Konferenzzyklus: Restauratioun vun der Wenzelsmauer an de Festungsiwwerreschter op der Rumm

26.03.2020
Éducation
Conférence

Konferenzzyklus am Kulturhaus ‘Laval – Tudor’ um 19.30 Auer mam Robert Wagner, President vun de Frënn vun der Festungsgeschicht Lëtzebuerg a.s.b.l. Zu Puket an Thailand gouf d’ Stad Lëtzebuerg mat sengen ale Quartieren a senge Festungsanlagen op d’ Lëscht vum sougenannte “Weltkulturerbe – Patrimoine culturel mondial” vun der UNESCO gesat. No 25 Joer ass et elo un der Zäit, e klenge Bilan ze zéien iwwert alles dat, wat an där Zäit geschafft gouf, fir d’ Iwwerreschter vun onsem gréissten nationalen historesche Monument, d’ Festung vu Lëtzebuerg, ze erhalen an och de Leit zougänglech ze maachen. Dat soll am Kader vun 2 Konferenze geschéien.

De 26. Mäerz 2020 heescht den Thema: Restauratioun vun der “Wenzelsmauer” an de Festungsiwwerreschter op der Rumm. Duerch dës Konferenz soll e klengen Abléck offréiert ginn an di sëllechen Aarbechten, déi noutwenneg si, fir en historesche Site nees an d’ Rei ze setzen an fir doduerch di ganz Anlagen fir d’ Leit och zougänglech an erliefbar ze maachen. An de Joeren tëschent 2003 an 2008 sinn archeologesch Ausgruewungen op der Platz gemaach ginn. D’ Étuden an d’ Pläng sinn 2009 ausgeschafft ginn. D’ Aarbechte selwer hu gedauert vun 2010 bis 2014 an de ganze Site gouf den 30. Juli 2015 feierlech ageweit.

Partie du programme officiel « 25 ans Lëtzebuerg patrimoine mondial »

Horaire
26.03.2020 19.30
Lieu
Kulturhaus 'Laval-Tudor' Steinsel
Producteur/porteur du projet
Commune de Steinsel / Anne Schroeder
9, rue Paul Eyschen
L-7317 Steinsel
Contact
Commune de Steinsel
anne.schroeder@steinsel.lu
33 21 39 38