn kuerz duerno och d’Passerelle an aner Eisebunnsbrécke rondrëm d‘Stad gebaut.

Am Mäerz 2013 gouf matgedeelt, datt bei Vergréisserungsaarbechten d’Bréck véiergleiseg soll gemaach ginn, wouduerch eng nei Bréck nieft déi bestoend gebaut gëtt.

Den Numm Biisser Bréck krut se, well se iwwer de Biisserwee tëscht dem Stadgronn an der Polvermillen féiert, respektiv vun der fréierer Biissermillen, déi spéider och nach Hasteschmille genannt gouf. Den Numm « Biisser » kéint eventuell vum franséische Begrëff « biez » fir Millekanal hierstamen. Scho 1297 gëtt eng Biscergassa ernimmt. Den Numm huet also näischt mat der Uertschaft Biissen ze dinn.

Fotograf & Editeur: P.C. Schoren, Luxembourg.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

11 décembre 2020

Panorama vun der Rumm op d’Uewerstad, de Gronn an de Bock gekuckt.

Ënne riets gesäit een ee vun den Tierm, déi en Deel vun der Rumm-Befestegung sinn an déi am Mëttelalter um Enn vum 14, Joerhonnert, ongeféier tëscht 1380 an 1395 op Uerder vum béimesche Kinnek Wenzel II. gebaut goufen.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Kunstanstalt Lautz & Isenbeck, Darmstadt.

Datum: 1899.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

12 décembre 2020

Eng flott Postkaart mat engem Panorama vum Pafendall.

Ënnen am Pafendall erkennt een hanne vu lénks no riets d’Eecher Puert, de « Féngerlek » (de Kamäin vun der Pompelstatioun, déi d’Drénkwaasser vun der Quell am Pafendall an Uewerstad gepompelt huet), de « Béinchen » an de Quartier mam selwechte Numm, d’Sichepaart an d’Kierch St. Mathieu.

No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Eecherpaart an déi aner Säit d’Sichepaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, dem Béinchen, verbonne waren. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Paart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen. D’Nimm vun der selweschter Paart variiéieren, bezéien sech awer ëmmer op dat selwescht: Siecherludeporte (1444), Sicherporte (1472), Paffendaler Porten (1479), Sichenleuth Pfordt (1659), Porte des lépreux (1717), Porte des Bons Malades.

Riets nieft der Puert stoung fréier och eng Rëtsch Haiser, déi alleguer ofgerappt goufen, fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen, ma och op der lénker Säit goufen Haiser, déi an engem schlechten Zoustand waren, aus « hygienesche » Grënn ofgerappt.

Weider no riets erkennt een d’Pafendaller Kierch, déi dem Hl. Théiwes (St. Mathieu) geweit ass an 1872 gebaut gouf. Den Théiwesbur, den ale Wäschbur aus dem Pafendall deen direkt nieft der Kierch steet, dierft jo och jidderengem aus dem Jean-Pierre Kemmer sengem Lidd bekannt sinn.

D’Kierch huet am 2. Weltkrich Geschicht geschriwwen, wéi während 14 Méint 6 desertéiert lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert sech do verstoppt hunn.

Vis-à-vis vun der Kierch steet dat aalt Militärlazarett, och nach Vaubanskasär genannt, wat no sengem eigentlechen Zweck als Klinik fir d’Garnisoun vun der Festung mol als Betten- an Tubakfabrik, mol als Wunnraum, mol als Musée oder Schoul funktionéiert huet, bis et 1954 ofgerappt gouf.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: M. Knopf, Luxemburg.

Datum: 1900.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

13 décembre 2020

Vue op d’Kathedral an déi al Gebailechkeeten vun der Ecole privée Notre-Dame Sainte-Sophie, meeschtens einfach Sainte-Sophie genannt.

D’Kathedral gouf vun de Jesuittepateren tëscht 1613 an 1621 als Kierch gebaut.. Den éischte Stee vun der Kierch gouf de 7. Mee 1613 ënner dem Père François Aldenard geluecht. Den Entreprener vum Gebai war den Ulrich Job vu Luzern. Ënner him goufen ënner anerem d’Dekoratioun vun de Kolonne realiséiert. D’Jesuittekierch gouf de 17. Oktober 1621 vum Weibëschof Georg von Helfenstein der Onbefleckter Empfängnis geweit. D’Joer vun der Wei vun der Kierch ass och an enger Inscriptioun um Portal ze gesinn: « Sit Nomen Domini Benedictum 1621 ».

Den Numm Notre-Dame krut d’Kierch den 31. Mäerz 1844 duerch den apostoulesche Vicaire Jean-Théodore Laurent.

Säit 1870 ass d’Kierch eng Kathedral, dat nodeem Lëtzebuerg en Bistum gouf. Duerch den enormen Zouwuess vu Pilger huet d’Gebai misse vergréissert ginn. Ab 1934 ass d’Kathedral no de Pläng vum Architekt Hubert Schumacher erweidert ginn andeems de Chouer an d’Querschëff mat dem sougenannte Marieportal un déi al Jesuittekierch ugebaut goufen. Den bis 1934 eenzegen Tuerm dréit d’Mauerankeren vun 1618, déi eis also den Alter vun dësem Tuerm verroden, deen also scho méi wéi 400 Joer steet.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Messageries Paul Kraus, Luxembourg.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

14 décembre 2020

Flott Opnam vun 2 Männer an Uniform um Stierchen mam Bockfiels am Hannergrond. Wat d’Geschicht zu den 2 Persounen ass, wien si sinn, firwat si grad do fotograféiert goufen a wien de Fotograf war, ass leider net méi erauszefannen.

Fotograf & Editeur: Amateur.

Datum: Onbekannt.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

15 décembre 2020

Flott animéiert Vue op de Knuedler an der Stad mam Monument vum Wëllem II.De Knuedler: Offiziell heescht d’Plaz jo « Place Guillaume II », benannt nom Wëllem II. vun Holland, Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1840-1849. D’Monument vum Wëllem II. gouf 1884 opgeriicht. Haut steet och eng exakt Kopie vun der Statue zu Den Haag am Buitenhof, well eng aner Statue vum Wëllem II. net gefall huet an déi dunn 1924 op Tilburg gestallt ginn ass.

Den Numm Knuedler krut d’Plaz duerch d’Franziskanermönchen, déi am Mëttelalter bis zur Zäit vum Napoleon e Klouschter op der Plaz haten. Den Numm Knuedler soll vun de Kniet un der Kordel vun de Pateren hier kommen.

Um Knuedler stoungen méi Gebaier wéi haut, wéi een och un de Fundamenter an de rezenten Ausgruewunge op der Plaz konnt gesinn. Ënnert anerem huet een och e Kierfecht fräigeluecht.

1554 koum et duerch e Blëtzschlag an d’Knuedlerkierch, wou ënnert dem Dag d’Schéisspolver vun de Kanounen vun der Festung gelagert gouf, zu enger riseger Explosioun an engem grousse Feier, wat d’Stadbild zolitt verännert huet. Vill Haiser sinn dem Brand zum Opfer gefall, well se mat Stréi oder hëlzen Schëndelen gedeckt waren. Nom Feier goufen verschidde Stroossen méi breed gemaach (z.B. Groussgaass), d’Haiser mat Schifer gedeckt an ganz nei Stroossenzich ugeluecht (z.B. Louvignysgaass, Philippsgaass etc.)

D’Plaz ass natierlech och bekannt duerch d’Ofhale vu Wochemäert, den Oktavmäertchen, verschidde Festivallen, Public Viewings, Chrëschtmäert, seng Äispist am Wanter, Baler etc. Eng Plaz also, wou seelen näischt lass ass.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: M. Knopf, Luxembourg.

Datum: 1900.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

16 décembre 2020

Schéi Vue op déi haiteg montée de Clausen mat den Iwwerreschter vun de Bockbefestegungen.

D’Bock-Befestegungen op der Postkaart sinn an deem Zoustand säit dem Londoner Kongress am Joer 1867, wou d’Schleefe vun der Festung Lëtzebuerg decidéiert gouf. D’Ausgesinn vidrun geet haaptsächlech zeréck op déi grouss Ëmbaumoossnamen vum franséische Festungsingenieur Vauban. No der Belagerung vun der Festung duerch déi franséisch Truppen am Joer 1684, huet hie mam Bau vun de neie Befestegungen ugefaangen, vu dass déi al Forten um Bock, déi vun de Spuenier gebaut gi waren, staark zerstéiert goufen. Dem Vauban seng Befestegungsanlag huet eigentlech aus 3 Deeler bestanen: de grousse Bock, de mëttlere Bock an de klenge Bock. De klengen a mëttlere Bock waren eigentlech näischt anescht wéi ganz staark befestegt Paarten. Fir vu Clausen erop op de Fëschmaart ze kommen huet ee missen duerch 4 Paarte goen, tëscht den 2 éischten an ënneschten war also de klenge Bock, tëscht der zweeter an der drëtter war de mëttlere Bock. Vun der drëtter Paart ass eis och nach e Stéck erhale bliwwen, de rietsen Tuerm vun der Paart, haut beschtens bekannt als « Huelen Zant ». Tëscht der drëtter Paart an der Bréck war also de grousse Bock. De grousse Bock kéint een och als tatsächleche Fort bezeechen, heiansdo liest een esouguer de Begrëff « Zitadell ».

D’Verbindung zu der Schlassbastioun fir op de Fëschmaart gouf duerch eng Bréck gemaach, déi deemools nach eng Zéibréck a méi spéit eng Holzbréck war, déi am Fall vun enger Belagerung konnt eropgezunn, respektiv séier ofgebaut konnt ginn. Ënner éisträichescher Herrschaft gouf doraus déi stenge Schlassbréck aus dem Joer 1735, wéi se och op der Postkaart lénks ze gesinn ass an déi och haut, no enger Rei Renovatiouns- an Ëmbauaarbechten, nach steet.

Et ass awer net ze vergiessen, dass natierlech schonn zu Réimerzäiten an am Mëttelalter Befestegungen um Bock existéiert hunn. Déi mëttelalterlech Buerg ass géint 1555 ofgebaut ginn an duerch en neie Fort ënner spuenescher Herrschaft ersat ginn. Fiederféierend war bei de leschten Ëmbauaarbechten virun der franséischer Attack vun 1684 de schwäizer Ingenieur Isaac von Treybach.

Zu de Bockbefestegungen hunn natierlech och d’Kasematte gehéiert, en Tunnelsystem, dee virun allem an éisterräichecher Zäit, géint tèescht 1737 an 1746 zu engem zesummenhänkende System mat groussen Ëffnunge fir Kanounen, ausgebaut gouf. Virdrun haten och schonn d’Spuenier ënnerierdesch Tunnellen ugeluecht. Eng leschte Kéier gouf d’Befestegung an de Joren 1837-39 ënnert der preisescher Garnisoun erneiert an ausgebessert.

Fotograf & Editeur: François Menn.

Datum: 1904

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

17 décembre 2020

Dat war et fir dëse Projet, deen am Kader vum 25. Anniversaire vun der Registréierung vun der Stad Lëtzebuerg als UNESCO-Weltkulturierwen organiséiert gouf a virun engem Joer ugefaangen huet.

All d’Postkaarten vum leschte Joer fannt dir weiderhin och op https://patrimoinemondial.lu/ ze fannen.

De ganze Projet war eng Kollaboratioun vun Eng Postkaart den Dag​ an der Commission luxembourgeoise pour la coopération avec l’UNESCO​. E grousse Merci geet un den Dr.

Robert Philippart, dee mech zu dësem Projet encouragéiert huet an de Philippe Beck, dee sech ëm den Encodage vun de Postkaarten an de Fotoen op der Homepage gekëmmert huet.

Ech hoffen déi kleng Rees an d’Vergaangenheet vun eiser schéiner Haaptstad am leschte Joer huet iech gefall. Last but not least: Merci un all d’Frënn vun Eng Postkaart den Dag, fir all är Kommentaren, Recommandatiounen, Verbesserungsvirschléi, Shares a Likes!

An elo: Viru mam Jabel.

Eng flott Postkaart vum Charles Bernhoeft mat deem éischten Auto, e Benz Victoria, deen iwwer d’Nei Bréck gefuer ass. Do gesäit een nach, wéi ähnlech déi éischt Automobilen hire Virgänger, de Päerdskutsche waren.

Wéi ee gesäit waren d’Aarbechten um Pont Adolphe mol nach net ofgeschloss, am Hannergrond sinn déi meeschtens italienesch Aarbechter nach amgaang un der Bréck ze schaffen.

D’Opnahm ass vum 14. Oktober 1903, zu engem Zäitpunkt, wou et zu Lëtzebuerg knapp eng Dozen Autoe geouf. De Fotograf Charles Bernhoeft, dee mat sengem Benz Velo selwer zu den Automobilpionéieren vu Lëtzebuerg gehéiert huet, huet déi historesch Fahrt am Bild festgehal.

Um hënneschte Sëtz sëtzen de Jean-Pierre Klein, deemolege Besëtzer vun der Villa Louvigny, deemols e Restaurant mat Festsall an Theaterbühn, an riets niewendrun als Chauffer de Paul Maylé, selwer och en Autosgeck. Um viischte Sëtz sëtzen de François Krack, Constructeur fir Landwirtschaftsmaschinnen vu Colmar, deen den Benz Victoria kaaft huet a säi Brudder.

De Paul Maylé (1876-1960) huet beim J.P. Klein als Velosmécanicien geschafft an ass och alt Motoscourssen um hëlzene Velodrom gefuer, deen de Jean-Pierre Klein am Stater Parc bei der Villa Louvigny opgeriicht hat.

Dem Jean-Pierre Klein seng Begeeschterung fir déi motoriséiert Gefierer huet dozou gefouert, dass hien selwer Autoe verkafe wollt an dofir säi Velosmécanicien Maylé op Lunéville bei den Autosfabrikant De Dietrich geschéckt huet, fir hien zum Autosmécanicien auszebilden.

Duerno huet hien also als Chauffeur a Mécanicien fir de Jean-Pierre Klein geschafft.

Nodeems de Betrib an der Villa Louvigny zougemaach huet, huet de Maylé eng Plaz bei der Garage Saur-Koch um Bd. Royal fonnt, déi Peugeot’en verkaaft huet. Spéider war hien dunn Chauffeur vun den Dummeldenger Schmelzhären Mayrisch a Le Gallais.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902, fortgeschéckt 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

18 décembre 2020

Panoramavue op de Pfaffenthal, mat der Sichepaart, der Sichegaass, der Église Saint-Mathieu, dem Béinchen, der Eecherpaart an der Uewerstad am Hannergrond.

No der Eruewerung vun de Fransousen am Joer 1684 huet de Militäringenieur Vauban de Pafendall mat an de Festungsberéng abezunn. Doduerch sinn dann och zwou Paarte gebaut ginn, engersäits d’Sichepaart an déi aner Säit d’Eecherpaart, déi ënnerteneen mat enger Mauer resp. enger Bréck iwwer d’Uelzecht, de Béinchen, verbonne waren. Virun dëser Mauer gouf et och e Gruef, dee während dem Schleefen vun der Festung an de Joren 1867-69 zougetippt ginn ass. Mëttlerweil ass en awer nees a sengem Originalzoustand.

Et ass och nogewisen, dass an dëser Géigend schonn am Mëttelalter eng Stadpuert bestanen huet, déi als Siecherludeporte an alen Dokumenter (vun 1444) ernimmt gëtt. Deemno war den Vauban seng Idee net nei, hien huet just déi mëttelalterlech Tierm duerch méi sécher a stabil Bauten ersat.

Den Numm vun der Sichepaart kënnt vun der Leproserie, déi virun de Stadmaueren bestanen huet, wou déi mat Lepra infizéiert Leit gelieft a gefleegt goufen.

Déi Rëtsch Haiser hannert der Puert goufen iwwregens alleguer ofgerappt fir der Strooss laanscht d’Puert Plaz ze maachen.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles BernhoeftDatum: 1898

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

19 décembre 2020

Dräifach Postkaart mat engem risegen Panorama iwwer den Osten vun der Stad Lëtzebuerg, opgeholl vum Plateau bei der Fondation Pescatore.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: ca. 1898.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

20 décembre 2020

Interessant Duebel-Postkaart vum Pont Adolphe, kuerz nodeem se fäerdeg ginn ass.

D’Adolphe-Bréck, am Géigesaz zu hirer méi aler Schwëster (der Aler Bréck oder der Passerelle) och nach Nei Bréck genannt, verbënnt, wéi jiddweree weess, de Garer Quartier mat der Alstad.

Duerch d’Schleefung vun der Festung am Joer 1867 konnt d’Stad Lëtzebuerg sech an nei Richtungen entwéckelen, an sou ass zum Beispill an den 1870er Joren ronderëm d’Alstad e Stroosserank op deenen ale Festungswierker entstanen, dee mir haut als Boulevard Royal kennen. De Lëtzebuerger Kënschtler an Ingenieur Eugène Ferron huet schonn an den 1880er Jore proposéiert, de Boulevard Royal mat enger Bréck mat engem eenzege grousse Bou Richtung Gare ze verlängeren. Den Albert Rodange (Jong vum Michel Rodange) huet dunn déi éischt Pläng ausgeschafft, déi definitiv Versioun gouf awer vum franséischen Architekt Paul Séjourné erstallt. D’Aarbechten goufen vun der Firma Fougerolle Frères ausgefouert.

1900 ass den Grondsteen vum deemolege Groussherzog Adolphe vu Nassau geluecht ginn.

D’Bréck ass ganz aus Sandsteen gebaut, wat am Laf vun der Zäit duerch d’Verwitterung vum Steen nawell zolidd Problemer bedeit huet. D’Steng koumen aus de Steebréch vu Gilsdref, Iernzen, Déiljen an dem Verluerekascht.

Den 24. Juli 1903 ass d’Bréck fir de Verkéier opgaangen an war dee Moment mat 153m Längt an 42m Héicht Rekordhalter als gréisst Bréck aus Hastee vun der Welt. Den Haaptbou huet eng Spanwäit vu 84,65m

De Bau vun der Bréck ass eis haut nach extrem gutt dokumentéiert duerch d’Fotoopnahmen vum Lëtzebuerger Fotograf Charles Bernhoeft a wéi hei vum Batty Fischer.

Ab 1904 ass d’Schmuelspuerlinn Chareli iwwert d’Bréck gefuer.

D’Bréck huet méi wéi eng Kéier misse sanéiert ginn. 1960/61 gouf eng nei Plaque aus Beton armé gegoss, fir méi Fuerspuren ze hunn.

Déi Aarbechten hunn dozou gefouert, dass an den 1990er Joren déi éischt Rëss an der Struktur vun der Bréck opgefall sinn, wouduerch am Joer 2003 déi éischt metalle Verstäerkungen agebaut hu misse ginn. Dat eleng ass awer net duergaangen.

Säit 2011 gouf un der Bréck, déi schlussendlech huet misse ganz fir de Verkéier gespaart ginn, an 2014 duerch eng Behëllefsbréck ersat ginn ass, bis 2017 geschafft. Deemnächst kann och deen neien Tram Luxexpo-Gare iwwert d’Bréck fueren.

Nach e puer Kuriositéiten: D’Bréck huet nach e puer Zwillingsschwësteren:

D’Walnut Lane Bridge zu Philadelphia an Amerika, d’Eisebunnsbréck Ponte de San Jorge zu Arguisuelas a Castillien, de Viaduc vu Lavaur a Frankräich an d’Sidi Rached Bréck an Algerien, déi alleguer op de Pläng vum Séjourné berouen.Fotograf & Editeur: Onbekannt.

Datum: ca. 1905

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

21 décembre 2020

Duebel Postkaart mat engem Panorama vun den ëstleche Quartieren vun der Stad, Pafendall, Clausen an Neiduerf, Cents a Rumm, mat ville Iwwerreschter a Bauwierker vun der Festung, déi haut zum UNESCO-Weltkulturierwen gehéierenFotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles BernhoeftDatum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

22 décembre 2020

Vue op d’Place de la Constitution, d’Kathedral an d’Gebaier vum Kolléisch.

D’Kathedral gouf vun de Jesuittepateren tëscht 1613 an 1621 als Kierch gebaut. D’Joer vun der Wei vun der Kierch, also 1621, ass och an enger Inscriptioun um Portal ze gesinn: « Sit Nomen Domini Benedictum 1621 ». Säit 1870 ass d’Kierch eng Kathedral, dat nodeem Lëtzebuerg en Bistum gouf. Ab 1934 ass d’Kathedral erweidert ginn andeems de Chouer an d’Querschëff mat dem sougenannte Marieportal un déi al Jesuitekierch ugebaut goufen. Den bis 1934 eenzegen Tuerm dréit d’Mauerankeren vun 1618, déi eis also den Alter vun dësem Tuerm verroden, deen also dëst Joer 400 Joer steet.

E puer Wurt zum Kolléisch:

Op Initiative vum Antoine Houst, Member vum Conseil provincial sinn 1594 no villem hin an hier déi éischt Jesuitepateren op Lëtzebuerg komm. Si ware virun allem dofir bekannt, dass si am Bildungsberäich ganz aktiv waren. Schonn 1603 huet déi éischt Schoul vun de Jesuitten funktionéiert. Nodeems si an der Ënneschtgaass (Rue Notre-Dame) eng Rei Terrainen an Haiser kaaft hunn, hu se 1606-1611 déi éischt 2 Fligelen an L-Form (zur Säit vun der haiteger rue de l’Ancien Athénée an zum Bd. F.D. Roosevelt.) am Renaissancestil gebaut.

E weidere Fligel, dee parallel zur haiteger Kathedral steet, koum 1687 dobäi a gouf zum Deel duerch eng grousszügeg Spend vum Louis XIV finanzéiert, deen de Pateren eng uerdentlech Zomm als Kompensatioun fir d’Schied vun der Attack vun de Fransousen an de Joren 1683/84 geschenkt huet. Dëse Fligel gouf « Philosophiefligel » genannt, well d’Pateren hei virun allem Philosophie enseignéiert hunn, woufir si vum Franséische Kinnek de Privileeg krut haten.

Duerch eng weider Spend vun der Famill Nidercorn konnt e 1713 e weideren Ubau mat zwee Fligele geplangt a gebaut ginn. Den éischte Fligel gouf nees parallell zum haitege Bd. Roosefevelt gebaut, deen zweeten gouf am rechte Wénkel drugebaut, gouf awer 1934 ofgerappt, wéi d’Kathedral vergréissert gouf. Un dëse Fligel erënneren nach d’Arkaden Sprangbur a beim klenge Park um Bd. Roosevelt. Wann ee sech op de Parvis vun der Kathedral stellt an sech d’Architektur a besonnesch d’Fënsteren ukuckt, dann erkennt een déi verschidden Architekturelementer gutt.

Un de Philosophiefligel gouf géint 1720 nach eng Kéier e Bloc Richtung rue Notre Dame ugebaut, géint 1735 gouf d’Verbindung tëscht der Kathedral an dem Kolléisch geschaf. Remarkabel ass déi opulent Entréesdier am Barockstil, déi d’Haaptentrée zum Kolléisch duergestallt huet.

1773 ass de Jesuitenuerden an domat och de Kolléisch wéi e bis dohi funktionéiert huet opgeléist ginn a Professeren aus dem weltleche Klerus hunn den Enseignement iwwerholl.

Bis 1964 gouf et also hei e Lycée ënner verschiddenen Nimm, mol Athenée royal » bis 1839, mol Athénée Grand-Ducal bis 1964. An deem Joer ass de Kolléisch an d’Märelerwisen geplënnert a bis 1969 gouf de ganze Komplex vum « Ale Kolléisch » restauréiert fir d’Nationalbibliothéik do ënnerzebréngen.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft

Datum: ca. 1905

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

23 décembre 2020

Flott Panoramavue iwwer Clausen, de Clausener Bierg, de fréiere Mansfeld-Parc an d’Uewerstad. Och interessant: de quasi net bebauten Plateau Altmünster.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

24 décembre 2020

Schéin Opnam vum Palais Grand-Ducal an der Stad.

Den haitege Palais Grand-Ducal steet op der Plaz vum 3. Stater Gemengenhaus, dat den 11. Juni 1554 duerch d’Explosioun vun engem Polvermagaseng zerstéiert gi war, a war als Sëtz vum Gouverneur vu Lëtzebuerg geduecht. Eréischt 1572 hat d’Stad déi finanziell Moyenen nees zesummen, sech en neit Gemengenhaus ze bauen.

D’Gebai gouf am Renaissance-Stil ënnert der Responsabilitéit vum Stater Schäffen Adam Roberti, mat der Ënnerstëtzung vum Pierre-Ernest I de Mansfeld gebaut. Den Architekt ass net bekannt, et ass awer wahrscheinlech, dass et deen oder déi selwecht waren, déi och dem Mansfeld säi Schlass a Clausen gebaut hunn. Den eelsten Deel vum Palais ass also deen tëscht deenen 2 Tiermercher, lénks op eiser Postkaart.

1683 gouf de Palais ënner dem Louis XIV. senger Besetzung ëmgebaut, nodeems en wärend den Attacken uerg zerstéiert gi war. 1741-1743 ass riets vum eelsten Deel en Ubau am Barockstil, « Wo » genannt, bäigesat ginn, dee mir an der Mëtt vun der Postkaart gesinn. Dëse gouf 1891 ëmgebaut. 1858-1859 gouf nach méi riets deen Deel ugebaut, an deem haut d’Chamber ass.

Tëscht 1795 an 1814 wärend der franséischer Zäit war hei d’Préfecture vum Département des Forêts. Vun 1815 un war d’Gebai eng Zort administrativen Allzweckbau: Et war de Sëtz vun der Regierungskommissioun, an duerno, bis 1867, vun der Regierung. Vun 1848-1858 un hat och d’Parlament (dat 1857 an eng Assemblée des Etats ëmgeännert gouf) do säi Sëtz, bis et dann a säin eegent Gebai niewendru geplënnert ass. 1857 ass och nach de Staatsrot, deen duerch d’Lëtzebuerger Konstitutioun vun 1856 agefouert gi war, op den 2. Stack erageplënnert. Um selwechten 2. Stack war och nach eng archeologesch Sammlung ënnerbruecht. An de Kinnek-Groussherzog Wëllem II., huet 1841, 1844 an 1845 do gewunnt; säin Nofolger, de Wëllem III., just heiansdo, mä säi Statthalter, de Prënz Henri, nees méi reegelméisseg.

1867 sinn, als Resultat vum Londoner Traité, d’preisesch Truppen ofgezu ginn, an d’Regierung konnt sech am Refuge Sankt Maximin ariichten, do, wou bis viru kuerzem den Ausseministère war. De Staatsrot, d’archeologesch Sammlung, de Service agricole an d’Erzéiungskommissioun, déi sech och den 2. Stack hu missen deelen, sinn awer eréischt definitiv 1890 erausgeplënnert, wéi den Adolphe vun Nassau-Weilburg Groussherzog vu Lëtzebuerg gouf. Dofir gouf d’Gebai vun 1891 bis 1894 grëndlech ëm- an ausgebaut. An deem Kader koum och den Tuerm am Neorenaissance-Stil op der rietser Säit vum Palais derbäi, dësen ass op der Foto nach net ze gesinn an erméiglecht eis also d’Foto doduerch graff ze datéieren.

No 1964 an am Ufank vun den 1990er Jore gouf de Palais renovéiert an ass am Summer reegelméisseg op fir Visitten.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

25 décembre 2020

Mat dëser aussergewéinlecher Postkaart, déi kuerz no der Befreiung duerch d’Amerikaner enstan ass, an déi vläicht och e bëssen zum Nodenken ureege soll, wënsche mir iech ganz schéi Feierdeeg.

Kënschtler: Onbekannt; Editeur: Onbekannt.

Datum: 1944.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

26 décembre 2020

Vue op Rumm-Befestegungen an eng vun de Kasären um Plateau.

Uewe lénks d’Dënselpuert, d.h. déi al Tréiererpuert, déi eréischt no 1867 nees opgemaach ginn ass. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, also aus Richtung Tréier, dofir och „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..

Déi vill méi al sougenannten Krudelspuert, déi méi déif am Dall un der Uelzecht louch, an de Gronn mat Clause verbonnen huet ass zu deem Zäitpunkt zougemaach ginn. Säit d’Abtei Neimënster gebaut gouf, war des Puert souwisou wahrscheinlech net méi a Betrib. Hier Iwwerreschter gesäit een haut nach duerch eng Fënster am Tuutesall wann ee Richtung Stierche geet. Op der Foto louch si ongeféier hannert dem Pilier riets vun der Strooss Richtung Neimënster, ass awer natierlech net ze gesinn.

Haut steet e puer Meter ënnert der mëttelalterlecher Tour Jacob déi mat Stol rekonstruéiert « nei Tréiererpaart », déi also chronologesch déi lescht Paart ass, fir vun Osten hier an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen. Op der Foto ass si ganz gutt ze erkennen a gouf no 1867 leider ofgerappt.

Gebaut gouf si ëm 1590 an déi « mëttelal » Tréiererpaart gouf ganz zougemauert, genau sou wéi d’Tréiererstrooss e puer Meter no ënnen a laanscht d’Festungsmauer geluecht gouf. Et erkennt een op der Foto och, dass tëscht der Rumm duerch de Jacobstur an der Strooss fir op den Cents keng Verbindung besteet, wéi mir se haut kennen. 1590 hunn se beim Bau vun där « neier » Puert och e réimesche Mënzschatz fonnt, deen awer leider verluer gaangen ass. E beweist awer, dass och schonn zu Réimerzäiten eng Siidlung dës Säit vun der Uelzecht, evt. op der Rumm bestanen huet.

D’Leit déi an d’Stad era wollten hunn all op dëse Plazen ëmmer missen eng Taxe bezuelen.

Fir den Iwwerbléck also:

- Eng éischt Paart louch ënnen am Dall, d.h. déi aktuell rue Münster huet dohi gefouert.

- Duerno gouf am Mëttelalter d’Tour Jacob als 2. Tréierer Paart gebaut

- schlussendlech ëm 1590 déi jéngsten Tréierer Paart déi mir ënnert dem Jakobstur gesinn an déi 1867 ofgerappt an an den 1990er Joren aus Stol nees opgebaut gouf.

Am Hannergrond gesäit een och déi bal 12 Meter héij Tierm, déi en Deel vun der Rumm-Befestegung sinn an déi am Mëttelalter um Enn vum 14, Joerhonnert, ongeféier tëscht 1380 an 1395 op Uerder vum béimesche Kinnek Wenzel II gebaut goufen.

Uewe riets erkennt een déi lescht Kasär, déi op der Rumm gebaut gouf. Ënner preisescher Besatzung gouf de Bau vun neie Kasäre virugedriwwen. An de Joren 1863-1866 gouf um Plateau eng 5. Kasär, direkt hanner der mëttelalterlecher Mauer gebaut, déi sou genannte „Preisesch Kasär“, e massive bommeséchere Bau, no den deemools neisten Technike vum Festungsbau gebaut: den Daach konnt am Krichsfall bannent kierzter Zäit ofgedroe ginn an duerch eng déck Couche Buedem ersat ginn, déi d’Gebai viru Bombardement schütze sollt. D’Rumm war zu deem Zäitpunkt d’Heemecht fir Artillerietruppen, déi natierlech och mat der Stadbevëlkerung Kontakt haten, deen net ëmmer onproblematesch war - vun dohier kënnt och d’lëtzebuergescht Lidd « Et wor emol e Kanonéier ».

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Th. Wirol, Luxembourg-Gare.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

27 décembre 2020

Vue op en Deel vun der Passerell an den Helleg-Geescht-Plateau.

D’Passerelle, och nach « Viaduc » oder « Al Bréck » genannt, nodeems déi « nei Bréck » oder de Pont Adolphe 1903 gebaut gouf.

D’Passerelle, déi de Garer Quartier mat der Uewerstad verbënnt, gouf vum Achille Grenier an dem Auguste Letellier geplangt a vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers gebaut.

Et ass keen Zoufall, dass de Bau vun der Passerelle an déi selwecht Zäit fält, wéi de Bau vun der éischter Gare vun der Stad Lëtzebuerg. Et war vun Ufank u kloer, dass d’Gare, déi aus strategesche Grënn ausserhalb vun de Festungsmaueren stoung, misst mam Zentrum verbonne ginn.

Fir de Bau vun der Bréck ass fir d’éischt eng hëlze Behëllefsbréck, eng Passerelle opgeriicht ginn, déi der Bréck also ee vun hiren haitege Nimm ginn huet.

D’Passerelle ass 308,40 Meter laang a besteet aus 26 Béi, déi tëscht 8 a 15m breet sinn. D’Maximalhéicht ass 45m.

Geplangt gouf d’Bréck vum Achille Grenier an dem Auguste Letellier, gebaut gouf se vun 1859-1861 vun der englescher Firma Waring Brothers.

Dass d’Bréck e liichte Bou huet, ass iwwregens op taktesch Grënn aus der Zäit wéi Lëtzebuerg nach eng Festungsstad war, zeréckzeféieren. Wahrscheinlech war si och mat Sprengkummeren versinn.

1960 gouf si fir de ville Verkéier méi breed gemaach an dräispureg ausgebaut. Virun e puer Joer ass dunn eng Spuer duerch eng geséchert Vëlospiste mat engem Vëloscompteur installéiert gëtt, deen iwwregens all Joer en neie Rekord opstelltFotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

28 décembre 2020

Schéin duebel Postkaart mat engem Panorama iwwer de Gronn an d’Uewerstad.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

29 décembre 2020

Selte Vue aus dem Agang vum Neiduerf op den Taviounswee, am Hannergrond eng vun den alen zerstéierte Puerten vum Mansfeld sengem Schlass, déi nom sengem Jong, dem Octavian benannt war. Aus deem Numm huet sech den nach haut gebräichleche Begrëff « Tavioun » fir de Wee op de Fetschenhaff (Cents) forméiert. D’Puert ass 1875 ofgerappt ginn. Och interessant: riets nach mat Stréi gedeckten Diecher. D’Neiduerf selwer läit net méi an der « Zone Tampon » vum UNESCO-Weltkulturierwen, en Deel vum Motiv vun der Postkaart allerdéngs schonn.

Am Verglach mat den Uertschafte ronderëm d’Staat ass d’Neiduerf, wéi den Numm et undeit, e relativ jonkt Duerf.

D’Siidlungsgeschicht vum Neiduerf fänkt u sech un mam Bau vum Grof Mansfeld sengem Schlass ab dem Joer 1563. Am Beräich vum Neiduerf, an dem laanggezunnenen Dällchen, war säi prachtvolle Déierepark, mat wëllen Déieren, Planzen an allerlee Skulpturen. De ganzen Déieregaart war mat enger riseger Mauer ëmginn, déi ongeféier vum Clausener Viaduc, op d’Dräi Eechelen, op de Weimeschhaff, eriwwer an den Huesegrënnchen, laanscht déi fréier Brauerei Henri Funck, erop op den Centser Plateau, laanscht den Tavioun, de Kéibierg, de Fetschenhaff, an nees erof a Clausen gefouert huet. De Mansfeld hat awer no sengem Retour op Lëtzebuerg, 1599 am Alter vun 82 Joer, nach knapp 5 Joer Zäit fir säi Liewen ze genéissen. Hien ass 1604 gestuerwen.

Fir d’Entwécklung vum Neiduerf war also virun allem dem Mansfeld säin Déieregaart vu Bedeitung. Och haut fanne mir dovu Spueren an de Flouernimm vum Neiduerf: Déieregaart, Hierzekrëpp (wou d’Hirsche gefiddert goufen), Huesegrënnchen etc.

D’Arel vum Mansfeld sengem Schlass hat 5 Puerten, am Neiduerf, bei der fréierer Brauerei Henri Funck war d’Péiteschpuert, benannt nom Mansfeld. Bei der Puert gouf et eng Déngschtwunneng fir de Gardien a fir d’Fierschtere vum Déieregaart. Dës Gebaier sinn och nom Zerfall vum Schlass erhale bliwwen a lues a lues koumen nei Gebaier an dem spéidere Quartier Neiduerf derbäi.

Den Numm « Nieduerf » taucht awer eréischt um Enn vum 18. Joerhonnert an de Parbicher an an den Dokumenter vun der Gemeng Eech, zu där de « Laangegronn » gehéiert huet. Dëst ass op en historescht Evenement zeréckzeféieren. Wéi 1794 déi franséisch Revolutiounstruppen der Festung ëmmer méi no koumen, huet de Festungskommandant Bender d’Haiser ausserhalb vun de Festungsmaueren ofrappe gelooss, well si am Feierberäich vun der Festung louchen. Doduerch sinn och d’Haiser bei der Péiteschpuert an och d’Puert selwer verschwonnen an d’Leit déi enteegent goufen, sinn e.a. Huesegrënnchen, am Dällchen uewerhalb vu Clausen a bannent de Festungsmaueren ugesidelt. D’Leit hunn den Dall deemols dofir einfach Neidierfchen genannt, aus deem haut d’Neiduerf ginn ass.

D’Neidierfchen war laang Zäit aarm a bekannt duerch seng kleng Haiser mat stréigedeckten Dächer, déi 1845 duerch e grousst Feier bal all zerstéiert goufen. Duerno gouf dëst Material wéinst der Feiergefor verbueden, obwuel se nach laang net iwwerall verschwonne waren. E wichtege Wirtschaftsfaktor, deen zum Opschwong am Neiduerf gefouert huet, war natierlech d’Brauerei Henri Funck, déi vun 1864-1983 do produzéiert huet, nodeems si vun de Brasseries Réunies de Luxembourg, Mousel et Clausen opkaaft gi waren. Dëst ass awer en anert grousst Kapitel an der Geschicht vum Neiduerf.

Fotograf: Amateur.

Datum: 1860er Joeren.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

30 décembre 2020

Vue op d’Kathedral, de fréiere Seminär an d’Gebaier vum Kolléisch.

D’Kathedral gouf vun de Jesuittepateren tëscht 1613 an 1621 als Kierch gebaut. D’Joer vun der Wei vun der Kierch, also 1621, ass och an enger Inscriptioun um Portal ze gesinn: « Sit Nomen Domini Benedictum 1621 ». Säit 1870 ass d’Kierch eng Kathedral, dat nodeem Lëtzebuerg en Bistum gouf. Ab 1934 ass d’Kathedral erweidert ginn andeems de Chouer an d’Querschëff mat dem sougenannte Marieportal un déi al Jesuitekierch ugebaut goufen. Den bis 1934 eenzegen Tuerm dréit d’Mauerankeren vun 1618, déi eis also den Alter vun dësem Tuerm verroden, deen also dëst Joer 400 Joer steet.

E puer Wurt zum Kolléisch:Op Initiative vum Antoine Houst, Member vum Conseil provincial sinn 1594 no villem hin an hier déi éischt Jesuitepateren op Lëtzebuerg komm. Si ware virun allem dofir bekannt, dass si am Bildungsberäich ganz aktiv waren. Schonn 1603 huet déi éischt Schoul vun de Jesuitten funktionéiert. Nodeems si an der Ënneschtgaass (Rue Notre-Dame) eng Rei Terrainen an Haiser kaaft hunn, hu se 1606-1611 déi éischt 2 Fligelen an L-Form (zur Säit vun der haiteger rue de l’Ancien Athénée an zum Bd. F.D. Roosevelt.) am Renaissancestil gebaut.

E weidere Fligel, dee parallel zur haiteger Kathedral steet, koum 1687 dobäi a gouf zum Deel duerch eng grousszügeg Spend vum Louis XIV finanzéiert, deen de Pateren eng uerdentlech Zomm als Kompensatioun fir d’Schied vun der Attack vun de Fransousen an de Joren 1683/84 geschenkt huet. Dëse Fligel gouf « Philosophiefligel » genannt, well d’Pateren hei virun allem Philosophie enseignéiert hunn, woufir si vum Franséische Kinnek de Privileeg krut haten.

Duerch eng weider Spend vun der Famill Nidercorn konnt e 1713 e weideren Ubau mat zwee Fligele geplangt a gebaut ginn. Den éischte Fligel gouf nees parallell zum haitege Bd. Rooseevelt gebaut, deen zweeten gouf am rechte Wénkel drugebaut, gouf awer 1934 ofgerappt, wéi d’Kathedral vergréissert gouf. Un dëse Fligel erënneren nach d’Arkaden Sprangbur a beim klenge Park um Bd. Roosevelt. Wann ee sech op de Parvis vun der Kathedral stellt an sech d’Architektur a besonnesch d’Fënsteren ukuckt, dann erkennt een déi verschidden Architekturelementer gutt.

Un de Philosophiefligel gouf géint 1720 nach eng Kéier e Bloc Richtung rue Notre Dame ugebaut, géint 1735 gouf d’Verbindung tëscht der Kathedral an dem Kolléisch geschaf. Remarkabel ass déi opulent Entréesdier am Barockstil, déi d’Haaptentrée zum Kolléisch duergestallt huet.

1773 ass de Jesuitenuerden an domat och de Kolléisch wéi e bis dohi funktionéiert huet opgeléist ginn a Professeren aus dem weltleche Klerus hunn den Enseignement iwwerholl.

Bis 1964 gouf et also hei e Lycée ënner verschiddenen Nimm, mol Athenée royal » bis 1839, mol Athénée Grand-Ducal bis 1964. An deem Joer ass de Kolléisch an d’Märelerwisen geplënnert a bis 1969 gouf de ganze Komplex vum « Ale Kolléisch » restauréiert fir d’Nationalbibliothéik do ënnerzebréngen.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1905.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

31 décembre 2020

Flott Vue op d’Uelzecht an déi al Gierwerhaiser am Gronn.

Iwwert de Gronn, de Faubourg vun der Stad Lëtzebuerg kéint ee Bicher schreiwen - wat natierlech och gemaach gouf a gëtt.

Virun e puer Joerzéngten nach en äermleche Quartier, wou een net esou gären higaangen ass, ass et haut eng vun deene schéinsten a gemittlechste Plazen an der Stad. Virun allem d’Renovatiounen vu ville Gebaier Enn 80er an an den 90er Joren, d’Erëffnung vum Naturmusée an der Abtei Neimënster, Caféen a Restauranten an de Bau vun engem Lift vum Hl. Geeschtplateau erof an den Dall hunn dozou gefouert, dass haut am Gronn d’Liewe pulséiert wéi nach ni. An trotzdeem eng gewësse Rou ausstraalt.

Schonn am fréie Mëttelalter hu Mënschen an dësem Deel vun der Stad gelieft, nach iert de Sigfried um Bockfiels seng kleng Buerg gebaut huet.

Bis an d’14. Joerhonnert louch de Gronn nach « ante portas », d.h. virun den Dieren vun der Stad Lëtzebuerg a gouf dunn eréischt an d’Schutzmauer vun der Stad ënnert dem Wenzel II. mat erageholl.

E reliéisen Zentrum war de Gronn virun allem duerch den am Mëttelalter gegrënnten Hospice St. Jean, d’Benediktinerabtei Neimënster an d’Kierch St. Ulric.

Industriellen Zentrum war de Gronn doduerch, dass hei vill Fëscher, Fierwer Gierwer an aner Handwierker déi d’Waasser resp. d’Waasserkraaft vun der Uelzecht gebraucht hunn, sech hei néiergelooss hunn.

Ënnert anerem Händschefabriken aus dem Gronn wéi z.B. d’Handschuhfabrik Albert Reinhard & Cie an der Plaetisgaass waren eng bedeitend Wirtschaftsbranche vun der Stad Lëtzebuerg. En Deel dovun steet och nach haut an huet als Appartementshaus mat Bureauen iwwerlieft. E weideren Deel gouf ofgerappt an als Park amenagéiert.

Net ze vergiessen sinn natierlech déi zwee Prisongen, déi am alen Hospice St. Jean (Fraeprisong) an an der Abtei Neimënster (fir d’Männer) installéiert goufen a bis an d’1980er Joren bestanen hunn, bis de Prisong zu Schraasseg opgaangen ass. Méi en däischtert Kapitel also vun der interessanter Geschicht vum Gronn.

Et ass kloer, dass mir op dëser Plaz nëmmen e ganz klengen Ëmrëss vun der Geschicht vum Gronn maache kënnen, an hoffen dass mir heimat den Interessi fir d’Geschicht vun dësem dach schéine Quartier bei deem engen oder aneren ausléise konnten.

Fotograf: Amateur.

Datum: ca. 1900.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

01 janvier 2021

Prosit Neujahr! Schéin artistesch Postkaart aus dem Pafendall, mat engem Vue op d’Uelzecht an d’Bréck, déi et schonn zu Réimerzäite bal op der selweschter Plaz gouf.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

02 janvier 2021

Flott Foto vun der Dënselpuert op der Rumm.

Dënselpuert, d.h. déi al Tréiererpuert, ass eréischt no 1867 nees opgemaach ginn. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, also aus Richtung Tréier, dofir och „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..

Déi vill méi al sougenannten Krudelspuert, déi méi déif am Dall un der Uelzecht louch, an de Gronn mat Clause verbonnen huet ass zu deem Zäitpunkt zougemaach ginn. Säit d’Abtei Neimënster gebaut gouf, war des Puert souwisou wahrscheinlech net méi a Betrib. Hier Iwwerreschter gesäit een haut nach duerch eng Fënster am Tuutesall wann ee Richtung Stierche geet. Op der Foto louch si ongeféier hannert dem Pilier riets vun der Strooss Richtung Neimënster, ass awer natierlech net ze gesinn.

Haut steet e puer Meter ënnert der mëttelalterlecher Tour Jacob déi mat Stol rekonstruéiert « nei Tréiererpaart », déi also chronologesch déi lescht Paart ass, fir vun Osten hier an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen. Op der Foto ass si ganz gutt ze erkennen a gouf no 1867 leider ofgerappt.

Gebaut gouf si ëm 1590 an déi « mëttelal » Tréiererpaart gouf ganz zougemauert, genau sou wéi d’Tréiererstrooss e puer Meter no ënnen a laanscht d’Festungsmauer geluecht gouf. Et erkennt een op der Foto och, dass tëscht der Rumm duerch de Jacobstur an der Strooss fir op den Cents keng Verbindung besteet, wéi mir se haut kennen. 1590 hunn se beim Bau vun där « neier » Puert och e réimesche Mënzschatz fonnt, deen awer leider verluer gaangen ass. E beweist awer, dass och schonn zu Réimerzäiten eng Siidlung dës Säit vun der Uelzecht, evt. op der Rumm bestanen huet.

D’Leit déi an d’Stad era wollten hunn all op dëse Plazen ëmmer missen eng Taxe bezuelen.

Fir den Iwwerbléck also:

- Eng éischt Paart louch ënnen am Dall, d.h. déi aktuell rue Münster huet dohi gefouert.

- Duerno gouf am Mëttelalter d’Tour Jacob als 2. Tréierer Paart gebaut

- schlussendlech ëm 1590 déi jéngsten Tréierer Paart déi mir ënnert dem Jakobstur gesinn an déi 1867 ofgerappt an an den 1990er Joren aus Stol nees opgebaut gouf.

Fotograf: Amateur.

Datum: ca. 1900.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

03 janvier 2021

Flott Vue bei der Uelzecht a Clausen op de Clausener Viaduc, 1862 vun der brittescher Entreprise Waring Brothers entworf an am Optrag vum Adolphe Favier, deen d’Konzessioun vun der Nordstreck hat, gebaut. D’Bréck huet eng Längt vun 208 Meter, ass 44 Meter héich, 15 Meter breet an dee gréisste Bou iwwerspaant 15 Meter. Tëscht engem vun de Béi kann een déi al Abteikierch vun der Abtei Neimënster entdecken.

Fotograf: Amateur.

Datum: ca. 1900.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

04 janvier 2021

Vue op dat alt Direktiounsgebai vun der Post, deemols an der rue du Génie, haut Avenue Monterey.

Dëst Gebai, wat scho laang net méi besteet, hat eng laang Geschicht. De viischten Deel vum Komplex staamt aus der Mëtt vum 16. Joerhonnert, den hënneschten Fligel op der Postkaart ass am 17. Joerhonnert derbäi komm.

Am Volleksmond gouf et och « Kinnekshaus » genannt. E puer Informatiounen dozou kréie mir vum Thomas Mameranus, Brudder vum Nicolaus Mameranus, Haffdichter a Krichsschreiwer vum Karel V. Wéi an ville Stied, hunn d’Stadhären, an eisem Fall d’Grofen vu Lëtzebuerg a spéider déi jeeweileg auslännesch Kinneken, Späicheren oder Kummeren ugeluecht, fir Reserven vu Kar unzeleeën, am Fall vun enger Attack vun der Stad. An der Stad Lëtzebuerg gouf et esou Karspäicheren natierlech an der Buerg resp. am Schlass an och bei der mëttelalterlecher Maarthal um Fëschmaart.

Nodeem d’Stad 1554 duerch d’Explosioun vun engem Polvermagaseng an e grousst Feier groussflächeg zerstéiert gouf, ass decidéiert ginn, den neie Karspäicher méi wäit ausserhalb vum Stadkär ze bauen, dëst an d’Géigend vun der fréierer Judepuert, d.h. do wou haut d’Postgebai um Aldringer steet. Vu dass d’Haus dem Kinnek gehéiert huet, krut et wuel den Numm Kinnekshaus. D’Kelleren vun deem Gebai sollen laut dem Thomas Mameranus besonnesch grouss a staark gewiescht sinn.

Vun 1769-1795, d.h. bis zur franséischer Revolutioun, war am Kinnekshaus de Conseil Provincial ënnerbruecht.

1795 koum dunn d’Genie-Direktioun (responsabel fir de Festungsbau) an dëst Gebai an ass do bis 1867 bliwwen. Gläichzäiteg ass och d’Gendarmerie bis ca. 1798 am Rez-de-Chaussée hei ënnerbruecht ginn.

De ganze Komplex ass 1907 ofgerappt ginn, fir dem Neibau vun der Post, wéi mir en och haut nach kennen, Plaz ze maachen.

Riets op der Postkaart gesäit een d’Entrée vum deemolegen Neibau vun der Famill Reuter-Reuter. Dëst Gebai mat dem markanten Ecktuerm, wat 1905/06 gebaut ginn ass, koum duerno an d’Hänn vun der Société Luxembourgeoise de Crédit et de Dépot (fréier Werling, Lambert et Cie), 1933 war et d’BIL déi d’Gebai iwwerholl huet. Dat schéint Gebai ass awer leider 1964 ofgerappt ginn an duerch e moderne Komplex ersat ginn.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.Datum: 1909

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

05 janvier 2021

Animéiert Vue vun der fréierer Maria Theresien-Avenue, haut Boulevard Franklin Delano Roosevelt, benannt nom 32. amerikanesche President (1882-1945). Nom Bau vun der Pont Adolphe huet d’Strooss Boulevard du Viaduc resp. Brückenring während der Besatzung am 2. Weltkrich geheescht. De Boulevard féiert vun der aler Bréck bis op d’Bréisseler Plaz a krut säin Numm duerch de Gemengerotsbeschloss vum 23. Abrëll 1945, e puer Deeg nom Doud vum F.D.R. Fotograf & Editeur: Onbekannt.

Datum: 1910

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

06 janvier 2021

Vue op de Knuedler an der Stad mam Monument vum Wëllem II. während engem Maartdag.

Offiziell heescht d’Plaz jo « Place Guillaume », benannt nom Wëllem II. vun Holland, Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1840-1849.

Den Numm Knuedler krut d’Plaz duerch d’Franziskanermönchen, déi am Mëttelalter bis zur Zäit vum Napoleon e Klouschter op der Plaz haten. Den Numm Knuedler soll also vun de Kniet un der Kordel vun de Pateren hier kommen.

Um Knuedler stoungen méi Gebaier wéi haut, wéi een och un de Fundamenter an de rezenten Ausgruewunge op der Plaz konnt gesinn. Ënnert anerem huet een och e Kierfecht fräigeluecht.

1554 koum et duerch e Blëtzschlag an d’Knuedlerkierch, wou ënnert dem Dag d’Schéisspolver vun de Kanounen vun der Festung gelagert gouf, zu enger riseger Explosioun an engem grousse Feier, wat d’Stadbild zolidd verännert huet. Vill Haiser sinn dem Brand zum Opfer gefall, well se mat Stréi oder hëlzen Schëndelen gedeckt waren. Nom Feier goufen verschidde Stroossen méi breet gemaach (z.B. Groussgaass), d’Haiser mat Schifer gedeckt an ganz nei Stroossenzich ugeluecht (z.B. Louvignysgaass, Philippsgaass etc.)

Plaz ass och bekannt duerch d’Ofhale vu Wochemäert, den Oktavmäertchen, verschidde Festivallen, Public Viewings, Chrëschtmäert, seng Äispist am Wanter, Baler etc. Eng Plaz also, wou seelen näischt lass ass.

D’Monument vum Wëllem II. gouf 1884 opgeriicht. Haut steet och eng exakt Kopie vun der Statue zu Den Haag am Buitenhof, well eng aner Statue vum Wëllem II. net gefall huet an déi dunn 1924 op Tilburg gestallt ginn ass…

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1897.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

07 janvier 2021

Eng flott Panoramafoto vum Pafendall.

Ënnen am Pafendall erkenne mer hannen vu lénks no riets d’Eecherpuert, de « Féngerlek » (de Kamäin vun der Pompelstatioun, déi d’Drénkwaasser vun der Quell am Pafendall an Uewerstad gepompelt huet), de « Béinchen » an de Quartier mam selwechte Numm an d’Sichepaart.

De Béinchen ass en Deel vun der Vaubansfestung a gouf 1684 bis 1685 vum Vauban queesch duerch den Uelzechtdall gebaut fir de Pafendall an d’Festung opzehuelen. An der Bréck goufen et Gitteren, déi konnten erofgelooss ginn, dass den Ugräifer net iwwer d’Uelzecht konnt an de Pafendall erakommen.

Méi riets erkenne mir d’Pafendaller Kierch, déi dem Hl. Théiwes (St. Mathieu) geweit ass an 1872 gebaut gouf. Den Théiwesbur, den ale Wäschbur aus dem Pafendall deen direkt lénks nieft der Kierch steet, dierft jo och jidderengem aus dem Jean-Pierre Kemmer sengem Lidd bekannt sinn.

D’Kierch huet am 2. Weltkrich Geschicht geschriwwen, wéi während 14 Méint 6 desertéiert lëtzebuerger Zwangsrekrutéiert sech do verstoppt hunn.

Vis-à-vis vun der Kierch steet dat alt Vaubans-Lazarett, wat no sengem eigentlechen Zweck mol als Fabrik, mol als Wunnraum, mol als Musée funktionéiert huet, bis et 1955 ofgerappt gouf.

Fotograf: Amateur.

Datum: ca. 1900.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

08 janvier 2021

Vue op de fréieren Refuge St. Maximin bei der Place Clairefontaine mat der Entrée vun der Kathedral an dem fréiere Kolléisch am Hannergrond.

Säit wéini et e Refuge vun der Abtei St. Maximin bei Tréier an der Stad Lëtzebuerg gouf, ass net geséchert, et ass awer gutt méiglech, dass dëst scho kuerz nom Entstoe vun der Stad de Fall war.

Eng éischt Ernimmung vum Refuge St. Maximin gëtt et am Joer 1484 an duerno am Joer 1541. Am Dokument vun 1484 geet och Riets vun der Lag vum Refuge, « bei den Knodleren », beim Knuedler also, wat duerchaus mat der haiteger Plaz iwwertenee stëmme kann. 1663 schéngt op der Plaz en neit Gebai fir d’Abtei St. Maximin gebaut ginn ze sinn, wéi eis al Ecksteng verroden. Den haitege Bau geet allerdéngs op de Bau vun 1751 zeréck, deen ënnert dem Abt Henri (Willibrord) Scheffer, no de Pläng am Barock-Stil vum Jean-Nicolas Steinmetz vum Entrepreneur Louis Hendel gebaut gouf.

De Gaart vum Refuge war vun der Strooss ofgetrennt duerch en wonnerschéint Eisegitter, vum P. Fox entworf a vum Konschtschmadd P. Petit ausgefouert. Dëst Gitter steet haut beim Schlass zu Beetebuerg an dréit nach ëmmer d’Wopen vum Abt Henri (Willibrord) Scheffer.

An de Revolutiounszäiten, 1797, gëtt de Refuge geraumt an den 31. Mäerz am Numm vum Ex-Pater Romain Jacquenau vu Bartreng vum Jean Henri Dondelinger fir 50000 Gulde (oder 20000 Pond) gesteet. De Jean Henri Dondelinger, deen och schonn en Deel vun der Abtei vun Iechternach gesteet hat, keeft et uschléissend fir 18000 Frang dem Jacquenau of a verkeeft et du weider un de Wiert Jean Diedenhoven-Kuffer, deen d’Gebai verlount. An de folgende Joren wunnen ca. 50 Leit am aus, ausserdeem fanne mir hei d’Dréckerei vum Claude a Jacques Lamort. 1829 hunn nëmmen 3 Famillen am Haus gewunnt, e.a. de Procureur d’Etat Longrée, de Jean Diedenhoven an den hollännesche Generolmajouer von Goedecke.

1839 huet Madamm Agathe Diedenhoven, Wittfra vum Mathieu Deitz d’Gebai fir 100000 Frang un den Däitsche Bond (d.h. d’Festungsbesatzung) verkaaft, déi et als Sëtz fir de Militärgouverneur ausgebaut hunn. Wéi nom Londoner Kongress d’Festung zerstéiert ginn ass, ass de Refuge als Entschiedegung fir d’Schleefe vun der Festung mat villen anere Gebaier un de Lëtzebuerger Staat gaangen. Den 9. September 1867 huet de leschte Militärgouverneur, de Generol von Brauchitsch de Refuge verlooss. Vun 1868-1869 ass d’Gebai no de Pläng vum Architekt Charles Arendt ëmgebaut ginn, fir et als Regierungssëtz ze notzen. 1880 huet de Staatsminister Paul Eyschen d’Gebai op en neits renovéiere gelooss.

Vun 1945 bis 2017 hat den Ausseministère vun der Lëtzebuerger Regierung do säi Sëtz, deen dun an de fréiere Justizpalais geplënnert ass. zanter Juli 2019 ass et de Sëtz vum Staatsministere.

Niewent dem „grousse“ Refuge, gouf et och nach e „klenge“ Refuge, dee wuel och 1751 mam grousse Gebai opgeriicht gouf. Dëst ass lénks op der Postkaart nach ze gesinn. Hei war an den 1920er Joren, bis 1932 de Passbüro ënnerbruecht. D’Gebai ass 1933 ofgerappt ginn.

Fotograf & Editeur: P.C. Schoren, phot., Luxembourg, rue Sigefroi, Gare.

Datum: 1911.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

09 janvier 2021

Panorama vun den 3 Eechele gekuckt iwwer Clausen Richtung Uewerstad.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles BernhoeftDatum: 1905.Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

10 janvier 2021

Flott Foto vum Plateau Altmënster (benannt no der fréierer Abtei Almënster) aus op d’Uewerstad gekuckt.

Fotograf & Editeur: Jos. Fischer-Ferron, Luxembourg

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

11 janvier 2021

Schéi Vue an d’Tilleschgaass am Gronn, mat der Uewerstad am HannergrondHei huet sech nach net esou vill geännert oder? D’Rue St. Ulric verleeft nach ëmmer d’selwescht. Fréier war d’Tilleschgaass e wichtege Wee dee vun Diddenuewen aus an d’Festung Lëtzebuerg gefouert huet; d’Gaass huet deemno säit 1798 bis 1925 rue de Thionville geheescht.

Wéi am Joer 1671 aus strategesche Grënn am Gronn ëmgebaut gouf, goufen an der Tilleschgaass eng Parti Haiser ewechgerappt, an op där Plaz gouf eng Garnisounsbäckerei gebaut déi bis 1807 a Betrib war. Duerno gouf an d’Plaz dovun e Prisong gebaut - dat grousst laangt Gebai, dat haut nach do steet. Wéi deen ze kleng gi war, gouf de Prisong an déi fréier Abtei Neimënster verluecht. An d’Gebai an der Tilleschgaass koumen noeneen eng Schongfabrik, eng Erzéiungsanstalt fir Jongen (déi sougenannt « Winnschoul ») an Déngschtwunnenge fir d’Prisongspersonal. Um Enn vum 20. Joerhonnert gouf d’Gebai am Fong renovéiert, an zanterhier si Sozialwunnengen dran.

Fotograf: Charles Bernhoeft; Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1902.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

12 janvier 2021

Wanterlech Vue op de Knuedler. Wéi een erkennt gouf dofir eng Foto vum Fotograf Charles Bernhoeft kënschtleresch nogezeechent a mat Schnéi « bedeckt ».

De Knuedler: Offiziell heescht d’Plaz jo « Place Guillaume », benannt nom Wëllem II. vun Holland, Groussherzog vu Lëtzebuerg vun 1840-1849.

Den Numm Knuedler krut d’Plaz duerch d’Franziskanermönchen, déi am Mëttelalter bis zur Zäit vum Napoleon e Klouschter op der Plaz haten. Den Numm Knuedler soll also vun de Kniet un der Kordel vun de Pateren hier kommen.

Um Knuedler stoungen méi Gebaier wéi haut, wéi een och un de Fundamenter an de rezenten Ausgruewunge op der Plaz konnt gesinn. Ënnert anerem huet een och e Kierfecht fräigeluecht.

1554 koum et duerch e Blëtzschlag an d’Knuedlerkierch, wou ënnert dem Dag d’Schéisspolver vun de Kanounen vun der Festung gelagert gouf, zu enger riseger Explosioun an engem grousse Feier, wat d’Stadbild zolitt verännert huet. Vill Haiser sinn dem Brand zum Opfer gefall, well se mat Stréi oder hëlzen Schëndelen gedeckt waren. Nom Feier goufen verschidde Stroossen méi breed gemaach (z.B. Groussgaass), d’Haiser mat Schifer gedeckt an ganz nei Stroossenzich ugeluecht (z.B. Louvignysgaass, Philippsgaass etc.)

DPlaz ass och bekannt duerch d’Ofhale vu Wochemäert, den Oktavmäertchen, verschidde Festivalen, Public Viewings, Chrëschtmäert, seng Äispist am Wanter, Baler etc. Eng Plaz also, wou seelen näischt lass ass.

Fotograf & Editeur: Charles Bernhoeft.

Datum: 1898.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”

13 janvier 2021

Eng weider, leider manner gutt Opnam vun den 3 Eechelen, dem Fort Thüngen, aus gekuckt, iwwer de Pafendall Richtung Uewestad, mam Hospice Civil ënner lénks.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: Onbekannt.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

14 janvier 2021

Vue vum Bock iwwer de Gronn mat der Abtei Neimënster, Richtung Rumm-Befestegungen.

Lénks vun der Mëtt ass d’Dënselpuert, d.h. déi al Tréiererpuert, déi eréischt no 1867 nees opgemaach ginn ass. Am Mëttelalter war op dëser Plaz den ëstlechen Zougang fir an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen, also aus Richtung Tréier, dofir och „Tréierer Paart“ oder och nach „Dënselspuert » oder « Tour Jacob » genannt. Dës mëttelalterlech Puert ass um Enn vum 14. Jh. gebaut ginn am Kader vun der Befestegung vun der Rumm ënnert dem béimesche Kinnek Wenzel II..

Déi vill méi al sougenannten Krudelspuert, déi méi déif am Dall un der Uelzecht louch, an de Gronn mat Clause verbonnen huet ass zu deem Zäitpunkt zougemaach ginn. Säit d’Abtei Neimënster gebaut gouf, war des Puert souwisou wahrscheinlech net méi a Betrib. Hier Iwwerreschter gesäit een haut nach duerch eng Fënster am Tuutesall wann ee Richtung Stierche geet. Op der Foto louch si ongeféier hannert dem Pilier riets vun der Strooss Richtung Neimënster, ass awer natierlech net ze gesinn.

Haut steet e puer Meter ënnert der mëttelalterlecher Tour Jacob déi mat Stol rekonstruéiert « nei Tréiererpaart », déi also chronologesch déi lescht Paart ass, fir vun Osten hier an d’Stad Lëtzebuerg eranzekommen. Op der Foto ass si ganz gutt ze erkennen a gouf no 1867 leider ofgerappt.

Gebaut gouf si ëm 1590 an déi « mëttelal » Tréiererpaart gouf ganz zougemauert, genau sou wéi d’Tréiererstrooss e puer Meter no ënnen a laanscht d’Festungsmauer geluecht gouf. Et erkennt een op der Foto och, dass tëscht der Rumm duerch de Jacobstur an der Strooss fir op den Cents keng Verbindung besteet, wéi mir se haut kennen. 1590 hunn se beim Bau vun där « neier » Puert och e réimesche Mënzschatz fonnt, deen awer leider verluer gaangen ass. E beweist awer, dass och schonn zu Réimerzäiten eng Siidlung dës Säit vun der Uelzecht, evt. op der Rumm bestanen huet.

D’Leit déi an d’Stad era wollten hunn all op dëse Plazen ëmmer missen eng Taxe bezuelen.

Fir den Iwwerbléck also:- Eng éischt Paart louch ënnen am Dall, d.h. déi aktuell rue Münster huet dohi gefouert.

- Duerno gouf am Mëttelalter d’Tour Jacob als 2. Tréierer Paart gebaut- schlussendlech ëm 1590 déi jéngsten Tréierer Paart déi mir ënnert dem Jakobstur gesinn an déi 1867 ofgerappt an an den 1990er Joren aus Stol nees opgebaut gouf.

Am Hannergrond gesäit een och déi bal 12 Meter héij Tierm, déi en Deel vun der Rumm-Befestegung sinn an déi am Mëttelalter um Enn vum 14, Joerhonnert, ongeféier tëscht 1380 an 1395 op Uerder vum béimesche Kinnek Wenzel II gebaut goufen.

Lénks nieft der Tuermspëtzt erkennt een déi lescht Kasär, déi op der Rumm gebaut gouf. Ënner preisescher Besatzung gouf de Bau vun neie Kasäre virugedriwwen. An de Joren 1863-1866 gouf um Plateau eng 5. Kasär, direkt hanner der mëttelalterlecher Mauer gebaut, déi sou genannte „Preisesch Kasär“, e massive bommeséchere Bau, no den deemools neisten Technike vum Festungsbau gebaut: den Daach konnt am Krichsfall bannent kierzter Zäit ofgedroe ginn an duerch eng déck Couche Buedem ersat ginn, déi d’Gebai viru Bombardement schütze sollt. D’Rumm war zu deem Zäitpunkt d’Heemecht fir Artillerietruppen, déi natierlech och mat der Stadbevëlkerung Kontakt haten, deen net ëmmer onproblematesch war - vun dohier kënnt och d’lëtzebuergescht Lidd « Et wor emol e Kanonéier ».

Fotograf: Amateur.

Datum: Onbekannt.

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

15 janvier 2021

Multivue vun de schéinsten Attraktiounen an der UNESCO-Zone an der Stad Lëtzebuerg.

Fotograf: Onbekannt; Editeur: MPK.

Datum: 1964

Collection privée: Eng Postkaart den Dag.

Malgré les recherches menées de manière consciencieuse, il n’a pas été possible de déterminer pour tous les documents publiés sur cette page, les ayants droits ou successeurs légaux. Ceux-ci sont priés de prendre contact avec “Eng Postkaart den Dag”.

16 janvier 2021